Dat scho baal gefaartent ass agetrueden: de rietsradikaleschen islamophob Geert Wilders konnt bei de Wahle geschter e “flotte” Score hiléen an ass elo mat sénger Partei dann alt schon 24 Sëtz staark. Déi stärkste Partei goufen d’„Riets-Liberaler” mat 31 Sëtz.
Geschter Owend huet dann och de Geert Wilders a sénger Ried gesoot, dass d’Hollänner an d’Hollännerinnen méi Sëcherheet, manner Verbriechen, manner Immigratioun, a manner Islam gewielt hunn. Et muss een, mengen ech, keng grouss Analyse iwwert déi Wierder maachen fir festzestellen, wat de Geert Wilders gesoot a gemengt huet.
Leider helleft et enger Partei a Krisenzäiten emmer op Minoritéiten zeklappen. Och wann de Geert Wilders net all d’Minoritéiten als Zielscheif hellt (hien ass beispillsweis “pro-gay”), esou huet hien sech eischter op d’Reliounen, a méi speziell den Islam ageschoss. An engem Film stellt hien sech dann och schons als “Retter vum Westen” duer, deen déi aaner “westlech, civilizéiert Länner” vrun der “Bedrohung” warnt. Wéi beim Nick Griffin a Groussbritannien wees och de Geert Wilders genee wat zemaachen ass fir un d’Muecht zekommen. Et giff mech dofir dann och net wonneren, wann, sollt de Geert Wilders a séng Partei eng Kéier wirklech un d’Muecht kommen (God forbid!), sech säin Discourse wäert änneren. Haut kann een an Europa net méi bspw. soen, dass een en Homophob ass, wann e well un d’Muecht an séng krank Idee’en well emsetzen. De Geert Wilders huet sech mam Islam eng Saach erausgepickt, déi hien iwwerdriwwen duerstellt, de Léit domatter Angscht mécht, an dann de “Retter Wilders” wielen. Wann dat dann de Fall ass, kann een och iwwer aaner “Saachen” schwätzen…
… schliesslech huet den Adolf Hitler am Mein Kampf och “nemmen” d’Judentum an de Kommunismus als “dat Beist” duergestallt, a war du jo souguer prett fir trotzdem – aus militäresch strategesche Grënn – eng kuerzfristeg Allianz mam Stalin anzegoen. An et waaren bekanntlech och net nemme Juden an Kommunisten déi an d’Konzentratiounslageren gepucht goufen.
An bei eisen “hollännesche Frënn” kennen et dann elo 6 verschidde Koalitioune ginn, bei deenen et wuel schwéier gett fir de rietsextremen Geert Wilders a séng “Freedom Party” op der Säit zeloosen. Déi “Riets-Liberal” hunn dann och kee Problem fir mam Geert Wilders a Verhandlungen zeschwätzen, während d’Sozialdemokraten (“Partei vun der Arbescht”) [30 Sëtz] all Gespréich mam Wilders ofléenen. Den Philip van Praag, e Politikwessenschaftler op der Amsterdam University, soot dann haut an der “AD”, dass et duerchaus zu enger Koalitioun aus Lénks a Riets kéinnt kommen, namely eng Gruppéierung vun den “Riets-Liberalen”, de Sozialdemokraten, den Demokraten an deene Gréngen. Mat däer Gruppéirungen hätten se eng Majoritéit, mee et giff wuel schwéier ginn, fir d’„Riets-Liberal” Partei hier economesch Idee’en (vill vill manner sozial Mesuren), déi hinnen dach wuel d’Wahlvictoire bruecht hunn, mat däer Koalitioun emzesetzen.

De Geert Wilders geschter Owend no senger Etappevictoire.
Update (10.06.2010 – 12:25 Auer): Endlech fonnt. Ganz interessante Clip aus der 3ter West Wing Staffel:
Just firwëtzeg: wat fir eng Gesellschaftsform fënns de besser? Eis westlech/humanistesch oder hier moslemesch/traditionalistesch?
An a wéi wäit kënne déi zwee, innerhalb vun engem Land oder wat och ëmmer, koexistéieren?
Fënns du d’Aart a Weis wéi Männer a Fraen a moslemeschen Gesellschaften interagéieren gutt? Soll déi Form vun der Interaktioun einfach akzeptéiert an toleréiert ginn oder giffs du et besser fannen wann sie giffen op eis Aart a Weis iwwerschwenken?
