Zukunft. Dat war d’Stechwuert vun der “State of the Union” déi de President Obama geschter Owend (lokal Zäit) vrum Senat, dem Repräsentantenhaus, der Regierung, dem Militär an dem Supreme Court ginn huet.

An richteg zukunftsfäheg war dann geschter Owend och schons d’Website vum Wäissen Haus. Net well do d’Ried live iwwerdroe ginn ass (dat gett zenter dem George W Bush gemaach), nee et war vill méi wéi se iwwerdroe ginn ass: Grafiken, Biller an Zuelen fir d’Ried vum President z’ennersträichen.
Sou war et am Ufank d’Nouvelle dass et der amerikanescher Economie lues a lues nees besser geet, an se, trotz grousser Kriis, nach emmer déi gréissten Economie vun der Welt ass:
1
2
3

D’Kriis ass an deem Senn iwwerstaanen, mee eng vill méi grouss Kriis ass am Gaangen. D’Angscht dass d’USA séng Muecht un der Weltspëtzt verléiert, wat sech momentan, net duerch d’Economie, mee, duerch schlecht Zuelen an der Edukatioun wéist. A well de Bobby Kennedy schons soot:

4

muss haut ugefaangen ginn mat schaffen. Zesummen.

D’Politiker_innen soutzen geschter Owend dann och net bei hieren Parteikollegen mee bei hieren Frenn. “Date Night” hunn déi amerikanesch Medien et genannt. Republikaner an Demokraten zesummen am Salle, vermescht ennerteneen. Et misst een zesumme schaffen, well dat wier net nemmen de Grond firwat d’Wieler een op Washington gescheckt hätten, nee, et wier och déi eenzeg Méiglechkeet zeverhenneren, dass d’USA an d’Zweetklassegkeet fällt an Arbeschtsplaatzen an aaneren Deeler vun der Welt giffen entstoen.

“We need to out-innovate, out-educate, and out-build the rest of the world”

D’Schoul soll (wéider) reforméiert ginn, mat der Ennerstetzung fir d’Léierpersonal. Déi Jofferen a Schoulmeeschteren déi gudd Arbescht maachen sollen méi geluewt an erfirbruecht ginn, an déi déi net sou gudd schaffen sollen emsou méi kontrolléiert ginn. D’Studiengebühr soll erofgoen, d’Zuel fir d’Stipendien soll an d’Luut goen an intelligent auslännesch Studenten sollen an den USA bléiwen. Et wier dem President e Rätsel firwat d’USA, mat de beschten Uni’en vun der Welt, auslännesch Studenten giff ophuelen an ausbilden, an se dann, no hierem Studium, erem zreck an hiert Land schecken. Déi bescht Studenten sollen an Zukunft d’Méiglechkeet hunn an den USA kennen zebléiwen, an, fir méi wäit zegoen, d’USA misst alles probéieren fir esou Léit am Land zehaalen.

Beruffer sollen dann zumools am Energieberäich entstoen. Dat néit Ziel wat de President festgeluecht huet: Am Joër 2035 sollen 80 Prozent vun der amerikanescher Elektrizitéit aus “gréngen” Energie’en kommen.
5

Dat giff grouss Arbeschtsplaatze schaffen. De ganzen Energie Dossier wier och keen deen de President alleng gemaach hätt, e giff vill méi vun demokrateschen an republikaneschen Governors kommen. E wéidert Ziel ass een wat staark un d’1860er an den USA erennert: den Ausbau vum Zuch. An den nächsten 25 Joër sollen minimum 80 Prozent vun den Amerikaner Accès zur amerikanescher Versioun vum TGV hunn, “which could allow you to go places in half the time it takes to travel by car”, esou de President.

Nierft der Energie-Politik sollen awer och déi kléng Geschäftsléit entlaascht ginn an deems beispillswéis dem President séng Gesondheetsreform geännert gett. Hien wier och gäere bereed wéider Virschléi, wat d’Gesondheetsreform ugeet, sech unzelauschteren an d’Gesetz zeverbesseren, allerdéngs giff hien et net akzeptéieren wann eng Persoun erem soll wéinst “pre-existing conditions” en Traitement refuséiert kréien.

A fir d’Zukunft zegewannen brauch een net nemmen eng gudd Edukatioun, e gudden Arbeschtsmaart a gesond Menschen, mee och e gesonden Budget. Amerika muss ufänken mat spueren, an dofir ginn d’Paien vun de Beamten fir wéider 3 Joër agefruer, gläichzäiteg gett och de Militärbudget mam Accord vum Secretary Gates an dem Militär gekierzt. Och un dat kriddelegt Thema vun de Renten huet sech de President getraut, wann och jhust an engem Satz. Hien well eng Léisung déi béid Parteien matdroen, déi awer zumools a Punkto Finanzéierung fir déi nächst Generatioun drobar ass.

De ganze Spuerprogramm soll laut dem Wäissen Haus 400 Milliarden US Dollar aspueren, an soll, op laang Vue, den Staatshaushalt erem an e ganz gesonden Beräich bréngen.

“We will move forward together, or not at all — for the challenges we face are bigger than party, and bigger than politics.”

6
Dëst wäer der aktueller Generatioun hieren “Sputnik” Moment, esou de President. D’Land misst zesumme stoen, zesumme kämpfen, fir d’Zukunft zegewannen.

Tom —
Tonight I addressed the American people on the future we face together. Though at times it may seem uncertain, it is a future that is ours to decide, ours to define, and ours to win. I know we will.
Because, after the worst recession in decades, we see an economy growing again.
Because, after two years of job losses, we’ve added private-sector jobs for 12 straight months — more than 1 million in all.
Because, time after time, when our resolve has been tested, we, as a nation, have always prevailed. (…)

This vision for the future starts with innovation, tapping into the creativity and imagination of our people to create the jobs and industries of the future. (…)

It is because of each of you, who define the will of a people, that the state of our union is strong in the face of tough challenges. You are the reason our future is still bright in the face of deep uncertainty.

And you are the reason I believe that future is ours to win.

Thank you,

Barack

Seet d’Email (Titel: ”We do big things”) vum President Obama, déi geschter Owend kuerz no der Ried erausgescheckt gouf. Amerika ass e Land vun “ordinary people who dare to dream.”

An dësem Senn, mat vill (gudder) Rhetorik, loost eis d’Zukunft gewannen. God bless America.

———————-
P.S. D’Medien (vun Fox News iwwert CNN, ABC, CBS bis hin zu NBC) waren geschter jiddefalls vun der Ried begeeschtert, a laut enger CBS Emfro sinn 92% vun den Amerikaner mam Inhalt vum President sénger Ried averstaanen. Ech hat also dat richtegt Gefill wéi ech gudd 3 Stonnen vrun der Ried, wéinst dësem Bild “Fav is back! :)” getwittert haat. ^^

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s