Lo wou endlech eng ganz Retch Milliounen Pond fäerdeg zur Fenster erausgepucht gi sinn, kennen sech vielläicht och déi europäesch Medien erem op dat bezéien, wat se sollen maachen: d’Bevëlkerung iwwert ALLES informéieren wat an der Welt geschidd.
Firwat muss een eng Woch laang gesoot kréien, dass een net wees wéi dem Kate säi Kleed ausgesäit? Oder nach besser firwat hannerfroen d’Medien net emol e besschen méi kritesch d’Monarchie? Firwat gouf bspw. mam aktuellen bahraineschen Ambassadeur am UK e fréieren Top-Agent aus dem Bahrain, deen Folter (e.a. Elektroschocks) géint Léit agesaat huet déi dem Regime zekritesch waren, vun der Queen fir d’Hochzäit agelueden? Firwat erzielen d’Medien de Léit eng Märchengeschicht, wann et em d’Suen geet? D’Queen an d’Middletons bezuelen d’Hochzäit, de Stéierzueler just fir d’Secherheet (déi iwwer £20 Milliounen kascht). Wéi wann d’Queen giff hier Suen vun soss engem kréien wéi dem Stéierzueler. 😀

Wat een awer nach méi roosen mécht ass de Faite dass vill europäesch Medien, net vill resp. och guer näischt iwwert déi aktuell Situatioun an den USA soen.
Während amerikanesch Medien iwwert all Tragedie aus der Welt berichten, ass et aaneren Medien scheinbar egal, wann an den USA bannend enger Woch iwwer 300 Tornandos (ganz vill dovunner an der Kategorie 3 (vu 5), eenzelner och Kategorie 4*) iwwert d’Stied joen. Zenter e Mettwoch sinn et der bis ewell iwwer 150, déi meescht dovunner treffen de Bundesstaat Alabama, wou schons iwwer 200 Léit gestuerwe sinn. Aktuell (14:15 BST) sinn 298 Léit (stied-iwwergräifend) gestuerwen, e puer Honnert ginn der nach vermesst. Dausenden hu kee Stroum méi an och zum Deel keen proppert Drenkwasser méi. Wéinst extrem vill Reen, deen a verschiddenen Deeler direkt no de Stierm koum ass, besteet do d’Gefor vun Iwwerschwemmungen.
Et gett elo geschaat dass déi ganz Tornado-Serie déi déidlechsten zenter minimum 1950 kéinnt ginn. Mä bon, komm mir schwätze a berichten dach léiwer iwwert d’Hochzäitskleed vum Kate, wat jo mol keng richteg Prinzessin elo ass — deen Titel kruut et net vun der Queen — mä den Titel “Her Royal Highness The Duchess of Cambridge” elo dréit.
.
.


.

.
En Tornando zerstéiert den St. Louis Airport

* Kategorie 3 heescht 219–266 km/h schnell. Kategorie 4 Stierm sinn 267–322 km/h schnell.
.
https://i1.wp.com/inapcache.boston.com/universal/site_graphics/blogs/bigpicture/tornado_042711/bp6.jpg
(© Reuters)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

5 Comments

  1. Jo mee, jo mee, sou en Disney-Hochzäit ass dach vill méi wichteg!!!

    Reply

  2. Jo :/
    Am Mississippi haaten se iwwrengs vrun e puer Stonnen deen éischten Kategorie 5 (iewechst Kategorie!) Tornado zenter 1966. Mä lo vill méi wichteg: wéi hues du dann d’Hochzäit fonnt Jerome? 😀

    Reply

  3. Wann ech bedenken dass ech virun 2 Wochen nach an genau deenen Südstaaten ennerwee woer … Do hate mer alt Chance mam Timing! Mer ass natierlech schrecklecj fir dei, die do wunnen …

    Ech hunn d’Hochzait net gekuckt. Just duerno e per Fotoen gesinn. Ech kann mat sou eppes net vill ufänken. Am Géigensaz zu villen aneren anscheinend. Erennert mech och bessen un panem et circemsem!

    Reply

  4. Freck jo. :/
    Ech haat vrun e puer Deeg nach Biller vun Héiser aus Alabama an aanere Südstaaten gekuckt (oft well ech et krass fannen wann een d’Präisser mat Lëtzebuerg vergläicht), lo si wahrscheinlech och verschidden Héiser einfach fort. Menschlesch Leed an och econonomescht Leed fir déi Staaten 😦
    .
    Ech och net. Ech verstinn net firwat een am Joër 2011 nach emmer muss Milliounen u Léit bezuelen déi gebuer goufen fir näischt zemaachen, zumools wann e kuckt, dass hei am UK d’Jugend-Arbeschtslosegkeet bei eppes iwwer 20% läit — am Verglach mat der arabescher Welt 25% ass dat net extrem besonneg. Déi Léit aus der Welt déi et esou gudd fannen kéinnte jo e puer Stéiergelder op London schecken fir de Spaas zebezuelen 😉

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s