No Däitschland an Groussbritannien muss een elo och ganz offiziell Spuenien op d’Lescht vun “Polizei – dein Freund und Helfer” setzen.

Kuck iercht de Video selwer un. Et ass vu Barcelona wou eng Platz “geraumt” gouf, well do muer soll wéinst der Champions League Finall teschend Manchester United an Barcelona (zu London) soll geféiert ginn. Wéi d’Police virgeet ass… kee Kommentar:


.
Et muss een sech lues a lues, wann een déi Biller queesch duerch Europa gesäit, d’Fro stellen: huet een an der EU geschwenn esou vill Rechter (zumools Demonstratiouns-Rechter) wéi eis Matbierger a verschiddenen arabeschen Diktaturen (Jemen, Libyen, Iran etc)? Oder kennen d’Léit “gewannen”? Leider ass dat läscht just méiglech wann een weider a groussen Zuelen op d’Stroos geet a sech net aschüchteren léisst… d’Ägypter hunn et am Januar a Februar virgemaach. Wat maachen d’EU Bierger, déi laut eisem Premier jo am “Epizentrum” (ZDF Interview) vun der Kriis sinn? Wann een net giff gudd oppassen, sou de Jean-Claude Juncker wéider, schléit dat ‘Féier’ (also d’Scholdkriis) em séch an all Land läit um Buedem. Wann dat sollt geschéien, brauch een em sou méi erem e Vollék wat opsteet an séng Meenung haart an deitlech seet.
Wat maachen d’Europäer? Zéien se sech – verständlecherwéis – zereck an hunn sech vun der harder Police Taktik beandrocke geloos, oder kennen se och eng Kéier soen “fear has been defeated, there’s no turning back“?

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s