Dat scho baal gefaartent ass agetrueden: de rietsradikaleschen islamophob Geert Wilders konnt bei de Wahle geschter e “flotte” Score hiléen an ass elo mat sénger Partei dann alt schon 24 Sëtz staark. Déi stärkste Partei goufen d’„Riets-Liberaler” mat 31 Sëtz.
Geschter Owend huet dann och de Geert Wilders a sénger Ried gesoot, dass d’Hollänner an d’Hollännerinnen méi Sëcherheet, manner Verbriechen, manner Immigratioun, a manner Islam gewielt hunn. Et muss een, mengen ech, keng grouss Analyse iwwert déi Wierder maachen fir festzestellen, wat de Geert Wilders gesoot a gemengt huet.
Leider helleft et enger Partei a Krisenzäiten emmer op Minoritéiten zeklappen. Och wann de Geert Wilders net all d’Minoritéiten als Zielscheif hellt (hien ass beispillsweis “pro-gay”), esou huet hien sech eischter op d’Reliounen, a méi speziell den Islam ageschoss. An engem Film stellt hien sech dann och schons als “Retter vum Westen” duer, deen déi aaner “westlech, civilizéiert Länner” vrun der “Bedrohung” warnt. Wéi beim Nick Griffin a Groussbritannien wees och de Geert Wilders genee wat zemaachen ass fir un d’Muecht zekommen. Et giff mech dofir dann och net wonneren, wann, sollt de Geert Wilders a séng Partei eng Kéier wirklech un d’Muecht kommen (God forbid!), sech säin Discourse wäert änneren. Haut kann een an Europa net méi bspw. soen, dass een en Homophob ass, wann e well un d’Muecht an séng krank Idee’en well emsetzen. De Geert Wilders huet sech mam Islam eng Saach erausgepickt, déi hien iwwerdriwwen duerstellt, de Léit domatter Angscht mécht, an dann de “Retter Wilders” wielen. Wann dat dann de Fall ass, kann een och iwwer aaner “Saachen” schwätzen…
… schliesslech huet den Adolf Hitler am Mein Kampf och “nemmen” d’Judentum an de Kommunismus als “dat Beist” duergestallt, a war du jo souguer prett fir trotzdem – aus militäresch strategesche Grënn – eng kuerzfristeg Allianz mam Stalin anzegoen. An et waaren bekanntlech och net nemme Juden an Kommunisten déi an d’Konzentratiounslageren gepucht goufen.
An bei eisen “hollännesche Frënn” kennen et dann elo 6 verschidde Koalitioune ginn, bei deenen et wuel schwéier gett fir de rietsextremen Geert Wilders a séng “Freedom Party” op der Säit zeloosen. Déi “Riets-Liberal” hunn dann och kee Problem fir mam Geert Wilders a Verhandlungen zeschwätzen, während d’Sozialdemokraten (“Partei vun der Arbescht”) [30 Sëtz] all Gespréich mam Wilders ofléenen. Den Philip van Praag, e Politikwessenschaftler op der Amsterdam University, soot dann haut an der “AD”, dass et duerchaus zu enger Koalitioun aus Lénks a Riets kéinnt kommen, namely eng Gruppéierung vun den “Riets-Liberalen”, de Sozialdemokraten, den Demokraten an deene Gréngen. Mat däer Gruppéirungen hätten se eng Majoritéit, mee et giff wuel schwéier ginn, fir d’„Riets-Liberal” Partei hier economesch Idee’en (vill vill manner sozial Mesuren), déi hinnen dach wuel d’Wahlvictoire bruecht hunn, mat däer Koalitioun emzesetzen.

De Geert Wilders geschter Owend no senger Etappevictoire.
Update (10.06.2010 – 12:25 Auer): Endlech fonnt. Ganz interessante Clip aus der 3ter West Wing Staffel:
Djö, ech hu nees vergiess Paragraphen ze forcéieren (per – oder sou) … Kanns du dat wgl änneren? Dann ass et méi liesbar. Merci.
