Geschter (Dennschten) waren et nach genau 5 Wochen ier rem déi Säit vum Atlantik gewielt gett an déi Midterms 2010 wäerten ganz wichteg ginn. E roude Congress an e roude Senat an d’Wäisst Haus hätt riese Problemer. 122 Wahlverspriechen huet de President Obama aktuell schons an konkret Taten emgewandelt, 22 Verpriechen gebrach an un iwwer 300 gett momentan nach geschafft – bei verschiddener méi, bei aaneren manner. Mee zumools nodeems d’Madame O’Donnell (Tea Party) d’Virwahlen vun de Republikaner fir de Senatssetz vum Vice President Joe Biden (Delaware) gewonnen huet, an ugekennegt huet um “Capitol Hill” zekämpfen, dass d’„Health Care Reform” net a Kraaft soll trieden, ass kloër dass dës Midterms net onwichteg sinn.

Mee net nemmen d’Madame O’Donnell giff dem Barack Obama Problemer bréngen, mee hier Tea Party-Frendin Sharron Angle, déi probéiert de Setz vum aktuellen Majority Leader Harry Reid (D/Nevada) zekréien, versprecht beispillsweis och géint Social Security an Medicare zekämpfen. Hieren wuel bekanntesten Tea Party-Kolleg Rand Paul, de Bouf vum republikaneschen Presidentschaftskandidat Ron Paul, deen probéiert de Setz vum Sen. Jim Bunning (R/Kentucky) zekréien, ass net mam 1990er Disabilities Act zefridden an huet och eppes um Civil Rights Act vun 1964 zemeckeren.

D’Madame O’Donnell léit momentan zwar (nach) eng 15% hannert hierem demokratesche Geigner Coons, mee d’Madame Angle léit an engem “Poll of Polls” nemmen 1% hannert dem Majority Leader Harry Reid an de Rand Paul zu Kentucky eng 2% bis 5% vrum Demokrat Conway.

flag
Den “Zweet Revolutioun”-Fändel gett vun der Tea Party a séngen Supporter ganz gäere benotzt

D’„Tea Party”, däer hieren Numm eng Uspillung un d’Boston Tea Party ass, stellt momentan e grousse Problem fir déi politesch Landschaft an den USA duer. Oder soe mer emol fir déi 2 grouss Partei’en. Jo, déi zwou. Dass de Slogan “I want my country back” bei villen Amerikaner an Zäiten vun engem héiche Chômage an engem klénge Wuesstem gudd ukennt, dierft an der aktueller Situatioun kloër sinn. D’Zuel vun den Economie Experten déi vrun engem “Double Dip”, also enger néier Rezessioun, warnen ass jo och iwwert de Summer emmer méi grouss ginn an déi 4 Eckpfeiler déi d’United States of America ausmaachen, déi déi ganz Union a gudden – an a schlechten Deeg – zesumme gehaalen hunn: Democracy, Liberty, Opportunity an Hope, schengen irgendwéi an de läschte Joëren ausserneen gebrökelet zesinn. E gudd Beispill fir déi aktuell Situatioun an den USA zeverstoen haat Enn Juni d’Financial Times ginn: et soll een an dem Beispill d’USA wéi en Appartementshaus gesinn, an de läschte Joëren sinn d’Penthäiser emmer méi grouss ginn, emmer méi elegant, méi hei, méi do, de Rescht vun de Wunnengen goufen zum Deel kräfteg vernoléissegt, an de Lift (d’Opportunity) fir och erop an d’Penthouse zekommen ass futti – a gett net reparéiert, an domatter verschwend dann och d’Fraiheet an d’Hoffnung. Den “American Dream” an däer Conclusioun um Enn, an dofir ass déi aktuell Situatioun och de Start vun der (grousser) Success-Story Tea Party mat “I want my country back.”

