… all England will follow. 😉

E Joër ass et hier, dass Groussbritannien dat gemaach huet, wat “eisen Joe” soot.

Elo schéngt sech d’Blatt awer erem zedréinen, wann den Joe Chamberlain soll Recht behaalen. Och wa Labour a Schottland verluer huet — dee Schlusssprint vun der schottescher National Partei SNP war jo extrem (eg am Februar war Labour an Emfroen nach op 49% Support) — esou goufen et Victoiren fir d’Labour a Wales an an England.
Eenzeg grouss Saach déi feststeet: d’LibDems mussen wuel zumools fir hieren Vote iwwert d’Héichung vun den Tuition Fees bludden. Baal 700 Councillors verléiert d’Partei an England, wat bal e Minus vu 50% ass. Sheffield, d’Heemescht vum LibDem Leader Nick Clegg, ass lo an rouder Hand, genee wéi Manchester a Liverpool. Zu Liverpool huet souguer en 18-Jähregen Labour-Kandidat dem fréieren Leader vum Liverpool City Council, dem Lord Storey (LibDem), de Setz ofgeholl.

An och zu Birmingham war et e ganz schlechten Owend fir d’LibDems. Sie mussen 7 Setz am Council ofginn, a faalen domatter op 24 erof. Interessant och hei den Staatdeel Selly Oak, wou extrem vill Studenten hei vun der University of Birmingham wunnen: dee Setz gewennt Labour mat Liichtegkeet. D’Liberal Demokraten haate de Setz an de läschte Joëren a fester Hand, mä kréien dës Kéier souguer nemmen knapps 500 Stemmen méi wéi déi Konservativ. Labour gewennt mat enger fréierer Studentin vun eiser Uni mat 43,55% vun de Stemmen de Setz. Falls deen Trend sech also wéider setz, giffen bei der nächster General Election extrem vill Jonker Richtung Westminister gescheckt ginn; wat jo mol guer net esou schlecht wier… 😉

Labour gewennt a ganz Birmingham dobäi a kennt op 55 Sëtz. Dat ass e Plus vu 14 Sëtz, deen awer net grad ganz duergeet fir déi Konservativ-LibDem Koalitioun aus der Majoritéit zepuchen. Zwar ass d’Labour kloër déi stärkste Partei, mä ConDem Koalitioun kennt zesummen op 73 Sëtz. Labour hunn 6 Sëtz gefeelt fir d’absolut Majoritéit zekréien. Déi sechs Sëtz waren definitiv am Spill, well zumools déi Konservativ méi wéi eng Kéier mat e puer Stemmen (Bsp. Edgbaston: 54 Stemmen) Virsprong hiere Setz just konnten haalen.

E puer Sache sinn awer kloër:
– D’LibDems sinn um Enn. Hei zu Birmingham, am Recht vun England, a Wales an a Schottland. Et war de schlemmste Wahlowend fir d’Partei zenter dass déi an den 1980er gegrennt gouf, an dofir muss een d’Fro stellen ob den Nick Clegg an den nächsten Stonnen/Deeg als Leader vun der Partei zerecktrett.
– Labour ass zereck an verschiddenen Deeler an England, verpasst ganz knapps déi absolut Majoritéit a Wales, a muss sech nawell ferm Kritik fir Schottland unhéieren.
– Déi Konservativ hunn hier „human shield”-Taktik (aka LibDem/Nick Clegg Taktik) genial ausgespillt. Verléieren zwar a verschiddenen Deeler vum Land, mä kennen an England esouguer nach Councils an Councillors dobäi wannen.

Ajo… da bléiwen nach 2 Sachen: éischtens d’Briten wäerten och an Zukunft hieren komeschen, an eigentlech onfairen, “First Past The Post”-Wahlsystem bäibehaalen – am Referendum gouf deen mat 69% ennerstetzt – an, zweetens, wa mer schons vum Referendum schwätzen, déi lo néi absolut Majoritéit fir d’SNP am Schottesche Parlament bréngt wuel mat sech, dass do “sooner than later” en Onofhängegkeets-Referendum um Programm steet.

Den Ufank vum Enn fir dat Vereente Kinnékräich?

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s