Voilà, mier liewen an enger freier Gesellschaft an dei musse mer natierlech bewahren. An enger freier, liberaler Gesellschaft huet all Individuum d’Recht sein Liewen sou ze gestalten wei hien et well, soulaang et am Rahmen vun eisen Gesetzer ass. Wann mier also dei Freiheet wellen behaalen, kenne mer net dohinner goen, an Freiheeten vun bestemmten Bevölkerungsgruppen aschränken, soss maan mer genau dat selwecht wei zum Beispiel verschidden muslimech Gesellschaften, dei och Freiheeten vun zum Beispiel Fraen oder Homosexueller aschränken, well se se net tolereiren. Wei heescht et sou schein : Et kann een d’Freiheet net schützen an deem een se oofschaaft.
G:
Du fënns also, dass een eng Gesellschaft (wéi die moslemesch halt) wou d’Fraen oft ënnerdréckt ginn, wou Homosexueller oppen veruecht ginn (méi wéi bei eis opmanst), wou Verléiftener net oppen hier Léift en publique wéisen kënnen, etc, muss respektéiert/toleréiert ginn? Firwat? Firwat muss Intoleranz toleréiert ginn?
A wéils DU an sou enger Gesellschaft liewen? Oder léiwer dach an eiser (och wann déi och onperfekt ass)? Sëff éierlech! An dann erklär firwat?
Dat hunn ech net gesoot. Natiirlech ginn et grondlegend Ennerscheeder teschend “beide Gesellschaften”, mee duerch esou een binärt Denken wéist du et bis elo an de Kommentaren opbruecht hues, ignoréiers du och ganz vill, resp. gesäis et wahrscheinlech emol guet net. De Jacques Derrida oder de Michel Foucault hätten nawell zimlech vill Spass, resp. Ierger, mat dir gehaat.
–
Wéi kennen se dat da scho gehaat hunn, resp. bäigedroen hunn. Wéi gesoot Afghanistan war (resp. ass (giffe verschiddener behaapten)) momentan okupéiert, Pakistan gett et nach guer net esou laang, a wann ech op aaner Länner kucken, Länner an Nordafrika bspw. wou jo och vill Muslimen liewen, déi waren bis vrun e puer Joerzéngten nach ennert der esou gudder europäescher Herrschaft. Du kanns dach net behaapten, dass Länner déi räischt zenter e puer Joër “fräi” sinn, awer déi läscht Joërhonnerten – wou se vun EIS ausgebeut goufen – näischt bäigedroen hunn!?!
A waat ass zum Beispill och mat de ville Léit déi sech agesaat hunn, fir dass hier (“muslimesch”) Länner vun den Europäer befreit ginn? Sinn dat och nemmen e Grupp voll Denker/”Auteuren”, déi een soll iwwersinn, ceci déi net wichteg waaren, déi näischt geleescht hunn, déi déi “muslimesch Welt” net zu engem kléngen Deel reforméiert hunn?
–
Ech hunn gemengt wéi Dubai sech politesch economesch vermart. Dat ass néi. A vielleicht waren do och Net-Araber mat dru bedeelegt, mee fir dat Ganzt (also déi ganz Vermarktungs-Strategie op dem Niveau fir déi ganz arabesch Emiraten!) elo Net-Araber zouzeschréiwen ass falsch.
An esou muss dann och gesoot ginn, dass secherlech de Petrol gehollef huet fir Dubai esou opzebauen, mee mécht de Petrol elo jhust nach e puer Prozent aus. Aanescht dann wéi zu Lëtzebuerg, mir bauen zenter Joëren op den Tanktourismus, hänken nach emmer grouss um Tanktourismus elo, a mussen dann och geschwenn stroof bezuelen. (Kyoto) Do fannen ech déi Art a Wéis wéi sech Dubai, an aaner arabesch Länner, ugeluecht hunn, vill méi clever. A wéi gesoot déi ganz Strategie ass esou op deem Niveau vu Staaten nach nie ugewandt ginn. Et muss een och heiandsdo emol e Succès unerkennen.
–
Ok, da schaffe mer dann och awer ennert enger “Grommel-Herrschaft” ^^ d’Sonndeger of, also de Faite, dass esou vill Léit Sonndes fräi hunn. Schliesslech ass dat gekoppelt un d’chrëschtlech Relioun. Da kréie mer, keng Ahnung, Dennschtes e Roudag. *An* mir schaffen zu Lëtzebuerg déi chrëschtlech Féierdeeg (Christi Himmelfahrt, Ouschteren, Päischten etc. etc.) of. Dat wäer alles eng Konsequenz vun däer Idee, déi ech zum Deel giff ennerstetzen.
