2005: Hurricane Katrina. De President George W. Bush steet honnerten vu Kilometer vun der Golfküst ewech an ameséiert sech:
bush
während honnerte vu Léit hiert Haus an eigentlech alles, ausser hierem Liewen selwer, verluer hunn:
katrina

2010: Uelleg-Katastrophe am Golf. De President Barack H Obama geet e puer Deeg no der Katastrophe fir d’éischt léiwer sech e besschen ameséieren, ier et e puer Deeg méi spéit endlech déi éischte Kéier an d’Regioun geet:
obama
D’Déierewelt wäert sech frëen:
oil spill

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

7 Comments

  1. Am Géigensaatz zu Katrina woer et hei net vun Ufank un kloer, wat d’Ausmoossen an d’Konsequenzen wieren. De Vergläich hinkt also. A nët nëmmen well bei der zweeter Geschicht keng Mënschen emkomm sinn (Déieren di mer natierlech och leed; genau wéi d’Fëscher).

    A wat hätt den Obama kéinte maachen, denger Meenung no fir dës Katastroph (oder opmanst hier Konsequenzen) ze verhënneren?

    Reply

  2. De Vergläich hinkt net, well et net drëms geet ob Ausmoosen a Konsequenzen kloër waren, mee wéi drop reagéiert gett. An dass d’Uelleg Katastrophe dem Obama säi Katrina ass ass jo och elo näischt waat ech als éischt geduecht hunn. Den James Carville bspw. haat e ganzen (a gudden) Artikel driwwer geschriwwen.
    An et geet och net drëm fir d’Konsequenzen zeverhennëren, mee den Obama ass genee wéi den George Bush do “eragefall” an huet de Photographen erméiglecht aus der sougenanntener “bad photo opportunity” Kapital zeschloen. Et geet een net Golf spillen, wann am Golf Uelleg ausleeft. An déi Foto vum Obama ass jo och net vum Daag vun der Explosioun selwer, mee schons e puer Deeg deno.
    An och geet et hei net drëms op elo Menschen gestuerwe sinn oder net. Esou ass de Verglach jo net gemengt. An et muss een net nemmen Matleed mat den Déieren a Fëscher an dësem Fall hun.


    P.S. Ech haat schons am läschte Post verschidden Propose gemaach déi d’Obama Administration elo hätt kéinnte maachen. Et ass also och net esou, dass ech einfach esou blann eppes kritiséieren.

    Reply

  3. Wéini wousst den Obama, dass dat Ganzt wierklech en Riesenproblem wier resp. giff ginn?
    .
    Et ass jo net wéi wann den Präsident vun den USA bei all Uelegfuite oder bei all Problem mat enger Uelegplattform direkt misst de Katastrophenplang ausruffen?
    .
    Duerfir: wéini woer d’Wäisst Haus iwwert d’Gravitéit vum Problem informéiert?

    Reply

  4. Also et war eng Explosioun! Eng grouss Explosioun! Kee klénge Problem mat enger Uellegplattform, oder eng kléng Uellegfuite, wou de President sech net muss drëms kemmeren. Et war eng Explosioun bei däer Menschen em d’Liewe komm sinn, eng Explosioun op enger Uellegplattform e puer Kilometer vum amerikanesche Land ewech. Ech glewen wuel, dass de President an esou engem Fall stänneg um Laafende gehaale gett, an hiem dierft kloër sinn, dass déi Saach e Rieseproblem ass (vielleicht ouni zewessen wéi e Megaproblem et ka ginn/elo ass), mee zumindest dass déi Saach während den nächsten Deeg a Wochen säin Agenda wäert als Prioritéit Nummer 1 fellen.

