Nodeems d’Police zu Stuttgart schons gewissen huet wéi grouss se sinn, huet d’Metropolitan Police zu London haut awer nach een drop gessat.
D’Police huet, laut dem Guardian, dëse Mann gläich 2 Mol aus séngem Rollstuhl gerappt [Source]:
dayx3

A wann dann gesoot gett, dass een der Police misst “Merci” soen fir hieren Asatz vun haut, da froen ech mech wou mer gelandt sinn. Wann een Polizisten muss “Merci” soen fir esou eppes, oder fir de Faite dass esouguer op e Journalist ageschloen gouf, deen dann elo an der Clinique ass.

An dësem Video vun de Protester d’läscht Woch gesäit een, dann och wéi e Polizist engem Student mat der Fauscht riicht an d’Gesiicht schléit. Och dofir dann e “Merci.”

En richtegen Merci muss un folgend Léit goen:
* Studenten_innen vun der Uni Helsinki
Sie haaten geschter zesummen mat aaneren Léit vrun der d’britesch Ambassade an der finnescher Haaptstadt aus Solidaritéit demonstréiert.

* Studenten_innen aus Griechenland
Iwwer 2,000 griechesche Studenten_innen hunn d’läscht Woch — während se géint hier eegen Regierung demonstréiert hunn — et wichteg fonnt hunn, aus Solidaritéit bei der britescher Ambassade laanscht zekucken. Dofir kruuten d’Studenten_innen dann den “Police-Merci” (Tréinegas); an de “Studenten-Merci” (Demonstratioun vrun der griechesch Ambassade zu London)

An dat passt wéi d’Fauscht op d’Aa zum Motto vun der Tory/LibDem Koalitioun: „We’re all in this together!”

An dofir dann och e kléngen Hinweis op déi italienesch Studenten_innen, déi momentan ebenfalls géint déi nämlecht Sauerei (“Education cuts”) demonstréieren. Hiere Motto: “You block our futures, we block your cities.” Verschidden Stied goufen schons fir eng Zäitchen komplett lahm geluecht, an souguer de Colosseum zu Roum an de schiefen Turm vu Pisa war fir e puer Stonnen an den Hänn vun de Studenten_innen.

Zum Schluss bléiwt dann nach zesoen, dass de kritesche Vote mat knappen 21 Stemmen duerchgaangen ass. Dat heescht awer elo jhust dass de Minimum op 6,000£ d’Joër gesaat gett, an “an Extremfäll” (also an aanere Wierder “emmer”) 9,000£ d’Joër dierf gefroot ginn. De Rescht vun all de Mesûren fir d’Héichschoulwiesen an England kennt erréicht am néie Joër an d’House of Commons, dann wann ebenfalls déi meescht Haushaltskierzungen wäerten a Kraaft trieden — e.a. eng grousser Erhéichung vun der TVA — an, ebenfalls eng grouss Erhéichung fir Zuchtickets wäert kommen. D’Protester op lokalem, regionalen oder nationalen Niveau dierften bis dohinner wuel kaum ofhuelen. Schons muer treffen sech d’Studenten aus allen Ecker vum Land zu London wier driwwer zeberoden wéi eng Aktiounen fir d’nächst sollen organiséiert ginn. A laut Politics.co.uk soll et schons e Méinden zu engem wéideren Protest kommen, dann soll d’EMA gerett ginn.

“We’ve taken to the streets in our thousands, won the arguments and the battle for public opinion. We have lost in the House of Commons today only because MPs have broken their promises. We are incredibly disappointed and angry with the politicians who have let us down so badly. They have voted for a policy they know is unfair, unnecessary and wrong.
But this is not the end, and our protests and our work have sparked a new wave of activism which will grow stronger by the day. As they come for the education maintenance allowance, as they seek to raise interest rates on our loans and as they peddle lies about fairness we will expose their betrayal.
I am incredibly proud of the student movement today and we stand ready to fight the next stage of this campaign together. Our future is at stake.” [via]

~ Aaron Porter (President vun der National Union of Students)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] bei de Studenteprotester zu London vun der Police aus sengem Rollstull gezerrt ginn ass. Zwee Mol. (Den Oppenen Bréif hat doriwwer en dramateschen Artikel geschriwwen.) Ech wëll kee Kommentar zu der Police oder der Politik ofginn – ech denken meng Meenung dierft […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s