–
Et fuerderen jo awer elo keng Dausenden an Dausenden vu Muslimen an der “westlecher Welt”, dass d’Sharia agefouert giff ginn. Esou eppes giff ech och net gudd fannen, a géint d’Aféierung vun der Sharia wäer ech secherlech deen éischten dee giff op d’Stroos protestéiere goen.
Waat mech einfach erschreckt (dat ass net op dës Diskussioun baséiert, mee op Saachen déi een esou hei an do héiert) ass déi enorm Angscht vun den “West-ler” géigeniwwer den “Muslimen.” Dass déi giffen bei eis kommen an dann ‘alles’ zerstéieren, well se hier Gesellschaft wellen opbauen, dass et der emmer méi ginn, déi “hei bei ons” ronderem laafen. Dat Ganzt erennert dach irgendwéi ganz staark un d’50er an d’60er an de States, wéi dunn déi “Schwarz” e beemol genee dat konnte maachen, an sech op der nämlechter Platz wéi e “Weisse” konnten ophaalen. Natiirlech ginn et Saachen an der muslimescher Relioun déi net gudd sinn (Sharia wéi gesoot), mee wou bléiwt dann “eis” Toleranz an Denken vu Fräiheet, wa mer direkt Léit klasséieren baséiert op deem wat se un hunn (Burka) oder op deem waat se droen (laange Bart). Stolzéiere mir net duerch d’Welt a soen, dass bei eis jiddereen onschelleg ass bis dass séng Schold bewissen ass? Wéi kenne mer dat dann nach behaapten, wa mer Muslimen déi hei an Europa liewen (fir zreck op d’Wierder vum Geert Wilders zekommen) wellen aus eise Länner puchen, d’Diren wellen zouspäeren. (Jee, dat erennert och scho baal do drun wéi d’Chrëschten/d’Europäer am Mettelalter mat de Juden emgaange sinn).
–
Nee ech war leider nach net selwer an engem arabesche Land, giff dat awer nemmen all ze gäeren sou séier wéi méiglech änneren. An dann nach eng Kéier ech hunn nie behaapt, dass do alles dann an der Réi ass, dass ech do alles gudd fannen (“Extremnodeeler”). Wourem et mir geet ass, op de Post an d’Wahlen eben an den Netherlands bezunn. Et kann net sinn, dass “mir” eis als fräi an oppen Gesellschaft duerstellen, awer wa Léit kommen, déi an dësem Fall den Islam als hier Relioun bezeechnen, direkt scho baal als Terrorist gesinn, déi net nemmen wellen Léit an d’Luut joen, mee och nach “eis” fräi an oppen Gesellschaft wellen veränneren a reckstänneg maachen.
A mech stéiert och einfach déi Formuléierung vun der “muslimescher Welt”, wat praktesch seet, dass Moslems alleguerten giffen doiwwer an “hierer Welt” giffe liewen, an elo e beemol giffen se dann bei “eis” kommen. Moslems goufen et schon zenter Joërzéngten an Europa.
–
Emol vum Faite ofgesinn, dat déi Froestellung jo ganz aanescht ass wéi déi virdrun, weillt ech am léiwsten an enger Gesellschaft liewen, wou Jong a Meedchen, Jong a Jong, Meedchen a Meedchen, sech däerfe kussen, an enger Gesellschaft wou Fra genee esou wéineg zekuschen huet wéi de Mann. An enger Gesellschaft wou Chrëschten mat Atheisten an Moslemen akaafe ginn, iesse ginn an zesummen sech hellefen an diskutéieren. An enger Gesellschaft wou keen wéinst sénger Relioun oder séngem (vielleicht arabeschen) Ausgesinn muss fäerten an der Öffentlechkeet vun den aanere Léit wéi e Steck Dreck ugekuckt zeginn. An enger Gesellschaft wou jiddereen een deen aaneren akzeptéiert, wéi hien ass an u wat e glëwt. An enger Gesellschat wou Mann a Mann, genee wéi Fra a Fra, sech kenne bestueden, déi nämlecht Rechter a Virdeeler hunn wéi heterosexuell Koppelen, also dann eben och d’Recht hunn fir Kanner z’adoptéieren. An enger Gesellschaft wou déi op d’Prinzipien vum Thomas Hobbes (Life, Liberty and Estate) setzt (dozou dann Pursuit of Happiness? :S), an dës fir all Mensch gellen, egal vu wou se kommen, egal wéi aal zesinn, egal wéi e Geschlecht zehunn, egal wéi enger Relioun dass se ugehéieren.