Ech huelen lo eng social constructivist Approche un, a soen, dass et falsch, a geféierlech ass, eis Gesellschaft an eng binaire Form zeklacken. Ob Mann/Fra, westlech/moslemesch, eis/hier…
Ech fannen et och flott, dass de “westlech” mat “humanistesch” an “moslemesch” mat “traditionalistesch” gläichsetz. Ass ganz interessant.
A wéi wäit déi Zwee kennen zesumme liewen? Gett et dann iwwerhaapt eng Limit misst d’Fro sinn. Hei zu Birmingham wunnen: 66,7% “Weisser”, 21% “Asiaten”, 6,7% “Schwarzer”, 1,2% “Chinesen”, 3,2% “mixed race” an 1,2% “other.” 16,5% goufen ausserhalb vum UK gebuer. 59% bezeechnen sech als Chrëschten, 14,3% als Muslimen, 2,9% als Sikh, 2% als Hindu, 0,3% als Buddhist, 8,4% wollte keng Äntwert ginn, an 12,4% soen si wieren Atheisten. A wéivill BNP oder UKIP Memberen setzen an der Gemeng fir géint “dat Beist” zekämpfen? Net 1. D’Gemeng ass zwar gespleckt teschend 1/3 Labour, 1/3 Tories an 1/3 LibDems, mee rietsradikal Vue’en hunn näischt do zesichen, an an der Stroos heescht et och net: “oh kuck… do kommen rem e puer Burka Träger.”
Fannen ech alles gudd waat an der “muslimescher Welt” leeft? Nee. Fannen ech alles gudd waat an der “westlecher/humanistescher Welt” leeft? Nee. Mee ech ginn awer net hin, an huelen déi puer ganz krass Stellen aus der Bibel eraus a warnen déi “muslimesch/traditionalistesch Welt” vrum “beise Westen.”* Ech ginn och net hinn an huelen déi puer ganz krass Stellen aus dem Koran a warnen de “Westen” vrun de “béise Moslemen.” Wéi gesoot, ech huelen eng social constructivist Approach hei, a léenen binaire Oppositiounen komplett als falsch a geféierlech of. Och well et éischtens firaus setzt, dass et méiglech wäer Menschen an 2 Lager opzedeelen, an zweetens, doduerch, dann eben Léit an een grousst Deppen gepucht ginn. Eng Frendin vu mir ass Muslimin, an et ass net wéi wann hat giff doheem vu séngem Papp gezwongen ginn bspw. eng Burka unzedoen a säi Baack zehaalen. Firwaat mengs du dass et eng Grenz gett? Dass de entweder op der enger Säit bass, an en humanisteschen West-ler, oder op der aanerer an en traditionalisteschen Moslem? Wanns de an binaire Oppositiounen wells denken: firwaat gi mer dann net allen 2 e Steck entgéint? Misste mir am “humanistesche Westen” dann net esouguer éischter e Schrëtt entgéint maachen, well mir jo dann awer eis oft als Pluralisten gesinn, déi méi wéi eng Idee, eng Relioun, eng Denkwéis gudd fannen an akzeptéieren? Firwaat solle mer elo dovunner fortkommen, a Léit ausschalten, hinnen de Wee an “eist” Land (am Fall vun der PVV Politik an Holland) verspäeren. Hätt Groussbritannien an d’USA den Albert Einstein bspw. sollten keen Asyl während dem Zweete Weltkrich ginn, nemmen well en en däitsche Staatsbierger war? Fennst du dass déi, vu diversen Politologen “neo-rietsradikal” bezeechent, Politik vun engem Geert Wilders total an der Réi ass?
–
Mir liewen an enger pluralistescher Gesellschaft, da loost eis och Pluraliste bléiwen.
–
–
* Zum Beispill giff ech da soen, dass an der béiser Bibel steet, dass “déi am Westen” Léit sollen mat der Doudesstroof (stengechen vielleicht) embréngen, déi et woen um Sabbat zeschaffen. Dat steet wirklech sou dran. Da peppe mer dat Ganzt nach e besschen op, profitéieren dovunner dass d’Léit e besschen Angscht a Rooserei op déi “beis westlech Welt” hunn, well se Zaldoten bei sie gescheckt hunn, a schons wäer ech de Geert Wilders vun der muslimescher Welt.
Mir ass et net ems Bibel oder Koran gaangen. A béiden steet Intelligentes an Dommes.