Zumools den “back” stéiert den Barack Obama an d’Demokraten wuel am meeschten, net onbedengt an deem Satz, mee de ganz einfache Faite dass d’Republikanesch Partei respektiv der Tea Party scheinbar rem well zreck bei dat wat vrun Ufank 2008 war, vrun der Kriis also. Dat huet de President och op enger Rally um Dennschten Owend (Mettwoch Moien lëtzebuergesch Zäit) erem widderholl. En huet d’Beispill vum “Pledge to America” vun de Republikaner benotzt fir bei séngem jonke Publikum Stemmung géint d’Republikanesch Partei/fir séng Partei zemaachen. Dee Pledge versprecht eppes wat de Jean-Claude Juncker an och den David Cameron ganz gudd kennen nämlech dass haaptsächlech emol bei der Jugend an däer hierer Edukatioun soll gespuert ginn. 20% well d’GOP d’Käschten fir d’Edukatioun erofsetzen, vill Schoulen brauch och keen, an eng 8 Milliounen Jonker sollen hier Stipendien respektiv soss eng Zort vun finanzieller Hellef gestrach kréien. “Do you think China is cutting back on education? Do you think South Korea is making it harder for their citizens to get a college education?”, freet de President a warnt, mat engem liichten Kappresselen déi Konservativ – an net nemmen déi aus séngem Land mee egal wou se wunnen – dass een an Zäiten wéi dësen net un d’Edukatioun spuere geet, well “the education of a country’s citizens is the biggest predictor of its economic success.” A genee dowéinst dierfen d’Amerikaner laut dem President och den 2. November net de Konservativen erem de Schlëssel vum Auto ginn, well déi Konservativ eben net wëssen wéi een domatter richteg fiirt, a schliesslech, esou de President:

I mean, I hope everybody has noticed when you want to go forward in your car, what do you do? You put it in “D.” When you want to go backwards, you put it in “R.” Don’t go back into the ditch. [via]

Mee fir zereck op d’„Tea Party” zekommen, déi dës Midterms wuel jo definitiv wäert grouss matbestemmen, ass – wéi uewen gesinn logescherwéis (momentan) keng Hellef fir d’Demokraten, ma och d’Republikaner kéinnten wéinst dësem Movement richteg Problemer kréien. Op der enger Säit ass een als Republikanesch Partei secherlech frou, dass d’„Basis” no 6 Joër Schlof endlech erem schéngt zeliewen, op der aanerer Säit kommen zevill extrem Vue’en vun däer Basis. D’GOP (déi Republikanesch Partei) haat souguer aktiv an de Primaries Wahlkampf géint d’Madame O’Donnell vun Delaware gemaach, well dës -Zitat!- “net wielbar ass.” Elo steet een bei de Republikaner vrun enger grousser Entscheedung, an et schéngt eng lose-lose Situatioun zesinn. Well een d’Tea Party a séng Unhänger grouss abannen, riskéiert een de ganzen moderaten Deel vun der Partei, genee wéi de Support vun den Independents zeverléieren. Geet een awer elo an d’Öffentlechkeet an “verstéisst” d’Tea Party, verléiert een de Support vun deene Memberen an – an dat ass de Knackpunkt – sollt d’Tea Party weider esouvill Support vun de Léit kréien wéi bis ewell, kéinnt sie mat esou enger Entscheedung locker zu enger (klénger?) dretter “Vollekspartei” ginn. D’Lager op der rietser Säit wier gedeelt an d’Stemmen domatter och. An domatter hätten déi dann 2 “grouss” Partei’en op der rietser Säit genee den nämlechte Problem, deen momentan déi vill Partei’en op der lénker Säit an Europa hunn. De Géigner ass eng (ganz) grouss Muecht, well een sech selwer d’Stemmen ennerteneen klaue geet. An dofir wäert, sollt et eng richteg grouss Success-Story vun der „Tea Party” ginn déi méi zefridde Gesiichter bei den Demokraten sinn, déi aktuell sëcherlech d’Tea Party mussen als gréissten Konkurrent ugesinn, an e puer Méint/Joër awer villäicht als hieren “beschten” Frend.

Mee déi “Frendschaft” wäert den 2. November wann d’US Amerikaner erem wiele ginn nach net all zegrouss sinn. Trotzdem bléiwt festzehaalen, dass d’Republikaner dës Midterms nach laang net gewonnen hun. Obwuel an der Haaptstaat an an de verschiddenen Medien iwwerall schons diskutéiert gett, wéi heich d’Nidderlag vun den Demokrate wäert sinn, schéngen d’Midterms richteg spannend zeginn.