An esou eng Gesellschaft gett et momentan weder an der “arabescher Welt” oder an Europa, an dofir bléiwt meng Äntwert vu virdrun bestoen. Weder an engem arabeschen nach an engem europäesche Land wéillt ech am léiwste wunnen. A wanns de elo sees, dass “mir an Europa” dann jo méi un der Saach dru wieren wéi déi arabesch Welt, soen ech 1) dass ech net alles opgzielt hunn (et kéinnt e jo baal e Buch schréiwen ^^), an 2) dass Europa nach laang a grouss Schrëtter zemaachen huet, an natiirlech gesäit et momentan esou aus wéi wann Europa éischter an esou enger Gesellschaft giff ukommen (wat jo luewenswärt wier), mee sou laang se dat net ass, kann déi “muslimesch Welt” vielleicht (duerch wéider “gréng Revolutiounen”) ‘eis’ duerchaus iwwerhuelen. (wat och luewenswäert wier).
–
A wann ech däin Satz do e besschen emänneren, fannen ech dech/d’„westlech Welt” eigentlech och do dran erem:
Spéistens elo misst dir dach opfaalen, dass esou e binärt Denken (egal vu weem, egal wéi eng Relioun en huet a wou e wunnt) falsch ass, well et Saachen iwwersäit, Léit an 2 grouss Deppe pucht, net präzis ass, ze vague “Argumenter” bidd, an eigentlech domatter e gudden Deel vun der ganzer Debatt verpasst.
Ech äntwerten spéider op déng läscht Äntwert hei.
But it comes down to this: liews du léiwer an enger Gesellschaft, wou et normal ass, dass zb. Fraen an kuerzer Sportskleedung kënnen joggen goen oder an enger wou dat verbueden ass (ass mer gëschter an de Kapp komm wéi ech Joggerinnen gesinn hat; ech hunn jo schon méi ‘intellektuell’ Beispiller virdrun ginn)?
An Gesellschaften wou dat verbueden oder inakzeptabel wieren mussen net just moslemescher sinn, et kënnen och aner religéis-konservativ Gesellschaften sinn. Ech bashen also net nëmmen d’Moslems. Mee et sinn d’Moslems bei eis déi géint esou Saachen sinn (opmanst déi, die hier Religioun serieux huelen, konservativ sinn, etc). An der Belge wëllen se jo lo schon Piscinen, wou Fraen a Mäünner kënnen getrennt goen! Oder dass d’Meedercher am Schoulunterricht net brauchen schwammen ze goen! Béides sollt net erlaabt oder toleréiert ginn.
Brauchs net op meng läscht Äntwert ze äntwerten, hues dat jo schon deelweis an denger laanger gemaach.
.
Ech reagéieren awer nach op déi a probéieren nach méi kloer duerzeléeën, wou ech de Problem gesinn a wou s du menger Meenung no ze naiv un d’Saach dru gees. Bis henno dann.
Natiirlech ginn et grondlegend Ennerscheeder teschend „beide Gesellschaften“, mee duerch esou een binärt Denken wéist du et bis elo an de Kommentaren opbruecht hues, ignoréiers du och ganz vill, resp. gesäis et wahrscheinlech emol guet net.
_
Wat ignoréieren ech dann oder gesinn ech net?
_
Du kanns dach net behaapten, dass Länner déi räischt zenter e puer Joër „fräi“ sinn, awer déi läscht Joërhonnerten – wou se vun EIS ausgebeut goufen – näischt bäigedroen hunn!?!
