Laang Zäit huet d’USA gudd mam President Mubarak zesummen geschafft an Ägypten gellt bekanntlech als e vun de wichtegste Partner an der arabescher Welt. Den Mubarak elo als klénge Mann dohinner zestellen, deen näischt Guddes fäerdeg bruecht hätt, ass awer falsch. Natiirlech muss een den Regime an Ägypten kritiséieren — a ferm souguer—, mee et soll een och déi gudd Säit um Mubarak net carrément ignoréieren: virun allem séng Innitiativen fir en konfliktfräien Noen Osten. An och an Ägypten selwer huet hien beispillswéis d’Economie vum Land zu enger vun den entweckelsten an der arabescher Welt gemaach an den BIP ass vun $1,354 (1981) op $4,534 (2006) an d’Luut gaangen, während d’Schold vum Land erofgaangen ass op 22,9%. Mee mat der besserer Economie kennt natiirlech och eng Mettelschicht an déi well Rechter, an dat well den Mubarak net agesinn. Emmer erem huet hien sech op d’Säit vun de Betrieber gestallt an probéiert all Zort vun Arbeschter-Rechter zeverhenneren, e grousse “Selbstgoal”…

A wéi d’Léit dunn bis op d’Stroos gaangen sinn, gouf de Medium Internet kuerzerhand laam geluecht. Mee dat war net nemmen den nächste Schrëtt fir de Support vu wéideren Ägypter, mee och deen éischten fir deen vun den USA zeverléieren. Well esou eppes passt net mat der Madame Clinton hieren Aussoen zesummen, also huet déi amerikanesch Regierung (zesummen mat Facebook) genee wéi bei Tunesien, wéi d’„Foreign Policy” gemellt huet, direkt hannert den Kulissen probéiert fir den Internet an Ägypten erem hierzestellen.

„What we’re really talking about here is the ability of people to speak freely, to demonstrate peacefully, to associate and assemble in the public square. These are the human rights that are being restricted” [via]

Zenter geschter ass dann och Google an Twitter ferm am Gaangen d’Léit erem un den Internet zeconnectéieren. Eppes wat ech mech perséinlech an dësem Moment froen ass wou Wikileaks ass? Ausser e puer Cables erauszeginn an dem Joe Biden falsch Wierder an de Mond zeléen, hunn ech nach nix héieren. Dat sollen dach mat déi beschten Hacker vun der Welt sinn!?

Mee fir zreck erem an Ägypten zekommen… do muss den President Mubarak elo zrecktrieden. An elo heescht elo, esou huet den Obama et och dem fréieren Ambassadeur Wisner mat op de Wee ginn.
De Wisner huet dem President Mubarak kloër gesoot dass d’USA hien net méi un der Spetzt vum Land gesäit an et Zäit wier fir zegoen. Dat huet den Mubarak och akzeptéiert, wat en net akzeptéiert huet, war d’Fuerderung déi Iwwergangsphase net zeleeden. Dee Wonsch vum amerikanesche President ass den Mubarak net nogaang, wuel och dowéinst huet den Barack Obama esou laang (30 Minutten) geschter Owend mam Mubarak um Telefon geschwaat.
D’Situatioun muss esou séier wéi méiglech regléiert ginn, soss droot e wéideren “Iran Moment” an der arabescher Welt. Deemols hat de Shah et fäerdeg bruecht déi meeschten Léit aus der Mettelschicht anzeschüchteren, sou dass jhust nach d’Hardcore Léit demonstréieren gaangen sinn, wat notamment islamesch Fundamentaliste waren. Wéi de Shah endlech fort war, waren déi d’Retter. Esou eppes soll, zumindest aus amerikanescher Vue, verhennert ginn. Dowéinst ass dann och den amerikanesche President geschter Owend (Lokalzäit) nach vrun d’Kamera’en gaangen. An och wann en “nemmen” e Statement virgelies huet a keng Froen beäntwert huet, esou war et e ganz staarke Moment fir den jonken President. De Statement war e Balance Akt teschend dem Support vun den ägyptesche Léit, an der arabescher Jugend, an op der aanerer Säit e kléngen “Frendlechkeets-Support” fir de President Mubarak. De Statement ass esou clever geschriwwen, dass sech jiddereen dat kann eraushuelen wat e well. Dee meeschten Léit dierft d’Ried awer gefall hunn, an den Mark Mardell (BBC America) seet souguer dass den Obama geschter den Toun vun engem Civil Rights Leader haat. [via]

Allerdéngs ass et kloër dass den President Obama den Mubarak nach net perséinlech zum direkten Recktrett opgefuerdert huet, dat huet den Oppositiounsleader ElBaradei awer gemaach. Bis e Freiden soll den ägyptesche President zrecktrieden, mee déi Zäitspann kéinnt eng vill zelaang sinn, wéi den Noen Osten Expert Fürtig der ARD gesoot huet. An dat kann een an den Noorichten vun haut de Metten wuel och gesinn.