Et ass mir em d’Gesellschaften usech gaang.
Wanns du miss wielen: giffs du léiwer an enger moslemescher/arabescher Gesellschaft* liewen oder bei eis?
* oder eis chrëschtlech Gesellschaft virun 100 a méi Joër oder generell archaësch, religéis Gesellschaften, wou den Individu net wierklech wichteg ass oder respektéiert gët
Fënns du et gutt wéi an der moslemescher Welt generell d’Verhältnis tëschent Mann a Fra ass? Oder ass eise System besser, wou d’Fraen an d’Meedercher méi Rechter a Fräiheeten hunn?
Wou gët et en Girls’ a Boys’ Day? Bei eis oder bei hinnen? Ass eng Gesellschaft, wou et sou eppes gët, net méi fortschrëttlech a besser wéi eng wou et sou Saachen net ginn a wou alles nach no aalen, traditionellen, patriarchalen Regelen geet?
Wou ass et ok, wann zwee Verléiftener sech op offener Strooss kussen? Bei eis oder bei hinnen? A wat fir eng Astellung ass denger Meenung no besser? Sollen Verléifter sech kussen kënnen, wou wéini se wëllen? An egal op hetero oder homo? Wat fir eng Gesellschaft erlaabt dat? Eis oder hier? A wat ass déi besser Astellung an dësem Fall?
Sollen Fraen undoen kënnen, wat se wëllen? Sollen se schaffen kënnen, wat se wëllen?
A wann eng Fra wëll no moslemeschen Recht oder Brauch liewen, vun mir aus, ech kann dat toleréieren (wann sie net iwwerdréiwt). Mee et soll awer keen erwaarden, dass ech soen, dass hier Traditiounen a Bräich besser (am Sënn vun wat fir de Mënsch usech gutt ass) oder och nëmmen égale mat eisen wier!
A ween dat bestreit: wéils du, dass deng Kanner an eiser Gesellschaft opwuessen oder an enger (orthodox) religéiser Gesellschaft, wou hier Rechter ferme ageschränkt ginn?
PS. Ech behaapten och net, an hunn dat och nie gemaach, dass d’Moslemmen die ‘Béis’ sinn. Sie liewen just oft an engem relativ rëckstännegen Kader, e bëssen wéi ‘mir’ am Mëttelalter an och nach duerno.
Déi relaxten an sympatheschst Moslemmen sinn déi, déi genau wéi mir ‘Chrëschten’, eis religéis Traditiounen a Wuerzelen mat gesondem Ofstand betruechten an gréisstendeels ignoréieren!
PPS. Ech sinn och net géint Multikulti! Am Géigendeel, et beräichert d’Liewen. Mee dat heescht net, dass een alles muss toleréieren an akzeptéieren. D’Messlatte an deem Fall ass wéi déi Traditiounen mat de Mënschen verfueren an a wat fir engem Mooss sie den Individu respektéieren (soulaang den Individu selwer och déi aner Mënschen respektéiert natierlech).
Wann gewëss Traditiounen barbaresch, ongerecht oder onmënschlech sinn, sou soll a muss dat suguer kënne kloer gesot ginn.
Jo, ok, et geet den Neo-rietsradikalen à la Wilders awer doremmer. Also haaptsächlech em de Koran.
–
Ech soen et nach eng Kéier: et ass geféierlech, a falsch, hei eng binaire Oppositioun zemaachen. An “hierer” Gesellschaft behuelen an denken se secher net alleguerten d’Nämlecht, genee wéi an “eiser.” Du kanns op deem Niveau keng Grenz zéien. Ginn et Ennerscheeder? Jo. Mee et ginn awer och eng Partie Léit, déi Saache vu béiden Gesellschaften unhuelen. Wat sinn déi Léit dann? Mischlingen? Déi binaire Oppositioun setzt viraus, dass et näischt doteschent gett. Du bass entweder en humanistesche West-ler oder en traditionelistesche Moslem. Entweder, oder; an dat ass falsch. Esou kanns de d’Menschheet net andeelen, well et lauter individuell Léit mat eegenen Gedanke sinn.
