Ween dëse Blog op Twitter abonnéiert huet (@letz_politblog) deen huet schons matkritt, dass sech an de läschten Deeg a Wochen d’Unzuel vun den Tweets aus den/iwwert d’USA vergréissert hunn. De Summer 2011 steet vrun der Dier — de Summer vrun de Virwahlen also — an esou lues a lues forméiert sech d’Feld vun de Kandidaten_innen, déi hoffen am Januar 2013 an d’1600 Pennsylvania Avenue zeplenneren.

Bei den Demokraten gett et aktuell nach keen Geigenkandidat fir den President Obama. Et ass vielläicht en Zeechen, dass verschidden “Liberals” d’Arbescht vum Obama bis elo dach net esou extrem schlecht fonnt hunn. Momentan ginn et och net wirklech Rumeuren déi ob e liberalen Géigenkandidat fir den Obama hindéiten, mä wee wees; et ass nach laang.

Bei de Republikaner gesäit dat selbstverständlech ganz aanescht aus. Och wann d’Onrouen am Noen Osten an Nordafrika, genee wéi d’Äerdbiewen a Japan, dozou gefouert hunn dass et en zimlecht “rouegt” éischt Quartal 2011 war, esou koumen an de läschte Wochen emmer méi Léit bei der GOP eraus.
De fréieren Speaker of the House Newt Gingrich geet beispillswéis mat, a wäert herno ganz besonneg ennert d’Lupp geholl ginn. D’läscht Woch huet nämlech praktesch säin ganzen Staff/Senior Aides d’Handtuch geworf. Vum Pressespriecher bis hin zum Campaign Manager sinn se zereck getrueden an de Gingrich muss ganz séier eng néi Equipp zesumme stellen. Dëst esou séier wéi meiglech, well d’Konkurrenz schléift net an de Gingrich brauch, wéi alleguerten séng Konkurrenten, vill Suen fir eng erfollegräich Campaign hinzeléeen. Dat huet een net fir d’läscht 2008 um Beispill vum Hillary Clinton gesinn. De Summer vrun de Virwahlen gëllt do als e Stechdatum. Während deem Summer muss et rullen, de Kandidat geet ronderem Léit — Wieler an däer “ganz Decker” — iwwerzeegen. Ween um Enn vum Summer finanziell schlecht do steet, huet et emsou méi schwéier — fir net zesoen baal onméiglech — fir d’Boot nach eriwwer zerappen.

Eng méiglech Kandidatin kruut an de läschten Deeg wuel genee esouvill Opmierksamkeet wéi den Newt Gingrich (an den Anthony Weiner ;)) Et ass eng aal Bekannten: d’Sarah Palin. Nee sie huet bis elo nach net gesoot ob sie matgeet oder net. Eigentlech haat e geduercht, dass d’Palin sech entscheed haat net matzegoen. Firwat? Am Mäerz haat FOX News “séngen” Kandidaten en Ultimatum gesaat: ob sie giffe matgoen oder net, wa jo, da wier de Contract mam Sender gekennegt. D’Sarah Palin kruut den Ultimatum, genee wéi den Mike Huckabee, net gestallt. Den Huckabee huet matgedeelt, dass hien et 2012 net nach eng Kéier wéillt probéieren. A wéi sech schons jiddereen domatter offonnt huet, dass d’Sarah Palin wuel och dann net giff matgoen, dass se dëst dem Chef vun FOX News gesoot hätt an dofir keen Ultimatum kritt huet, gett alles Palin-like op d’Kopp gepucht. Eng Buch-Tour duerch d’USA an déi national Medien hu just erem een Thema: ass d’Sarah Palin dobäi oder net? Haut den Owend ass d’Palin et nach net.