A firwat ass d’USA net méi “staark” hei, wann se keen “Iran-Moment” wellen?
Sie sinn staark, mee nierft der kloër Saach wéi laangzäit “Frend” kommen nach aaner Problemer dobäi. D’USA ass wéinst séngem Lien zum Mubarak net onbedengt extrem beléiwt bei de Léit an Ägypten, wuel och well, wéi de Chairman vun der Aussepolitescher Commissioun, den Senator John Kerry vu Massachusetts, dem John King (CNN) vrun e puer Deeg gesoot huet, d’USA an de läschten 3 Joërzéngten keng öffentlech Kritik um Mubarak gemaach huet, während hannert den Dieren a Privatgespréicher (och an rezenten) Themen wéi Demokratien, Fräiheet, Rechter a Medien extrem am Virdergrond stungen. Op d’Fro op d’USA an d’Zukunft net méi oft öffentlech muss Kritik un esou Léit maachen, huet den Senator Kerry ebenfalls zougestemmt. Mee haut ass haut, an d’USA ginn vu villen Ägypter mam Mubarak a Verbindung bruecht. Obwuel d’Obama Administration wahrscheinlech schons längst Richtung ElBaradei kuckt.
Den Oppositiounsleader, deen an de läschte Joëren ausserhalb vun Ägypten geliewt huet an (momentan) dofir keng grouss “Fanbase” am Land huet, kennt, esou hoffen wuel déi néi Léit am West Wing, den nächste Mann un der Spetzt ginn. Den ElBaradei ass e groussen Bewonnerern vum President Obama an huet dat schons öfters och esou öffentlech gesoot. Jhust rezent gett et méi Kritik u Washington, mee dat mécht de Léit ronderem dem Obama näischt aus. Well “géint Washington” zesinn, huet him schons geholleft säin Support bei de Léit an d’Luut zedrecken, an esoulaang hien trotzdem den amerikanesche President bewonnert ass dat ganz egal. An well “géint Washington” zu Cairo an Emgéigend “in” ass, hällt sech wuel och de President Obama nach zreck. Eng Recktrëttsfuederung vun him un den Mubarak, an déi westlech Medien giffen hien op den ElBaradei uspriechen, an all Verbindung teschend ElBaradei an Obama wier schlecht.

Firwat soll den ElBaradei President ginn?
Et misst een do d’Alternativen kucken, déi wéinst dem Mubarak net extrem grouss sinn. Politesch Parteien ginn et jo eigentlech net, jhust eng déi wirklech op sech opmierksam mécht: Muslim Brotherhood, eng islamesch fundamentalistesch Beweegung. Déi soll laut inoffiziellen “Emfroen” eng 20-30 Prozent Support an der Bevölkerung hunn, an en islamesch fundamentalisteschen President an Ägypten well Washington (an ech hoffen och emol d’EU) natiirlech net onbedengt gesinn. Och well schons den Iran geschter séng Hoffnungen ausgesprach huet, dass dat ‘néit Ägypten’ helleft Israel d’Stier zebidden.

D’USA wäerten also alles probéieren de Konflikt an den nächsten Stonnen geregelt zekréien, andeems den Mubarak zrecktrëtt an den ElBaradei als Chef vun enger Iwwergangsregierung d’Muecht iwwerhellt. Dëst an der Hoffnung dass dësen esou e gudden Job mécht, mat inoffizieller Hellef vu Washington, dass d’Léit den ElBaradei als President vun hierem Land kéinnte gesinn, an dësen dann och am September zum President wielen. Dofir muss awer erem baal alles hannert de Kulissen oflaafen. Dass de Mubarak zrecktrett op explizit Fuederung vu Washington, genee wéi irgendwelchen Zesummenhang teschend ElBaradei an Obama, an Ägypten kennt e Fundamentalist als nächste President hunn, deen d’Land an d’Regioun wuel net besonneg wéider bréngt. Mee fir dass dat alles klappt missten och sou Organisatiounen wéi Wikileaks sech wéinstens fir e puer Méint roueg verhaalen, an hier Gier no Opmierksamkeet nidderleen.

————–
P.S. “Who to follow on Egypt” 😉

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

2 Comments

  1. esou ähnlech wéi dein Text huet e Journalist vun Al Dschazira e Samsdeg den owend um däitsche Fernseh (SWR) säi Kommentar ginn, huet iewer och bedauert, dass de Westen souzesoen 30 Joer laang nokuckt a wéineg resp. näischt ënnerholl huet – ausser dass Däitschland Waffen an Agypten geliwwert huet – bis elo op eemol géif jidereen wëssen, wat an Agypten geschéie muss.

    Reply

  2. Stemmt. Mee et kéinnt een och froen: wat hätten déi aaner Länner solle maachen? D’USA haat schon méi laang Kritik u verschiddenen Saachen gemaach — oft net öffentlech, mee wann d’USA d’Finanzhellef agefruer hätt, hätten se 1) wuel dem Mubarak gehollef, an 2) elo an de läschten 18 Deeg iwwerhapt keng “Muecht” méi gehaat. A wann d’USA an Ägypten amarchéiert wier, hätt sech d’Welt wuel séier op d’Säit vum Mubarak gestallt a behaapt d’USA wéillt jhust de Suez Kanal.

    Mee bon… hätte, wäre, wenn… lo ass de Mubarak fort, d’Arméi huet d’Muecht a kucken wat déi lo mécht. :/

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s