Erlaabe mir Frae a Meedcher méi (bspw. dass se kenne studéieren goen, schaffe goen etc.)? Jo. Fannen ech dat gudd? Natiirlech. Mee däi Beispill:
ass eigentlech net ganz gudd. Eischtens: Wéi kennen europäesch Länner/Léit/Politiker higoen an sech driwwer opreegen, wann zwee Verléiftener verhaft ginn, well se sech op enger öffentlecher Platz an der “muslimescher Welt” gekusst hunn, well dat gehéiert jo awer komplett zu eiser Kultur an ass ganz normal, an ob der aanerer Säit, maache mer alles fir Burka’en zeverbidden. Wa mer Burka’en verbidden, da misste mer och alles verbidden, ceci dit och Kräizer, Turban, hell, souguer de Bart misst emmer gemaach sinn. Dat geet net. Do komme mer an eng Gesellschaft dann eran, déi déi fräi Expressioun, d’Fräiheet vun all Mensch géigeniwwer der Relioun net méi berücksichtegt. A wann “nemmen” Burka’en sollen verbuede ginn, ass et eng Diskriminatioun géigeniwwer dem Islam alleng, a spéistens dann si “mir” och net méi sou “humanistesch.”
Zweetens: Ass et och net iwwerall erlaabt. Ok, gudd an den USA gess de och net grad an de Prisong gepucht, wanns de däi Partner an der Öfffentlechkeet kuss, mee gudd ugesinn, gett dat awer déi Säit dem Ozean awer och net. An d’USA gehéiert jo awer och zu “eisem humanistesche Westen.” Alt erem kloër, dass eng komplett binaire Oppositioun hei falsch ass.
–
Iwwerdréiwt? Sou laang dat eng privat Saach ass, ass dat dach ganz egal.
–
Ech hu jo och nie behaapt, dass du dat behaapt häss 😉
–
Du hues der muslimescher Welt net grad Barbarei firgeworf?!? An ass et net och ongerecht, dass bspw. de lëtzebuerger Staat an Zukunft well engem räiche Jonken genee esouvill Suen well ginn fir Studéieren zegoen, wéi engem Jonken, dem séng Elteren bspw. de Mindestloun oder vielleicht souguer ouni Schaff sinn? Ass et net och ongerecht an “onmënschlech”, dass “mir am Westen” d’Ausbeutung vu Millioune vu Menschen aus den Drëttwelt-Länner ennerstetzen, wa mer bspw. keng Fair Trade Saache kaafen? Ass et net och ongerecht an “onmënschlech”, dass, obwuel “mir am Westen” locker schon hätte kéinnten den Armut an der Welt bekämpfen [a fir dat Ganzt op Banken bspw. ofzewälzen, dass déi net wéillten ass lächerlech, mir setzen all am Boot], et nach emmer net gemaach hunn? Ass et net ongerecht an “onmenschlech” den nächster Generatioun (scho ménger Generatioun) esou vill “Knascht” zehannerloosen?
Secherlech kéinnt ech nach wéiderfueren, an all Punkt huet och secherlech net emmer (direkt) eppes mat Humanitäre Saachen zedinn, mee bei der Benotzung vu binairer Oppositioun setzt een viraus, dass eng Gesellschaft/een Denken/e Geschlecht eigentlech vill besser, scho baal perfekt, ass. Dat ass net de Fall. Misst déi “muslimesch Welt” nach Fortschrëtter maachen? Jo. Muss “eis westlech Welt” der nach maachen? Hell yes!*
*Wanns de elo bspw. kucks, ok, d’USA hunn e “schwarzen” President, mee d’Unzuel vun jonken “Schwarzen” am Prisongen ass déi nämlecht wéi d’Unzuel vun jonke “Wäissen” op den Uni’en an de States. Ass dat gerecht a menschlech?
Et kann een einfach net eng binaire Oppositioun fir Problemer an eiser Gesellschaft huelen. Dat geet net, ausser bei patrioteschen oder radikalen/populistesche Rieden. Do erfellen se hieren “Sënn.”
Dofir nach eng Kéier: Fënnst du déi neo-rietsradikal, islamophobesch Politik vu Léit wéi Geert Wilders gudd? Giffs du hien wielen? Hoffst du dass hien an déi néi Regierung kennt?
Tom:
Du hues nach ëmmer net op eng vu mengen Haaptfroen geäntwert (mengen ech opmanst): Liews du léiwer an engem europäëschen Land (mat dem entspriechender Gesellschaft) oder engem moslemeschen/arabeschen (idem)? A firwat?
