Dat scho baal gefaartent ass agetrueden: de rietsradikaleschen islamophob Geert Wilders konnt bei de Wahle geschter e “flotte” Score hiléen an ass elo mat sénger Partei dann alt schon 24 Sëtz staark. Déi stärkste Partei goufen d’„Riets-Liberaler” mat 31 Sëtz.
Geschter Owend huet dann och de Geert Wilders a sénger Ried gesoot, dass d’Hollänner an d’Hollännerinnen méi Sëcherheet, manner Verbriechen, manner Immigratioun, a manner Islam gewielt hunn. Et muss een, mengen ech, keng grouss Analyse iwwert déi Wierder maachen fir festzestellen, wat de Geert Wilders gesoot a gemengt huet.
Leider helleft et enger Partei a Krisenzäiten emmer op Minoritéiten zeklappen. Och wann de Geert Wilders net all d’Minoritéiten als Zielscheif hellt (hien ass beispillsweis “pro-gay”), esou huet hien sech eischter op d’Reliounen, a méi speziell den Islam ageschoss. An engem Film stellt hien sech dann och schons als “Retter vum Westen” duer, deen déi aaner “westlech, civilizéiert Länner” vrun der “Bedrohung” warnt. Wéi beim Nick Griffin a Groussbritannien wees och de Geert Wilders genee wat zemaachen ass fir un d’Muecht zekommen. Et giff mech dofir dann och net wonneren, wann, sollt de Geert Wilders a séng Partei eng Kéier wirklech un d’Muecht kommen (God forbid!), sech säin Discourse wäert änneren. Haut kann een an Europa net méi bspw. soen, dass een en Homophob ass, wann e well un d’Muecht an séng krank Idee’en well emsetzen. De Geert Wilders huet sech mam Islam eng Saach erausgepickt, déi hien iwwerdriwwen duerstellt, de Léit domatter Angscht mécht, an dann de “Retter Wilders” wielen. Wann dat dann de Fall ass, kann een och iwwer aaner “Saachen” schwätzen…
… schliesslech huet den Adolf Hitler am Mein Kampf och “nemmen” d’Judentum an de Kommunismus als “dat Beist” duergestallt, a war du jo souguer prett fir trotzdem – aus militäresch strategesche Grënn – eng kuerzfristeg Allianz mam Stalin anzegoen. An et waaren bekanntlech och net nemme Juden an Kommunisten déi an d’Konzentratiounslageren gepucht goufen.
An bei eisen “hollännesche Frënn” kennen et dann elo 6 verschidde Koalitioune ginn, bei deenen et wuel schwéier gett fir de rietsextremen Geert Wilders a séng “Freedom Party” op der Säit zeloosen. Déi “Riets-Liberal” hunn dann och kee Problem fir mam Geert Wilders a Verhandlungen zeschwätzen, während d’Sozialdemokraten (“Partei vun der Arbescht”) [30 Sëtz] all Gespréich mam Wilders ofléenen. Den Philip van Praag, e Politikwessenschaftler op der Amsterdam University, soot dann haut an der “AD”, dass et duerchaus zu enger Koalitioun aus Lénks a Riets kéinnt kommen, namely eng Gruppéierung vun den “Riets-Liberalen”, de Sozialdemokraten, den Demokraten an deene Gréngen. Mat däer Gruppéirungen hätten se eng Majoritéit, mee et giff wuel schwéier ginn, fir d’„Riets-Liberal” Partei hier economesch Idee’en (vill vill manner sozial Mesuren), déi hinnen dach wuel d’Wahlvictoire bruecht hunn, mat däer Koalitioun emzesetzen.

De Geert Wilders geschter Owend no senger Etappevictoire.
Update (10.06.2010 – 12:25 Auer): Endlech fonnt. Ganz interessante Clip aus der 3ter West Wing Staffel:
En plus kann eng heterogene Gesellschaft nëmmen funktionnéieren wann all déi Sub-Gesellschaften konsensfäheg, tolerant an oppen sinn*.
_
Wat awer religéis-konservativ Gesellschaften jedwelcher Couleur NET KËNNEN sinn well sie alleng jo d’Wourecht gepacht hunn an domadder automatesch ALL die aner falsch leien. En Mënsch, deen total iwwerzeecht ass, dass d’Chrëschtentum (an domadder dëssen Weltbild, dessen gesellschaftlech Konventionen an Codexen, oder opmanst sou, wéi hien dës interpretéiert) eenzeg alleng richteg ass, wäert nie den Islam (an dessen Weltbild akzeptéieren) an vice versa.
_
* a just restriktiv ginn, wann et em de Schutz vun Onschëllegen geet
@Grommel,
Natierlech ass dat richteg.
Wat ass dann eng muslimesch Gesellschaft? Sou eps get et genau sou weineg wei eng chreschtlech Gesellschaft. Zum Beispiel ass jo eng Gesellschaft am Afghanistan net d’selwecht wei eng Gesellschaft an Bosnien-Herzegowina opwuel dei zwee greisstendeels muslimesch sinn.