_
Mir sinn also schold dorunner, dass die moslemesch Länner keng Renaissance, keng Opklärung, keng (franséisch) Revolutioun, wéineg grouss Wëssenschaftler an Intellektueller, etc an de läschten Joerhonnerten haten?? Das ass dach Quatsch. Beispill Afghanistan: virun 1830 huet keen Europäer sech dofir interesséiert, idem fir Marokko an quasi all aner arabesch/moslemesch Länner. Firwat se déi Saachen/EXperienzen net haten ass lo manner wichteg wéi den Fait, dass se déi NET haten an duerfir generell sech anescht entwéckelt hunn wéi eis Gesellschaften (woubäi, nach eng Kéier, eis och net perfekt sinn!) an eis, niewent vill Genialem, och vill Schäiss gebaut hunn. Mee et geet jo lo haaptsächlech em eis Gesellschaften HAUT an wou die gréissten Ennerscheeder tëschent eiser oppener, humanistescher Gesellschaft an religéisen, konservativen Gesellschaften (wéi zb der moslemescher) en Resultat vun 1968 sinn!
.
Jo, d’Moslems haten leider keen 1968! Mee dat ass awer keen Grond fir hinnen einfach sou ze erlaben fir hier ‘pre-1968er’ Kultur hei auszebreeden. Ech hunn absolut näischt géint Moslems, déi sech zb fir d’Gleichheet fir Mann a Fra asetzen! Mee wéivill Moslems man dat?? A wéivill Moslems pochen par conter doropper, dass de Mann ëmmer nach d’Soen huet an sou?
_
An esou muss dann och gesoot ginn, dass secherlech de Petrol gehollef huet fir Dubai esou opzebauen, mee mécht de Petrol elo jhust nach e puer Prozent aus.
_
Alles schéin a gutt, mee ouni d’Petrodollaren an eis organisatoresch an industriell Hëllef hätten sie Dubai NIE op d’Been stellen kënnen.
_
Ok, da schaffe mer dann och awer ennert enger „Grommel-Herrschaft“ ^^ d’Sonndeger of, also de Faite, dass esou vill Léit Sonndes fräi hunn. Schliesslech ass dat gekoppelt un d’chrëschtlech Relioun. Da kréie mer, keng Ahnung, Dennschtes e Roudag. *An* mir schaffen zu Lëtzebuerg déi chrëschtlech Féierdeeg (Christi Himmelfahrt, Ouschteren, Päischten etc. etc.) of. Dat wäer alles eng Konsequenz vun däer Idee, déi ech zum Deel giff ennerstetzen.
_
Vu mir aus kéinten se, oder sollten se, suguer die chrëschtlech Feierdeeg duerch sekulärer ersetzen! Wann Chrëschtdag zb offiziell giff d’Fest vun der Famill (oder der Léift) ginn, da kéint och JIDEREEN dat feieren ouni ze mengen, dass en doduerch eng aner Religioun etc giff ennerstëtzen oder géint seng eegen giff goen etc.
_
Dass déi giffen bei eis kommen an dann ‘alles’ zerstéieren, well se hier Gesellschaft wellen opbauen, dass et der emmer méi ginn, déi „hei bei ons“ ronderem laafen. Dat Ganzt erennert dach irgendwéi ganz staark un d’50er an d’60er an de States, wéi dunn déi „Schwarz“ e beemol genee dat konnte maachen, an sech op der nämlechter Platz wéi e „Weisse“ konnten ophaalen.
_
Déi Analogie funktionnéiert menger Meenung no iwwerhaapt net. Déi Schwaarz duerften verschidden Saachen net maachen, déi fir déi Wäiss erlaabt oder normal woeren. Wou verbidden mir den Moslems déi Saachen ze maachen, déi mir maachen oder sech esou ze verhalen, wéi mir et maachen? Néirens! Mir wëllen just net, dass sie eis Gesellschaftlech nees rëckstänneg maachen an deem sie op Geschlechtertrennung etc pochen. Dat ass dach net esou schwéier ze verstoen!? An dat huet och näischt just mat de Moslems ze dinn, dat gëlt fir all reaktionär Gruppéierung!
.
Ech sinn och net der Meenung, dass all Moslem e potentiellen Terrorist ass!? Mee en konservativen Moslem repräsentéiert eng Welt an eng Gesellschaft mat der ech net averstan sinn an déi ech, wéinst hieren Onfräiheeten, net toleréieren kann a wäert.
_
Nee ech war leider nach net selwer an engem arabesche Land, giff dat awer nemmen all ze gäeren sou séier wéi méiglech änneren.