Fakt bleift, dass déi moslemesch Länner generell (dat selwecht gëlt awer och fir Länner oder Géigenden, wou aner Religiounen reaktionär, fundamentalistesch oder och nëmmen extrem konservativ sinn) de Mënschen manner Rechter a Fräiheeten ginn wéi mir hei generell am opgekläertenen, humanisteschen Westen. Alleng a Punkto Fraen- a Kannerrechter kéint een jo x Beispiller ginn.
An esou Gesellschaften sinn menger Meenung no rëckstänneg. Déi Läit, dei an sou Gesellschaften liewen kënnen natierlech näischt dofir an erkennen dat och anscheinend oft mol net selwer well sie et net anescht kennen. Dat ännert awer näischt un der Tatsaach, dass sie duerch archaesch Traditiounen,lächerlech Legenden an idioteschen Gesetzer +- ennerdréckt oder opmanst ageengt ginn. Wat hinnen fehlt ass eng gesellschaftlech Revolutioun wéi bei eis an den 1960er!
Et deet mer leed, mee eng Gesellschaft, wou och zb de Kontakt tëschent Jongen a Meedercher esou extrem minimiséiert gët, ass eng ongesond an onnatierlech Gesellschaft a schaaft enorm Frustratiounen (sexueller an anerer), wat fir keen gutt ass (wat awer lo net heescht, dass bei eis dofir alles optimal leeft).
An et ass och rëckstänneg, wann an enger Gesellschaft, opmanst vun enger Rëtsch Läit, Eiremorden als akzeptabel a richteg ugesinn ginn. Oder dass de Mann d’Soen iwwert d’Fra huet, de Brudder iwwert d’Schwëster, etc. Oder dass jonk Meedercher zwangsverheiratet ginn an sou. DAT ASS RECKSTANNEG. Et besteet awer Hoffnung, schliesslech huet eis Gesellschaft déi primitiv Vuen och iwwerwonnen (an dat ass jo och mol nach guer net sou laang hier!).
An et däerf een och net vergiessen, dass die moslemesch Welt en plus déi läscht Joërhonnerten och net immens vill geleescht oder geschafen huet, weder am wëssenschaftlechen nach am industriellen nach am intellektuellen Beräich (am Verglach mat de westlechen oder och gewëssen asiateschen Länner).Dat ass villäicht net diplomatesch oder ploitesch korrekt ausgedréckt mee et ass awer sou. Sie haten hieren Héichpunkt virun e puer Joerhonnerten an zënterdem stagnéieren se. Haaptsächlech well irgenden aflossräichen Iman deemools eng Kéier decidéiert hat, dass Mathé Däiwelszeug wier. Hello, dark ages! Gutt geschafft!
Fir awer nees op de Punkt ze kommen: wann den Islam (oder irgendeng aner Religioun oder Philosophie), oder déi, die him unhänken, de Mënschen wëllen MANNER Fräiheeten ginn, wéi mir se lo hunn, dann ass dat NET ze akzeptéieren. Eis Gesellschaften sinn, post-68, a villen Hisiichten oppen a fräi, an dat soll och esou bleiwen. Firwat solle mir Läit toleréieren, déi géint sou Prinzipien sinn? ZUMOOLS wann dës Läit net aus eiser eegener Gesellschaft kommen, mee aus aneren? Ganz am Eescht: wann et irgendwelchen Moslemen (oder ween och ëmmer) bei eis net gefällt a sie der Meenung sinn, dass et hei zevill Fräiheeten ginn, ma dann sollen se rem heem goen.
An ech fannen, dass sie net d’Recht hunn fir an eiser Gesellschaft eng separat, archaësch Niewengesellschaft an der d’Mënschen MANNER fräi sinn wéi bei eis, opbauen ze kënnen.
<i<Fënnst du déi neo-rietsradikal, islamophobesch Politik vu Léit wéi Geert Wilders gudd? Giffs du hien wielen? Hoffst du dass hien an déi néi Regierung kennt?
Nee, ech fannen se net gutt well se ze wäit ginn an mat ze breeden Pinselen sträichen. Op der anerer Säit sinn ech awer och der Meenung, dass een intolerant Systemer net brauch ze toleréieren (an dat ass keen Widdersproch an och keng Hypokrisie).
Ech hunn net generell eppes géint den Islam. Opmanst net, wann en genau sou machtlos ginn ass wéi d’Chrëschtentum oder d’Kathoulesch Kierch.