Am US Senat verléiert Demokratesch Partei zwar aktuell 8 Sëtz, giff awer mat 51 vun 100 Sëtz nach emmer mat zwee Sëtz Virsprong d’Majoritéit behaalen.
senat

Mee och dat Resultat ass a bléiwt 34 Deeg vrum groussen Dag nach komplett an der Colonne “Too close to call.” Zu West Virginia beispillsweis huet den Republikaner Raese nemmen eng Avance vun 2% op den Joe Manchin (D). Zu Nevada ass, wéi virdrun gesoot, den Harry Reid (D) nemmen 1% vrum Sharron Angle. Zu Wisconsin sinn et eng 6% déi den Ron Johnson (R) an de Russ Feingold (D), dem de Setz momentan gehéiert, trennen. Am schéinen Sonnestaat Florida ass den Rubio (R) eng 6/7% vrum Independent Charlie Crist, den aktuellen Governor vu Florida an zenter e puer Méint kee Member méi vun der Republikanescher Partei. Zu Illinois kämpfen de Mark Kirk (R) an den Alexi Giannoulias (D) ëm de Senatsetz vum President Obama; dat Ganzt an engem “dead heat” mat aktuell liichten, extremkléngen Virdeel fir de Kirk.

Am Kongress léien Demokraten momentan an den Emfroen bei 191 Sëtz, d’Republikaner bei 207. Et brauch een der 218 fir an der Majoritéit zesinn a fir déi zekréien kucken d’Demokraten genee wéi d’Republikaner op (momentan) 37 richteg spannend Sëtzer; 36 dovunner gi momentan vun Demokraten besaat an 1 vun engem Republikaner.
CA-11 (Kalifornien) léit de Republikaner Harmer nemmen 1% vrum Demokrat McNerney;
AZ-8 (Arizona) ass en Tie bei 46%-46%;
NY-1 (New York) ass den Demokrat Tim Bishop momentan 2% vrun séngem Konkurrrent Altschuler;
MO-4 (Missouri) ass et e Virsprong vun 3% déi den Demokrat Skelton op d’Madame Hartzler huet;
IL-17 (Illinois) léit de Republikaner Schilling 3% vrum Demokrat Phil Hare;

fir nemmen dës 5 zenennen. An der läschter Gallup-Emfro, déi jo fir hier extrem gudd an extakt Emfroen geluewt (musse) ginn, gesäit et am Kongress wirklech no engem richteg “flotte” Rennen aus. Gläichstand: 46% fir d’Demokraten, 46% fir d’Republikaner.
Jhust bei de Wahlen fir déi verschidde Governors schéngen d’Demokraten wuel hier aktuell Majoritéit (26-24) zeverléieren. Aktuell steet et do 27-15 fir d’Republikaner mat 8 ganz ganz knappen Coursen. Giff een déi 8 esou huelen wéi se momentan sinn, also knappe Virsprong fir d’Demokraten oder fir d’Republikaner, hätt een herno e Verhältnis vun 30-20 fir d’Republikaner. Eenzeg an alleng de Faite dass den Jerry Brown (D) scheinbar de “Governator” Schwarzenegger a Kalifornien wäert asetzen (aktuelle Virsprong: (nemmen) 3%) kéinnt d’Demokraten e Laachen op d’Gesiicht zauberen.

An allerspéistens no de Midterms, fänkt den 3. November d’Presidentschaftscampagne 2012 jo schons sou “lues” un. D’Republikaner brauchen e Kandidat oder eng Kandidatin, wéivill vun de “FOX News Candidates” wäerten dobäi sinn a wéi FOX News déi Campagne wäert analyséieren bléiwt ofzewarden. Eppes schéngt awer elo schons kloër zesinn, wann d’Presidentschaftswahlen virbereed ginn, wäert den aktuellen White House Chief of Staff Rahm Emanuel, dee jo gäeren vu Frënn “Rahmbo” genannt gett an d’Inspiratioun fir den Charakter “Josh Lyman” an der Fernsehsendung The West Wing war, net méi am Wäissen Haus sinn.
rahm
[via]

Laut diversen Medienberichten probéiert hien de Buergermeeschter vu sénger Heemeschtsstaat Chicago zeginn a wäert dowéinst wuel e Freiden säin Recktrëtt bekannt ginn. Ween den President Obama wäert als séng néi “riets Hand” astellen bléiwt momentan ongewësst. Anscheinend soll de President en Interim astellen an sech den 3. oder 4. November erréicht op e genee’en Numm festléen. Een vun den 2 Top-Kandidaten fir de Posten ass den aktuellen Chief of Staff vum Vice-President Biden, den Ronald A. Klain, dee bekanntlech och schons Chief of Staff vum fréieren Vice-President Al Gore war an kuerz vru Schluss vun der Campagne 2000 erem vum Al Gore zereck an d’Boot geholl gouf.