En plus wat schwetz du vun Realiteit? Wat ass dann d’Realiteit? Weivill Moslemen ennerdrecken dann hier Fraen? Weivill Männer zwengen hier Fraen dozou eng Burka unzedoen? Weivill Fraen maan dat freiwelleg? Weivill moslemesch Fraen droen iwwerhaapt eng Burka? Weivill muslimesch Kanner dierfen net an d’Schoul goen? Wat denken dann jonk muslimesch Männer iwwer Emanzipatioun?
Wanns du d’Realiteit an d’Fakten sou gudd kenns, dann so se eis.
Fir dann nach op dein leschten Beitraag zereckzekommen.
Komm mer formuleiren et mol anschters:
Wat awer den Grommel NET KANN sinn (oppen, tolerant, konsensfäheg) well hien alleng jo d’Wourecht gepacht huet an domadder automatesch ALL die aner falsch leien. En Mënsch, deen total iwwerzeecht ass, dass sein Grommeltum (an domadder dëssen Weltbild, dessen gesellschaftlech Konventionen an Codexen, oder opmanst sou, wéi hien dës interpretéiert) eenzeg alleng richteg ass, wäert nie en Islam (an dessen Weltbild akzeptéieren) an vice versa.
G:
Wat ass dann eng muslimesch Gesellschaft? Sou eps get et genau sou weineg wei eng chreschtlech Gesellschaft. Zum Beispiel ass jo eng Gesellschaft am Afghanistan net d’selwecht wei eng Gesellschaft an Bosnien-Herzegowina opwuel dei zwee greisstendeels muslimesch sinn.
Natierlech ginn et och innerhalb vun den Gesellschaften Ennerscheeder. Ech perséinlech wees lo net, wéi oppen oder fortschrëttlech d’Moslems an Bosnien-Herzegovina sinn, duerfir kann ech näischt driwwer soen. Mee wann sie oppen a fortschrëttlech (an domadder automatesch net wierklech religéis oder un reaktionär Traditiounen gebonnen), dann hunn ech absolut kee Problem mat hinnen.
En plus wat schwetz du vun Realiteit? Wat ass dann d’Realiteit? Weivill Moslemen ennerdrecken dann hier Fraen? Weivill Männer zwengen hier Fraen dozou eng Burka unzedoen? Weivill Fraen maan dat freiwelleg? Weivill moslemesch Fraen droen iwwerhaapt eng Burka? Weivill muslimesch Kanner dierfen net an d’Schoul goen? Wat denken dann jonk muslimesch Männer iwwer Emanzipatioun?
Et geet jo hei net nëmmen em d’Burka. Et geet em en generellt Verhältnis suwuel zur Emanzipatioun wéi zur Selbstbestemmung. An dat Verhältnis ass an moslemeschen (oder aneren religéisen) Gesellschaften oft gestéiert well den Individu sech do net sou entfalen däerf wéi hien wëll. Aus x verschiddenen Grënn. An dass moslemesch Gesellschaften oft extrem Macho-Gesellschaften sinn ass jo lo net wierklech eppes neies, oder? Suguer bei eis fënnt een dat jo och net, wann och lo manner.
Wat awer den Grommel NET KANN sinn (oppen, tolerant, konsensfäheg) well hien alleng jo d’Wourecht gepacht huet an domadder automatesch ALL die aner falsch leien. En Mënsch, deen total iwwerzeecht ass, dass sein Grommeltum (an domadder dëssen Weltbild, dessen gesellschaftlech Konventionen an Codexen, oder opmanst sou, wéi hien dës interpretéiert) eenzeg alleng richteg ass, wäert nie en Islam (an dessen Weltbild akzeptéieren) an vice versa.
Nonsense. Ech sinn generell oppen, tolerant a konsensfäheg. Wat awer net heescht, dass ech INTOLERANZ toleréieren oder Wischi-Waschi-Argumenter akzeptéieren. Try again, please.
Wei mengs du dann, dat eng Fra am Islam liewt?
Wat dierf eng Fra am Islam net, wat den Mann awer dierf?
G:
Kucks du hier: http://islamisches-zentrum-muenchen.de/html/islam_-_frau_und_familie.html . An dat ass lo nach en westlechen Site, deen genau wees, wéi en sech ze präsentéieren huet! Wat awer net heescht, dass dat generell an moslemeschen Gesellschaften sou problemlos an ‘egalitär iwwert d’Bühn geet. Grondsätzlech huet de Mann do d’Box (d’Jelaba) un an seet der Fra wéi den Hues leeft.
.
A fënns du et zb richteg, dass Jongen/Männer & Meedercher/Fraen net däerfen zesummen Sport man? Schwammen goen? Intim Relatiounen virun der Hochzäit hunn? Dass d’Haaptaufgab vun der Fra ass Mamm ze sinn?
Nee ech hunn deng Froen beäntwert, mee si passen net an déng inspiréiert socratesch Method an dofir hues de deng Froen, déi ganzen Zäit verännert:
Also schon alleng déi 4 Froen hu vielleicht den nämlechten Ausgangspunkt – oder nenn et “Thematik” – (deen dass et nemmen 2 Gesellschaften ob dëser Welt ginn), mee et sinn 4 grond verschidde Froen. An däin Argument dass du häss missten d’Saach upassen geet net, well et eben 4 verschidde Froen sinn. Well du kanns dach net behaapten, dass déi 4 déi nämlecht Fro stellen/Äntwert fuerderen!?
