(Dëse Post gouf e Sonnden den Owend fäerdeg geschriwwen an kuckt dofir op déi läscht Woch zréck, dat heescht d’Rieden vum David Cameron an Oppositiounsleader Ed Miliband vun haut sinn net a Betrucht gezu ginn.)
———————————————————————————————————————————————————————————————————————————————————————————————————————

Ech hunn e puer Mol op dësem Blog schonns geschriwwen, dass ech stolz an houfreg wier e Member vun dëser jonker Generatioun zesinn. Dat huet een déi läschte Kéier esou richteg vrun engen 6 Méint gefillt wéi déi Jonk aus der „Arabescher Welt“ d’Basis vun der Revolutioun an Tunesien an Ägypten waren. Déi läscht Deeg ass awer eppes geschitt wat een och muss uschwätzen: et ass och net alles Gold wat glänzt; an awer ass et falsch elo komplett op d’Jugend zeklappen.

Tottenham.
Brixton. Lewisham.
Nord-, Süd-, Ost- a West-London. Manchester. Birmingham. Liverpool. Bristol. Gloucester.

5 Doudeger goufen et zënter dass e Protestmarsch Richtung lokal Police Statioun am Norde vu London, Tottenham, ausgeaart ass. Et waren fënnef (jonk) Männer — zwee vu London, dräi vu Birmingham. Wa mer den vermeintlechen Ausléiser vun all deem, den Doud vum Mark Duggan (29) läscht Woch zu Tottenham, dobäi rechnen sinn et der sechs. Egal ob Onrouen oder net, egal ob am UK, an Europa oder an der sougenannter „drëtter Welt“, egal ob schwaarz oder wäiss, egalwéi eng politesch, sexuell oder reliéis Richtung: 6 Doudeger bannend enger Woch ob eise Stroossen ass ze vill.

Ech hu virdrun gesot de „vermeintlechen Ausléiser.“ Firwat? Den Doud vum Mark Duggan war definitiv den Ausléiser vum Protestmarsch op d’Police Statioun. Dësen ass dunn no engem friddlechen Marsch vrun der Statioun méi gewaltméisseg ginn: 2 Police Auto’en goufen a Brand gesat genee wéi en Doppeldecker Bus an eng Retsch Geschäfter.
Et ass awer wuel, wéi d’Famill vum Duggan och betount, falsch fir den Doud vun him als Ausléiser fir dat Ganzt zegesinn. Déi meescht Leit an aneren Deeler vu London, zu Birmingham, Manchester, Liverpool etc. hu mat grousser Wahrscheinlechkeet den Duggan net kannt. Si waren och läscht Woch net dobäi wéi d’Police en erschoss huet an waren och wuel net beim Protestmarsch e Samschden do.

Wat ass dann de Grond?

Et ginn natierlech Problemer an der britescher Gesellschaft. Grouss Problemer. A Groussbritannien ginn et ganz vill aarm Leit an déi sougenannten „social mobility“ ass, laut der UN, esou niddreg wéi a kengem aneren EU Land. Wann deng Elteren ënnen sinn, bass du a wäerts du wuel och ënnen sinn a bleiwen. Dat läit schon alleng dorunner dass zënter dem Thatcher all Premierminister un engem fräie Marché an der Educatioun geschafft huet.
D’Schoulen kämpfen géinteneen fir Suen vum Staat zekréien. Dat gesäit op den éischte Bléck net schlecht aus, mä wann d’Schoulen keng Suen kréien/hunn, kréien se och keen gutt Léierpersonal (wann iwwerhaapt). Léierpersonal sinn och just Mënschen, déi sech an hier Famill mussen duerch bréngen, also gi si a Schoulen wou se och (gutt) bezuelt ginn. Schoulen gi fale gelooss. Wann eng keng Suen méi huet, keen Léierpersonal méi huet, gëtt déi Schoul zougemaach. Dat geet ganz séier an ass ganz einfach. Dat war esou während de Thatcher, Major, Blair a Brown Joëren. Alles ass op Privatschoulen, Eaton beispillsweis, ausgeriicht. Ween op esou eng Platz kennt, deen huet gewonnen. Oder soe mer esou: weem seng Elteren genuch Suen hunn an een dofir op esou eng Schoul dierf goen, deen huet gewonnen.

