Famill, Frenn an tréi Lieser wessen et: ech sinn e grousse Bewonnerer vun der ganzer Kennedy Famill.
Vum Joseph Jr. iwwert den John Fitzgerald, den Robert Francis (deen ech jo mat am meeschten bewonneren), d’Eunice (wat bekanntlech d’Special Olympics gegrennt huet), d’Patricia (wat an den USA den “National Committee for the Literary Arts” gegrennt huet), d’Jean (wat d’VSA gegrennt huet, déi Léit mat Behennerungen d’Méiglechkeet gett Konscht zemaachen), den Edward Moore (bei dem séngem Doud ech mech gefillt hunn wéi wann den “Uncle Teddy” och mäin Monni wier an elo gestuerwe wier), genee wéi de ganze Rescht vun der Famill [zevill fir se all z’ernimmen a firwat ech all eenzelnen bewonneren, villäicht eng Kéier en Post fir sech].
Haut ginn et da genee 50 Joër dass sech de Wonsch vum Joseph Senior erfellt huet an mam John endlech e Fils vun him amerikanesche President ginn ass. Den Jack Kennedy gouf de Kinnék vun “Camelot” an d’Jackie zur Kinnigin. Fir déi éischten an och wuel déi läschte Kéier hat d’USA eng/séng Zort vun enger Monarchie.

1960 war et dem Jack säin (zu däer Zäit) aussergewéinleche Wahlkampf, an däer Campaign Equipp och säi jonke Brudder, a spéideren Justizminister, “Bobby” schons eng extremwichteg Roll gespillt huet…


(Campaign Ad vun 1960)

… genee wéi séng Performance an der alleréischter Presidential Debate:


(déi legendär Debatt a sénger voller Pracht ;))

déi him et erméiglecht huet herno mat eppes méi wéi 112,000 Stemmen (0.1%) am “Popular Vote” (iwwer 68 Milliounen Stemmen ofginn), déi 44. Presidentschaftswahlen zegewannen, de 35ten President vun den USA zeginn a folgend Wierder zesoen:


.
Eigentlech haat säin Speechwriter Ted Sorensen “ask not what your country will do for you…” geschriwwen, wéi folgenden Video vum “JFK Presidential Library and Museum” beweist:

An d’JFK Presidential Library huet dann och fir de groussen Dag vun haut extra eng néi Internetsäit ageriicht: JFK50.org. Op däer Säit sollen an den nächsten Wochen a Méint no an no (nach wéider!) d’Dokumenter (e.g. Bréifer, Telefonsgespréicher, Memos etc.) aus dem Musée vu Boston online gestallt ginn.
Eng genial Saach ass och hier Twittersäit @kennedy1961, déi schons d’läscht Joër ugefaangen huet. Op den Dag genee goufen Tweets mat Links op Zeitungsartikelen vum jeweilegen Dag an entspriechend Rieden, déi den JFK 50 Joër virdrun gesoot huet, geschriwwen, baal esou wéi wann säi Wahlkampf grad am Gaangen wier zelaafen. Hätt Twitter 1960 schons existéiert, hätten d’Kennedys wuel als éischt op dat Mettel zreckgegraff. 🙂

Och z’empfehlen:
* Pulitzer Präis Gewenner: Profiles in Courage, geschriwwe vum John F. Kennedy;
* Thirteen Days: A Memoir of the Cuban Missile Crisis vum Robert F. Kennedy;
* True Compass: A Memoir vum Edward M. Kennedy.

Do not pray for easy lives. Pray to be stronger men. Do not pray for tasks equal to your powers. Pray for powers equal to your tasks.

50 Joër JFK.


.
Thank you, Jack!

(En Tribute fir de “King of Camelot” mat engem extrem, extrem schéinen Lidd: Kennedy Boys vum Roberta Michele)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s