–
Doremms geet et iwwerhaapt net (och wanns de wuel mat der Mëtt richteg léis). Däin 0-1 Denken erlaabt dir jhust fir eben emmer an iwwerall 2 Saachen zegesinn. A wéi gesoot, dat ass an der Computerwelt da vielleicht richteg, mee net an enger sozialer Welt, hence net an enger Gesellschaft, also dréit däin binärt Denken dozou bäi dass de op gesellschaftleche Froen d’Saach net komplett gesäis. Du gesäis ewuel Deeler, mee e ganzt Bild vun der Gesellschaft ass einfach net méiglech (an dat hues de och beim Joël gewissen).
Tom:
Da probéieren mer et anescht wells du schéngs jo net gewëllt ze sinn op meng Froen vun uewen ze äntwerten …
1) Wa mer eis Gesellschaft hei zu Lëtzebuerg mat der Gesellschaft an engem arabeschen Land vergläichen, ginn et do bedéitend Differenzen? Jo oder Nee? A wat wieren déi Differenzen?
2) Wou gët den Läit mei erlaabt resp. wou hunn se méi Fräiheeten? Am Westen oder an der moslemescher Welt?
3) Fënns du et zb richteg, dass Jongen/Männer & Meedercher/Fraen net däerfen zesummen Sport man? Schwammen goen? Intim Relatiounen virun der Hochzäit hunn? Dass d’Haaptaufgab vun der Fra ass Mamm ze sinn? Well dat do sinn ‘core elements’ vum moslemeschen Glawen/Liewen.
Tom:
Wat d’Diskussioun beim Joël ugeet, sou hunn ech gesot, dass jidereen maachen soll, wat en wëll a fir richteg hällt esou laang en kengem aneren schued. E soll awer just éierlech sinn, wat seng Motiver ugeet oder d’Konsequenzen vun sengem Verhalen sinn. Dat hunn awer Läit wéi den Joel refuséiert …
Du stells schon erem komplett aaner Froen, déi komplett aaner Äntwerten fuerderen. Soubaals een e Wuert, zumools en Haaptwuert, vun der Fro ännert, ännert d’Fro an domatter d’Äntwert. Ruff dem Hollänner van Dijk un, deen gett der vielleicht nach en Insider Bléck an déi aktuell Situatioun a séngem Land. 😉 Mee wanns de esou eppes net wells agesi, oder de Faite dass een bei gesellschaftleche Froen keen binärt Denken soll hunn/uwenden, da gesinn ech eigentlech kee Grond méi fir wéider zediskutéieren. Soulaang nach emmer an A a B geduercht gett, geet dat net. Dat haat ech probéiert z’änneren fir dann vielleicht op eng déifgreiwend Diskussioun zekommen, déi der Seriösitéit vum Thema Rechnung dréit, mee dat schéngt mer net gelongen zesinn. Schued.
–
An esou well ech jo och jhust nach soen, dass et natiirlech Ennerscheeder teschend de ville Gesellschaften ginn déi mer op der Äerd hunn. Dat hunn ech nie bestridden. Mee fir alles an Deppen A oder B zepuchen ass falsch.
–
P.S. Ech well elo jo hei net déi Diskussioun vum Joël séngem Blog hei wéiderféieren, wollt jhust kloër maachen, dass och do (well et eben e gesellschaftlecht Thema ass) däin binärt Denken net fonktionnéiert (huet).
Tom:
Ech fannen et traureg, an iwwerraschend, dass du refuséiers dës pertinent Froen ze beäntwerten oder opmanst ze diskutéieren. Well sie SINN pertinent. Falls de domadder net averstan bass verstinn ech net firwats de dat Thema iwwerhaapt ugeschnidden hues wanns de net gewëllt bass iwwert den Islam, Moslems an moslemesch Traditiounen/Meenungen ze schwätzen??
.
Firwat fällt et der sou schwéier op dës kloer Froen ze äntwerten?
.
1) Wa mer eis Gesellschaft hei zu Lëtzebuerg mat der Gesellschaft an engem arabeschen Land vergläichen, ginn et do bedéitend Differenzen? Jo oder Nee? A wat wieren déi Differenzen?
2) Wou gët den Läit mei erlaabt resp. wou hunn se méi Fräiheeten? Am Westen oder an der moslemescher Welt?
3) Fënns du et zb richteg, dass Jongen/Männer & Meedercher/Fraen net däerfen zesummen Sport man? Schwammen goen? Intim Relatiounen virun der Hochzäit hunn? Dass d’Haaptaufgab vun der Fra ass Mamm ze sinn? Well dat do sinn ‘core elements’ vum moslemeschen Glawen/Liewen.
.
Däin Refus fir déi Froen ze beäntwerten léisst dech, an däin Point de Vue, oncredibel ausgesinn … mee villäicht bass de jo schon zevill Politiker …