An der Nuecht huet den amerikanesche President séng éischt Oval Office Usprooch un d’amerikanesch Vollek ginn. Normalerwéis gett dat als allerläscht Instanz geholl. Fir d’éischt ginn Saachen vum Pressespriecher (aktuell Robert Gibbs), dann vum White House Chief of Staff (Emanuel Rahm) oder engem vun den Deputy White House Chief of Staff (Jim Messina, Mona Sutphen) oder vum Senior Advisor (David Axelrod) an Interviews diskutéiert. Sollt dat nach net gehollef hunn fir d’Léit zeberouegen, kann de Vize-President oder den jeweilege Minister an d’Spill kommen. Wann dat nach emmer näischt bruecht huet, kennt de President an d’Spill. Fir d’éischt e geschriwwene Statement, deno eng Visit an d’Regioun, deno eng zur beschter Sendezäit ausgestrahlten Live Pressekonferenz am Weissen Haus, a wann dat nach emmer net duer geet, respektiv et esou e grousse Problem ass, deen déi absolut Muecht vum President soll wéisen, dann geet et an den Oval Office. Sou wéi bspw. den Jack Kennedy bei der Cuba Kriis oder den George W. Bush nom 11. September. Et ass déi läschte Kart déi d’Wäisst Haus ka spillen.
Dat wéisst wéi wuel op der enger Säit wéi wichteg d’Obama Administration déi aktuell Kriis am Golf vu Mexiko hellt, mee huet dem amerikanesche President awer geschter Owend och eng extrem grouss Verantwortung ginn. Eng Ried aus dem wuel bekanntesten politesche Raum op dëser Welt muss vu fir bis hannen top sinn. Normalerwéis huet den Barack Obama a séng Léit jo kee Problem domatter a wuessen ganz oft dann iwwer sech eraus. Geschter Owend, resp. fir d’Europäer an der Nuecht vun en Dennschten op e Mettwoch, war dat net esou.

Wéi den Ari Fleisher (Pressespriecher fir den George Bush) soot: “An Oval Office address is a terrible thing to waste and I think he wasted.” Mee net nemmen vu “Riets” koumen kritesch Stemmen: MSNBC (am. “liberal”) huet fonnt dass et eng super Ried war, wann een déi läscht Deeg op engem aaner Planéit gewunnt huet. Dat gouf dann och esou vun hierem Haaptmann, der “liberal” Versioun vum Rush Limbaugh, Keith Olbermann gesoot an domatter schéngt, och wéinst aaneren Aussoen aus de rezente Wochen, den amerikanesche President de Support vun dëser wichteger Persoun verluer zehunn.

Den Obama huet e “battle plan” firgeluecht, deen souguer vun der “liberal” Huffington Post als “short on details” bezeechent gouf, konnt net iwwerzeechen. Wéi och, et goufen keng eng néi Aussoen an domatter gouf d’Oval Office Ried, déi läschten Kaart vum West Wing, fir näischt gespillt. Sie gouf verschwänd. Weder goufen grouss Mesuren ugekennegt, bspw. dass de Barack Obama giff den “Climate Change Bill” vu Kerry a Liebermann giff ennerstetzen, nach waat hien genee well maachen fir d’Kriis zeléisen an d’Regioun wirklech rem opzebauen. Ech soen net dass de Barack Obama näischt hätt sollte soen, mee déi Ried hätt d’White House och einfach kéinnten an als Statement veröffentlechen. Et hätt genee esouvill bruecht, an de Schued fir de President wäer wuel e besschen méi kléng gewierscht.

obama
Den Obama e Samsten um Telefon mam David Cameron fir d’Problemer teschend béide Länner auszestoppen. Fazit: et huet net geklappt. [Foto: © Pete Souza]

Dat Eenzegt waat d’Amerikaner momentan wëssen ass dass d’USA praktesch am “Krich” mat BP ass. Och wann d’BP Léit haut am Weissen Haus sinn, esou kéinnt een et baal als kaale Krich teschend den USA a BP gesinn. Dat ass dann och dat Eenzegt wat d’Amerikaner alleguerten gudd fannen: BP soll, a muss, fir de ganze Schued opkommen. Kee Pardon soll et ginn. Dat huet de President geschter Owend nach eng Kéier kloër gemaach, mee alles an allem, koum déi vague Ried zespéit, a war zeschlecht. Schued.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

2 Comments

  1. Jo, die Ried woer mies an huet net matgerappt (hei bréngt dem Obama säin Dozenten-Stil definitiv näischt, au contraire).

    Mee wat soll hien dann maachen? Seng Méiglechkeeten si jo awer begrenzt … an trotzdem gët en d’ganzen Zäit kritiséiert e giff net genuch maachen. Dat Lach kann een jo net einfach zoubommen …

