En interessanten Interview mam Oppositiounsleader Claude Meisch gett et momentan am Journal zeliesen a séng Ausso iwwert den Defizit dierft verschiddener wuel iwweraschen:

LJ: Was meinen Sie damit? Ist es nicht so, dass Schwarz-Rot bis 2014 ein Null-Defizit bei den öffentlichen Finanzen erreichen will? (…)

CM: Mit diesen Parolen soll der Bürger eingelullt werden. Wir müssen aber bei der ganzen Wahrheit bleiben: Null-Defizit in der Regierungssprache heißt in Wirklichkeit ein Defizit beim Zentralstaat, das nur durch eine höhere Staatsverschuldung gedeckt werden kann. Das ist doch die Wahrheit. Null ist in diesem Fall nicht gleich null. Und, wer meinen Sie, trägt danach die Staatsverschuldung wieder ab? Der Steuerzahler, also die Mittelschichten und die Unternehmen. Das gefährdet auf Dauer den Standort Luxemburg und damit viele Arbeitsplätze. Und deshalb sagt die DP, dass wir unbedingt Strukturreformen brauchen, um diese Mehrbelastungen zu verhindern und unser Sozialsystem für die kommenden Generationen nachhaltig abzusichern. (…)

Mee bon e Land wat déi politesch Richtung wielt déi den Neoliberalismus op d’Welt bruecht huet, muss sech och net wonneren, wann déi Politiker dann scheinbar keng Ahnung hunn wat se solle maachen wann grad dëse Project scheinbar zerbrecht – dass se keng Ahnung hunn hat de grousse Juncker jo souguer nach selwer vrun de Wahlen de Léit gesoot gehaat (hei), mee et gouf driwwer gelaacht. An elo kommen déi Léit, déi virdrun net woussten wat soll gemaach ginn dann mat Idee’en, wou se genee wëssen, dass d’Léit déi herno wäerte falsch verstoen, an doduerch dann och sie erem wäerten erem wielen – well déi hu jo en Nulldefizit wäerteg bruecht. Mee eigentlech ass déi aktuell Politik vun der CSV-LSAP Regierung eng Politik fir d’Kriis oder hier Auswirkungen zeverlängeren, net awer fir sech nei opzestellen an d’Beruffer vu muer op Lëtzebuerg zekréien.
Och fir d’CSV giff also gellen: “You can’t have the keys back, you don’t know how to drive!”

Mee firwaat mécht d’CSV an zumools de Jean-Claude Juncker dat? Firwaat fueren se esou falsch? Well se jo eben net wessen wou genee et soll higoen, also zögert een d’Saach nach esou laang eraus bis dass d’EU een endlech well, respektiv well dat scheinbar net méi klappt, bis dass soss eng Firma e well, oder een definitiv an d’Pensioun geet. Wann da bis opgeraumt gett a schwéier Decisiounen zehuele sinn, wäert d’CSV déi éischt sinn déi meckeren, während d’Léit dann engem Jean-Claude Juncker nokräischen, a wann et ganz schlëmm kennt, wäert zum Juncker sénger Liewzäiten dann souguer nach de gudde Wellem vum Knuedler verschwannen a mat enger Statue vum groussen Jean-Claude Juncker ersaat ginn.

Wann een op gudd lëtzebuergesch en “Drëcksack” ass, muss een de Jean-Claude Juncker dann als Held féieren. En huet eng light Versioun vun der Madame Merkel gemaach (Regieren ohne zu Regieren), Problemer gescheckt op déi nächst Generatioun geluecht an sech selwer dobäi gudd ausgesi geloos.
Wann een awer e Politiker ass, e richtege Politiker, e Patriot, en dem eppes um Land a séngen Awunner léit, da muss een de Jean-Claude Juncker genee wéi déi ganz Regierung als faul Drëcksäck momentan gesinn, an jo, alles dofir maachen fir dass déi Léit esou schnell wéi méiglech aus der Regierung verschwannen. Alles maachen fir dass zu Lëtzebuerg d’Politik an alles wat dozou gehéiert emol richteg opgebaut gett, mat kriteschen an onofhängegen Medien, mat richtege Politiker, mat Léit deenen eppes um Land léit an net mat Léit déi beispillsweis eben joërelang de Magazin um RTL moderéiert hunn, mat enger Equipp vu Léit hannert de Politiker, déi fir all Gesetz Recherche maachen fir dass den Deputéierten all Informatiounen huet fir séng Entscheedung zehuelen, a séng Entscheedung ganz alleng, keen blöden Koalitiouns- resp. Fraktiounszwang méi.

Lëtzebuerg muss e richtegen Oproch woen, ier et zespéit ass. Well wann d’Job-Offeren an d’Competitivitéit bis op Null sinn, ass Null gläich Null.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s