Ween ob esou enger Schoul war huet och éischter d’Méiglechkeet zu Oxford oder Cambridge eranzekommen. Dat ass statistesch beluecht. Ween zu “Oxbridge” war, huet d’Chance — wa mer d’Regierung ukucken — d’Muecht vum Land zekréien. Natierlech ass dat hei elo zimlech vereinfacht, mä dann awer fir vill jonk Leit eng batter Realitéit.
Mat 20% Jugend-Aarbechtslosegkeet a Groussbritannien (wat aktuell den EU Duerchschnëtt ass!) ass een a Krisenzäit nach méi schlecht drun. Platzen si rar, Unzuel vu Leit déi sech mellen risegrouss. Et kämpft een net nëmmen géint aner Jonker fir eng Platz zekréien, mä an dësen Zäiten och géint vill Erwuessener déi eng ganz Rëtsch Erfahrung kennen op d’Wo leeën. Am Ufank vun der Kris krut een als Jonken un d’Häerz geluecht: géi weider an d’Schoul! Géi op d’Uni! Egalwéi eng Uni, egalwéi en Studium, egalwéi een Diplom, mä géi! Elo, 2011, muss een ufänken sech Froen zestellen.

Am September 2008 ass Lehman Brothers gefall. Déi Jonk, déi dunn en 3-Joer Bachelor Studium gemaach hunn, koumen also elo dëse Juli 2011 erëm eraus. Huet sech d’Lag an der Aarbechtswelt an an der Economie verbessert? Nee. Mir sinn esouwäit wéi am September 2008 — vläit wéi Ufank September 2008. Deemools hat d’Kris/d’Rezessioun an den USA hiren Ursprong, elo schéngt se hei an der EU hier Gebuert zehunn. 3 Joer studéiert, eng £30,000 Schold gemaach fir… herno mat engem Diplom an engem grousse Batz Schold erëm esou clever zesinn, wéi vrun 3 Joer. Soll een weider maachen? Nach e Master? Deen gëtt a Groussbritannien net vum Staat mat Studenteprêt ënnerstëtzt, do muss een op Bank oder bei d’Elteren. Suen, e Wuert wat – nieft Kris — déi aktuell jonk Generatioun wuel wäert definéieren. Dat ass op der enger Säit Schued, op der anerer eigentlech eng Riesenchance. Dës jonk Generatioun kéinnt déi nächst “greatest generation” ginn. Wär dat net flott?

.
(© Guardian)

Dofir misst sech awer eppes veränneren — zemools bei den Aspuerungen. Et ass kloer dass a Krisenzäiten och muss gespuert ginn, mä nëmmen Spueren bréngt och näischt. Wann een well méi schlank ginn, dierf een och net einfach komplett ophalen mat Iessen. Esou dierf een och net a Krisenzäiten nëmmen spueren — weder als Staat nach als Bierger. Dat wousst net zu läscht den FDR, deem säin “New Deal” haut wuel vu Rating Agenturen, an auslännesche Politiker, giff zerrappt ginn.

Et huet een déi läscht 30 Joer iwwert sengem Niveau gelieft an elo heescht et: “Die Fetten Jahre sind vorbei” (e gudde Film iwwregens!), oder esou. Gespuert gëtt awer, an dat ass dat Schlëmmst, do wou déi mannste Stemmen ze verléieren sinn. Virop esou onwichteg Saachen wéi Soziales, Jugend oder Konscht. Ween brauch dat da schonn?! Leit, déi sozial Ariichtungen brauchen, ginn net wielen; Jonker ginn net wielen; a Kënschtler, déi och net. A wann dach ass et awer egal, well wa mer richteg leien dann huet eng grouss Majoritéit dovunner profitéiert, déi ass dann zefridden a wäert déi puer kléng Stemmen bei all Wahl klappen. Den Alexis de Tocqueville oder John Stuart Mill hunn et d’„Tyranny of the Majority” genannt.

An esou engem Ëmfeld wiisst een aktuell op — egalwou een elo lieft, wéilt ech bal soen. Wéi de Conan O’Brien an enger genialer Commencement Address op der Ivy League Uni, Dartmouth College, gesot huet: “Mat ärem Diplom huet dir elo en Avantage an der Aarbechtswelt géigeniwwer den… 8 Prozent, déi keen hunn. Jo, dir hutt en Avantage iwwert esou “Losers” wéi Bill Gates, Steve Jobs oder Mark Zuckerberg.”