    Reply

  2. Wat soll hien dann machen?

    Dat hätt ech kéinnten an de Post mat abauen. Well genee esou huet hien ausgesinn, wéi wann hien net richteg wéisst, waat hien soll maachen. Wann dat de Fall ass, wann de President vun de United States of America, déi Persoun also déi de gréisste a beschte Leader vun der Welt, den “Leader of the Free World”, soll sinn, net wees, waat en an sou enger Kriis zemaachen huet, an och de ganze West Wing mat allen Matarbeschteren (an souguer Interns) näischt wëssen, dann hätt hien wuel besser zreck zetrieden.
    Mee ech glëwen dat esou net. Ech glëwen dass hien scho wëes, waat muss gemaach ginn, hien traut sech jhust net. D’Midterms stinn un an et gesäit jo net grad rooseg aus. Da léiwer zreckléen an net zevill riskéieren, jhust mengen ech dat de Schoss nohanne lass geet. De Kennedy huet am Oktober 1962 och net bis no de Midterms gewaard bis en déi Saach mat Kuba de Léit ugekennegt huet. Déi do Ried hätt hien esou roueg kéinnten 1 oder 2 Wochen no der Katastrof op der Golfküst selwer ginn, mat bspw. Fescher an Familjen a kléng Kanner déi hannert him gestaanen hätte während der Ried. Da wier déi Ried gudd gewierscht, mee net 2 Méint deno am Oval Office. Hien huet 2 Méint gebrauch fir eng Commission zegrennen an den Navy Secretary zefroen fir e Plang fir d’Golfküst erem opzebauen z’erstellen!?! Hätt hien déi Commission éischter gegrennt, a mol eng Kéier mat der Fauscht op den Desch geschloen, och wann hien dat ongären mécht, mee heiandsdo muss dat e President och eben eemol maachen; hätt e kéinnten vielleicht emol nemme soen, dass déi “bäschte Wessenschaftler vun den USA” him de Moien an engem laangen Meeting verschidde Pisten opgebueden hunn wéi een kéinnt wéider fueren, wat een nach alles kéinnt maachen fir d’Lach zou zekréien, an dass hien déi Saachen muer an engem Meeting mat BP wäert “pushen.”
    Genee wéi en Climate Change Programm deen wéider muss gepusht ginn. Net nemmen driwwer schwätzen, dass “misst elo eppes gemaach ginn” (dat koum jo scho baal eriwwer wéi wann hien esouvill Pouvoir hätt wéi eise Grand-Duc), mee dass hien bspw. de Kerry/Liebermann Bill voll a ganz ennerstetzt an alles wäert dru setzen, deen duerch zebrengen. Dozou dann nach irgendeen “Action Weekend” organiséiert vun “Organizing for America.”
    Deno dann d’Léit froen fir bei engem National Action Weekend zehellefen, wou d’Léit alleguerten sollen op d’Golfküst kommen fir hiere kléngen Deel bäizedroen alt déi eng oder aaner Déieren zeretten, fir zehellefen den Uelleg deen schon do ass, ewech zekréien. Och wäer dat – mee dat hätt hien net kennen direkt esou soen – gudd fir d’Geschäfter, d’Hoteler an d’Restaurants an der Géigend gewierscht, déi wuel – wéi wann d’Finanzkriis net genuch wier – e ganz krasse Summer kréien.
    Ofschléissend dann nach eng Kéier dass hien alles mécht fir dass dat Lach geschwenn zou ass, dass BP 1) dofir komplett opkennt, an 2) déi Proposen vun den US-Wessenschaftler unhellt, déi dann och trotzdem wéider wäerten schaffen bis dass d’Situatioun endlech enner Kontroll ass. Zesumme wäerte mer déi Katastroph iwwerwannen, well et déi amerikanesch Liewensphilosophie ass: Yes We Can. Wa mer als Land elo zesumme stinn, der Golfküst hellefen, an dofir suergen, dass Amerika endlech vun deem Uelleg ewech kennt, an e gréngt Land mat gréngen Jobs gett, déi net kennen an d’Ausland deportéiert ginn, dass esou eng Katastroph nie méi an den USA geschidd, dann, jo dann, huet déi Saach alt wéinstens e kléngt gudd Enn. D’Liewen vun villen Déieren, vu villen Léit aus der Golfküst, vu villen Familjen, déi schons wéinst der Finanzkriis all Dollar u missten zweemol emdréinen, d’Liewen vun eise Kanner, eis Zukunft, d’Zukunft vun eisem Land, jo souguer vun eisem ganze Planéit, léit elo an dëse Stonn an eisen Hänn. Et ass eng grouss Laascht déi mer do zedroen hunn, mee mir Amerikaner sinn an eiser Geschicht emmer an esou Momenter gewuess. Et war net einfach fir déi Generatioun déi d’Great Depression a Faschismus an Europa bekämpft huet, mee sie hunn et gepackt. Et war genee esouvill Drock fir déi Generatioun déi eng Mauer zu Berlin, an domatter e ganzt Empire huet missten zu Fall bréngen; an sie hunn et gepackt. Och dës Generatioun vun Amerikaner wäert et fäerdeg bréngen fir op de “Call” z’äntweren. God bless you and God bless the United States of America.
    (nemmen e kléng Beispill wéi et hätt kéinnten ausgesinn)

    Wéi gesoot séng Ried wäer tip top gewierscht, wann en se kuerz no der Katastroph am Abrëll ginn hätt, un der Golfküst selwer, awer net 2 Méint méi spéit. An och defintiv keng Oval Office Ried. Wann een dat un d’Press eraus gett, dass een eng Oval Office Ried hällt, da soll een w.e.g. eng genial Ried hunn. Eng Oval Office Ried ass eng Ried vun enger extremer Wichtegkeet, nationaler Wichtegkeet, a wann de President dann esou ausgesäit wéi wann en de Léit nemmen e kléngen Update well ginn, ouni kloër zesoen, waat hien da bis elo gemaach huet (ausser an d’Regioun zereesen) a waat dann elo soll geschéien, ass dat zekritiséieren. A Krisenzäiten brauchen d’Léit e Leader, esou een soll de President vun den United States sinn, an däer Véierelstonn (oder iwwerhaapt an de läschten 2 Méint) haat een dat Gefill awer (leider) net.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s