Dat scho baal gefaartent ass agetrueden: de rietsradikaleschen islamophob Geert Wilders konnt bei de Wahle geschter e “flotte” Score hiléen an ass elo mat sénger Partei dann alt schon 24 Sëtz staark. Déi stärkste Partei goufen d’„Riets-Liberaler” mat 31 Sëtz.

Geschter Owend huet dann och de Geert Wilders a sénger Ried gesoot, dass d’Hollänner an d’Hollännerinnen méi Sëcherheet, manner Verbriechen, manner Immigratioun, a manner Islam gewielt hunn. Et muss een, mengen ech, keng grouss Analyse iwwert déi Wierder maachen fir festzestellen, wat de Geert Wilders gesoot a gemengt huet.

Leider helleft et enger Partei a Krisenzäiten emmer op Minoritéiten zeklappen. Och wann de Geert Wilders net all d’Minoritéiten als Zielscheif hellt (hien ass beispillsweis “pro-gay”), esou huet hien sech eischter op d’Reliounen, a méi speziell den Islam ageschoss. An engem Film stellt hien sech dann och schons als “Retter vum Westen” duer, deen déi aaner “westlech, civilizéiert Länner” vrun der “Bedrohung” warnt. Wéi beim Nick Griffin a Groussbritannien wees och de Geert Wilders genee wat zemaachen ass fir un d’Muecht zekommen. Et giff mech dofir dann och net wonneren, wann, sollt de Geert Wilders a séng Partei eng Kéier wirklech un d’Muecht kommen (God forbid!), sech säin Discourse wäert änneren. Haut kann een an Europa net méi bspw. soen, dass een en Homophob ass, wann e well un d’Muecht an séng krank Idee’en well emsetzen. De Geert Wilders huet sech mam Islam eng Saach erausgepickt, déi hien iwwerdriwwen duerstellt, de Léit domatter Angscht mécht, an dann de “Retter Wilders” wielen. Wann dat dann de Fall ass, kann een och iwwer aaner “Saachen” schwätzen…

… schliesslech huet den Adolf Hitler am Mein Kampf och “nemmen” d’Judentum an de Kommunismus als “dat Beist” duergestallt, a war du jo souguer prett fir trotzdem – aus militäresch strategesche Grënn – eng kuerzfristeg Allianz mam Stalin anzegoen. An et waaren bekanntlech och net nemme Juden an Kommunisten déi an d’Konzentratiounslageren gepucht goufen.

An bei eisen “hollännesche Frënn” kennen et dann elo 6 verschidde Koalitioune ginn, bei deenen et wuel schwéier gett fir de rietsextremen Geert Wilders a séng “Freedom Party” op der Säit zeloosen. Déi “Riets-Liberal” hunn dann och kee Problem fir mam Geert Wilders a Verhandlungen zeschwätzen, während d’Sozialdemokraten (“Partei vun der Arbescht”) [30 Sëtz] all Gespréich mam Wilders ofléenen. Den Philip van Praag, e Politikwessenschaftler op der Amsterdam University, soot dann haut an der “AD”, dass et duerchaus zu enger Koalitioun aus Lénks a Riets kéinnt kommen, namely eng Gruppéierung vun den “Riets-Liberalen”, de Sozialdemokraten, den Demokraten an deene Gréngen. Mat däer Gruppéirungen hätten se eng Majoritéit, mee et giff wuel schwéier ginn, fir d’„Riets-Liberal” Partei hier economesch Idee’en (vill vill manner sozial Mesuren), déi hinnen dach wuel d’Wahlvictoire bruecht hunn, mat däer Koalitioun emzesetzen.

wilders
De Geert Wilders geschter Owend no senger Etappevictoire.

Update (10.06.2010 – 12:25 Auer): Endlech fonnt. Ganz interessante Clip aus der 3ter West Wing Staffel:

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

53 Comments

  1. Tom:

    “An engem Land/Gesellschaft déi sech steets well wéider entweckelen. Déi déi ganzen Zäit hier Gesellschaft well zu der perfekter Gesellschaft maachen”
    .
    Ok, fair enough. Mee lo beäntwer endlich déi eigentlech Fro: ween ass un sou enger Gesellschaft méi no drun? Eis (westlech) oder hier? Hal op aus lauter politescher Korrektheet oder wat och ëmmer déi Fro hei EIERLECH ze beäntwerten.
    .
    “mee déi bspw. europäesch Haltung „Oh eis geet et jo awer gudd“, an dann dowéinst net probéieren och nemmen e besschen eis Gesellschaft zeverbesseren”
    .
    Uh, wéini hunn ech oder soss een gesot, dass eis Gesellschaft net nach kéint verbessert ginn??
    .
    “An ween ass méi no drun? Stellt dat net viraus dass de Mätch schons baal opgepaff wier (fir an der aktueller Fussballsproch zeschwätzen)?”
    .
    Nee, dat stellt dat net viraus. Et kuckt just den AKTUELLEN Stand der Dinge! Cf uewen. Ech hoffen du beäntwers déi Fro dann dës Kéier éierlech.
    .
    “Wann déi muslimesch Länner an den nächste Joëren duerch de wahtscheinleche Sprong vun der Welteconomie vun den USA zreck an Asien vielleicht och e Sprong maachen, da wieren se méi wäit wéi d’Europäer.”
    .
    Huh? Ech verstinn lo net ganz wat s de mengs … An d’moslemesch Länner giffen méi tolerant, méi oppen, etc ginn, wann et hinnen nëmmen economesch besser geet? Ass dat wat s de soen wëlls?

    Reply

  2. @Grommel,

    Keen Biirger huet hei d’Recht engem Aneren en Recht fortzehuelen an dat get och net vum Gesetz tolereiert.
    Allerdengs hun och Konservativer an enger freier Gesellschaft Recht op Meenungsfreiheet. Natierlech kann een all Meenung kritiseiren oder net gudd fannen, mee net tolereiren geet mier e Schrett ze weit, well ech dorenner verstinn, dat een se verbidde well an dat kann an enger freier Gesellschaft net sinn.

    Reply

  3. G:

    Keen Biirger huet hei d’Recht engem Aneren en Recht fortzehuelen an dat get och net vum Gesetz tolereiert.
    Dat heescht Moslems mussen sech (wann se bei eis liewen) och denger Meenung no un EIS Gesetzer halen an, zb, hieren Fraen Rechter a Fräiheeten zougestoen déi MIR eise Fraen zougestinn an déi MIR festgeluegt hunn? Och wann dat géint hier Religioun, Kultur, Traditiounen, etc geet?
    Allerdengs hun och Konservativer an enger freier Gesellschaft Recht op Meenungsfreiheet.
    Mee eng Meenung liewt een jo awer normalerweis aus (oder et probéiert een et opmanst)! Dat heescht denger Meenung no dierften sie soen, dass Homosexueller krank oder pervers sinn an dass Fraen hiere Männer follegen sollen, mee sie därfen Homosexueller awer net am Alldag diskriminéieren an hier Fraen och net doheem asperren? Dat kléngt jo awer irgendwéi bëssen paradox, nee?

    Reply

  4. @Grommel,

    Wat ass dat fir eng Fro? Natierlech muss sech jiddereen un eis Gesetzer haalen. Relioun steet net iwwert den Menscherechter.

    Deet mer Leed, mee du kanns net dohinner goen an d’Meenungsfreiheet aschränken, nemmen well et aner Lait ginn, dei eng aner Meenung hunn, weis du. Du kann, wei gesot, dei Meenung kritiseiren, mee äussern dierf sech jiddereen hei am Land.
    An och wann Letzebuerg en relativ gesellschaftsliberalt Land ass heescht dat jo nach emmer net dat dei meescht Lait och liberal denken. Et ginn och nach emmer vill Chreschten hei an d’Kiirch an ech well guer net wessen wat dei iwwer Homosexualiteit denken. Soguer an der Chamber setzen Konservativer, dei der Meenung sinn, dat Homosexuller sech net bestueden dierfen. Ech fannen dat alles aneschters wei gudd, mee dierfen dei dann net dei Meenung vertrieden?

    Reply

  5. G:

    Ech wëll kengem verbidden seng Meenung ze soen oder eng Meenung ze hunn. Mee wann awer engem seng Meenung negativ Konsequenzen fir seng Matmënschen huet, da fannen ech muss een agräifen an déi Matmënschen beschützen! Oder bass du do anerer Meenung??

    Wann e Moslem der Meenung ass, dass seng Fra him soll op d’Wuert follegen an dass seng Duerchteren net sollen léieren, schaffen, watochëmmer an hien dat och EMSETZT, solle mir dat einfach toleréieren?

    Wann konservativ Chrëschten der Meenung sinn, dass Homosexueller sech net bestueden däerfen, solle mir dat einfach sou toleréieren?

