+10′: Sou an elo sinn ech dann och richteg gudd preparéiert fir mäin Cours iwwert déi amerikanesch Politik. Well e.a. ech dann och elo wees dass den Joe Biden och 2012 als VP wäert mat um Ticket sinn, an net d’Madame Clinton. [via]
Sou ech soen Äddi fir haut, maacht et gudd. Eng schéin Nuecht, e gudde Freiden an e schéine Weekend. Bis d’nächst Woch… 😉

+ 2′: Ween huet gewonnen? Dat ass d’Fro déi sech elo stellt. Wahrscheinlech éischter d’Madame Angle déi méi preparéiert gewierkt huet an teschenduerch och e Gang konnt zouléen. (‘Man up” dierft wuel d’Schlagwuert bis den 2. November bei der Madame Angle an hiere Supporteren bléiwen) Och wann se deno baal gefall wier, esou konnt sie sech dach erem op de Been haalen. Den Harry Reid war sichtlech nervös an dat kéinnt him d’Debatt (an domatter säi Setz?) kascht hunn.
Trotzdem beid konnte wuel hier Basis zefridde stellen, freet sech jhust ween d’Independents éischter begeeschtert huet. Do huet een mat engem Ronald Reagan definitiv gutt Chancen, mee “Don’t Ask, Don’t Tell” genee wéi d’Edukatioun dierft den Independents wuel guer net beim Sharron Angle gefall hunn.
Small government vs. big government, esou wollt d’Madame Angle d’Debatt herno ausgesi loosen. Dat hat sie am Ufank ugekennegt an dëst knallhart duerchgezunn. D’Debatt huet sie wuel gewonnen, ob sie de grousse Sprong an den Emfroen mécht bléiwt ofzewaarden. E Samsten geet den “early voting” un, an och de President Obama huet sech fir dëser Deeg ugekennegt. Sollt den Harry Reid zu deem Zäitpunkt hannert dem Sharron Angle léien, ass den Event mam President déi läschte Chance vum Harry Reid d’Blaat nach eng Kéier zedréien. Sollt hien vir léien, muss en hoffen, dass de Charisma vum President vill Jonker direkt an d’Wahllokaler wäert dréiwen an hier Stemm dem Senate Majority Leader Reid ginn.

56′: Den Harry Reid ass op d’Arbeschtsplaatzen agaangen. Hien giff der schaffen, während d’Madame Angle näischt giff maachen. Hien giff weider fir d’Interets vun de Bierger vun Nevada kämpfen, wann hien sie nach eng Kéier dierft am US Senat vertrieden.
D’Madame Angle seet dass sie oft laacht well sie en Optimist ass, wéi de Ronald Reagan. “We, the people” kéinnt aus dëser Kriis erauskommen, wann een zesumme schafft an erem zreck op séng Wuerzelen sech besennt. An dofir den 2ten November d’Sharron Angle wielt.

55′: Closing Statements… den Harry Reid muss séng Note sichen (Negativpunkt Reid)

52′: D’Bush taxes missten verlängert ginn. D’Stéieren fir déi Räichsten dierften net och nach an d’Luut goen, mengt d’Sharron Angle.

51′: “We can’t trust you with our taxes, Senator”, seet d’Madame Angle. A während hien als mettelstännegen Mann op Washington gaangen ass an elo e vun den räichsten Senator ass. Wéi ass dat geschidd?, freet d’Madame Angle. Dat wier “low” seet den Harry Reid. Hien wier en erfolgräichen Affekot gewierscht, an hätt keng schwarz Suen ugeholl (aka Vote verkaaf)

49′: Bush taxes…

45′: Bei der Arméi an d’Militär huet d’Madame Angle definitiv Problemer, verschwätzt sech, wirkt nervös. Den Harry Reid notzt dat aus, wéist doropper hien dass d’Madame Angle d’Veteran Administration well privatiséieren. Punkt Reid.

43′: Erem stellt d’Madame Angle sech als eng Kämpferin vum “limited/small government” duer. Lokal misst entscheed ginn, net national. Den Department of Education misst endlech ofgeschaaft ginn, well schliesslech wier zenterhier d’USA am internationalen Verglach an der Edukatioun gefall. Schoulmeeschteren an déi lokal Communitéit sollen rem entscheeden.
Den Harry Reid kann irgendwéi net richteg den Ronald Reagan, der Madame Angle hieren Held, a sénger Äntwert asetzen, deen laut him gemierkt haat dass dësen Departement ganz wichteg a richteg wier. Schued.

