Jhust ganz kuerz. Ech hu virdrun (13 Auer CET) d’Noorichten um RTL Radio gelauschtert, do gett et esou gesoot wéi wann d’USA am meeschten missten “fäerten” wat d’Uellegpräisser uginn. Naja… momentan *nach* net. Europa schon.

Libyen beliwwert haaptsächlech Europa. 85% vum Export geet Richtung Europa, 10% geet a China a jhust 5% an d’USA. Libyen produzéiert all Dag normalerwéis 1.6 Milliounen Barrell, zenter dass de Konflikt ugefaangen huet ass d’Produktioun em 6% zreckgaangen. Geschter hunn verschidden Firmen e puer Léi ofgezunn, dorenner BP an OMV. A laut Al Jazeera ginn et Uellegplatformen déi momentan komplett dicht sinn.
Fir dat Ganzt also als Problem fir d’USA duerzestellen, ass net grad korrekt.

Sou an dann nach eng läscht Saach. Ween Informatiounen vun engem westlechen Journalist well, rooden ech dem Ben Wedeman säin Twitter (@bencnn) zefollowen. De Ben Wedeman ass deen éischten westlechen TV Reporter, deen et gepackt huet fir a Libyen eranzekommen. Hien befennt sech momentan am Osten vun Libyen (Grenz zu Ägypten), do sollen d’Demonstranten d’Muecht iwwerholl hunn. Verschidden Léit wellen dann och dass d’USA an aaner Länner méi staark Aussoen/Aktiounen huelen/soen.
Wier den Tony Blair nach briteschen PM giff en lo wahrscheinlech séng Doktrine (Humanitär Interventioun) erem wellen emsetzen. Mee dat kéinnt den Domino-Effekt am Noen Osten stoppen. Do giff de Bentham bekanntlech dogéint goen, well et géint dat “gréisstert Gudd” geet, mee kann een iwwerhaapt e Präis op e Mensch setzen? Sollen d’Leaders momentan net éischter Kant liesen, deen géint e Präisziedel um Mensch ass? Sollen also intervenéieren egal ob dat elo den Domino Effekt stoppt oder net?

Jo? Da wier een och net méi mam Kant op enger Ligne. A séngem Essay “Zum ewigen Frieden” seet hien dass

„Kein Staat soll sich in die Verfassung und Regierung eines andern Staats gewaltthätig einmischen.”

Wat soll d’EU, d’UN an/oder d’USA maachen?

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

2 Comments

  1. Et ass ni ëm d’Demokratie gaangen mä nëmmen ëm eise Virdeel. Mer wëssen dach all wei et an deene Länner ausgesäit an et war an ass eis egal. Egal ob deen Virdeel elo a bëlleger Matière première (Ueleg / Libyen) bëllegen elektroneschen Apparater (China) oder am Schach halen vun Extremisten (Ägypten) besteet.

    Reply

  2. […] zwar die Gewalt, fürchten aber eigentlich vor allem neue Flüchtlingswellen und hohe Ölpreise. 85% des libyschen Erdöls gehen nämlich an Europa (die somit viel stärker betroffen sind als die U… und vor allem Italien wäre neben Malta das erste Anlaufziel für nordafrikanische Flüchtlinge, […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s