Esou wiist een op. Emmer méi Jonker hu keng Arbescht — op mat oder ouni Uni Diplom, op mat oder ouni Schold. Am Hierscht 2008 gouf een ugelunn an elo setzt een do. Et huet een missten ofginn, d’Elteren hu missten ofginn, während an der Chamber just de Schampes mat Crémant ersaat gouf. A Spuenien setzt souguer baal all zweeten Jugendlechen op der Stroos. Dat Ganzt bréngt e weideren Problem mat sech: Angscht vru Laangzäit-Arbeschtslosegkeet. Jonker, déi a läschte Méint aus der Schoul oder Uni erauskomm sinn, an an den nächsten Méint respektiv Joëren wéinst der schlechter Economie keng Arbescht fannen, kennten et richteg schwéier kréien. Dat gett lues a lues vu Politiker emol net méi ennert virgehaalener Hand gesoot. Et wier e Problem, deen een nach nii haat. Jonker, déi “fäerdeg mat léieren” sinn, giffe keng Platz kréien, well aaner Jonker, déi no dëser Kris “fäerdeg sinn”, an eiser schnelldréinender Welt méi “up-to-date” sinn. Déi aktuell jonk Generatioun wier, sollt et esou wäit kommen, eng “verlueren” Generatioun.

.
(cc Emma LB)

Trotz alle deem muss een festhalen, dass déi Sachen (an de Problem vun der britescher Police an den ethneschen Minoritéiten am UK [dat ass e Post fir sech wäert]) enner kengen Emstänn dierfen d’Onrouen vun en Méinden an en Dennschden den Owend erkläeren. An do sinn ech, fir un den Ufank vun dësem Commentaire zréck zekommen, guer net stolz an houfreg op déi jonk Léit.
A Geschäfter anzebriechen ass falsch. An dat huet näischt méi mat Armut zedinn an dass déi Leit just déier Saachen geklaut hunn. D’Belleggeschäft “Poundland” gouf zu Birmingham beispillswéis och futti gemaach a Saache geklaut. Op der Zuchgare am Staatdeel Selly Oak gouf randaléiert, zu London goufen alt Coiffeur Salons futti geschloen. Et goufen déier Handy’en a Fernsehen geklaut, awer och Sachen aus 2nd Hand Shops. Et goufen Bankomaten erausgerappt, Auto’en vu private Léit futti gemaach an a Brand gesaat. En auslännesche Student (20) gouf schwéier verletzt an huet missten an d’Klinik, nodeems si him dunn awer net e Messer an de Kierper gestach hunn (wat se, laut dem klénge Bouf, gesoot hunn, dass se wéillte man), hunn se säi Rucksack ausgeraumt. McDonald’s gouf futti gemaach, Pubs och, an kléng Famillenbetrieber, déi et zenter iwwer 100 Joër goufen, goufen a Brand gesaat.

Dat kann een net méi mat “Armut” a “keng Zukunft” alleng erkläeren. Schon alleng dowéinst net well sech déi “Rioters” iwwer BlackBerry Handys ofgeschwaat hunn. Een deen sech e BlackBerry ka leeschten ass a mengen Aan net esou arm. Zumools net wann een aktuell Biller aus Ostafrika gesäit oder een un d’Biller aus Nordafrika Ufank dës Joëres.
Eng Persoun, déi einfach esou mutwelleg Sachen vun aaneren Léit futti maachen, deene Léit hier, alt zum Deel secher, ganz haard erschafften Saachen futti mecht, just fir dass se futti sinn… also ech gouf vu mengen Elteren esou erzunn, dass een esou eppes net soll maachen an dass een scho guer keng Freed soll u sou eppes hunn.

Déi, déi am meeschten drenner leiden, sinn nierft de Famillen & Frënn vun den Doudegen: “kléng” Léit an hier Betrieber. Eng Bank kann e Geldautomat ersetzen, grouss Chaînen erem Kleeder an TVs op Stock setzen an néi Fensteren abauen. Et wäert fir déi eng méi, fir déi aaner manner kaschten. Mä et wäert am Jorësrapport am Dezember dann bei groussen, alt internationallen Betrieber, net sou an d’Gewiicht faalen.

