Et ass eppes wat mech ferm opreecht. Scheinbar dauernd an iwwerall – ech well dat also definitiv net nemmen op Lëtzebuerg begrenzen, well dat wier komplette Blödsinn – ginn Politiker an aaner Verantwortlecher hin, vrun d’Press, vrun d’Léit a soen zu 90% d’Onwouerecht. Enough is enough!
Ween sou Ligen vu (lëtzebuergeschen) Politiker fennt, dierf déi ganz gäeren op oppenenbreif@gmail.com schecken, ech wäert se dann hei op der Säit veröffentlechen. Egal iwwert wéi eng Partei, egal iwwert wéi e Politiker.

Fir unzefänken mat dëser “Aktioun” een zum Deel jo ganz aktuellt Thema: Aide financière vum Staat.

Am Artikel vum Lëtzebuerger Wort „Es ist an der Zeit, auch mal Danke zu sagen!“ (Nr. 243, 18.10.2010, Säit 22/23), iwwert d’Reel vun dësem Joër, gett d’Direktesch vum Cedies Dominique Faber – d’Rietshand vum Minister Biltgen – zitéiert:

„Wir prüfen nur, ob die Studenten eingeschrieben sind und sich auch tatsächlich den Examen gestellt haben. Das Resultat dieser Examen ist in dieser Hinsicht ohne Belang.“

Dëst, fir déi Léit déi d’Gesetz net kennen, bezitt sech doropper dass d’Studenten ennert dem néie Gesetz hier Examensresultater no all Semester mussen eraginn fir déi nächste Tranche vun der Studentenhellef zekréien. Elo ass et awer esou dass wann een dat néit Gesetz iwwert d’Aide Financière vum Staat liest, dass do ennert Article 5, Paragraph 4 steet:

4. En cas de résultats jugés gravement insuffisants, l’octroi de l’aide financière est refusé par le ministre.

Setzen: 6!

Am nämlechten Wort-Artikel steet dann och, bezunn op d’Ried vun der Madame Faber:

Man sei sich auch bewusst, dass in verschiedenen Ländern keine Examen in den ersten Semestern anfallen.

Wann een sech dat wirklech bewosst war — wat ech wéinst diversen perséinlechen Erfahrungen eischter net glëwen — firwaat gouf an deenen 12 Artikelen vum Gesetz dësen Szenario, deen op ganz vill Studenten aus dem Vereente Kinnekräich zoutrefft net berücksichtegt? Am aale Gesetz vun 2000 gouf dësen ganz speziellen Szenario ennert Artikel 6 Paragraph 1 nach berücksechtegt. Am néie Gesetz, dat jo rucki-zucki huet missten duerch d’Chamber gepucht ginn [souguer zu London knuppen se esou e Gesetz net direkt duerch], gouf deen Deel vum Gesetz awer gestrach. Wat mussen also elo déi Studenten maachen? Laut dem Gesetz eigentlech guer näischt, well et eben dat grousst Lach am Gesetzestext vum Minister Biltgen gett. Mee wat seet de Cedies:

In dem Fall genüge ein erklärender Anruf beim Cedies und ein Nachweisschreiben der Uni. [nämlechten Artikel]

Bei den Cedies uruffen ok, mee ech froe mech wéi eng Uni, ob britesch, däitsch, franzéisch, amerikanesch oder lëtzebuergesch, higeet an engem Student en Ziedel, en Dokument ausstellt, dass dësen keen Examen geschriwwen huet, well et keng Examen an sénge Coursen nom éischte Semester ginn. Ech gouf beim Nofroen op menger Uni jiddefalls schéin, nenne mer et emol, “belächelt.” En plus, stellt sech och d’Fro vu ween genee dann elo dat Schréiwes soll kommen: dem Tuteur? E Proff vun engem Fach? D’Sekretariat vum jeweilegen Departement? Den Co-Ordinateur vun séngem akademesche Joër? Den Chef vum Under-/Postgraduate Deel vum jeweilegen Departement? De Chef vum ganzen Departement? De Chef vun der jeweileger “School”/”College”? Oder éieren d’Haaptadministratioun vun der ganzer Uni? Eigentlech sollt een an engem Gesetz Informatiounen doriwwer fannen, mee déi – laut dem Cedies 700 lëtzebuerger Studenten_innen aus dem UK – goufen beim Minister Biltgen carrément vergiess, an alleguerten déi aaner déi keng Examen nom 1. Semester hunn, well d’Coursen iwwert d’ganzt Joër ginn.

„Das Geld müsste überall ausreichen. Sogar für das teure London haben wir einen jährlichen Bedarf von 13.800 Euro für das Studium ausgerechnet.”

En Zitat vum Minister Biltgen op der Pressekonferenz vrun der Summervakanz iwwert dëst Gesetz. [Eigentlech wollt ech elo hei de Link op den Wort.lu Artikel ginn, mee d’Wort muss den Artikel an de läschten 4/5 Wochen wuel geläscht hunn]
Och do bléiwt festzehaalen, dass de Minister Biltgen a séngem Rechebeispill fir London ganz komesch Zuele benotzt huet. Vielläicht jo e Beispill wéi et vrun 20 Joër zu London war, wéi d’Uni nach gratis war, wee wees. Mee déi Zomme geet eigentlech mol net duer fir eng Wunneng an engem Viruert vu London zehunn an d’Unigebühr zebezuelen — dat dann och ier dës wahrscheinlech an de kommenden Méint verdreifacht ginn.

