Politicalfreak, Patriot an/oder einfach “nemmen” “Comedy Central”-Fan? Egal, jiddereen haat dëse Samsten 30ten Oktober schons zenter e puer Wochen roud am Kalenner ugestrach. Déi grouss “Rally to Restore Sanity and/or Fear” zu Washington DC stung endlech um Programm. D’Rally mam a vum Stephen Colbert an Jon Stewart, deen vrun e puer Deeg als aflossréichste Mann vun der Welt gewielt gouf, huet e puer zengdausend Léit an d’Haaptstaat bruecht.

rally
Huffington Post)

Unterstützung erhält [Barack Obama] vom populären Fernseh-Politkomiker Jon Stewart. Der Liberale hat für Samstag zu einer Großkundgebung “zur Wiederherstellung der Vernunft” in Washington eingeladen[…]

Dat schréiwt d’Wort a kritt de Metten Ennerstetzung vum ZDF.
Also, eischtens (an doriwwer kann een wuel e besschen streiden) ass den Jon Stewart keen “liberal”, soss wier hien wuel och dës Woch e besschen aanescht mam President Obama emgaangen („You don’t want to use that phrase, dude.”). Den Jon Stewart ass wuel definitiv en Demokrat, beschréiwt sech awer selwer witzegerwéis als “independent” oder “socialist.” Et dierf een den Jon Stewart wuel, och baséiert op sénger Kritik un MSNBC an deenen hiere Léit (aka Olberman) [via], als e moderaten Demokrat bezeechnen.
A genee do läit déi zweet Saach: d’Rally vun den 2 Comedians war keng partei-politesch, et war eigentlech fir de Geck mat de Medien an de Pundits zemaachen, an zumools do, fir de Geck mat den beiden Extremen zemaachen, fir de Geck mat den extreme right-wing an extreme left-wing Supporter zemaachen. Oder fir et aanescht auszedrecken: eng Rally fir déi politesch Mett, an eng Rally fir all Patriot, déi, wéi den JFK schons soot, “can disagree without being disagreeable.”
Eng Rally mat grousser Kritik un de Medien, den 24-Stonnen-Pundits, déi, esou den Jon Stewart, déi aktuell Problemer zwar net geschaaf hunn, mee hier Existenz mécht et emsou méi schwéier fir d’Problemer zeléisen. (Eppes wat wuel op vill Länner zoutrefft.) Et giffe Saachen ginn vrun deen Amerika misst Angscht hunn, mee „we live in hard times, not end times”, sou den Jon Stewart a sengen Closing Remarks. A wéider

There are terrorists, and racists, and Stalinists […] but those titles must be earned. Not being able to distinguish between real racists and Tea Partiers, or real bigots and Juan Williams or Rick Sanchez is an insult, not only to those people but to the racists themselves who have put in the exhausting effort it takes to hate.

Just as the inability to distinguish terrorists from Muslims makes us less safe, not more! The press is our immune system. If it overreacts to everything, we actually get sicker. And yet, with that being said… I feel good, strangely, calmly good.

A fir déi wou dat nach net duer geet: hei den Artikel vun FOX News iwwert dës Rally. A ween lo nach glewt, dass dat Ganzt eng “Pro-Obama Demonstration” war, deen huet näischt verstaan…


(Ab 8:20 — wuel dat beschten Rally Lidd, wat je geschriwwen a gesongen gouf ^^)

Zumools flott wéi den Rick Sanchez gläich 2 Mol an deem Lidd fäerdeg gemaach gett 😀

Cause on my calendar each day is the Fourth of July
if you cut me open, I bleed apple pie
Lady Liberty is the hottest girl, I’ve ever seen,
I would totally hit that if I were tall and green.

America is perfect and there is nothing to fix
my PIN code is seventeen seventy-six — don’t tell!
Americans will deep fry anything, and that is why I sing:

That it’s the greatest, strongest country in the world;
It’s the greatest, strongest country in the world […]

EDIT (31. Oktober 2010 – 1:20 Auer GMT): Hei déi ganz Ofschlossried vum Jon Stewart. So true…

“Most Americans don’t live their lives solely as Democrats, Republicans, Liberals or Conservatives. Americans live their lives more as people that are just a little bit late for something they have to do. Often something they do not want to do. But they do it!”

Scho “witzeg” wann e selwer eigentlech emmer baal genee déi nämlecht Defintioun iwwert d’Amerikaner sénger Famill a Kollegen gett, zumools am Kontrast zum Europäer: “but they do it!”

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

3 Comments

  1. Den Event selwer woer bëssen holpreg, mee et woer gutt, dass en stattgefonnt huet! En plus woeren mei Läit do wéi um Beck sengem Revival-Festival 😉

    An dem Stewart seng Ried um Schluss woer sou eppes vun richteg.

    Den Stewart woer och deen, dee mir während den Bush-Joeren Hoffnung ginn huet …

    Reply

  2. Bon… et war eben éischter eng “Show”, wéi den Jon Stewart et jo herno och selwer genannt huet. Déi éischt Stonn Concert hätt een awer duerchaus kéinnte verkierzen. Mee bon, war trotzdem flott. 🙂
    Jo, wahrscheinlech. Ass emmer schwéier zesoen, do ginn d’Meenungen jo emmer auserneen, och wann ech duerchaus wann ech Biller kucken mengen, dass et der definitiv méi waren. Hei och e Bild vun der Mall wat dat “beweist”: http://www.pop.is/1mhpm

    Een huet d’Sach op de Punkt bruecht. Zumools dass d’Amerikaner am Alldag duerchaus zesumme schaffen. Wat mech drun erennert huet dass am Summer, mengen zu Illinois si mer awer net secher do, eng lokal Kierch an hier chrëschtlech Memberen hieren néien Nooperen, Muslimen, gehollef hunn hier Moschee fäerdeg zebauen. Déi wäer soss net fir de Ramadan fäerdeg ginn. Mee dat gett an de Masse-Medien (a Politiker vu beide Säiten) net erwähnt. Net an den USA, an net an Europa. Dat ass méi wéi Schued.

    Jo, secherlech ass et emmer méi liicht e satireche Fernsehkomiker zesinn, wéi e Land wirklech dann zeleeden, mee et gi vill däer Möchtegerner an deem Business déi bei wäitem net esou gudd sinn wéi de Stewart (a Colbert for that matter ;))

    Reply

  3. Den Daag no de Wahlen…

    “Yes we can…blow the opportunity…” LOL…

    Hasta

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s