    Reply

  6. Ass dës Diskussioun gestuerwen?

    Reply

  7. D’Justiz greift jo an wann een aktiv ennerdreckt oder verfollegt get, doweinst gesinn ech net dein Problem.

    Reply

  8. Mee lo beäntwer endlich déi eigentlech Fro: ween ass un sou enger Gesellschaft méi no drun? Eis (westlech) oder hier? Hal op aus lauter politescher Korrektheet oder wat och ëmmer déi Fro hei EIERLECH ze beäntwerten.

    Dir ass scho bewosst, dass du deng Fro am Laaf vun dëser Diskussioun emmer rem geännert hues, an, dass ech eigentlech emmer op deng Fro geäntwert hunn. Vielleicht ass et net déi Äntwert déist du gäeren wells héieren fir dass deng ‘inspiréiert’ Sokratesch Method fonktionnéiert, mee et ass emmer d’Äntwert op d’Fro. Et léit natiirlech och dorunner dass du mat dengem binären Denken dann 2 Gesellschaften vergläichs, an domatter eigentlech vill aaner Gesellschaften/Gesellschaftsformen kategoresch ignoréiers. Waat ech jo zum Deel a menger méi laanger Äntwert (2 Kommentarer uwendriwwer) méi oder wéineger schons ugedéit hat.
    An 2) benotzen ech hei och net déi politesch Korrektheet, mee ech hu probéiert, am Laaf vun der Diskussioun, verschidden Politik/Sozialwessenschaftlech Theorie’en eranzebréngen. Dat huet guer näischt mat politescher Korrektheet zedinn. Ech haat alt gehofft dass de dann endlech vun dengem binären Denken ewech kenns, waats de jo och beim Joël benotzt hues.

    Wann e Moslem der Meenung ass, dass seng Fra him soll op d’Wuert follegen an dass seng Duerchteren net sollen léieren, schaffen, watochëmmer an hien dat och EMSETZT, solle mir dat einfach toleréieren?
    Wann konservativ Chrëschten der Meenung sinn, dass Homosexueller sech net bestueden däerfen, solle mir dat einfach sou toleréieren?

    Do och… firwaat sees de op der enger Säit “e Moslem” an op der aanerer “konservativ Chrëschten”?

    An dann och wéi definéierst du däin “light Moslem” vu virdrun? Muss een fir “light” zesinn eng amerikanesch Jeans unhunn an an de Starbucks goen, oder kann een och “light” sinn wann een seng Burka wéiderhin dréit?

    A verschidde Saachen déist du der muslimescher Welt virpuchs, à la Muslimen bauen sech elo hei gäeren eng eegen Gesellschaft op: Wou hues du deng Informatiounen hier? Wou sinn deng Sourcen fir esoueppes? Wou sinn deng AKADEMESCH Sourcen? Wou sinn Bicher doriwwer? Wou sinn akademesch Journal Artikelen doriwwer? Ass dat net och esou, dass de do, duerch däin binärt Denken, erem zevill generaliséiers an d’Saach eigentlech net richteg gesäis/analyséiers?
    An nach eng Fro: kenns du Muslimen? Oder gesäis de den Islam nemmen duerch de “westlechen Brëll”?

    Reply

  9. G:

    D’Justiz greift jo an wann een aktiv ennerdreckt oder verfollegt get, doweinst gesinn ech net dein Problem.

    Et ass also richteg, dass wann e Moslem (bei eis) der Meenung ass, dass seng Fra him soll op d’Wuert follegen an dass seng Duerchteren net sollen léieren, schaffen, watochëmmer an hien dat och EMSETZT, d’Justiz agräifen soll fir esou Saachen ze verhënneren?

