Eigentlech haaten e Grupp Schüler (also Mannerjähreger!) eng Protestaktioun géint Stuttgart 21 ugefroot an souguer genähmegt kritt, trotzdem huet d’Police et fir noutwendeg empfonnt mat Pfefferspray a Wasserwerfer déi friddlech Demonstranten aus dem Park zejohen.
Iwwer Twitter kruut déi däitsch Police dann och schons direkt e néien Numm: “Kinderschläger” an esou goufen se och vun den erwuessenen Demonstranten op der Plaatz vernannt.
D’Schoul huet souguer den Owend ugekennegt eng Plainte zemaachen. Verständlech, mee eigentlech missten minimum de Polizeichef an de Landes-Inneminister muer de Moien zerecktrieden. Mee dat schéngt onwahrscheinlech, well et Léit sinn, déi vu gescht sinn, an dowéinst déi (“néi”) Demokratie an d’Menschen net verstinn.
Fir mech d’Bild vun der Woch vielläicht vum Joër:

(Quell)
EDIT (3. Oktober 2010, 23:40 Auer): Aus der “heute Show” vu läschte Freiden. Ech soe jhust “Sprühregen”:
Demosanis: 10-jährige hat von einem Polizisten einen Faustschlag ins Gesicht bekommen, Gehirnerschütterung, Krankenhaus. #s21 / via @robin_wood
De Jens Scholz erklärt zimlech iwwersiichtlech, firwat déi Protester an all déi Oprou vun de Medien guer näischt un der Situatioun ännere wäert. Et gouf dat alles schon eng Kéier genau d’selwecht 1981: http://jensscholz.com/index.php/2010/09/30/vor-dreissig-jahren-eine-umstrittene-baustelle-und-120-000-demonstranten
Holà,
“…(„néi“) Demokratie…”
Facebook-Demokratie…?
Hasta
Pancho
@ Thierry
Also genau d’selwecht definitiv net, well d’Protester géint Stuttgart 21 jo schons méi laang ginn an zenter Enn Juli (déi éischte Kéier wou ech et emol jiddefalls matkritt hunn) all Woch d’Léit op d’Stroos gaange sinn. En plus ass et eng aaner politesch Viraussetzung: d’CDU schwächelt souwisou schons bundeswäit an dowéinst och an hierer Héichbuerg. Am Mäerz si Wahlen, déi vum Merkel zum “Referendum” iwwert Stuttgart 21 gemaach goufen. Momentan hunn déi Gréng, déi vun Ufank un géint de Project waren, jhust nach 8% Reckstand op d’CDU (35%, stärkste Partei am Ländle).
Ech well net soen dass et hei definitiv anescht wäert ausgoen, well d’Chancen vun de Léit esou e grousse Project zestoppen oft minimal kléng sinn, mee d’„Chance” ass do a mam haarden Asaatz vun der Police hunn sech d’Frënn vum Project (aktuell) jhust méi “Feinden” gemaaach. Dat eenzegt op wat se gehofft hunn, ass dass d’Léit giffen ufänken gewaltbereet zeginn, da giffen se och séier vun de Medien ofgestempelt ginn an de Project kéinnt ganz a Rou wéider gefouert ginn. Soulaang d’Léit friddlech bléiwen a weider Woch fir Woch demonstréieren (an déi Gréng dat weider clever maachen)… firwaat net?
–
Schéin iwwrengs och zegesinn, dass kritische-polizisten.de ebenfalls hier “Kollegen” kritiséieren:
@Pancho
Wanns du dat esou interpretéiere wells, jo 😉 Et ass dem Lieser souzesoen iwwerloos.
Nee mee eigentlech wollt ech domatter soen, dass de Landesinneminister wahrscheinlech net versteet, dass emmer méi Léit (egal op an Däitschland oder soss enzwouch) eigentlech d’Basis-Demokratie verlaangen. Wat jo dann aktuell och déi 2 Lager sinn déi sech zu Stuttgart géigeneen stinn.
Allerdengs kann een et och gäeren als “Facebook”-Demokratie verstoen, obwuel ech perseinlech dat Wuert fir dëse konkrete Fall net esou immens fannen. Mee wann een et esou gesäit, dass een de Protest an d’Reaktioun vun der Police scho konnt live via Handy-Cams um Internet verfollegen, an d’Bevëlkerung sech schons mat Hellef vun dem Medium e Bild (an eng Meenung) vun der Situatioun konnt maachen, ier déi “klassesch” Medien, déi soss normalerwéis sollten dofir zoustänneg sinn d’Bevëlkerung an enger Demokratie mat den néidegen Informatiounen a Bildmaterial zeversuergen, iwwerhaapt doriwwer bericht hunn, geschweige denn e Bild vum “Ort des Geschehens” hunn, kann een („néi”) Demokratie definitiv och esou verstoen. 😉