Och wann momentan Schnéi a groussen Deeler vum Vereente Kinnekräich fällt esou ass d’Stemmung bei Studenten, Proffen an, jo, souguer Schüler bei engen gudden 60-70 Grad ukomm. Dat läit éischtens un der Mesure vun der Regierung den Uni’en Suen ewech zehuelen, wouropps d’Uni fuerderen dass d’Studenten da sollen méi fir hier Edukatioun bezuelen – wat dann déi zweet Mesûre ass déi d’Studenten_innen op d’Palm dreift. Ab £7,500 pro Joër fir all Student wier een erem ongeféier op deem Niveau vun Akommes deen d’Uni’en momentan — dank der grousser Ennerstetzung vum Staat — hunn. Klengt momentan zimlech logesch an ass eigentlech keen schlecht Argument. Mee dobäi sierf gesoot, dass d’Uni’en momentan grouss Scholden maachen, woufir iwwerhaapt de Browne Review ugefroot gouf fir eventuell eng Reform vum Héichschulsystem zemaachen, deen den Uni’en méi e kléngen, oder guer keen, Scholdebierg soll bréngen. Wann een elo bedenkt, dass Tuition Fees sollen op £9,000 gedeckelt ginn, giffen d’Uni’en also jhust eng £1,500 pro Student gutt maachen, sollten se de Maximum fuerderen, an hätten hiere Scholdebierg jhust zu engem extrem kléngen (onwichtegen?) Deel reduzéiert. A schon ass dat Ganzt net méi grad esou schéin, wéi dat esou vun Tories a LibDems duergestallt gett…

A fir dass d’Studenten net méi (direkt) esou e grousse Scholdebierg hunn wéi bis elo (£30,000 nom Bachelor) soll eigentlech de britesche Staat d’Suen fir d’Studenten virstrecken, wat net mam normalen Studenteprêt dierf verglach ginn deen momentan am UK herrscht. Nodeems Studenten dann hiere Studium ofgeschloss hunn, mat dann iwwert £30,000 Schold an eng Arbescht fonnt hunn, déi hinnen genuch Suen abrengt, mussen se ufänken mat zreck bezuelen. Dat dann souguer mat engem krassen Zenssatz, an fir ganzer 30 Joër. Dat heescht wann een mat 21/22 Joër de Bachelor huet an d’Chance huet direkt, soe mer am Alter vun 25, eng gudd Platz zehunn, bezillt een bis 55 Joër säi Studium. Wann een keng gudd Platz kritt, muss een näischt bezuelen. Wann een da bedenkt dass de UK iwwert 1 Millioun jonk Arbeschtloser huet, an d’Arbeschtslosegkeet vun de Jonken an der ganzer westlecher Welt momentan extrem héich sinn, muss een sech d’Fro stellen, ob déi Studenten da je eng Kéier kéinnte hiere Studium bezuelen. Ouni Arbescht, keng Suen; ouni Suen, keng Suen fir de britesche Staat; keng Suen fir de britesche Staat, erem e méi groussen Defizit fir de britesche Staat; méi e groussen Defizit fir de britesche Staat, erem e méi eng grouss Schold fir de britesche Staat.

A schons si mer erem an de Joëren 2008/2009/2010 ukomm. D’Initiativ vun villen konservativen Länner den Defizit (dat ass net d’Schold!) zereduzéieren, kennt sech zu engem hausgemaachten Problem vun der nächster Generatioun iwwerdroen. All dat Gelaabers dat een fir déi nächst Generatioun/fir d’Kanner giff schaffen, ass eigentlech d’Loft emol net wäert, a schuet — dankt dem notzlosen Ausgaben vun CO2 — hiere Kanner em sou méi!