Ech hunn och näischt géint e Moslem. Ausser e fänkt un ze behaapten, dass Jongen a Meedercher mussen getrennt ginn, dass Fraen de Männer ennerleen sinn an hinnen follegen mussen, dass Homosexueller pervers a krank sinn, etc. DAt selwecht gët awer natierlech fir jidereen, deen esou eppes behaapt, whatever seng Religioun oder Philosophie.
E Moslem light (esou eppes wéi bei eis den Duerchschnëttschrëscht, deen seng Religioun etc net wierklech serieux hëllt an dat méi als Folklore gesäit) = ok.
Mee all Zorten vun Moslems, déi Ongerechtegkeeten duerch hier Religioun probéieren ze legitiméieren an duerchzesetzen = net ok.
A nach eng Kéier: eis Gesellschaft ass bestemmt net perfekt, loin de là! Mee sie ass awer an villen Punkten opmanst besser. A vereenzelten Punkten ass se aneren och wahrscheinlech ënnerleen. Mee dann sollt dat eigentlecht Ziel sinn fir eng nach besser Gesellschaft ze schafen! Wann een dat doduerch errecht, dass een intelligent Elementer vun aneren Gesellschaften integréiert, dann ass dat eng super Saach an emsou besser!
Fir awer restriktiv, rëckstänneg Parallelgesellschaften ze erlaaben ass schlussendlech nëmmen kontraproduktiv. De Problem ass awer natierlech, dass een déi aner Gesellschaften net vun haut op muer ‘entschäerft’ kritt, opmanst net ouni Revolutioun. Et kann een also just rem bei de KANNER usetzen an ALLEN KANNER, egal wat fir enger Religioun, etc, sollen humanistesch Wäerter vermëttelt ginn déi eng oppen a fräi Gesellschaft garantéieren. An dann hu mer ëmmer nach genuch fir ze verbesseren … mee opmanst wier dat mol un Ufank!
PS.
1. Schued, dass de nach ëmmer keng Paragraphen an dengem Blog-Layout hues … kéint een Texter hei souvill besser liesen!!
2. Wann ech vun enger ‘rëckstänneger Gesellschaft’ schräiwen ass ëmmer implizéiert, dass déi Moslems (an dësem Fall) sinn, déi hier Religioun ferme serieux huelen an all deenen archaëschen Traditiounen follegen. Progressiv Moslems sinn net de Problem.
Am allerléiwste wéillt ech weder an engem europäeschen nach an engem arabesche Land liewen*, mee dorems geet et net: mat déngem falschen binairen Denken blendst du extrem vill aus, dat ass dir wahrscheinlech mol guer net bewosst, mee well dann alles entweder an d’„Deppen A” oder an d’„Deppe B” kennt (oder well kommen), iwwersäis du vill Saachen an Argumenter einfach. En plus, setzt dat Denken eben viraus, dass déi eng Saach besser (vielleicht perfekt ass) wéi déi aaner, dass “eis” Gesellschaft, “eis” Menschen besser wäeren well se dëst oder dat hunn/net hunn, och wanns de jo herno an dengem Kommentar sees, dass de dat “besser sinn” net esou gesäis, enthält sou eng binaire Oppositioun eben e ganz staarken Ennertoun.
–
Wéi sollten se dann? Wéi sollt da bspw. Afghanistan Fortschrëtter maachen? 10 Joër hunn d’Soviets do gekämpft, lo kämpft eng international Equipp doiwwer. Pakistan dann gett och räischt zenter dass d’Briten d’Geigend verloos hunn. Ägypten ass och nach net ganz laang op eegene Been, a gouf dann trotzdem alt emol vum “Westen” erofgedreckt (oder zumindest probéiert (Suez)). Fir dann och lo nemmen mol déi Länner zenennen…
–
Ech hu bis lo nach kee Moslem héieren (oder zumindest nach keng Majoritéit vu Muslimen) déi gesoot hunn, dass et hei zevill Fräiheete giffe ginn. Vun dohier ass sou eng Ausso vielleicht schéin a gudd, mee pucht e ganzt falscht Liicht op déi heite Saach. Wéi se am Clip soen: “Islamic Extremism is to Islam as the KKK is to Christianity.” Dee ganz klénge Prozentsatz vun Islamisten giffe vielleicht esou Aussoe maachen, dass et zevill Fräiheete ginn, mee déi grouss Majoritéit vun de Muslimen bestemmt net. Mee well dat dann och Moslems sinn, landen se praktesch direkt rem an engem vun den 2 Deppe.