41′: Lo em d’Edukatioun. Heads Up, Race to the Top, etc.

40′: D’Nuklärenergie: Den Harry Reid seet dass Nevada einfach och net d’Wasser hätt fir nuklearen Strom hierzestellen. Et misst een ophaalen op déi emweltlech Saachen zekucken, esou d’Madame Angle. Et misst een fort vum Uelleg kommen.

37′: D’Madame Angle leet definitiv den zweeten, resp. dretten, véierten Gang an. Wann den Harry Reid lo net oppasst ass säi Setz fort.

35′: “Her facts are absolutely wrong.” ~ Harry Reid

34′: “Man up, Harry Reid” – Et geet méi haard hier beim Social Security-Thema.

32′: “Read the review first, then write the bill”, seet d’Madame Angle. Punkt Angle. Den Harry Reid deen schons um Gesetz geschafft huet fir “Don’t Ask, Don’t Tell” ofzeschaafen ier de Review vun der Arméi erauskennt.

31′: “Don’t Ask Don’t Tell” elo an d’Madame Angle hellt hier grouss konservativ Vue an seet dass d’Hochzäit nemmen teschend Mann a Fra richteg an e Bestiednis wier.

29′: D’Madame Angle hätt d’Sonia Sotomayor net gestemmt. D’Madame Sotomayor giff d’US Constitution net verstoen. Mee Chance verpasst d’Sonia Sotomayor mam Barack Obama, an domatter mam Harry Reid zeverbannen. “Schued”.

27′: Elo den US Supreme Court…

25′: Wat d’Madame Angle da giff maachen d’Léit vun Nevada rem un d’Schaffen zekréien? Et misst een erem un d’Privatindustrie erugoen an déi mat Suen vun der Regierung ennerstetzen. D’Madame Angle gett dann zou dass et net hier Arbescht als Senatrice wier fir de Léit vun Nevada erem Arbeschtsplaatzen zebidden. Dat ass e grousse Plus fir den Harry Reid, deen elo och d’Madame Angle a sénger Äntwert als “extreme” ofstämpelt.

20′: Elo d’Finanzsituatioun. Den Harry Reid seet dass den Barack Obama net esouvill “blame” misst kréien ewéi den George W. Bush, a geet drop an dass den Bill Clinton dem George W. Bush en historesch Plus hannerloos huet.
D’Madame Angle seet dass de Problem am Senat léit, kritt et awer irgendwéi net richteg fäerdeg den Harry Reid domat richteg zesumme zebréngen. E gudde Versuch mee wuel jhust fir d’Basis eng gudd Äntwert…

17′: Is there anything that insurance companies should cover?
Sharron Angle äntwert net op d’Fro, schwätzt wat sie mat autistesche Kanner gemaach huet. D’Fro nach eng Kéier widderholl. “Anything at all?”, freet d’Madame Angle verwonnert. Dann giff sie soen “nee”, well Amerika e Land of Choice ass an et dierf een net e forcéieren eppes mussen zemaachen.
Harry Reid seet dass dat Ganzt falsch wier a geet op d’Mammographien an.
Sharron Angle seet dass e misst e fräie Marché hunn, schliesslech wäer Amerika drop opgebaut.

14′: Firwaat den Harry Reid an den President sech net fir d’éischt op d’Arbeschtswelt konzentréiert hunn am Plaatz Health Care Reform?
Harry Reid: D’Health Care Reform war neideg an huet ganz vill Arbeschtsplaatze geschaaft.
Sharron Angle: Mir mussen de Staat aus Health Care eraushuelen. ObamaCare ass falsch, et huet d’Medicare Suen kascht.
Harry Reid: Dat stemmt net. D’Madame Angle well jhust net dass irgendeng Firma muss Responsabilitéit iwwerhuelen.

13′: Fro: Soll Englesch d’Haaptsprooch vun den USA sinn?
Sharron Angle: Yes.
Harry Reid: English is already the official language.

10′: D’Angle gett gefroot em eng bestemmte Reklamm déi vun onofhängegen Säiten als “komplett falsch” ofgestempelt gouf. Den Harry Reid giff illegal Immigranten keen “tax breaks” ginn. D’Madame Angle äntwert net wirklech, den Harry Reid seet dat, an dass d’Madame Angle soll ophaalen déi Dommheet weider zesoen.

