Et ginn an der EU nemmen 5 Länner déi homosexuelle Koppelen déi nämlecht Rechter ginn wéi heterosexuellen Koppelen an trotzdem gett d’EU oft a gäeren als “frëndlech” vis-à-vis vun Gläichgeschlechtlegen bezeechent. Oder soe mer d’EU gesäit sech selwer am léiwsten esou: als e globalen Virreider.

Déi Roll huet d’EU lo un d’USA verluer. D’USA, dat Land also wat gäeren um europäeschen Kontinent als “komplett homophob” bezeechent gett, elo e globalen Virreider. Zenter läschter Nuecht ass d’Gesetz zu New York ennerschriwwen, e Gesetz wat et méiglech mécht dass elo a 6 US Staaten (plus den District of Columbia) homosexuell Koppelen sech dierfe bestueden. An der EU ginn et aktuell wéi gesoot nemmen 5 Länner, déi Homosexuellen déi nämlecht Rechter ginn.
D’Victoire zu New York gett och elo Politiker an Aktivisten aus aaneren US Stied erem Hoffnung a fresch Energie. Maryland a Rhode Island wellen allen zwee an den nächste Méint de Prozess erem ulaafe loosen, nodeems en ähnlecht Gesetz wéi dat vun New York am Ufank vum Joër net duerch den State Senate gaangen ass (nodeems et an der Assembly d’Majoritéit kritt huet). An och a Kalifornien, wou de Marriage jo eng Zäit fir Homosexueller op war, bis dann an engem Referendum decidéiert gouf, et erem zeverbidden, schwätzen verschidden State Politiker dovunner den grousse Sträit doriwwer am Staat erem wellen opzehuelen.
“New York muss eng Virreider-Roll spillen”, esou den Governor vun New York, Andrew Cuomo (D) vrun e puer Wochen. De Marriage fir Homosexueller opzemaachen war een vu séngen gréissten Wahlverspriechen d’läscht Joër an elo kann een dann och schéin soen: “Promise Kept.”

A wat fir e “Promise.” Esou staark dass verschidden Politiker, Experten an Memberen vun der Democratic Party elo schon hoffen/denken/fuerderen dass den Andrew Cuomo 2016 soll Presidentschaftskandidat vun den Demokraten ginn. De ganzen “liberal” Deel, also d’Parteibasis, dierft hien wuel ob sénger Säit hunn a wann een déi läscht gréisser Nationalemfroen kuckt (an allen gouf et eng Majoritéit fir d’Legalisatioun vun der Hochzäit teschend Gläichgeschlechtegen) esou kéinnt déi “Victoire fir hien” him duerchaus an den nächsten Joëren, an an engem méiglechen Presidentschaftsrennen, zegudd kommen.

Ech haat et schons gesoot a soen et nach eng Kéier: 2011 ass e gudd Joër…

a
Léit feieren an der Haaptstaat Albany (© AP)

q
New York City, d’Staat déi niimols schléift (© Reuters)

Hei de Schluss vun der ganz emotionaller Ried vum State Senator Thomas Duane. Den Duane ass selwer en oppenen Homosexuellen a kann dann an 30 Deeg endlech säi Liewenspartner bestueden: klick hei.

Manner wéi 1 Stonn nodeems d’Gesetz duerch de State Senate gaangen ass huet och d’Spetzt vum Empire State Building sech “geännert.” Een vun de bekanntesten Gebäier vun der Staat, a wuel der ganzer Welt, wollt matféieren… 😀
z
(Twitpic)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s