    Reply

  5. D’Explosioun usech woer jo awer net den ‘big deal’. Ok, et sinn Läit emkomm, dat ass tragesch, mee op der Strooss stierwen och all Dag Läit.
    De Problem woer, dass BP déi bëlleg Variant gewielt hat fir den Ueleg aus dem Buedem ze pompelen an dass et doduerch eréischt richteg zur Katastroph komm ass. BP huet jo am Ufank gesot et giff net vill Ueleg an d’Mier gelaangen. Hätt den Obama dat direkt missen selwer verifizéieren?
    Duerfir: wousst den Obama zu dem Zäitpunkt, wou en Golf spillen woer, dass do eng onmoosseg Naturkatastroph am Umarsch woer? Ass jo net wéi wann een deen Ueleg direkt esou offensichtlech gesinn hätt wéi déi Verwüstungen déi Katrina verursaacht hat …

    Reply

  6. Kee “big deal”? Also da well ech awer dass DU bei d’Familjen vun deene Léit gees an deenen dat richt an d’Gesicht sees. Kuck emol waat s du sees!
    An de Problem wor net (nemmen) dass BP déi “belleg Variant” gewielt huet,… mee bon, ech sinn och lo den Owend vill zemidd dir d’Noorichten vun de läschten 2,5 Mount zeresuméieren. A jiddereen dee Biller vun däer Explosioun gesinn huet, huet missten dovunner ausgoen dass et eng grouss Naturkatastroph giff ginn. JIDDEREEN. Do ginn et keng Excusen, keng eng.
    A wéi gesoot sin ech jo definitiv net deen eenzegen, deen de Verglach mat Katrina zidd. An elo souguer nodeems d’Regierung d’Journalisten vun den Stränn verbannt huet (eppes waat dach staark un d’Katrina erennert*), misst de Verglach eigentlech fir jiddereen kloër op der Hand léien.

    * Hei empfehlen ech dem Anderson Cooper säin Dispatches from the Edge 😉

    Reply

  7. Kee „big deal“? Also da well ech awer dass DU bei d’Familjen vun deene Léit gees an deenen dat richt an d’Gesicht sees. Kuck emol waat s du sees!
    Natierlech woer dat fir déi Familjen, wou Familjenmemberen emkomm sinn e big deal. Ech sot jo et woer tragesch. Mee Läit stierwen permanent irgendwou. An bei dëser Diskussioun geet et jo net em die puer Läit, déi op der Plattform emkomm sinn mee em d’Naturkatastroph, déi sech dorausser entwéckelt huet. A bei Katrina sinn x mol méi Läit gestuerwen oder obdachlos ginn.
    An de Problem wor net (nemmen) dass BP déi „belleg Variant“ gewielt huet,… mee bon, ech sinn och lo den Owend vill zemidd dir d’Noorichten vun de läschten 2,5 Mount zeresuméieren. A jiddereen dee Biller vun däer Explosioun gesinn huet, huet missten dovunner ausgoen dass et eng grouss Naturkatastroph giff ginn. JIDDEREEN. Do ginn et keng Excusen, keng eng.
    Dat ass deng Meenung, ok. Mee wann sie ënnen, am Waasser, wou d’Explosioun jo natierlech net bis hingereecht huet, ordentlecht Material gehat hätten, da wier trotz Explosioun keen oder vill manner Ueleg erausgetrueden. A vun Land konnt een jo net direkt gesinn, wat ënner Waasser virun sech geet. An et ass jo net déi eischt Plattform déi ennergaang ass.
    A wéi gesoot sin ech jo definitiv net deen eenzegen, deen de Verglach mat Katrina zidd. An elo souguer nodeems d’Regierung d’Journalisten vun den Stränn verbannt huet (eppes waat dach staark un d’Katrina erennert*), misst de Verglach eigentlech fir jiddereen kloër op der Hand léien.
    De Katrina-Verglach gouff fir d’éischt vun Fauxnews an Konsorten gemaach. Henno sinn aneren op deen Zuch opgesprongen.
    An d’Regierung zu Washington verbidd Fotoen ze maachen? Hues du Sourcen dofir? Ech duecht bis lo hätt haaptsächlech BP alles ennerholl fir ellen Biller ze vermeiden.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s