Ech haat Recht. 2011 ass e gudd Joër. 🙂

Läschten August, wéi déi meescht vun eis sech an der Vakanz op de warmen Hierscht agestallt hunn, kruut den US-President Obama fir d’éischte Kéier Informatiounen iwwert den (dunn méiglechen) Openthaltsuert vum Osama Bin Laden. D’Amerikaner haaten am Pakistan e wichtegen Mann vum Bin Laden entdeckt. Nodeems e Prisonéier zu Guantanamo den US-Amerikaner den Pseudonym vun dësem Courrier gesoot huet an d’CIA dunn vru 4 Joër de richtegen Numm erausfonnt huet, hunn d’Amerikaner 2 Joër laang no him gesicht. Dëse Mann huet dunn d’CIA ongewollt bei den Bin Laden bruecht. De Komplex war sou grouss an esou sécher dass et sech huet missten em eng ganz, ganz, ganz wichteg Persoun haalen. Am September d’läscht Joër, nodeems eng Tonn Satelittebiller analyséiert goufen, huet d’CIA fonnt, dass et eng “strong possibility” gett dass den Bin Laden sech giff do ophaalen. Méint laang huet d’CIA dunn drop higeschafft déi Informatioun zekréien, déi den President Obama wollt hunn: den Osama Bin Laden liewt do.

Ufank Mäerz hällt den Obama iwwert déi kommend 6 Wochen eng 5 National Security Council Meetings. All dat geschidd während d’Medien an d’Léit hoffen dass et net zu engem Government Shutdown kennt. 4 wéider Meetings kommen nom Budgets-Fight bei deem sech den Obama jo bis zum Schluss probéiert huet sech erauszehaalen. Den Joe Biden gouf jo bekanntlech am Ufank beoptragt do zehellefen béid Säiten op een Nenner zekréien, elo wees een firwat.
E Freiden wéi déi eng Hallschend vun der Welt op London, an d’US-Amerikaner och op hier Südstaaten gekuckt hunn, huet de President um 8:20 Auer (Lokalzäit) den Uerder ginn fir dat Gebäi, wat 1 Millioun Dollar wäert ass an am Joër 2005 gebaut gouf, unzegräifen.
5 Léit stierwen bei der Attack: den Osama Bin Laden, 3 al-Qaeda Léit an eng Fra, déi laut den Officials, als Schutzscheld benotzt gi war. De Kierper vum Bin Laden gouf an en amerikaneschen Helikopter geluecht an an Afghanistan bruecht. Do gouf d’Läich an d’Wasser gepucht.
Geschter um 15:50 Auer ET (21:50 Auer lëtzebuergesch Zäit) kruut den President Obama d’Nooricht dass d’Missioun en Erfolleg war an, no enger Réi DNA-Tests, secher ass: den Osama Bin Laden ass doud.

“Ladies and Gentlemen, we got him!”

An d’USA hunn d’Nuecht zum Dag gemaach…

Times Square
1

Ground Zero
2

Wäisst Haus

Michigan
3
4
5
6
.
9 Joër, 7 Méint an 20 Deeg nom 9/11 ass den Bin Laden doud, a wéi den President Walken bei The West Wing (iwwert en aaneren Terrorist) soot:

“My only regret is that we only got to kill the bastard once.”

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

3 Comments

  1. Haut hunn se (Obama a Co.) zouginn datt den Osama weder eng Waff hat, nach eng fun sengen Fraen als Schutzschëld benotzt huet, wei se en erschoss hunn.

    Den Saddam hat ënnert dem Bush wéinstens “ëffentlech” en “demokrateschen” Geriichtsprozess gemaach kritt… .

    Reply

  2. Jo, den Jay Carney (White House Press Secretary) huet gesoot, dass den Osama Bin Laden wuel keng Waff bei sech haat, e soll sech awer — wat jo als Uféierer vu Märtyrer net sou komesch ass — géint all Festnahm gewier hunn. Séng Fra soll anscheinend probéiert hunn, d’Elite-Zaldoten unzegräifen a gouf dobäi an d’Been geschoss – ass awer net gestuerwen.
    Gestuerwen ass eng Fra um 1te Stack (de Bin Laden war um 3te Stack), dëst während enger Schéisserei mat aaneren Léit um 1ten Stack.
    .
    Gerichtsprozess ass schéin a gudd, ech froe mech just wou deen hätt sollte sinn. Et ginn eigentlech just 2 Méiglechkeeten: Guantanamo oder Saudi Arabien. A béide Fäll wier schons vun Ufank un kloër gewierscht dass en Doudesstroof kritt hätt, an de Prozess wier wuel och net extrem “fair” iwwert d’Bühn gelaaf. D’USA hätten allerdéngs “gewonnen” wann se en Unféirer vun Selbstmordattentäter an Handschellen der Weltëffentlechkeet hätte kéinnte presentéieren, vun dohier, kann ech mer net firstellen, dass et direkt eng “kill mission” war.
    Wéi den John Brennan (Homeland Security & Counter Terrorism Advisor) geschter soot, sie wollten en lieweg kréien, wéi en sech awer gewiert huet (an dofir brauch een net onbedengt eng Waff an der Hand zehunn), war dat awer net méi méiglech. An et wousst jo och keen wat vielläicht nach am Haus wier, vielläicht hätt och d’Méiglechkeet fir den Osama bestaanenen säin Haus, mat jidderengem dran, an d’Luucht zespréngen… dann hätt den Osama säin Heldenmord kritt gehaat. Dee Risiko wollt wuel keen vun den Elite-Zaldoten a keen am Situation Room agoen — dat wier net nemmen e “Boost” fir d’al-Qaeda ginn, mä den US President hätt och déi Beschten vun de “Beschten vun de Beschten” verluer gehaat.

    Reply

  3. UPDATE: D’New York Times bericht dass den Osama Bin Laden wéi en erschoss gouf zwar keng Waff an der Hand haat, mä eng AK-47 an eng Makarow „direkt bei Hand” gehaat hätt.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s