18 Deeg huet gedauert. Vrun 18 Deeg huet e Grupp vu Jonker, inspiréiert un den Evenementer aus Tunesien, mat Hellef vun de sozialen Medien, engem vun de stärksten Diktatoren vun der Welt de Krich erklärt. Hien misst goen. 18 Deeg an deenen iwwer 300 Léit gestuerwen sinn an Familjen mat klénge Kanner um Tahrir Square iwwernuecht hunn. D’Angscht gouf bezwongen an lo gett et keen zreck méi:

En amerikaneschen President deen séng éischt gréisster international Kriis bewältegt huet — mat e puer Schrummen, mee awer, aanescht wéi bspw. e Reagan 1983, sech séier a ganz staark hannert d'(ägyptesch) Vollek gestallt huet. Och wann Palin an aaner Tea Party Frenn et aanescht gesinn, och well se un de Mythos Reagan glewen an net un dat wat déi Persoun wirklech war (“Spioun” fir de McCarthy zu Hollywood, Iran-Contra, amerikanescht Gesetz gebrach… je wann dat alles während sénger Amtszäit erauskomm wier, hätten d’Republikaner op 2-0 erhéicht wat de Recktrëtt vun engem Präsident ubelaangt [BBC Docu]). Aanescht do en John McCain (R-AZ) deen de President fir säin Emgang am ganzen Prozess geluewt huet.

Wierder vun engem aaneren Amerikaner beschréiwen déi aktuell Situatioun am Noen Osten awer wuel am Beschten. De Robert Kennedy soot um 6ten Juni 1966 a Südafrika:

“Each time a man stands up for an ideal, or acts to improve the lot of others, or strikes out against injustice, he sends forth a tiny ripple of hope, and crossing each other from a million different centers of energy and daring, those ripples build a current which can sweep down the mightiest walls of oppression and resistance.”

Ebenfalls an däer Ried huet hien séng berühmte Wierder iwwert d’Jugend gesoot: Mir liewen an enger sech stänneg verännrender Welt an dofir muss d’Jugend sech un d’Spëtzt setzen, d’Jugend muss eis leeden.
Eppes wat och den Vice President Joe Biden haut gesoot huet: „Jhust e puer Generatiounen an der Geschicht vun der Menschheet hunn wirklech eng Chance d’Welt zeveränneren… jhust e puer… mee dës jonk Generatioun huet déi Chance.”

Internet an d’Jugend zesummen sinn eng Muecht, déi die aal Kräften net wirklech bännege kennen. Dat huet een an Tunesien gesinn an an Ägypten…awer och Stuttgart muss ernimmt ginn, genee wéi Studentenprotester a ganz villen Ecker an Europa an an den USA. An der Somme hunn déi aal Kräften bis elo nach d’Iwwerhand gehaalen, mee d’Evenenementer am Noen Osten wäerten der Jugend Kraft ginn, an, déi ganz Sozial Netzwierker wäerten sech weider verbesseren mat all néiem “Tool”, deen erauskennt/entweckelt gett, ginn och dës méi staark, an ob laang Vue wäerten d’Somme vun de Victoiren vun de Léit an d’Luucht goen.
Mee egal op Jonker an Internet wannen oder net, d’Zukunft gehéiert ganz secher de Jonken, an d’Zukunft huet spéistens haut ugefaangen, well “those who look only to the past or present are certain to miss the future.”

18 Deeg fir een vun de gréissten a stärksten Regimer vun der Welt an d’Knéien zebrengen.
18 Deeg.
18.
Dat steet am Hebräeschen fir ‘um Liewe sinn’, a China fir Erfolg, an a ganz ville Länner bekanntlech fir d’Erwuessen sinn, Pret sinn eegen Verantwortung z’iwwerhuelen.

Déi Jonk, déi Erwuessen, hunn e Land verännert an domatter d’Welt. 2011 ass e gudd Joër.

1

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

2 Comments

  1. Hoffe mer dass Facebook en effet met staark ass wei den Koran …

    Reply

  2. Naja et geet jo net nemmen em de Koran. Ech hoffen dass déi ganz Plattform vun de sozialen Medien och an Europa hellefen eng ganz Retsch Maueren ofzerappen. 😉

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s