Dat scho baal gefaartent ass agetrueden: de rietsradikaleschen islamophob Geert Wilders konnt bei de Wahle geschter e “flotte” Score hiléen an ass elo mat sénger Partei dann alt schon 24 Sëtz staark. Déi stärkste Partei goufen d’„Riets-Liberaler” mat 31 Sëtz.

Geschter Owend huet dann och de Geert Wilders a sénger Ried gesoot, dass d’Hollänner an d’Hollännerinnen méi Sëcherheet, manner Verbriechen, manner Immigratioun, a manner Islam gewielt hunn. Et muss een, mengen ech, keng grouss Analyse iwwert déi Wierder maachen fir festzestellen, wat de Geert Wilders gesoot a gemengt huet.

Leider helleft et enger Partei a Krisenzäiten emmer op Minoritéiten zeklappen. Och wann de Geert Wilders net all d’Minoritéiten als Zielscheif hellt (hien ass beispillsweis “pro-gay”), esou huet hien sech eischter op d’Reliounen, a méi speziell den Islam ageschoss. An engem Film stellt hien sech dann och schons als “Retter vum Westen” duer, deen déi aaner “westlech, civilizéiert Länner” vrun der “Bedrohung” warnt. Wéi beim Nick Griffin a Groussbritannien wees och de Geert Wilders genee wat zemaachen ass fir un d’Muecht zekommen. Et giff mech dofir dann och net wonneren, wann, sollt de Geert Wilders a séng Partei eng Kéier wirklech un d’Muecht kommen (God forbid!), sech säin Discourse wäert änneren. Haut kann een an Europa net méi bspw. soen, dass een en Homophob ass, wann e well un d’Muecht an séng krank Idee’en well emsetzen. De Geert Wilders huet sech mam Islam eng Saach erausgepickt, déi hien iwwerdriwwen duerstellt, de Léit domatter Angscht mécht, an dann de “Retter Wilders” wielen. Wann dat dann de Fall ass, kann een och iwwer aaner “Saachen” schwätzen…

… schliesslech huet den Adolf Hitler am Mein Kampf och “nemmen” d’Judentum an de Kommunismus als “dat Beist” duergestallt, a war du jo souguer prett fir trotzdem – aus militäresch strategesche Grënn – eng kuerzfristeg Allianz mam Stalin anzegoen. An et waaren bekanntlech och net nemme Juden an Kommunisten déi an d’Konzentratiounslageren gepucht goufen.

An bei eisen “hollännesche Frënn” kennen et dann elo 6 verschidde Koalitioune ginn, bei deenen et wuel schwéier gett fir de rietsextremen Geert Wilders a séng “Freedom Party” op der Säit zeloosen. Déi “Riets-Liberal” hunn dann och kee Problem fir mam Geert Wilders a Verhandlungen zeschwätzen, während d’Sozialdemokraten (“Partei vun der Arbescht”) [30 Sëtz] all Gespréich mam Wilders ofléenen. Den Philip van Praag, e Politikwessenschaftler op der Amsterdam University, soot dann haut an der “AD”, dass et duerchaus zu enger Koalitioun aus Lénks a Riets kéinnt kommen, namely eng Gruppéierung vun den “Riets-Liberalen”, de Sozialdemokraten, den Demokraten an deene Gréngen. Mat däer Gruppéirungen hätten se eng Majoritéit, mee et giff wuel schwéier ginn, fir d’„Riets-Liberal” Partei hier economesch Idee’en (vill vill manner sozial Mesuren), déi hinnen dach wuel d’Wahlvictoire bruecht hunn, mat däer Koalitioun emzesetzen.

wilders
De Geert Wilders geschter Owend no senger Etappevictoire.

Update (10.06.2010 – 12:25 Auer): Endlech fonnt. Ganz interessante Clip aus der 3ter West Wing Staffel:

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

53 Comments

  1. G:
    Du mengs also dat am Islam all Fra virun der Hochzeit kontrolleiert get op se Geschlechtsverkehr haat oder net? Wann jo, hues du Beweiser dofiir dat et gemaach get?
    Wou hunn ech vun ALL Fra geschwat? Fakt bleiwt, dass bei traditionellen, konservativen Moslems (oder och Chrëschten) et erwaart gëet, dass d’Meedchen/d’Fra virun der Hochzäit keen Sex huet an als Jongfra an de Marriage geet. Verschiddener erwaarden nach e ‘bluddegen Laken’ als Beweis anerer net. Mee bei all den traditionellen, konservativen Moslems ass et verpönt, dass (zumools) d’Fraen virun der Hochzäit Sex hunn. Suguer Bridder giffen hier Schwester als Schlampe bezeechnen, wann se wéissten, dass se onbestued Sex hat.
    Ech fannen dat et enger Koppel soll iwwerlooss sinn op se virun der Hochzeit oder no der Hochzeit Sex mateneen hunn. Wann eng islamesch Koppel decideiert erreischt no der Hochzeit Sex ze hun, wou ass den Problem? Wann d’Fra Sex well hun an den Mann aus relieisen Grenn net kann een en wuel kaum dozou zwengen oder? Wann Fra a Mann decideiren virun der Hochzeit Sex ze hunn, sollen se et maan!
    Natierlech soll et der Koppel iwwerlooss sinn! Wou sot ech de Contraire?? Mee an konservativen Gesellschaften gët et den Koppelen OPGEZWONGEN an vun hinnen ERWAART, dass se virun der Hochzäit keen Sex hunn. Suguer wann se wéilten. Fenns DU dat gutt?
    Wann eng Fra gaer „nemmen“ Mamm well sinn, dann soll se dat maan! Wann eng Fra gaer schaffen geet, dann soll se dat maan!
    Idem. Wou sot ech, dass eng Fra net däerf ‘just’ Mamm wëllen sinn? Ech sot, dass an konservativen Gesellschaft oft erwaart gët, dass d’Fra ‘just’ Mamm ass an vill Kanner produzéieren soll! Fënns DU sou eng Astellung gutt?
    Ech geif et och besser fannen wann Fraen an Männer zesummen Sport geifen maan. Fakt ass awer dat et net diskriminatoresch ass wann jidddereen d’Recht huet iwwerhaapt den Sport auszeüben. An pardon, mee wien ass schon mei mam Argument Sportunterricht komm? Du oder ech? Geifs du et gudd fannen wann een zum Beispill am Fussball gemeschten Equippen hätt?
    Also fënns du EIS Gesellschaft, wou Fraen a Männer KËNNEN zesummen Sport man, wann se dat wëllen, besser wéi DEI Gesellschaften, déi dat verbidden. Merci, dat ass mol endlech eppes wéi eng kloer Äntwert an Ausso. Ziemlech iwwerraschen …
    A vu mir aus kéint een niewent Männer- a Fraen-Equipen natierlech och gemëscht Equippen hunn! Firwat net? Kéint een dann sou Equippen och an konservativen Gesellschaften maachen? Gesäiss du sou Equippen an moslemeschen Milieu’en? Gesäiss du souer an zb Saudi-Arabien oder och Marokko?
    Weivill Hochzeiten ginn am Islam arrangeiert? Huet d’Fra am Islam net d’Recht selwer ze entscheeden wien se bestued? Wat ass reaktionär/strenggleweg? Ass zum Beispill e Lëtzebuerger deen regelmeisseg an d’Kiirch get e Reaktionär? Ass e Moslem dee regelmeisseg an d’Moschee geet e Reaktionär? Ennerdreckt e Letzebuerger deen regelmeisseg an d’Kiirch geet seng Fra? Ennerdreckt e Moslem deen regelmeisseg an d’Moschee geet seng Fra?
    Fakt ass, dass am traditionellen Islam Hochzäiten oft arrangéiert ginn (Beispill: http://www.spiegel.de/panorama/gesellschaft/0,1518,698513,00.html). Fënns DU Dat gutt? A passéiert sou eppes bei EIS nach?
    E Reaktionär ass een, deen op Grond vun senger religéisen Iwwerzeegungen, aneren Läit hier Fräiheeten beschränken wëll an hinnen virschräiwen wëll, wat se däerfen maachen a wat nët. An dat an Fäll wou et keen Opfer giff ginn! Beispill: wann 2 Schwuler sech bestueden wëll, dann gët keen vun deenen zwee doduerch geschued.
    Reaktionär huet näischt domadder ze dinn regelméisseg an eng Kierch oder Moschee ze goen. Et huet domadder ze dinn wéi een d’Welt an d’Gesellschaft usech gesäit.
    Wou huet een als Schwulen mei Rechter, am westlechen an EU-Mitglied Litauen oder am islamischen Indonesien?
    Generell hunn déi Schwul wesentlech méi Fräiheeten a Rechter an Europa wéi an islameschen Länner. Oder bestreits du deen Fait?
    Wann lo östlech EU-Länner do nach méi rëckstänneg sinn wéi déi westlech, sou ass dat e Problem. Mee zumools am Fall vun Litauen ass et jo ganz kloer och nees wéinst der RELIGIOUN. A wéi ech schon x-mol gesot hunn konservativ, voire reaktionär/fundamentalistesch, Chrëschten sinn genau sou schlëmm wéi konservativ, voire reaktionär/fundamentalistesch, Moslems. Mat deem Ennerscheed, dass den Duerchschnëttsmoslem méi konservativ ass wéi den Duerchschnëttschrëscht (op man deen bei eis, an den USA ass et nees eng aner Saach).
    A lo nach eng Kéier (a probéier wgl net ërem den Froen aus dem Wee ze goen):
    – Wou hues de generell méi Fräiheeten? Am Westen oder an moslemeschen Länner? Äntwer wgl.
    – Fënns DU et gutt, dass eng Gesellschaft declaréiert, dass et virun der Hochzäit keen Sex soll ginn? Äntwer lo wgl.
    – Fënns DU eng Gesellschaft gutt, déi declaréiert dass d’Hauptaufgab vun enger Fra ass fir Mamm ze sinn, Kanner op d’Welt ze bréngen an doheem ze schaffen?
    – DU fënns et also richteg, dass Jongen/Männer & Meedercher/Fraen net däerfen zesummen Sport man? Schwammen goen? Äntwer lo wgl.

    Reply

  2. Tom & G:
    Wann lo Moslems kommen, déi d’Sharia verlaangen an behaapten sie hätten dat Recht doropper, muss een hinnen dat zougestoen oder net? Wa net, firwat net?

    Reply

  3. Ah, den Iran huet lo ‘moslemesch korrekt’ Coiffuren fir Männer definéiert an wëll déi natierlech och duerchsetzen: http://bit.ly/8ZemxL

    Alt nees e bëssen manner Fräiheet (emmerhin brauch een awer lo keen Baart méi ze hunn).

    Mee och Hënn als Hausdéier ze halen ass, selon islamesch Geeschtlecher, keng gutt Iddi: “Also under hardline scrutiny this summer is the growing fashion in Tehran’s wealthier northern suburbs to keep dogs – which are considered ‘unclean’ under Islamic tradition – as pets.
    A senior cleric issued a fatwa, or religious ruling, against the practice last month.
    ‘Friendship with dogs is a blind imitation of the West,’ thundered Grand Ayatollah Naser Makerem Shirazi. ‘There are lots of people in the West who love their dogs more than their wives and children.'”
    Wat fir eng Gesellschaft ass méi oppen ärer Meenung no?

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s