Kléng Betrieber an d’Famillenbetrieber awer musse leiden. Do kann een net esou séier rem alles reparéieren. A sollt d’Geschäft a Brand gesaat ginn ass een, an der aktueller economesch Lag, definitiv um Enn. Et ass een selwer “ennen” ukomm. Et gett schwéier fir sech a séng Famill iwwert d’Ronnen zekréien. Et geet een un d’Reserven, déi een dach vläit eigentlech fir séng Kanner gespuert haat — fir dass déi et enges Dags besser hätten, fir dass déi et aus dësem Déifelskrees erauspacken an déi sozial Leeder erop klammen.
Den David Cameron haat en Mettwoch vun engem “fightback” geschwat. E “Fightback” géint déi Kriminell. Vläit hätt hien sollten vun engem “Fightback” am Numm vun deenen elo uewen hei genannten Léit schwätzen. Hëllef ubidden. Vläit kuerzzäiteg Stéieren fir déi kléng Betrieber erofsetzen, wat awer, an der aktueller Phase, dann och wuel rem heescht dass Stéieren fir all déi aaner Bierger giffen an d’Luut goen.

Esou bedéit dat Wuert “Fightback” awer och dass e “Kampf”, respektiv e Krich, am Gaangen ass. Wann et e Kampf/Krich ass, huet jiddereen verluer.

  • D’Rioters…
  • …hu verluer well déi meescht vun hinnen wuel wäerten verhaft an vru Gericht kommen.

  • D’Regierung…
  • …huet verluer, well se hieren Image als Musterschüler, wat Spending Cuts ugeet, verluer hunn.

  • Déi Jonk…
  • … hu verluer, well hiert Image a Groussbritannien an rondrem d’Welt zimlech schlecht ginn ass. Well ween vu menge Lieser hei huet Biller vun den Opraum-Aktiounen rondrem d’Land gesinn? Déi goufen haaptsächlech vu Jonken organiséiert. An esou, hu se verluer, well déi aktuell Rhetorik vun der Regierung och net drop hindéit, dass sech eppes un de groussen sozialen a Jugend-Problemer ännert.

  • D’Land…
  • …huet säin Image verluer a ganz vill Suen. Et huet Dreem gesi platzen oder soll ech soen: verbrennen?! Et ass e Land, wat um Buedem lucht — néierens an der EU huet d’Recessioun esou laang gedauert wéi am UK. Wann een um Buedem léit an eng drop kritt, deet dat ëmsou méi wéi. Vläit soot och dowéinst den britesche Finanzminister en Donneschden, dass d’Economie awer nach net erem esou rullt wéi een sech dat erhofft hat.

    Et ass Kris. Nach emmer.

    .
    (Source)

    Mä egal ob Kris oder net: keen huet d’Recht engem aaneren séng Sachen futti zemaachen. Keen huet d’Recht engem aaneren séng Dreem futti zemaachen. An dat gellt net nemmen vun ennen no uewen, mä och vun uewen no ennen.

    Och wann déi sozial Problemer an d’Problemer mat der Jugend net de Grond fir déi schlëmm Nuechten nom Samsden waren, esou muss een d’„Chance notzen” an déi Problemer upaaken. A Groussbritannien heescht dat e.a. EMA (Education Maintenance Allowance) erem aféieren, Aspuerungen bei der Jugend (e.a. Jugendhéiser, Sports/Skateparks etc.) ganz, ganz staark iwwerdenken, a Betrieber encouragéieren Jonker, wann och just fir e Stage, anzestellen (einfach fir emol Fouss zefaasen). Bei esou Stagen heescht dat natiirlech, dass déi agestallt ginn, déi gudd sinn, net déi, wou d’Elteren een kennen. De Premier Cameron hat jo vrun e puer Méint gesoot, dass hien keen Problem doranner gesäit, wann hien esou e Stage an der No. 10 den Noopeschkanner respektiv u Kanner vu Frenn a Kollegen gett. Dat muss ophaalen — direkt. Déi sozial Mobilitéit muss erhéicht ginn fir dass och Dreem vu Jonken net duerch aanerer futti gemaach ginn oder fir dass déi Jonk vun haut, an déi vu muer, iwwerhapt dierfen ufänken mat dreemen, wann hir Elteren méi ennen op der sozialer Leeder stinn.

