E läschte Méinden war et erem Zäit fir eng wéider BBC Panorama zekucken, déi dës Woch ennert dem Titel “WikiLeaks: The Secret Story” stoung. Jiddereen deen am UK momentan ass, soll sech och roueg déi knapp 30 Minutten ukucken, et hellt den Julian Assange nämlech e besschen vu séngem göttlichen Stull erof.

D’Show fänkt un mat engem klénge Bleck an de “Super-Bunker”, wou Wikileaks, awer och aaner Betrieber an Regierungen, hier Documenter (oder zumindest eng Kopie dovunner) stockéieren an wou d’Serveren vun Wikileaks stinn. Mee och wann dat interessant ass zegesinn, esou ass d’Matdeelung vum John Sweeney am Ufank vill méi interessant: den Julian Assange, säin Affekot, säi Spriecher an och séng Promi-Supporter hunn all Ufro fir en Interview ofgeleent. Fir e Mann, an eng Organisatioun, déi Oppenheet priedegt ass dat schons e besschen louche.

Mee et gett nach besser, bspw. den Dossier iwwert den Afghanistan Krich. Fir dee Project huet sech den Julian Assange bekanntlech fir déi éischte Kéier un d’Massemedien gewendt, déi sollten hellefen dat Ganzt z’analyséieren an driwwer zeberichten. An aaneren Wierder: Guardian huet baal déi ganz Arbescht misste maachen, während Wikileaks d’Lorbeeren kritt huet. Mee bon, dat ass eben esou. Méi interessant ass, wéi sech den Julian Assange an de Meetings verhaalen huet. Et stungen bekanntlech (wéi an all disclosed Document) Nimm vun Verbündeter dran, Nimm vu Léit, déi den Amerikaner an den Europäer gehollef hunn géint d’Taliban zekämpfen. Den Guardian haat serieux Douten dowéinst, an wollt d’Nimm vun deenen Léit, wéinst deenen hierer perséinlecher Secherheet, net(!) drecken. Den Julian Assange wollt awer d’Documenter komplett 1 zu 1 veröffentlechen, well “if they get killed, they deserve it, because they’re informants. And therefore they deserve to die.” De Guardian wollt trotzdem d’Nimm net drecken, sou dass den Julian Assange decidéiert huet d’Documenter 1 zu 1 op séng Internetsäit zesetzen.
Dausenden vun US/EU-Informanten am Afghanistan konnt een op eemol um Internet nosichen. Menschenrechtsorganisatiounen sinn deemols stuerm géint Wikileaks an dës onverantwortlech Decisioun gelaaf, an “Amnesty International” huet ugebueden gehaat hinnen an Zukunft wellen zehellefen d’Secherheet vun Informanten awer zegarentéieren. Den Julian Assange äntwert: “I’m very busy and have no time to deal with people who prefer to do nothing but cover their asses.”

Komme mer zreck op d’Ausso iwwert d’Informanten, dass se verdengt hätten zestierwen. Giff dat dann och gellen fir Informanten vu Wikileaks, misst een den Julian Assange froen. Den Bradley Manning bspw. gellt momentan an den USA als een vun den Informanten vu Wikileaks an, sollt hien veruerteelt ginn, kéinnt eng Prisongstrof vun 52 Joër kréien. Den Julian Assange hat an engem Interview kloër gesoot, dass sie all hiere Léit, sollten dës an Schwieregkeete gerooden, giffen hellefen. Wikileaks, esou den Assange, giff hinnen Affekoten schécken an wier definitiv och finanziell bereed alles zemaachen fir hier Léit erauszehuelen. Dat klengt gudd, mee de Bradley Manning wäert wuel locker kennen e Liddchen driwwer sangen. Bis haut huet Wikileaks nämlech keen Affekot bei hien gescheckt an och eng finanziell Contributioun steet scheinbar net ganz uewen op der Prioritéitslëscht. Dat eenzegt wat Wikileaks momentan fir de Bradley Manning mécht ass dass op hieren Twitter-Avatar dropsteet: “Free Bradley.” Wuel e schwachen Trouscht fir den 23 Jähregen.

Laut Assange a séngen Supporter geet Wikileaks awer bekanntlech haaptsächlech em Fräiheet an Transparenz. Mee och am Departement Fräiheet huet Wikileaks a séng Frenn Problemer.
Panorama geet a Weisrussland, déi läscht europäesch Diktatur. Am Dezember d’läscht Joër rifft den Lukashenko säi Vollek op fir hien als President zebestätegen. International Observateuren soen och dës Kéier, dass d’Wahlen eng Farce sinn. Den Lukaschenko ka keng fräi an oppen Wahlen maachen. Dat ass (scho baal) Fakt. D’Léit si bekanntlech op d’Stroos gaangen an den Diktator huet séng Muskelen spille geloos an Demonstranten nidderschloe an verhaften geloos. D’EU an d’USA hun Visa’en fir de Lukashenko zreckgezunn an och Konten agefruer. Wat mécht Wikileaks a séng Frenn? Sie luewen de Regime an schwätzen dovunner dass d’Oppositioun nemmen wéinst, a mat finanzieller Hellef vun, den USA op d’Stroos geet. En Argument fir Fräiheet, Demokratie an Transparenz gesäit aanescht aus.

1
Freet sech jhust op d’Ziel ass all Regierung Transparenz opzedrecken oder jhust e puer? A wann e puer, firwaat jhust déi?