–
Wee schwätzt dann dovunner dass sie sech eng separat Gesellschaft opbauen? (Also wéi eng Muslimen?) Och do ass de ganz klénge Prozentsatz vun Islamisten déi vielleicht esou enger Mesure positiv géigeniwwer stinn, alt erem dat waat deng Vue dann scheinbar ausmécht, och duerch däin binaire Denken.
–
Ass een dann och e “Moslem light” wann een e puer Mol am Daag bied a een séng Burkha udeet, sou awer sech “normal” wéi e “West-ler” behellt? Oder ass een dat nemmen wann een bspw. “westlech Jeans” undeet, an séng Relioun, och vielleicht séng Kultur fir déi “europäesch/westlech” sause léist?
–
Genee. 🙂 Dat ass jo dat wat ech virdrun an engem Kommentar scho gesoot haat: Misst dowéinst net eigentlech den éischte Schrëtt vun eise “westlechen Europäer” kommen? Wann een direkt géint eng aaner Relioun, Kultur, Gesellschaft ass, an een bpw. direkt Gesetzer well hei an do maachen, ass dat och kontraproduktiv. Da schiermen sech d’Léit jo räischt of, an ob der aanerer Säit gett et dann fir “radikal Leaderen” och méi einfach fir d’Léit op hier Säit zekréien, fir vielleicht souguer Rooserei géigeniwwer dann “eiser humanistescher” Gesellschaft z’entweckelen.
Wa Kanner vu “beide Gesellschaften” zesummen obwuessen, vielleicht zesummen an d’Schoul ginn, kann een da vielleicht schon e gudde Schratt zesumme wuessen, mee dofir muss awer virdrun och eppes geschéien resp. net geschéien, well wann “mir” den Islam an déi muslimesch Gesellschaft direkt komplett ofléenen, wäerten och déi muslimesch Kanner – egal op humanistesch Wertevermettlung an der Schoul oder net – schon eng Zort vun Haas op “eis” hunn. Dat wäer jiddefalls eng ganz normal Saach.
–
Wéi gesoot, ech sinn domatter d’accord dass Saachen net dierfen erlaabt ginn. Mord oder schon alleng d’Verbidden vun Edukatioun baséiert um sexuellen Geschlecht, ass komplett falsch an dierf net erlaabt ginn. Trotzdem ass et och falsch, komplett géint déi Relioun a Gesellschaft eben zegoen. Loost eis zesumme kommen, an dat Bescht eben aus den 2 Gesellschafte verbannen. Mee wéi gesoot giff ech mer eigentlech vun den Europäer den éischte Schrëtt erwaarden, mee déi wuessend Islamophobie oder iwwerdriwwen “Islamkritik” mécht engem eigentlech Angscht a léist och un der Intelligenz vun der Menschheet zeiwelen.
–
–
* Obwuel wann ech op d’Stied kucken, also do ginn et der secherlech an Europa wou ech gäere wéillt liewen, mee och an der arabescher Welt. Zumools déi architektonesch Konscht an der arabescher Welt ass jo beandrockend, an wéi Länner wéi bspw. Dubai sech “verkaafen” als Land. Dee System ass jo bis ewell eemoleg op eiser Welt. Mee bon, wéi gesoot, eigentlech a kengem. Béid hunn hier Extremvirdeeler an hier Extremnodeeler.
Falscht binärt Denken? Du fënns also net, dass et grondlegend Ennerscheeder tëschent eiser Gesellschaft an enger islamescher gët?? Dat kann ech net novollzéien … an dat kléngt no forcéierter politescher Korrektheet, déi awer mat der Realitéit net allzevill ze dinn huet.
–
Huele mer e Beispill, alt nees d’Stellung vun Mann a Fra an der Gesellschaft: ginn et do grondleegend Ennerscheeder tëschent deenen zwou Gesellschaftsformen? Repräsentéieren traditionell liewend Tiirken an Däitschland (an der ginn et der jo nach eng Rëtsch), wou de Papp an de Brudder d’Soen hunn, deng Virstellung vun wéi et lafen soll?
–
Jo, et ginn och integréiert Türken (zb) mee dat sinn der déi sech gréisstendeels un EIS Gesellschaftsform ugepasst hunn an deenen hier Religioun och net immens wichteg ass.
