… all England will follow.

En haat alt rem Recht “eisen Joe.”

Well hei zu Birmingham regéieren zenter e puer Joër Tories mat de LibDems zesummen. Béid hunn zwar missten an de Gemengewalen d’läscht Woch Setzer un d’Labour ofginn (Tories hunn 4 un d’Labour verluer, LibDems 1) haat den gudden Joseph Chamberlain Recht. D’Vereenten Kinnekräich kritt dann lo wuel eng Blo-Giel Koalitioun.

https://i0.wp.com/static.guim.co.uk/sys-images/Guardian/About/General/2010/5/12/1273656777442/David-Cameron-and-Nick-Cl-006.jpg
[via]

Den David Cameron (Conservatives/Tory) ass PM, an déi Persoun, déi hien nach vrun e puer Méint als dee “gréissten politesche Witz” bezeechent huet, namely den Nick Clegg (LibDems) gett säi Vize. Den George Osbourne (Tory) kemmert sech demnächst em d’Suen, waat nach flott dierft ginn. De Vince Cable (LibDems), deen laut dem ToryTelegraph géint eng Koalitioun mat den Tories war (méi), gett op der aanerer Säit den néien Minister fir “Business, Innovation and Skills”, waat d’„City” schons opschrecke léisst. Am flottsten gett awer wuel den néien Ausseminister. Den William Hague (Tory) wäert de Léit aus der EU ewuel nach vill Freed bereeden, schliesslech huet hien an de läschte Joëren nemmen an 0,9% vun de Fäll bei engem Gesetz iwwert d’EU (fir Bréissel “méi Rechter zeginn” oder Gesetzer vun do als britesch Gesetzer unzehuelen) mat “Jo” gestemmt. Dat gett och flott mat der eigentlech EU frendlecher LibDems zesummen, déi sech iwwrengs bei engem Vote iwwert d’Erhéichung vun den Studiengebühr dierfen enthalen, waat eigentlech heescht, dass wann all déi Konservativ dofir stemmen et giff duerchgoen. A well Nick Clegg a co. versprach haaten géint esou eppes zestemmen an net sech z’enthaalen, fuerdert déi National Studentenorganisatioun dass d’LibDems sollen Faarw bekennen: alleguerten d’LibDems MPs haaten nämlech vrun de Walen dee Pledge ennerschriwwen(!).

Witzegerwéis ass déi Con-Lib Koalitioun eppes waat d’Labour extrem glecklech mécht. Bannend 24 Stonnen hunn iwwer 3,000 Léit eng Memberskaart bei Labour ugefroot. Froot mech w.e.g. net wéivill Studenten do dobäi sinn. Et sinn der genuch. Dat Spill vun de LibDems an dem Nick Clegg ass e ganz geféierlecht. Wann et schief ausgeet, an d’Koalitioun giff vrum Mee 2015 briechen, kéinnten d’Liberaldemokraten ganz wäit zreckfaalen. Wann et awer allerdéngs giff riicht ausgoen, wäerten d’LibDems dem Nick Clegg wuel en Denkmol bauen, well dann huet d’Vereenten Kinnekräich definitiv d’nächste Kéier en 3 Kampf em d’Spetzt.

Ajo fir zreck op Labour zekommen, déi siche jo mometan en néien Leader. De grousse Favorit war den David Miliband, fréieren Ausseminister a wuel de kompetentesten Politiker aus ganz Europa. Hie wollt jo scho laang dem Gordon séng Plaatz, lo huet hien d’Chance dozou. Hien huet haut séng Kandidatur gestallt. Go David!

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

8 Comments

  1. Holà,

    >”…déi siche jo mometan en néien Leader.”

    Normaalen “polit-marketing-strateegesche” Programm…mam “Wischmop” (Vileda?) déi “aal Blair-Gordon’sche Ierwschaften” opbotzen fir duerno daat Ganzt mat neie Gesiischter (an neie Numm? z.B. “New-New Labour”?) ze re-plakatéieren…

    >”…fréieren Ausseminister a wuel de kompetentesten Politiker aus ganz Europa.”

    Bof…

    Hasta
    Pancho

    Reply

  2. …fréieren Ausseminister a wuel de kompetentesten Politiker aus ganz Europa.

    Bof…

    Dach, an dofir gouf hien jo schons e puer Mol – och vum Council on Foreign Affairs – bei diversen Saachen geluewt. Ech well net soen, dass den David Miliband alles emmer richteg mécht/gemaach huet, mee wann ech esou duerch Europa kucken, Sarkozy, Merkel, Berlusconi, Juncker, Cameron, Steinmeier, Westerwelle etc. etc. also da kann wuel vielleicht nemmen den José Luis Rodriguez Zapatero mam Miliband mathaalen. 😉

    Reply

  3. Holà Tom,

    “…also da kann wuel vielleicht nemmen den José Luis Rodriguez Zapatero mam Miliband mathaalen. 😉 ”

    Naja…den “Zap” huet och séng innenpolitesch Probleemer…(zemools elo mat den neien Onoofhängegkeetsrequêten vun Katalonien an d'”corte costitucional…del PP…”… 😉

    Quell [verbesserte Link, Tom]

    Hasta
    Pancho

    Reply

  4. Holà,

    [quote]:
    “Normaalen „polit-marketing-strateegesche“ Programm…mam „Wischmop“ (Vileda?) déi „aal Blair-Gordon’sche Ierwschaften“ opbotzen fir duerno daat Ganzt mat neie Gesiischter (an neie Numm? z.B. „New-New Labour“?) ze re-plakatéieren…”

    “Vileda-Wischmop” bestätegt…
    http://news.bbc.co.uk/2/hi/uk_news/politics/8687062.stm

    Hasta
    Pancho

    Reply

  5. Naja…den „Zap“ huet och séng innenpolitesch Probleemer…(zemools elo mat den neien Onoofhängegkeetsrequêten vun Katalonien an d’“corte costitucional…del PP…“ 😉

    ech hu jo och net gesoot, dass deen “onfeelbar” ass. Iwwerhaapt och wann ee kuckt wéi d’Spuenier finanziell do stinn, mee dat ass bestemmt och net ganz dem “Zap” séng Schold.