Ween genee stellt sech op d’Säit vun dësem Diktator? De Shamir, déi nei riets Hand zouzesoen vum Julian Assange. Och wann Wikileaks offiziell seet dass de Shamir net fir sie schafft an sie net mat sénge Vue’en averstaanen sinn, esou schéngt dat net déi ganz Wouerecht zesinn.
De Shamir, deen 2008 vun engem franzéischen Gericht wéinst “incitation à la haine” verurteelt gouf, gréisstendeels wéinst séngen anti-semitisteschen Aussoen, ass dem Julian Assange keen Onbekannten. Ee Joër vrun däer Affaire kruut den Assange schons matgedeelt, dass de Shamir esou staark anti-semitistesch Gedanken huet, mee et schéngt en net gestéiert zehunn. Ennerstrach gett dat mat Hellef vun enger Email teschend dem Julian Assange an dem Shamir, déi Panorama zougespillt kritt huet. Déi Email seet:

From a sampling of your writing, I did not find the allegation borne out. I found the samples to be strong and compassionate.

E Virschlag vum Assange, deen um Shamir wollt/well festhaalen: de Shamir soll ennert aaneren Nimm fir Wikileaks schréiwen, a vrun 2 Méint goufen déi zwee dann och zesummen fotographéiert. Eng Ufro fir en Interview mam Shamir zemaachen gouf ofgeleent.

BBC huet den Julian Assange a säin Affekot gefroot op se wéillten Stellung zu de Saachen am Programm huelen, zumools Stellung zum Shamir. Et gouf ofgeleent. Mee dem Julian Assange séng Affekoten hunn BBC Panorama (genee wéi déi fréier riets Hand vum Assange an elo Grenner vun “OpenLeaks”) bezichtegt “geklauten Dokumenter” [sic] benotzt zehunn. E komescht “Argument” vun engem Mann, dem séng Firma dausenden an dausenden vu geklauten Dokumenter schons veröffentlecht huet, a wahrscheinlech nach dausenden an der Hannerhand huet.
Dofir huet den John Sweeney fonnt, dass et giff Zäit ginn bei den Julian Assange selwer zegoen — bei d’Police Statioun besser gesoot, do wou den Assange sech all Dag muss mellen. “Julian, why won’t you talk to Panorama? Julian, do you still stand by Mister Shamir?”, freet den Sweeney. Den Julian Assange kuckt den BBC Journalist un, wénkt him kuerz, setzt sech an den Auto a fiirt fort. Dat nennt een da wuel Oppenheet an Transparenz.

D’nächst Woch gett den Julian Assange dann och gewuer ob hien an Schweden ausgeliwwert gett oder net. D’Argumentatioun vu séngen Affekoten hunn ech perséinlech an dësem Prozess zimlech schwach fonnt. Ech well kloër stellen dass ech béid Saachen (Wikileaks an déi Uschellungen) als komplett getrennt ugesinn an dëst vun Ufank un. Ech well och hei weder soen, dass den Assange déi zwou Fraen mëssbraucht huet nach well ech meng Hand fir dee Mann an d’Féier lëeen. Mee fir zesoen, dass déi Uschellegungen bspw. a Groussbritannien net zu enger Ukloo gefouert hätten, esou wéi dat säin Affekot d’läscht Woch behaapt huet, fannen ech zimlech schwach. Wann konkret Saachen um Desch léien géint den Julian Assange, dann huet dee Mann genee esou sech vru Gericht zeveräntwerten wéi en italienesche Premier dat muss maachen, a genee wéi all aaneren Bierger dat muss maachen. Egal ob hien elo vielläicht irgendwou eppes Guddes eng Kéier gemaach huet oder net. Sollt den Julian Assange wirklech näischt gemaach hunn, esou soll dann och keen méi irgendwelch Uspillungen an déi Richtung äusseren.
Mee trotzdem muss een d’Handlungen vun engem Julian Assange a Wikileaks och alt emol kräfteg hannerfroen — och wann dat vu Säiten vun Assange a Wikileaks ironescherwéis onerwënscht ass. Wann een se hannerfreet, wat dës Panorama Episode mécht, kennt een villäicht zum Entschluss wéi eng ganz Retsch vun fréieren Frënn vum Assange, dass net alles gold ass wat glänzt an een sech och muss erauszéien aus engem Betrieb, wann dësen e ganz schlechten Wee aschléit. Dat hunn wéi gesoot eng Rëtsch fréier Matstreider gemaach an hunn dann och d’Software matgeholl, déi Wikileaks secher gemaach huet, sou dass d’Säit momentan zou ass fir wéider Leaks eran zeginn.

“Wikileaks: Fräiheet. Transparenz. Demokratie.” esou gesinn se sech gäeren, esou stellen se sech duer, esou sollen d’Massen de Betrieb, an den Julian Assange dobäi als groussen Fräiheetskämpfer, gesinn. Mee éischtens haalen se sech eigentlech net emmer drun an zweetens, spillen se genee dowéinst dat nämlecht Spill wéi déi Institutiounen, déi se eigentlech dach wellen ugräifen. An dofir missten Kritiker vu Wikileaks awer och Frënn, déi sech “Fräiheet, Transparenz an Demokratie” op d’Stier schréiwen, eigentlech zesummen dësem Titel ganz kloër widerspriechen.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s