–
Wat die generell Rëckstännegkeet vun religiéis konservativen Länner a Gesellschaften ugeet: dat ass keng Saach vun deenen läschten 40 Joer, dat ass eng Saach vun den läschten 400+ Joer. D’moslemesch Welt hat, am Géigendeel zu eis, keng Renaissance, keng Opklärung, keng franséisch Revolutioun, keng 1960er, etc. Ok, heiandsdo hunn se mol en gudden Auteur, ok, mee dat ass awer schon bal alles … oder wat hunn sie an deenen läschten Joerhonnerten zum (technologeschen oder sozialen) Fortschrëtt bäigedroen? Dubai ass och haaptsächlech vun Net-Araberen konzipéiert a gebaut ginn, bezuelt duerch Petrodollaren
–
A wann e Moslem, fir sech selwer iwwerzeegt ass, dass A richteg ass an B falsch (beides op Grond vun religéisen Texter, Tradtiounen, etc), dann ass d’Conclusioun, dass fir hien all déi Läit, déi dat net esou gesinn wéi hien falsch leien. Losse mer soen A = d’Fra huet manner ze soen wéi de Mann an B = Homosexualitéit ass ok.
–
Wa mer schon generell probéieren fir Gläichheet an Toleranz ze promouvéieren wéi kann een dann do ophalen just well op eemol eng Religioun an d’Spill kennt?? Well een déi ‘respektéieren’ muss? Firwat dann? Entweder e Prinzip wéi Gläichheet an Toleranz ass richteg an da gëlt et fir jidereen oder et kann een et direkt vergiessen.
–
Wann e Moslem e puermol am Dag biede wëll, da sollen dat maachen. Awer am Beschten irgendwou privat. A wann säin Employeur awer zb fënnt, dass dat net ok ass an soss all Religioun mat irgendwelchen Extrawurschten kéint kommen, dann kann de Moslem (oder ween och emmer) sech jo eng aner Plaz sichen.
–
Ech lehnen den Islam och net méi of wéi d’Chrëschtentum, béid Religiounen sollen keng Relevanz hunn (oder et soll een just déi gescheit a gutt Deeler halen). Wann Religiounen awer ridicule oder geféierlech Gesetzer an Denkweisen fuederen, dann soll een agräifen. Ontoleranz brauch een net ze toleréieren!
–
Ech ginn der awer an deem Punkt Recht, dass een d’Moslemmen resp. hier Kanner muss subtil zu eiser Gesellschaftsform ‘konvertéieren’. Direkt Konfrontatioun ass kontrapoduktiv an schaaft en effet Haass, Oflehnung, etc. Mee d’Ziel bleiwt bestoen: hier archaësch Denkweisen ofschläifen a méi no un eis oppen, tolerant, fortschrëttlech an humanistesch Denkweis eruféieren (och wann et bei eis selwer och nach ëmmer Problemer ginn, mee manner wéi bei hinnen).
–
Mee wéi wëlls du mat Läit ( = haaptsächlech Männer), déi iwwerzeecht sinn, dass hier archaësch Traditiounen richteg a gutt sinn? Och bei EIS huet et do eng Revolutioun gebraucht an den Zesummebroch vun aalen Institutiounen (1968)! Eis Grousselteren hunn déi nei Iddien (Gläichberechtegung, manner Kierch, méi Fräiheet, etc) jo och net all gutt fonnt. An trotzdem woer et richteg an un der Zäit, dass se sech duerch gesat hunn.
–
Woers du schon mol an engem moslemeschen Land? Wat méch do am meeschten frappéiert huet ass déi quasi komplett Trennung tëschent Männer a Fraen. An de Caféen sëtzen Männer a Fraen meeschtens a Gruppen getrennt (wann d’Fraen iwwerhaapt an de Café kommen därfen). An um Land gesäiss de oft d’Fraen schaffen während Tippen an der Sonn sëtzen an braddelen (ass natierlech net nëmmen a moslemeschen Länner sou, ass an villen traditionalisten Gesellschaften sou).
–
A nach eng Kéier: giffs du léiwer an enger Gesellschaft liewen, wou e Jong an e Meedchen sech en publique d’Hand kënne ginn a kussen därfen oder eng wou dat muss heemlech gemaach ginn? Eng Gesellschaft wou d’Fra ze kuschen huet oder eng wou d’Fraen gläichberechtegt däerfen mat agéieren?
–
Well dat doten SINN aktuell Ennerscheeder tëschent eis an hinnen.