    Leider schéngt dat net de Fall zeginn. Déi konservativ-liberal Regierung huet decidéiert ganz haart op den Desch zeschloen. D’Gericht veruerteelt Léit, déi eng £3.50 Wasser Fläsch geklaut hunn, zu 6 Méint Prisong. D’Police kritt zum Deel nach méi Muecht an esou gett, an dat muss een zweemol liesen, ëffentlech am britesche Parlament driwwer diskutéiert ob een net déi sozial Medien soll späeren. Facebook, Twitter a BlackBerry Messenger fir Users spären, “wann e Verdacht besteet” dass déi Riots oder däer Gläichen organiséieren. Dat kléngt éischter no engem “Internet-Paragraph” am Terrorism Act an wäert dowéinst d’Land net weider bréngen. Doriwwer eraus hu sech déi nämlecht Politiker nach vru 6/7 Méint opgereegt wéi den Mubarak an Ägypten, respektiv de Ben Ali an Tunesien, esou gehandelt hunn. Déi zwee haaten den Internet aus den nämlechte Grënn gespaart: d’Ennerbannung vun der Organisatioun vu Riots a Protester am ganze Land. Dunn, esou de Premier Cameron, goufen sozial Medien benotzt fir dat Gudd, elo fir dat Béist. Simplistesch an dofir falsch.

    Opraumarbeschten goufen, wéi virdrun gesoot, iwwer Twitter organiséiert. Béis? Police huet iwwer Twitter a Facebook, a mat Hellef vu Flickr, Populatioun opgeruff fir hinnen zehellefen Léit op den CCTV Biller z’erkennen. Béis? Ouni YouTube wier déi Aktioun ëm de jonke Mann wuel ni esou an d’Medien komm. Béis?

    Déi sozial Medien sinn och just en Deel vu “free speech.” Am Juli huet de Premier dat am “Phone Hacking Scandal” nach héich gehaalen an dass et schwéier wier an deem Kontext géint eng Zeitung vir zegoen. Et hätt jo och keen am House of Commons d’läschte Mount fir d’Enn vun News Corp. argumentéiert just well eng Retsch “Journalisten” bei der News Of The World Stroofdoten gemaach hunn. An et hätt jo och keen de Guardian wéillten zenséieren just well deen — trotz Drock — weider un däer Saach geschafft huet. Don’t kill the messenger.

    Esou soll d’Police och nach d’Recht kréien fir Persounen “zefroen” fir “a bestemmte Fäll” hier Kapp/Gesichtsverdeckung erof zehuelen. Ech froe mech wirklech wéini dass et dann do dat éischt muslimescht Opfer wäert ginn. Natiirlech ass et net besonneg, wann een bei esou Onrouen dobäi ass an säi Gesiicht verstoppt, mä Abriecher machen dat scho vill méi laang. Firwat also elo erréicht esou eng vague formuléiert Gesetzespropose?

    Um Enn vun dëser Woch bléiwt eppes festzehalen: dat hei ass e Moment wou Groussbritannien kann zesummen wuessen oder weider ausserneen faalen. Frankräich (mat Konservativen un der Spëtzt) haat sech 2005 fir dat zweet entscheed. An den deemolegen konservativen Premier Sarkozy hat “zero tolerance” fir d’Onrouen. Klengt irgendwéi bekannt, nee?

    Et geet och elo net duer zu Westminster nemmen Rieden zehaalen. Fir déi Saach zeverbesseren muss een zu Westminister gudd Gesetzer stemmen an ausserhalb vum Parlament regelméisseg an d’Quartieren diskutéiere goen. Et ass scho witzeg, dass an de britesche Medien wéinst den Onrouen elo dem David Cameron séng “Big Society“-Idee an d’Kritik gerooden ass. Ech fannen dass et vläit déi gréisste Chance fir dee Project ass, well just Politiker alleng kenne de Problem net léisen. Et muss een zesummen wuessen, dat heescht jiddereen am Land muss eppes maachen. Dofir kann een nemmen hoffen, dass esou Organisatiounen wéi “Red Eye Inc” och geschwenn an engen Rëtsch britesche Stied zefanne sinn.

