Ech hunn net ganz vill Zäit an haale mech dofir zimlech kuerz, mee 2 Saachen dann awer
1) ween décidéiert bei RTL.lu ob d’Léit dierfen e Kommentar ofginn oder net?
well 2) wäer dat heiandsdo besser fir sie op Fehler opmierksam zemaachen. An der Nooricht vun haut iwwert déi éischt Primaries aus de States, déi an der Nuecht waaren, an déi beispillswéis zu Arkansas extrem interessant waaren (do geet et elo an e Runoff bei den Demokraten), mee bon… RTL schréiwt hei

…Am Staat Pennsylvania huet den demokratesche Senateur Arlen Specter géint de Republikaner Joe Sestak verluer – en pensionnéierten Admirol.…

Wéi dat wuel soll geschidd sinn, dass sech en Demokrat an e Republikaner am Primary géigeniwwer stoungen? Hmm… ok, e besschen Wourecht ass schons drun, mee RTHell.lu huet nawell villes verdréit. Den Arlen Specter war laang Zäit e Republikaner huet awer vru kuerzem d’Säiten gewiesselt, an huet dann dowéinst missten géint den Demokrat Joe Sestak untrieden, deen momentan den 7ten District vu Pennsylvania am “House” vertredd. Trotzdem bléiwt festzehaalen, dass eng Virwahl teschend engem Republikaner an engem Demokrat total onméiglech wier, schliesslech gi jo an deene Virwahlen erréicht d’Kandidaten vun all Partei fir d’Wahlen am November décidéiert.

Soss nach interessant zegesinn: d’Tea Party huet mam Ron Paul séngem Kand, dem Rand Paul, d’republikanesch Virwahlen zu Kentucky gewonnen, an den Mark Critz huet d’Special Election fir PA-12 gewonnen. Obwuel den President Obama an deem District ganz onbeléiwt ass, konnt den Demokrat mat baal 10% Virsprong op den Tim Burns (R) wannen. De Setz gouf bis Ufank Februar vum John “Jack” Murtha gehaalen, engem Demokrat, deen den 8. Februar gestuerwe war.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s