Firwaat kritt e Student deen zu Lëtzebuerg op d’Uni geet an am Hotel Mama wunnt, genee esouvill gehollef wéi e Student, deen, wann e beispillswéis well Engleschproff zu Lëtzebuerg herno ginn, an d’Ausland (an dësem Fall en engleschsprochegt Land) muss goen? Firwaat gett de Staat engem Student vun enger “räicher” Famill genee esouvill Suen fir studéieren zegoen wéi engem Student vun enger “armer” Famill? Firwaat kritt e Student vun Tréier genee esouvill wéi een vu Bréissel, wéi een vu München, wéi een vu London, wéi een vun Glasgow, wéi een vu Boston? Wäer et an deem Fall net méi logesch, a vill méi fair, wann den Cedies giff eng Lescht opstellen, déi een um Internet publizéiert, wou drop steet wéivill de Student kritt, wann en an déi oder déi Staat studéiere geet? Schliesslech ass d’Liewen zu London oder München oder Bréissel oder Wien méi déier oder belleg wéi an enger aanerer Staat. Wäer an deem Fall d’Argumentatioun, dass “elo all Student kann déi Staat an dat Land eraussichen wou hien oder hatt well studéieren ouni mussen op de Porte Monnaie zekucken” méi korrekt? A wäer et net och ubruecht, an dësen Zäiten, esou e Gesetz net an en “Spuerpaack” zesetzen, well een an economesch schlechten Zäiten nie soll bei der Edukatioun vun séngen Bierger spuert, dass een nie an deem Departement soll Suen ofknäppen?
A wäer et net besser, wann e scho muss d’Resultater eraginn, dass de Staat dann deene Studenten_innen déi gudd geschafft hunn, méi e groussen Undeel als Bourse gett wéi wann een net esou gudd geschafft hätt? Wäer dat, och hisiichtlech der Ofschaafung vun de Prime’en, déi d’Studenten soss kritt hunn wann se hieren Bachelor, Master oder Dokter no der mindest Unzuel vu Joër (+1 Joër) fäerdeg haaten, net besser fir Studenten och unzespornen gudd zeschaffen a fläisseg zesinn? Well d’Argument, dass e soll en (gudden) Unisdiplom hunn, well een dann eng schéin Arbeschtsplaatz kritt zitt net méi, a scho guer net an Zäiten vun wirtschaftlechen a finanzielle Problemer a groussen Deeler vun der westlecher Welt. Déi Jonk mat Diplom oder ouni kommen op e Marché op dem et keng Platz gett, weder fir sie, ob Akademiker oder net, nach fir hier Elteren, Monni’en an Tata’en, déi och alleguer entweder schons op der Stroos setzen oder all Dag op d’Stroos kenne gepucht ginn. An dat Ganzt wäerend vill westlech Regierungen nokucken, an, villäicht wéi zu London, och higinn a selwer Léit [eng hallef Millioun!] beim Staat entloosen, dass dat kontraproduktiv ass, an esou minimum eng hallef Millioun am Privatsecteur wäerten op d’Stroos gepucht ginn [PwC Rapport] interesséiert déi economesch neoliberal Konservativ op zu London oder elsewhere iwwerhaapt net.

An ofschléissend, an dat soll awer den Haaptpunkt vun dësem Post sinn, wäer et net vill besser wann Politiker, an aaner wichteg Léit, e Gesetz giffe kennen, ier se schwätzen? An dass d’Ministeren och e Gesetz schréiwen an deem se all Fall berücksichtegen, also den Dossier a sénger ganzer Breet, a sénger ganzer Komplexitéit gesinn, an net d’Sach als en Dokument gesinn, wat nach séier vrun der Summervakanz muss geschriwwen a gestemmt ginn?

An aaneren Wierder: brauche mer net endlech richteg Politiker?

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

4 Comments

  1. Den Problem vun den fehlenden Examensresultater gellt och fir all déi déi een Doktorat machen. Den CEDIES schengt zwar kulant ze sin, mee Blödsinn ass et trotzdem.
    Waat ech awer nach vill méi schlëmm fannen ass de fait, dass een nëmmen méi eng finanziell Ënnerstetzung während der offizieller Studiendauer +1 Joer kritt. Fréier haat een dann nach emmer d’Kannergeld. D’Wegfaalen vun dem Primen weist an déi selwescht Richtung: net belounen, mee bestroofen !

    Reply

  2. Oh jo, dat mam Doktorat ass mer emol direkt net agefall. E gudde Punkt. A fir de Rescht sinn ech 100-prozenteg mat der averstaanen.

    Reply

  3. Ech si just iwwer den Artikel geflunn. Hu selwer beim CEDIES nogefrot, an alles wat s de maache muss fir deng zweet Tranche vun der AideFi ze kréien ass nach emol e Certificat ranzeschécken an e perséinleche Bréif bäizeleeën, dass de keng Examen hues. Keng Affär also.

    Mä dat mécht d’Saach natierlech net gutt. Klenge Gedanken niewebäi. Wann s de mat 27 Joer op 1e sëtz, kriss de Kannergeld. Wann s de mat 19 deng Première méchs, a mat 23 nach kee Bachelor hues, kriss de näischt méi. Wou ass do d’Logik?

    Reply

  4. Ok, dat ass dann déi 3 Variante déi ech héieren hunn. Déi éischt hei eben vun der Directrice vum Cedies, déi déi se dier erzielt hunn, an déi déi den Cedies mengem Brudder a mir erzielt hunn (“Da musst der irgendsou een Ziedel eraginn, dass der awer eppes gemaach hutt” — vun uruffen oder e wéideren Certificat eraschecken näischt gesoot)

    Stemmt och, hunn ech ebenfalls iwwersinn. De Project gouf vill ze séier geschriwwen/duerchgeboxt. Souguer den Browne Review hei am UK huet jo iwwert 1 Joër gedauert, zu Lëtzebuerg gett esou e groussen Project bannend e puer Wochen geschriwwen an duerch d’Chamber geboxt. -_-

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s