Den Karl Theodor Maria Nikolaus Johann Jacob Philipp Franz Joseph Sylvester Freiherr von und zu Guttenberg ass bekanntlech de Moien als Minister zreckgetrueden. Verschiddener dierften gejubelt hunn — zumools d’Oppositioun. Nodeems déi sech am Ufank nach zimlech kléng gehaalen huet, well d’Saach “vum selwen leeft” (Trittin, B90/Grüne), esou war et spéistens bei der “Froenstonn” Schluss mit Lustig. SPD, Gréng an d’Linkspartei hunn hier Chance gesinn, dësen beléiwten Politiker op de Buedem zekréien — wat verständlech ass. Allerdéngs hunn Trittin, Gabriel & co. esou staark op den zu Guttenberg ageschloen, dass vill Léit sech op d’Säit vum Guttenberg gestallt hunn.
Et war schons immens zegesinn, wann een op Facebook dem Guttenberg oder Pro-Guttenberg Säiten néi gelueden huet, wéi praktesch am Sekonnentakt, d’Unzuel vun de Léit an d’Luut gaangen sinn. Et war dat agetrueden wat e Politologue (deem säin Numm ech leider vergiess hunn) der ARD gesoot hat: den Minister Guttenberg ass sou beléiwt bei de Léit an huet esou e groussen Stellenwert dass een extrem muss oppassen bei der Kritik. Et dierf een net zewäit aushuelen. Dat hunn d’Partei’en awer gemaach, wuel och well sech de System wéi en bspw. an den USA an sou Fäll giff benotzt gett (intern Emfro, also keng Emfro déi vun enger öffentlecher Chaîne ugefroot gouf an däer hiert Resultat bekannt gett), sech nach net sou an Europa duerchgesaat huet.

Well, eent muss gesoot ginn, de Recktrëtt vum Guttenberg ass eigentlech net op déi genial Strategie vun der Oppositioun zreckzeféieren. Wéi d’ZEIT d’läscht Woch getitelt huet: “Guttenberg beliebter als vor seiner Affäre”, d’Populatioun huet sech hannert säin Minister gestallt. Méi wéi all zweeten Däitschen hofft nach emmer dass hien gréisser politesch Mandater kritt an unhellt, an 73-75% (je no Emfro) wollten net dass hien giff zrecktrieden. Laut dem ZDF Politbarometer waren dann och eng Ronn 60% vun den SPD-, den Grünen- an den Linkspartei-Wieler géint e Recktrëtt vum zu Guttenberg. D’Vertrauen vun de Léit haat hien also definitiv net verluer. Et muss een sech dowéinst och froen, a wéi engem Numm dann d’„Volleksvortrieder” vun SPD, Gréng a Linkspartei geschwaat hunn, fir d’Majoritéit vun hierer Wielerschaft definitiv net.

Dass den zu Guttenberg dann haut awer zreckgetrueden ass, wéist — zumools wéinst esou Zuelen — genee wéi eng Persoun hien ass: déi nämlecht wéi déi déi hien de Léit gewissen huet. Wann e Feeler mécht, soll een dofir riicht stoen. Dofir huet hien gefroot den Doktertitel oferkannt zekréien, dofir ass en elo als Minister zreckgetrueden… a genee dofir, fir esou eng Korrektheet an d’Politik zekréien, huet hien iwwerhaapt Politik gemach. En hätt kéinnten dat zum Deel extrem knaschtegt Spill wat haut an der Politik herrscht matspillen, d’Léit hunn hien jo wéider enorm ennerstetzt, dass en et net gemaach huet wéist, menger Meenung no, séng richteg Gréisst; an dofir ass de Verloscht fir déi däitsch Politik dann och extrem grouss.

En ass och grouss well elo Léit wéi Trittin, Gabriel a Gysi erem — trotz hierer Oppositiounsroll — méi d’Soen wäerten hunn, also méi d’Medien wäerten bestemmen. Dat si Léit déi sech an dëser Affaire als Retter wollten duerstellen, als grouss Politiker, als Botzmänner, déi dat Schlecht an der Politik ewech maachen. En Trittin also deen “op Zukunft setzt” — en Dokument wat laut ARD Report “Ungereimtheiten” huet an, witzegerwéis, e Problem mat richtegen Fussnoten huet. Bei Gabriel… an definitiv beim Gysi muss een wuel net ufänken iwwert hier Botzmänner-Roll zeschwätzen.

Um Enn ass awer nierft der däitscher Politik och d’Uni Bayreuth de ganz grousse Verléierer vun de läschte Wochen. Et schéngt also extrem einfach zesinn zu Bayreuth en “summa cum laude.” Fir alleguerten déi, déi een brauchen oder wellen, kuckt ierch scho mol online no enger Wunneng am Süden Däitschlands em. 😉
Schockand hunn ech et ebenfalls fonnt, dass laut enger Reportage am RTL Journal d’Uni Lëtzebuerg kee System huet fir Plagiat z’erkennen, mee et giff een drunschaffen. Wéi ass et meiglech dass eng Uni keen esou e System huet?

An last but not least, de Video vum Guttenberg sénger Erklärung de Moien, bei däer — an dat seet och eppes aus — d’Matarbeschter aus dem Ministère hierem “Chef” traureg, zum Deel mat Tréinen an den Aan, nogekuckt hunn, wéi en zrecktrett. “Leider” ass den offiziellen Video awer esou geschnidden, dass een ausschliesslech den zu Guttenberg gesäit.