    Reply

  10. Tom:
    .
    Dir ass scho bewosst, dass du deng Fro am Laaf vun dëser Diskussioun emmer rem geännert hues, an, dass ech eigentlech emmer op deng Fro geäntwert hunn.
    .
    Ech hu meng Froen missten upassen an präziséieren well s du ëmmer rem probéiert hues fir der eigentlecher Problematik aus de Féiss ze goen. Ech hat vun Ufank un déi selwecht Thematik wollten uschwätzen.
    .
    Et léit natiirlech och dorunner dass du mat dengem binären Denken dann 2 Gesellschaften vergläichs, an domatter eigentlech vill aaner Gesellschaften/Gesellschaftsformen kategoresch ignoréiers.
    .
    Wat fir eng aner Gesellschaften oder Gesellschaftsformen?
    .
    Oder wëlls du wierklech behaapten, dass déi westlech an déi moslemesch Gesellschaften sech net ënnerscheeden?? Obwuel sie dëst jo erwiesenermoossen a verschiddenen Punkten enorm maan. Oder bestreits du dat?
    .
    An 2) benotzen ech hei och net déi politesch Korrektheet, mee ech hu probéiert, am Laaf vun der Diskussioun, verschidden Politik/Sozialwessenschaftlech Theorie’en eranzebréngen. Dat huet guer näischt mat politescher Korrektheet zedinn. Ech haat alt gehofft dass de dann endlech vun dengem binären Denken ewech kenns, waats de jo och beim Joël benotzt hues.
    .
    Deng Theorien an allen Éieren mee dat ännert näischt um Fait, dass du mengen Froen ëmmer +- aus dem Wee gaangen bass oder wéi en Politiker hues versicht ze äntwerten (also einfach net den ‘core issue’ unzeschwätzen mee iwwert eppes anescht schwätzen wat dir méi gefällt).
    .
    A binärt Denken ass sécher oft falsch, well d’Wourecht oft an der Mëtt Läit. Mee genau wéi den Joel sou refuséiers du och d’Konsequenzen vun den eigentlechen Fakten unzerkennen (oder och nëmmen ze kommentéieren). Dir flücht iech an vague Wischi-Waschi-Theorien déi mat der Realitéit net vill gemeinsam hunn.
    .
    Do och… firwaat sees de op der enger Säit „e Moslem“ an op der aanerer „konservativ Chrëschten“?
    .
    Well d’Moslems hier Religioun (oder hier Traditiounen) generell vill méi serieux schéngen ze huelen wéi d’Chrëschten, wou déi meescht souwiesou just ‘cafeteria christians’ sinn.
    .
    An dann och wéi definéierst du däin „light Moslem“ vu virdrun? Muss een fir „light“ zesinn eng amerikanesch Jeans unhunn an an de Starbucks goen, oder kann een och „light“ sinn wann een seng Burka wéiderhin dréit?
    .
    Wéi kéint een en Moslem light sinn, wann een vun senger Fra verlaangt eng Burka ze droen??? Erklär mer dat wgl.
    .
    A verschidde Saachen déist du der muslimescher Welt virpuchs, à la Muslimen bauen sech elo hei gäeren eng eegen Gesellschaft op: Wou hues du deng Informatiounen hier? Wou sinn deng Sourcen fir esoueppes? Wou sinn deng AKADEMESCH Sourcen? Wou sinn Bicher doriwwer? Wou sinn akademesch Journal Artikelen doriwwer? Ass dat net och esou, dass de do, duerch däin binärt Denken, erem zevill generaliséiers an d’Saach eigentlech net richteg gesäis/analyséiers?
    .
    Meng Informatiounen kommen haaptsächlech aus Reportagen op der ëffentlech-rechtlecher Tele, Nouvellen, oder Artikelen op spiegel.de asw.
    .
    Wéi gutt integréiert sinn Moslems an Däitschland oder Frankräich? Wéi denken jonk moslemesch Männer an D oder F generell zb iwwert d’Emanzipatioun vun der Fra? Wéi ‘mir’ oder wéi den Duerchschnëttsmoslem an der moslemescher Welt (wou et mat der Emanzipatioun vun der Fra jo offensichtlech net wäit hier ass)?
    .
    Wou hunn d’Fraen méi Fräiheeten a Rechter? Bei eis oder an moslemeschen Länner?
    .
    An nach eng Fro: kenns du Muslimen? Oder gesäis de den Islam nemmen duerch de „westlechen Brëll“?
    .
    Jo, ech kennen der. Mee dat sinn usech sekulär ‘Moslems’, déi just wéi die meescht Chrëschten bei eis, aus hieren religéisen Texter déi gescheit Saachen erauspicken an de Schrott op der Säit loossen an déi die religéis Fester einfach als Familjenfester feieren. Sou wéi ech Chrëschtdag och feieren, awer net als chrëschtlechen Feierdag.
    .
    Mat esou Moslems light hunn ech, genauwéi mat Chrëschten light, absolut an iwwerhaapt keen Problem. Zumools wann se sech och nach en plus humanistesch, egalitär Werter vertrieden. Esou Moslems schräiwen hieren Fraen awer och net vir, wat se ze maachen hunn oder wat se därfen a wat nach.
    .
    A lo nach eng Kéier: ween ass, aktuell, méi no drun un enger oppener Gesellschaft, déi gewëllt ass sech weider ze entwéckelen an allen Läit méi Rechter a Fräiheeten ze ginn? Eis (westlech) oder hier?

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.