_
Da maach dat mol séier! Oder géi op Bréissel 😉
.
Mee am Eescht: et ass op mënschlechem Plang oft ferme traureg. Fraen a Männer generell ferme getrennt. A Caféen just Männer, déi awer dann, sehnsüchteg, Shakira-Video’en kucken an bëllegen Béier drenken (béides natierlech heemlech!). Tippen déi hier Cousine mussen bestueden well d’Famill dat esou festgeluegt hunn. Jongen a Meedercher déi just heemlech iwwer sms kommunizéieren kënnen (mee emmerhin erméiglech eist westlech Technologie hinnen dat!). Grouss sexuell Frustratiounen. Keng Koppelen op der Strooss ze gesinn, keen Handhalen, keng Kussen (meeschtens geet den Tipp vir an d’Fra mat den Kanner hannendrun, dat do woer lo am Marokko an am Oman sou, net grad die konservativsten Länner).
_
Emol vum Faite ofgesinn, dat déi Froestellung jo ganz aanescht ass wéi déi virdrun, weillt ech am léiwsten an enger Gesellschaft liewen, wou Jong a Meedchen, Jong a Jong, Meedchen a Meedchen, sech däerfe kussen, an enger Gesellschaft wou Fra genee esou wéineg zekuschen huet wéi de Mann. An enger Gesellschaft wou Chrëschten mat Atheisten an Moslemen akaafe ginn, iesse ginn an zesummen sech hellefen an diskutéieren. An enger Gesellschaft wou keen wéinst sénger Relioun oder séngem (vielleicht arabeschen) Ausgesinn muss fäerten an der Öffentlechkeet vun den aanere Léit wéi e Steck Dreck ugekuckt zeginn. An enger Gesellschaft wou jiddereen een deen aaneren akzeptéiert, wéi hien ass an u wat e glëwt. An enger Gesellschat wou Mann a Mann, genee wéi Fra a Fra, sech kenne bestueden, déi nämlecht Rechter a Virdeeler hunn wéi heterosexuell Koppelen, also dann eben och d’Recht hunn fir Kanner z’adoptéieren. An enger Gesellschaft wou déi op d’Prinzipien vum Thomas Hobbes (Life, Liberty and Estate) setzt (dozou dann Pursuit of Happiness? :S), an dës fir all Mensch gellen, egal vu wou se kommen, egal wéi aal zesinn, egal wéi e Geschlecht zehunn, egal wéi enger Relioun dass se ugehéieren.
_
Mir perséinlech ass et awer ëmmer em dës Fro usech gaang!
Wat fir eng Gesellschaft ass dann denger Meenung no méi no drun un dësem Ideal? Eis westlech (an éischter sekulär) oder die moslemesch/arabesch (oder och chrëschtlech fundamentalisch)?? Sëff éierlech! D’Äntwert misst jo evident sinn och wa mir selwer nach e fermt Stéck vun deem Ideal fort sinn (well mer nach ëmmer religéis-konservativen Baggage matschleefen!).
_
An esou eng Gesellschaft gett et momentan weder an der „arabescher Welt“ oder an Europa, an dofir bléiwt meng Äntwert vu virdrun bestoen.
_
Lo laf net fort! Wat fir eng Gesellschaft ass méi no drun un deem Ideal?
_
Weder an engem arabeschen nach an engem europäesche Land wéillt ech am léiwste wunnen.
_
A wou wéils de LEIWER wunnen?
_
@Grommel,
Du stells dei falsch Froen.
Eischtens wat brengt et eis konkret wann mer Moslemen net tolereieren? Ännert sech doduerch hier Astellung vis à vis vun Fraen an Homosexueller? Zweetens wei soll dei Intoleranz ausgesinn? Sollen dei “opgeklärten” Bierger net mei mat denen “onopgeklärten” schwetzen? Dierfen Moslemen net met areesen sou wei den De Wilders dat fuerdert? Feiern mer “intolerant” Sonderrechter an fir “intolerant” Lait?
Dei eenzeg Fro, dei een sollt interesseiren ass, wei krit een dei Lait beweegt dat se mei tolerant ginn?