Dofir probéiert eng aaner Fra vun der GOP den Owend e besschen eppes zetesten. D’Michelle Bachmann, inoffiziell d’Chefin vun der “Tea Party”, huet zwar nach net hier Kandidatur offiziell annoncéiert, mä eigentlech geet jiddereen dovunner aus dass dëst geschwenn wäert geschéien. D’Bachmann huet sech an de läschte Méint emmer rem en Numm gemaach: sie huet d’„Tea Party Response” zur State of the Union Ufank dës Joëres ginn, a war zumools während dem sougenannten “Shutdown Showdown” vill an de Medien vertrueden. Hir economesch zereckhaalend Haltung (de Staatsdefizit soll reduzéiert ginn — egalwéi, mä reduzéiert) kennt natiirlech gudd bei der konservativer Tea Party un, an dierft wuel och verschidden konservativ Regierungen an Europa gefaalen. Déi Haltung bréngt sie aktuell natiirlech och extrem gudd an der Diskussioun em d’Haushaltsverscholdung an. D’Wichtegkeet vun der Economy ass net z’ennerschätzen.
“It’s the economy, stupid!”, soot dem Bill Clinton säin Campaign Strategist James Carville 1992, an e schéngt alt erem Recht zehunn. Dem Obama säin Bounce nom Doud vum Bin Laden ass erem komplett an den Emfroën verschwonn. Séng economesch Arbescht gesinn d’US-Amerikaner, zumools wéinst de läschten 2 Méint, zimlech kritesch. 2012 kennt e republikanescht 1992 ginn. Firwat? 1991, am 3te Joër vu sénger Presidentschaft, pucht den George H.W. Bush de Saddam Hussein aus dem Kuwait eraus. Séng Emfrowäerter sinn esou gudd, dass d’„Experten” schons vun enger secherer Victoire 1992 schwätzen. An de kommende Méint leeft d’US Economy emmer manner gudd an am November 1992 wennt e ganz jonken Demokrat d’Presidentschaftswahlen an engem Landslide.
Den Obama gouf wéinst der Economy gewielt (Erennerung: et war mat Ofstand dat wichtegst Thema fir d’Wieler den 4. November 2008). Sollt d’Economy bis den November d’nächst Joër net vill besser sinn, d’Arbeschtslosegkeet bei engen 9 Prozent sech apendelen, da gett et fir den Obama a säin Campaign Manager Jim Messina extrem schwéier.

Vielläicht zumools wéinst engem eenzegen Mann: dem Mitt Romney. De fréieren Governor vu Massachusetts probéiert et 2012 nach eng Kéier an hien gëllt bekanntlech als e “Mann vum Fach” wat d’Economy ubelaangt. Aktuell läit hien och an Emfroen wäit vrun séngen Konkurrenten a giff sech en Kapp u Kapp Rennen mam President Obama liwweren. Dat heescht awer och dass den Mitt Romney am meeschten zeverléieren huet. In fact, wann een e besschen kuckt huet eigentlech baal nie déi Persoun d’Nominatioun vun der Partei kritt, déi esou fréi schons de Frontrunner war. Firwat? Gréisstendeels wuel well een vill méi enner Drock steet vun de Medien hier, awer och géigeniwwer de Léit mat den decke Checks. An dann kennt et och nach op Iowa an New Hampshire un. D’Léit a beiden Staaten, déi traditionell den Ufank vun der “Primary Season” maachen, wellen keen Frontrunner hunn. Nee, sie wellen sech selwer e Bild maachen vun alle Kandidaten — egal ween déi national Press schons féiert. Dat huet een 2000 gesinn wéi den John McCain New Hampshire mat 19% vis-à-vis vum eigentlechen Frontrunner George Bush gewonnen huet, respektiv 2008 wéi d’Hillary Clinton New Hampshire knapps gewonnen huet obwuel d’Medien schons vun enger grousser Victoire fir den Obama geschwaat hunn.

A genee zu New Hampshire geet et den Owend, respektiv fir d’Europäer an der Nuecht, endlech lass. Déi éischt richteg Debatt steet um Programm. D’Kandidaten, a méiglech Kandidaten_innen, vun der Republikanescher Partei stinn sech geigeniwwer an der éischter CNN Presidential Debate vun dëser 2012 Campaign.

Ech mengen “CNN International” iwwerdréit d’Debatt den Owend (leider) net live, mä et giff mech staark wonneren wann een se net kennt op C-Span live kucken. Startschoss ass um 8pm ET also 2 Auer an der Nuecht fir meng Lieser op der aanerer Säit vum Ärmelkanal. 😉

Let the campaign season begin! =)
.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s