Déi nächst Generatioun (an domatter mengen ech déi déi haut 0 bis ongeféier 29 Joër hunn) misst grad e puer Mol alles erem riicht béien, wat déi Generatioun virdrun futti gemaach huet, a selwer zefaul war zehandelen. Eng Defizit Reduzéierung kléngt zwar extrem gudd, ass et zum Deel och, huet awer näischt mat enger Schold Reduzéierung zedinn, déi eigentlech misst stattfannen, a kann extrem kontraproduktiv sinn. Am Plaatz momentan dat déift Akommes vum Staat erem, nom groussen Abroch 2008, zeprobéieren an d’Luucht zekréien (zumools mat Hellef vun néien Arbeschtsplatzen), an esou de Staatsdefizit zereduzéieren, probéieren Cameron, Juncker a co. nemmen bei de Staatsausgaben zespueren.
Béid Handlungen reduzéiert zwar den Defizit, an domatter gett dat kontinueierlecht Steigen vun der Staatsschold gebremst, mee wann een an engem Diagramm Richtung Null geet ass dat nie gudd. Et ass dat wat déi aktuell Politik am UK, zu Lëtzebuerg an op villen aanere Platzen awer mécht. Déi stéigend Staatsausgaben sollen och abriechen fir dass den Defizit (Staatsannahmen minus Staatsausgaben) erem méi kléng gett. Dat ass eng Visioun à court terme. Eng Visioun déi helleft dass déi aktuell Politiker et sech weider kennen gudd mat hierer Paie goe loosen, verschidde Sachen kennen duerchbréngen fir erem eng richteg Klassen-Trennung herbäi zeféieren an wann dat Ganzt dann zesumme brécht, an enger Partie Joëren, setzen sie an der Pensioun an déi aktuell jonk Generation kann dann de Problem jo léisen.

An och dat dréit dozou bäi, dass d’Studenten a Studentinnen, genee wéi Schüler a Schülerinnen, aus dem Vereente Kinnekräich dëser Deeg gläich e puer Mol protestéiert hunn. Zu London waren iwwert 52,000 déi friddlech protestéiert hunn, dat zesummen mat hiere Proffen, déi – an dat kennt net oft fir – mat de Studenten op enger Ligne léien wat d’Zukunft vum Héichschoulsystem ubelaangt. Deno gouf de Bureau vum Vice Chancellor vun der University of Manchester vu Studenten_innen besaat. “Let’s do it Vienna style!” an e Mettwoch sinn nach eng ganz Retsch Uni’en dobäi komm. Vu Cardiff iwwert London bis op Cambridge an zreck op Birmingham. Hei haaten sech Studenten de Wee an d’„Great Hall” erkämpft an hunn déi besaat, genee wéi de Bureau vun eisem Vice Chancellor David Eastwood, deen an der “onofhängeger” Commissioun sutz, a schons virdrun ausgedreckt huet, dass hien fir eng Erhéichung vun den Tuition Fees wier. Genee deen Vice Chancellor soll dann och laut de Studenten säin Hut huelen. Mat engem grousse Plackat “EASTWOOD RESIGN!”* hunn d’Studenten_innen hien dozou opgeruff, e Plackat wat se iwwrengs um Aston Webb Building befestegt haaten, deem Gebäi also wou déi läscht “Leaders’ Debate” vrun de Wahlen war.

Wat mech awer am meeschten optimistesch stemmt, ass de Faite, dass d’Studenten_innen aktiv géint déi Proposen vun der Regierung demonstréieren. Eigentlech kennt, mam aktuelle Plang vun den Tories an de LibDems, de Studenten_innen et “wurscht” sinn. Déi néi Regelung soll 2012 agefouert ginn an trefft dofir déi déi momentan am Lycée sinn. Mee dat ass villäicht genee dat wat dës Generatioun ausmécht am Verglach zu däer déi elo un der Muecht ass (also sou ongeféier 30 bis 55 Joër), sie setzen sech fir déi Léit an, déi et am meeschten wäert treffen. Sinn net egoistesch, kucken net einfach nemmen no sech, no hierem Liewen. Ech si jiddefalls mega frou, en Deel vun dëser Generatioun zesinn, a kucken positiv op déi nächst Protester déi momentan lokal, regional an national geplangt ginn…

* Et sierf do als Info gesoot, dass d’Studentenzeitung “Redbrick” um Ufank vum Joër als Haaptstory de “Scoop” haat, dass eisen Vice Chancellor souguer méi verdengt wéi de Premier. £250,000 d’Joër! Dat dréit an der aktueller Situatioun net grad zu enger “Oh-him-geet-et-och-net-besonneg”-Meenung bei de Studenten bäi.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. Ech well net behaapten dass jiddereen aus menger oder der virechter Generatioun esou ass wéi am Post duergestallt. Et ginn Ausnahmen: zum gudden bei der vireschter, zum méi schlechten bei menger. Et ass eischter als eng generell Kritik un der vireschter Generatioun zeverstoen an als kléngen Hoffnungsschimmer fir d’Zukunft 😉

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s