    Red Eye ass eng Organisatioun, déi mer vrun engem knappe Joër opgefall ass wéi ech en Artikel vum Grënner Justin Mayo an der HuffPost gelies hunn. “Red Eye” ass vu Jugendlecher fir Kanner/Jugendlecher. Vun jonken Hollywood Schauspiller_innen (a soss LA Jugendlecher ;)) fir verschiddener vun den ärmste Kanner/Jugendlecher déi um Rand vun Los Angeles wunnen. Ob Dreem erfellen, ob all Samsten Metten ‘Youth Mentoring’, ob “Back-To-School BASH” dëse Samsten, wou déi iwwer 2,000 Kanner Rucksäck mat Schoulmaterial kruuten. Et sinn esou Organisatiounen déi zumools elo gebraucht ginn. “Red Eye” ass zwar am Gaangen och zu London eppes opzebauen, ass awer nach net fäerdeg, an, wéi an de läschten Deeg gesinn, et brodelt net nemmen an der Haptstaat.
    Amerika ass Zukunft vun Europa, soot den de Tocqueville… also loost eis iwwert de groussen Téich kucken a gudd Saachen och hei adoptéieren. Fir dee Problem zeléisen brauch een méi wéi nemmen e fréieren Police Chef vun New York, mä och esou Organisatiounen a Matmenschen wéi déi uewen genannten. Dass den David Cameron a séng Regierung dat scheinbar net gesinn, kéinnt een als “zweeten Strike” bezeechnen — nach een an sie misste goen.

    Giff ech elo just op meng politesch Iwwerzeegung kucken, giff ech hoffen dass et den “zweete Strike” ass, mä ech kucken éischter op d’Wuel vu deem Land, wou ech zenter 2 Joër mäi Liewen verbrengen, an do hoffen ech ganz kloër dass d’Regierung gutt handelt a mer zesumme wuessen. Et ass dringend noutwendeg… zumools an dësen Zäiten.

    .
    (RedEye Event zu LA, © The People’s Fleet)

    Posted by Tom

    Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

    3 Comments

    1. Langen, ma aussagekräftegen Artikel!

      Wat ech bei de Riots verhaal hunn war eng Ausso vun engem Jugendlechen zu engem Journalist: “wann mer friddlech demonstréieren wéist der näsicht. Wa mer randaléieren steet et iwwerall”. Dat ass, wéis Du richteg analyséiers, och kee grond sech sou opzeféieren, ma eng Erklärung.

      Firun puer Méint sin an England d’Studenten op d’Stoss gangen. D’Police huet och hei mat engem riesegen Aufgebot dës friddlech Demonstratiounen ënnerdréckt, d’Politik huet net reagéiert. Jugendlecher gëtt et nach méi schwéier gemeet sech ze bilden, d’Situatioun erklärs Du jo hei och gutt. Dofir muss een der Politik ganz kloer eng grouss Responsabilitéit ausschwätzen fir dat, wat hei geschitt ass. Wien Leit sou frustréiert an an d’Enge dreiwt, dass se sech net méi ahnescht ze hëllefen wëssen ass responsabel! Namool: dat entschëllegt d’Gewalt net, ma et erklärt se!

      Reply

    2. Stolz an houfreg e Member vun deser Generatioun ze sinn? Mer du hues dach naischt dofir gemaach, oder … ? ‘Frou’ keint ech jo verstoen, mee ‘stolz’ mécht irgendwei keen Sënn … Genausou weineg wei zb stolz drop ze sinn e Letzebuerger (oder wat och emmer) ze sinn!?

      A lo liesen ech den Artikel 😉

      Reply

    3. Vläit kennt do de “Sportler” a mer duerch. Natierlech hunn ech perséinlech net den Mubarak oder Ben Ali gestierzt, mä Leit, déi genee sou all sinn wéi ech, hunn matgehollef dass dat geschidd. Ech fille mech als Member vun deem “Club”, vun där Generatioun. Ech kann awer verstoen wa Leit déi Denkwéis net verstinn/deelen. 😉

      Reply

    E Kommentar hannerloossen:

    Fill in your details below or click an icon to log in:

    WordPress.com Logo

    You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

    Twitter picture

    You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

    Facebook photo

    You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

    Google+ photo

    You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

    Connecting to %s