9′: Déi éischt Fro geet em illegal Immigratioun. Et misst een zesummeschaffen an dësem Problem, sou den Harry Reid.
D’Madame Angle seet dass déi “immigration aliens” e grousse Problem sinn, an dass een misst Arizona ennerstetzen. D’Sharron Angle seet dass den Harry Reid “nuts” wier an dëser Positioun.

6′: D’Madame Angle: Sie wunnt bei Middle Class Bierger, net wéi den Harry Reid; sie ass eng Mamm, sie ass Léierin. Sie ass géint ObamaCare, deen den Harry Reid gestemmt huet. Et giff een den Owend den Ennerscheed teschend limited government Kandidatin Angle an big government Kandidat Harry Reid gesinn…

3′: Den Harry Reid säin Opening Statement: e schwätzt vu séngem Papp, an dass d’Liewen schwiereg war, verbennt dat Ganzt mat dem Wall Street Crash vun 2008, deen Nevada wäit erofgepucht hätt an haart getraff hätt. Am zweeten Deel geet en dorops an wat hien gemaach huet nom Crash: manner Stéieren fir d’Familjen, d’Wall Street Reform. An zum Schluss seet dass op séngem Twitter (@HarryReid) en Fakt-Check wäert gemaach ginn…

0′: Et geet lass…

– 2′: Den David Damore, a Politikwessenschaftler a Proff op der University of Nevada, seet dann: “A vast majority of voters have never seen Sharron Angle live. What they’ve seen are surrogates, press releases, and advertisements. That raises the stakes for her.”
Während den Harry Reid op der aanerer Säit definitiv muss gesoot kreien: “Give ’em hell, Harry!“, well e Samsten fänkt zu Nevada schons de Wahlvirgang un; “early voting” vun deem wuel eng 50% vun den Wieler wäerte profitéieren, zumools déi Jonk an déi muss den Harry Reid op séng Säit kréien wann e well weider Nevada am US Senat vertrieden.
An 2 Minutte geet et lass… 🙂

– 6′: Haaptdiskussiounsthema den Owend – nierft dem President Obama – dierft wuel déi aktuell ganz schlecht Economie vun Nevada sinn. Zenter August dëst Joër huet Nevada mat 14,4% déi hechsten Arbeschtsloosegkeet a ganz Amerika. Nevada huet 190,000 Arbeschtsplaatzen vun Mee 2007 bis Januar 2010 verluer. Eng 54,000 sollen wuel laut de läschten aktuellen Projections an den nächste Joëren dobäi kommen. A während Nevada 2006 nach 88% vu sénge Leit an der Baubranche schaffen haat – den hechste Wäert am ganze Land – esou ass een och do momentan nemmen mettelklasseg.

– 12′: De läschten “Poll of Polls” fir Nevada gesäit en Tie teschend der Republikanerin an dem Demokrat fir. 45,4% fir d’Madame Angle, 45,4% fir den Harry Reid.
Zu Nevada sinn iwwrengs (Stand Juli 2010) 43,1% registréiert Demokraten, 35,33% registréiert Republikaner, 21,56% Independents.

Zumools d’Independents gëllt et den Owend z’iwwerzeegen, well dat dierft wuel mat den läschte Reklammen vu béide Campaigns net geklappt hun:


– 20′: Häerzlech Wellkomm bei engem weideren Live Blogging Event hei op dësem Blog. Et ass den éischten Live Blogging zenter de Wahlen am Juni 2009 zu Lëtzebuerg. Haut den Owend si mer zesummen awer erem am Land vun den onbegrenzten Méiglechkeeten, dem “land of the Free and the home of the Brave.”
Fir genee zesinn si mer zu Nevada. Do denkt een natiirlech un Las Vegas, un Casino’en an un d’Hochzäit vum Britney Spears. Nevada ass awer bei dëse Midterms 2010 méi ewéi nemmen e klénge Stadt. Nee, mat engem Senate Majority Leader Harry Reid an enger Tea Party Kandidatin Sharron Angle an der Course gouf Nevada zum Synonym vun dëse Midterms. Wéi staark ass d’Tea Party wirklech? Kann sie de groussen Harry Reid aus dem Senat puchen? Wa jo, hunn d’Demokraten definitiv d’Midterms verluer, souguer wann sie sollten d’Majoritéit am US Senat behaalen — wat bei enger Nidderlaag vum Harry Reid praktesch onméiglech wier.

Harry Reid géint Sharron Angle. Déi éischt an eenzeg Debatt teschent deenen 2 gett et (baal) nemmen hei. 🙂

Harry Reid vs. Sharron Angle. An 20 Minutten geet et lass…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s