    „Vileda-Wischmop“ bestätegt…

    Bon, ech haat d’Ried virdrun zum Deel gesinn, mee waat soll eng Partei dann wirklech aanescht maachen wéi sech néi forméieren wann se an d’Oppositioun gesaat ginn? An den David Miliband ass dann och e “Blairite” an hällt secher zum Deel awer un deem Cours fest. Schlemm ass jhust dass säi Brudder Ed méngt hien misst Leader ginn. Kann nemmen hoffen, dass dat gemaach gouf fir Cruddas a Balls ewech zehaalen, well den Ed als Leader… hmm… sou knaschteg kanns de dach net sinn, dengem eegenen Brudder deen eng grouss Carrière vrun sech nach huet alles zeversauen, an deem séng politesch Carrière op en Enn bréngen.

    Reply

  6. Holà Tom,

    >”ech hu jo och net gesoot, dass deen „onfeelbar“ ass. Iwwerhaapt och wann ee kuckt wéi d’Spuenier finanziell do stinn, mee dat ass bestemmt och net ganz dem „Zap“ séng Schold.”

    Hunn mat e puer Spuenier gepotert…guer net “happy” iwwert den “Zap”…mä bon…leider ass d’politesch Mëtt an den südeuropäesche Länner net esou “äusgeprägt” ewéi an Nordeuropa…

    “…well den Ed als Leader… hmm… sou knaschteg kanns de dach net sinn, dengem eegenen Brudder deen eng grouss Carrière vrun sech nach huet alles zeversauen,…”

    Naja…den Neid tëscht Bridder ass jo eng uraal an bekannte Saach…deen deen méi Komplexer an Ambitiounen huet gebonnen mat manner Skrupelen wäert déi éischt Etapp vum Spillchen mol gewannen…
    Freet sech nëmmen wien den “lachende Dritte” ass… LOL…

    Dem “Ed (who’s got) Balls” séng Artikkelen haat ech des öfteren (a ménger zarter post-Jugend) an der FT geliest…méngen hien haat een zimmlech realo-kohérenten Androck hannerlooss…

    Allerspéidstens wann béid Bridder “blutüberströmt” den “Kriegsbeil” begruewen wäerte hunn, wësse mer méi Bescheed…

    Hasta
    Pancho

    Reply

  7. Hunn mat e puer Spuenier gepotert…guer net „happy“ iwwert den „Zap“…mä bon…leider ass d’politesch Mëtt an den südeuropäesche Länner net esou „äusgeprägt“ ewéi an Nordeuropa…

    Naja, dat kennt och emmer drop un mat wéi engen (a mat wéi villen) Léit dass du schwätz. Ech kennen och Léit, déi nach emmer total begeeschtert sinn vum George W Bush an sech wenschen, dass den George rem am Weissen Haus wier, well se guer net mat Obama Administration averstaanen sinn. 😉

    Freet sech nëmmen wien den „lachende Dritte“ ass… LOL…
    Dem „Ed (who’s got) Balls“ séng Artikkelen haat ech des öfteren (a ménger zarter post-Jugend) an der FT geliest…méngen hien haat een zimmlech realo-kohérenten Androck hannerlooss…

    Bon, also wann den David Miliband net gett, dann wéinstens säi Brudder. Dat wier nach dat klengert Iwwel.
    Naja, de Balls ass mir zevill lénks, an huet sech jo och schons e puer mol als “Socialist” bezeechent. An och wann ech kucken, ass och net alles esou besonneg waat vun him am “Children, Schools and Families” Ministère déi läscht Joëren gelaaf ass, bspw. déi d’„Schoulen” an den “Immigration Removal Centre” nach emmer wéider gudd heeschen, obwuel et do – och vu Säiten vun der UN – ferm Kritik gett, déi een dann awer leider och alt rem net an den traditionelle Medien fennt. :S

    Reply

  8. Holà Tom,

    >”Naja, dat kennt och emmer drop un mat wéi engen (a mat wéi villen) Léit dass du schwätz. ”
    Logo…mä et dierf een och net vergiessen daat den “Zap” eigentlech un d’Rudder (“Protestvote” wéint déer “massiver?” Informatiounsmanipulatioun) komm ass well sech den “neo-Francist” bei den Attentater vum 11/03 innenpolitesch gesinn, ganz e bessi verspékuléiert huet…(hien huet sech vläit ze schnell gefreet der ETA de Bueden ënnert de Féiss wëllen ewech ze huelen…???)
    >”Ech kennen och Léit, déi nach emmer total begeeschtert sinn vum George W Bush an sech wenschen, dass den George rem am Weissen Haus wier,…”
    Tjo…Patriotismus huet eben halt och séng…”Limitten”…
    >”…och vu Säiten vun der UN – ferm Kritik gett, déi een dann awer leider och alt rem net an den traditionelle Medien fennt. :S”
    Waat do genau leeft weess du mat Sécherheet besser Bescheed…

    Hasta
    Pancho

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s