@all
Als alleréischt, et ass mer e Feeler bei mengem läschte Kommentar opgefall “Life, Liberty and estate/property” kennt natiirlech vum John Locke séngem Social Contract. Den Thomas Hobbes hätt wuel, och wann e fir divers Léit jo als Godfather vum Liberalismus zielt, a séngem Leviathan bspw. sou eppes nie behaapt. Ech wollt eigentlech den Hobbes benotzen, sinn dunn op Locke emgesprongen a vergiess den Numm z’änneren 😉
–
@ Grommel
An engem Land/Gesellschaft déi sech steets well wéider entweckelen. Déi déi ganzen Zäit hier Gesellschaft well zu der perfekter Gesellschaft maachen, och wann dat wuel nie wäert de Fall sinn, mee déi bspw. europäesch Haltung “Oh eis geet et jo awer gudd”, an dann dowéinst net probéieren och nemmen e besschen eis Gesellschaft zeverbesseren, geet mir genee esou op de Kecks wéi wann Islamistesch “Leaderen” d’Sharia wellen enzwouch opzwengen.
An ween ass méi no drun? Stellt dat net viraus dass de Mätch schons baal opgepaff wier (fir an der aktueller Fussballsproch zeschwätzen)? Wann déi muslimesch Länner an den nächste Joëren duerch de wahtscheinleche Sprong vun der Welteconomie vun den USA zreck an Asien vielleicht och e Sprong maachen, da wieren se méi wäit wéi d’Europäer.
–
An deng binaire Denkwéis féiert dozou dass du bspw. esou Saachen/Fro’en wéi déi vum G. hei uewen driwwer ignoréiers. Fir dech schéngt alles entweder hui oder pfui zesinn. 0 oder 1. Dat ass esou an der Computerwelt, mee an der Sozialwessenschaft, wou Politikwessenschaft dann en Deel jo dovunner ass, geet dat net. Esou einfach ass déi Saach, déi sech Politik nennt, déi sech eis Gesellschaft nennt, déi sech eis Welt nennt, sou einfach gestreckt si mir Menschen net, dass een emmer alles an 2 grouss Lageren kann opdeelen.
G:
.
“Eischtens wat brengt et eis konkret wann mer Moslemen net tolereieren? Ännert sech doduerch hier Astellung vis à vis vun Fraen an Homosexueller? Zweetens wei soll dei Intoleranz ausgesinn? Sollen dei „opgeklärten“ Bierger net mei mat denen „onopgeklärten“ schwetzen? Dierfen Moslemen net met areesen sou wei den De Wilders dat fuerdert? Feiern mer „intolerant“ Sonderrechter an fir „intolerant“ Lait?”
.
Ech sot net, dass mer Moslemmen net toleréieren sollten. Ech sot, dass mer hier Intoleranz (wann se där weisen) net toleréieren sollen. Oder sollen mir, denger Meenung no, et toleréieren, wann sie hieren Fraen, den Homosexuellen, etc Rechter forthuelen?
.
“Dei eenzeg Fro, dei een sollt interesseiren ass, wei krit een dei Lait beweegt dat se mei tolerant ginn?”
.
Doduerch, dass een se manner moslemesch ‘mécht’ oder probéiert ze kréien. Mee dat geet jo net sou einfach! Bei eis huet et jo och eng 68er Revolutioun (ënnert anerem) gebraucht fir dass mer die Onfräiheeten an archaësch Denkweisen vun eiser Religioun (opmanst deelweis) ofgeluegt hunn.
Realistesch gesinn geet et wuel nëmmen iwwert d’Kanner an et muss een probéieren déi esou fréi wéi méiglech an sou vill wéi méiglech mat eisen humanisteschen, egalitären Prinzipien ze ‘infizéieren’!
Och muss een hinnen dann henno fair Chancen um Aarbechtsmaart etc bidden fir dass se net soss rem an hier archaësch Religioun zeréckrutschen well se jo soss näischt hunn!
Den eigentlechen Problem bleift awer weiderhinn, och wann dir dat wëllt ignoréieren, déi traditionell moslemesch Astellungen zu Fraen, Homosexuellen a generell aneschtdenkenden a fräiheetsliebenden Menschen … Duerfir nach eng Kéier: wann e Moslem fir d’Gläichberechtegung vun der Fra ass, näischt géint Homosexueller huet, etc dann hunn ech guer keen Problem mat him.