Ufank Oktober wäert zu Birmingham déi grouss Party Conference vun de Konservative sinn. Et ass déi éischt zenter 1996 bei däer d’Tories den aktuelle Premier stellen. Genee dowéinst sollen Terrorgruppen sech Birmingham City Centre an d’Emgéigend erausgesicht hunn fir “op sech opmierksam” zemaachen.
Patrick Mercer, den fréieren President vum Counter-Terrorism Komittee, seet am Guardian: “They want to kill by the end of August in order to get themselves poised for whatever operations they can mount in September leading up to the Tory party conference in early October. There are doubts over whether they have the capability, but the aspiration is certainly there and West Midlands police would be crazy not to take the threat seriously.” A weider: “They have an aspiration to attack targets on the mainland, including the Conservative Party conference.”
Den Tory Laurence Robertson: “So far it has been contained to the province but whether it is there or on the mainland it is very worrying. We hope it is not yet another chapter but it could be and it has to be dealt with.”
Am Oktober 1984 haat d’IRA de Grand Hotel zu Brighton (do gouf dunn d’Tory Party Conference ofgehaalen) bombardéiert: 5 Doudeger, 30 zum Deel schweier blesséiert. Déi deemoleg PM Margaret Thatcher ass nemme knapps dolaanscht komm.
Vrun enger Woch goufen an Nordirland bei engem “Attentat” (eng Bomm war an engem Kiwwel verstoppt) 3 Meedecher liicht verletzt. Den Hierscht schéngt richteg warm zeginn…
—————-
Infos:
* Guardian – “Irish terror groups target Conservative party conference in Birmingham”
* Press Association – “Dissidents ‘target Tory conference'”
* Canadian Press – “Lawmaker: Dissident Irish republicans target UK party conferences, but threat is aspirational”
Ah, hei ass et also nees erlaabt ze kommentéieren 😉
Et war och virdrun erlaabt 😉
Ech haat jhust (scho vrun enger gudder Zäit) e Limit vun e puer Wochen uginn, well Zuel vu Spam bei méi eeleren Posts ferm an d’Luut gaangen ass. A well ech lo iwwert de Summer eng ganz Retsch Deeg/Wochen net vrun engem Laptop/PC sutz a keen Internet haat (wéi schein ass dat einfach emol fir eng Zäit keen Internet méi zehunn a vun deem “Trip” erofzekommen?!? :D), wollt ech de Limit dunn net eropsetzen, well e Kommentar, deen ech soss aus diverse Grënn (rietsradikal, homophob etc.) giff direkt läschen, e puer Wochen um Blog gestaanen hätt.
Wanns de wells kann ech déi läscht Posts awer lo gäeren och rem opmaachen 😉