Dëst wäert awer net déi eenzegt Ännerung am West Wing sinn. Den David Axelrod, dem President säin Top-Beroder, huet ebenfalls ugekennegt d’Wäisst Haus geschwenn zeverloosen an zereck op Chicago zegoen. Hien ersetzen soll den “unsung hero” vun der Campagne 2008 an aktuellen Top-Beroder fir “Organizing for America” fir dës Midterms 2010, den David Plouffe. Eppes muss awer un dëser Stell och dann gesoot ginn an zwar, dass et ganz normal ass, dass e groussen Deel vum West Wing no 2 Joër wiesselt – zumindest Top-Positiounen. Schliesslech huet een am West Wing keng Minut Fräizeit a kee Weekend. Et schafft een 24 Stonnen op 24 an 7 Deeg op 7, egal op elo Helleg Owend, Silvester, Neijoschdaag, Ouschteren oder Thanksgiving ass. Schons ier d’Sonn opgeet setzt een um Bureau am West Wing a geet erréicht heem, wann déi meescht schon e puer Stonnen Schlof hannert sech hun. Dass do no 2 Joër, plus nach eng Kéier 2 Joër well do war jo d’Wahlcampagne, plus nach engen 2 Joër am Fall vum Axelrod (a Plouffe) well do waren déi wichteg Midterms 2006 bei deenen Demokraten ofgeraumt haaten, eng Kéier de Kierper Rou brauch ass verständlech. (Eigentlech kéinnt een mat deenen “plus 2 Joër” nach esou weider fueren ier een bei eng Zäit kennt wou een arbeschtslos war, bei deenen meeschten also da wuel d’Uniszäit, mee well een och do scho muss Kontakter “sammelen”… :)) Iwwrengs sollt et 2012 zu enger Nidderlag vun den Demokrate kommen wäert den Chef vum Speechwriting Departement am West Wing, den Jon Favreau, sech ganz aus der Politik zreck zéien. Mat aktuell 29 Joër ass hien a séngem/dësem Beruf schons ganz uewen ukomm a seet – verständlecherwéis – dass alles wat deno giff kommen, bäi wäitem nii méi un dës Joëren kéinnt erukommen, also firwaat weidermachen?

Eng ganz aaner Saach ass eng interessant Diskussioun hisiichtlech der Presidentschaftscampagne 2012. Et gett nämlech an diverse Kreeser well driwwer diskutéiert op den President Obama “säi Vize” net well änneren. Den Joe Biden wier mat séngen “Gaffes” (Faux-Pas) souwisou e Problem vun Ufank un gewierscht, mee et hätt een eben 2008 e Mann mat Erfahrung, zumools an der Aussepolitik, gebraucht. Also jiddefalls ier Lehman Brothers gefall ass, dunn war d’Aussepolitik ganz egal, mee dunn war den Joe Biden schons nominéiert. Aktuelle Kandidat fir den VP Spot soll d’Madame Clinton sinn, déi bekanntlech 2012 hiere Posten als Ausseministerin, op Wahlvictoire vum President oder net, nidderleet, well 4 Joër “non-stop” schaffen wäer genuch an hiere Kierper, esou d’Hillary Clinton, bréicht dann eng kléng Paus. Wuel och dowéinst probéiert d’Madame Clinton momentan Israelis a Palestinänser op e Friddensaccord zekréien. Et wäer zweifelsohne hiere gréissten politesche Succès an si hätt domatter hieren Numm an de Geschichtsbicher vergold. Mee bon, op déi Diskussioun wirklech wäert grouss wéider gefouert ginn oder net, léit wuel och um Resultat vun dëse Midterms Ufank November. Eng Victoire fir d’Tea Party an… firwaat net d’Republikaner 2012 mat engem Clinton um Ticket roose maachen an deno déi éischt Vize-Präsidentin vun den USA, eng Demokratin, féieren. Eng Victoire fir d’Demokraten an… jo “never change a winning team” soen se em Fussball.

Egalwéi ech kann den 2. November kaum erwaarden, a si frou, dass ech dëst Joër Mettwochs keng Coursen hunn a schliesslech gesinn ech dat Ganzt dann och einfach mol als “Hausaufgab” fir mäi Cours iwwert déi ganz amerikanesch Politik 🙂

EDIT (30. September 2010 – 00:32 GMT): Hehe… grad gesinn dass ech scheinbar déi nämlecht Meenung iwwert d’Tea Party an hier Auswierkungen hunn wéi den David Plouffe (via) Juhu… ech denken wéi de Plouffe :)))

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s