.
Ich war immer bereit zu kämpfen, aber ich habe die Grenzen meiner Kräfte erreicht” seet en a geet. Während op Facebook séng offiziell Säit bannend 3 Stonnen eng 20,000 néi “Fans” kritt, “Gegen die Jagd auf Karl-Theodor zu Guttenberg” op 326,776 Léit klemmt, an “Wir wollen Guttenberg zurück” momentan (18:25 GMT) op 119,630 Léit kennt. Dofir passt vielläicht, passend zur däitscher Karnevalzäit, en aaneren Schlusssatz (hoffentlech) am beschten:

Heute ist nicht aller Tage, Guttenberg kommt wieder —keine Frage!

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

19 Comments

  1. *aanverdréi*
    .
    Ok, whatever!
    .
    Mee da sitt dir iech jo eenz, du an d’BILD. Opmanst wat den von und zu und hinter und über Guttenberg ugeet.

    Reply

  2. Op ech mat der Bild Zeitung op enger Ligne léien oder net, wees ech net, well ech déi Zeitung weder online nach a gedrecktener Versioun (falls ech zu Lëtzebuerg sinn) liesen. Ech kréie jhust heiandsdo en Artikel mat, wann Kollegen/Frenn et fir neideg fannen dësen op Facebook zeposten — wat zum Gleck awer net all zeoft virkennt. 😉
    Ech fannen awer dass 1) eng Persoun — egalwéi eng ob Adel oder “Normalo”, déi géint Kannermessbrauch sech asetzt mäi Respekt verdengt huet; 2) een enger Persoun säi richtegen Numm och ka schréiwen — wat ech wéi gesoot selwer emol net emmer an desem Post gemaach hunn. Och hei ass et, menger Meenung no, egal op elo Adel oder net. Den FCB Trainer zBsp heescht och “van Gaal” an net “Gaal”, wat eng Gemeng an Eisteräich ass, an eisen Heng ass och “vu Lëtzebuerg” an net einfach “Lëtzebuerg.” Wa mer schons bei präzisen Quellen, Fussnoten an Auteuren sinn, dann musse mer och do konsequent sinn. ^^
    .
    Ok, de Problem ass jhust dass Relatiounen vu Politiker mat Medien/Journalisten zum Alldag gehéieren. Wanns de keng gudd Relatioun zu de Medien/Journalisten hues, schréiwen déi ganz aanescht iwwert dech an déng politesch Virschléi — meeschtens zum schlechten, wann iwwerhaapt. A well d’Léit nach emmer vun de Medien informéiert ginn, muss een als Politiker sech mat deem Medium gudd haalen. Dat nämlecht huet och de Blair an deno lo de Cameron hei am UK mam Murdoch bspw. gemaach. Ass dat gudd? Zum Deel jo, zum Deel och net. Et kennt emmer drop un wat de Message ass, mee am Allgemengen — ob Springer oder soss een, ob Guttenberg oder Blair oder Merkel — Politiker brauchen d’Medien, d’Medien brauchen d’Politiker. Eng interessanten an eemoleg Debat an däer Hisiicht (op d’USA an d’Wäisst Haus bezunn) war vrun e puer Wochen op der George Washington University 😉
    http://smpa.gwu.edu/conversationseries/

    Reply

  3. oh… an de Jean-Claude huet iwwrengs och ganz gudd Verhältnisser zu de Medien.

    Reply

  4. De Jean-Claude? Woers du mat deem an der Schoul?

    Misst dat dann lo, wou s de jo schon sou überkorrekt wëlls sinn, net ‘den Här Premierminister Jean-Claude Juncker’ heeschen?

    Ps. A ween, ausser Fritzl an Konsorten, ass net geint Kannermessbrauch? Et ass e klassescht, populistescht, medienwirksamt Thema mat der een sech selwer kann einfach, belleg a seier an e gutt Liicht stellen. Oh, an informeier dech mol iwwert hieren Verain … Ziemlech ondurchsiichteg wat d’Finanzen ugeet.

    Reply

  5. Nee dat stemmt net, well ech och net geschriwwen hunn “den Bundesminister der Verteidigung Karl Theodor […] Freiherr von und zu Guttenberg” vun dohier hues de meng Logik net ganz korrekt emgesaat, ech ginn der awer Recht dass ech de “Juncker” a menger läschter Äntwert vorgiess hunn. 😉
    .
    Domatter ennerstellst de eigentlech alle Léit, déi an esou Organisatiounen schaffen Populismus — vielläicht net fir bei de Medien gudd unzekommen, mä dann, wann een en “Normalo” ass, fir bei der Famill, Frenn an Nooperschaft gudd do zestoen. Dat ass, wéi ech fannen, eng zimlech krass Ausso. Ech well net soen, dass et net och esou Léit ginn, mä enger Persoun dat z’ennerstellen ouni se wirklech zekennen (wars du mat hinnen an der Schoul?) fannen ech falsch. Sorry.
    .
    Dat kléngt alles interessant, mä ech hu momentan leider net déi Zäit fir mech extrem iwwert hieren Veräin z’informéieren, also net Zäit fir mer e genee ‘t Bild driwwer zemaachen, wat méi wäit geet wéi déi Standard Artikelen vun esou “gudden” Onlinesäiten wéi SpOn. 😉
    P.S. Allerdéngs wa mer schons bei Veräiner an Transparenz sinn, esou gett et jo och zu Lëtzebuerg vill Kritik iwwert den Télévie an Ongereihmtheeten wou all déi Suen wirklech higinn.

    Reply

  6. […] un der Castingshows-Gesellschaft an den Effekter fir d’Politik, alles bezunn op déi rezent Plagiatsaffär ronderem den […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s