Et gett Zäit elo en éischte Bilan vun de britesche Wahlen zemaachen. Scheinbar gouf ech jo schons an der Wahlnuecht am Web 2.0 vermesst, mee bon… ech haat mech an déi “richteg” Welt gemach ier dunn Féischt geflunn sinn. Mee fänke mer emol ganz vir un.

Ech haat jo richteg Chance, dass ech fir d’Council Elections relativ fréi wiele gaangen sinn, an esou alt net all zelaang hu missten an der Schlang stoe bléiwen ier ech dunn endlech méng Stemm fir (oh Wonner) d’LibDems an der Gemeng konnt ofginn. Mee well hei am UK net wéi zu Lëtzebuerg schons 2-3 Deeg vrum Wahldag e Fazit vun enger Campagne gemaaach gett (firwaat dass dat zu Lëtzebuerg esou d’läscht Joër (an déi Joëren virdrun?) war verstinn ech och net), hunn ech mech mat e puer Kollegen zesummen op de Wee gemaach fir u friem Dieren tocken zegoen. Och dat ass eppes waat et jo zu Lëtzebuerg – leider – net gett. Mir haaten eis haaptsächlech op Birmingham Edgbaston, do wou eben den Haaptcampus dann och vu menger Uni ass, fokuséiert. Firwaat? Déi Konservativ wollten onbedengt do de Setz vu Labour an esou hunn ech mech als LibDem Supporter gezwongen gesinn fir d’Léit vu Labour z’iwwerzeegen respektiv vun den Tories ewech zehaalen. D’LibDems haaten hei zu Edgbaston keng Chance fir en MP op London zeschecken, an och wann Labour net besonneg war/ass, esou war kloër all Setz deen d’Tories net giffe kréien wäer gudd. Zumools wou d’Tories dach esou staark hei zu Birmingham gekämpft hunn. Ugedriwwen vun der Email vun “Vote for Students” dass d’Tories hei zu Edgbaston refuséiert haaten dee grousse Pledge z’ennerschréiwen, goung et mat honnert à l’heure lass. Um Enn – fir schons e besschen virzegréifen – hunn, mengen Informatiounen no (ass dat net gäil wann een esou eppes ka soen? ;)) d’Tories 2 Mol e “Recount” ugefroot, well sie sech fest secher waaren de Setz gewonnen zehunn. Mee nee, herno waaren zwar, par rapport zu 2005, eng 0,5% Wieler vun der Labour bei d’Tories gaangen, mee et hätt een em déi 2% gebraucht.

Mee no dem kléngen “Community Organizing”, waat d’Madame Palin vun Alaska jo bekanntlech guer net gäeren huet, gouf et dunn bei den Inder eppes iessen, ier et an eiser Studentebar zur “Election Night Party” sollt kommen. Et gouf well spekuléiert, geet et duer, geet et net duer fir Tories. Hung oder Overall Majority? De Big Ben huet 22 Auer geschloen an d’Exit Polls goufen publizéiert: en hung parliament mat den Konservativen als stärkste Partei, Labour op déi Zweet, an esouguer d’LibDems missten 2 Setz ofginn. Bumm… déi soutz. Praktesch jiddereen an der Bar war roueg. Secherlech gouf laang iwwert “hung parliament” geschwaat, mee elo? Déi Konservativ esou knapps drun un däer absoluter Majoritéit, Labour déi dann awer net esou schlecht ofgeschnidden hunn, an den Nick Clegg da scheinbar de briteschen Howard Dean an net Obama.

Et sollt net laang daueren ier dës britesch Wahlen net nemmen déi US Amerikanesch vun 2004 (Dean) an déi vun 2008 (Obama) mateneen kombinéieren, mee och déi wuel bekanntesten US Wahlen aus der rezenter Geschicht: 2000. Firwaat? Do ginn et e puer Grenn. A verschiddenen Wahllokaler gouf kuerzerhand wéinst denn ville Léit décidéiert d’Wahllokal bis 22:30 Auer opzeloosen. Eppes waat komplett géint d’Gesetz verstéisst, well jo schliesslech dann och Léit gewielt hunn déi d’Exit Polls scho matkruuten. An aaneren Wahllokaler (wéi hei zu Birmingham) gouf décidéiert, d’Léit alleguerten eranzehuelen an d’Dieren dann zouzespären. Déi déi dobannen waaren, konnte wielen. Och dat ass laut dem britesche Gesetz eigentlech verbueden. Et muss een nämlech säi Wahlziedel bis spéistens 22 Auer am Grapp hunn, soss dierf een eigentlech net méi wiele goen. Ajo, d’Wahlziedel… dat ass och esou eng Saach. Verschidde Wahllokaler haaten däer net genuch an hunn schons vrun 22 Auer Léit, déi wollten bei dëse Wahlen eng Stemm ofginn, erem Heem gescheckt. Aanerer goufen um 22 Auer ausgespaart, obwuel se dann alt 2 Stonnen am Reen gewaard hunn an eng Schlang scho praktesch duerch d’ganzt Duerf gemaach haaten. Zu Yorkshire gouf da gemellt, dass eng Tonn Léit déi per Bréifwahl gewielt hunn hier Stemm wuel net zielt. Firwaat? Déi Post sollt irgendwou verluere gaange sinn. An a verschiddenen Wahllokaler sinn se dann esouguer higaangen an hunn (vrun 22 Auer wuel verstaanen) eng Extraréi fir d’Studenten gemaach, esou dass dunn herno eng Tonn Studenten laut der “National Union of Students” hiert Wahlrecht net konnte notzen. D’Studenten goufen wéi 2. Klasse Bierger geschter behandelt…

… an dobäi haat et dach esou gudd ausgesinn. Eng extrem grouss Kampagne mam Titel “Vote for Students” gouf gestart, Busser goufen organséiert – déi bspw. bei menger Uni all 10 Minutten bei d’Wahllokal gefuer sinn, massiv Emailen verscheckt, massiv Facebook Messagen, an dann gi vill Jonker fir déi éischte Kéier wielen, wellen mat hierer Stemm den Ennerscheed maachen a kréien hiert Recht eigentlech refuséiert. En “disgrace” wéi d’BBC et genannt huet. Et koum een sech vir wéi wann d’Briten geschter fir déi alleréischte Kéier Demokratie a Wahlen kenne geléiert hunn. Esou eppes hätt een nämlech am Afghanistan d’läscht Joër ewuel nach gudd geheescht, mee hei a Groussbritannien?!

No deenen Berichter koumen dunn endlech Wahlresultater, déi … jo eigentlech näischt ausgesoot hunn. Hei e Switch vun 11% do dann nemmen een vun 3%, hei een vun 17%, do een vun 1,2%, an dohannen gouf souguer verluer. Keng kloër Piste an domatter och keen richtegen Mandat vun de Wieler war erkennbar. Eppes huet sech awer ganz séier eraus gestallt, de Faite, dass erem vill Léit wiele gaange sinn, huet de Liberal Demokraten geschued. Vill vun hieren “Target seats” gounge verluer, dorenner och Oxford East, wou se sech d’läschte Kéier nemmen knapps Labour hu misste geschloe ginn, an am aaneren Deel vun Oxford hunn déi Konservativ zougeschloen an hunn sech de Setz vun de LibDems geholl. An eppes huet sech dann emmer méi eraus gestallt, den Nick Clegg schéngt de briteschen Howard Dean zesinn. Den Howard Dean, dee jo bekanntlech vrun e puer Wochen den Nick Clegg nach mega geluewt huet, wollt 2004 Presidentschaftskandidat vun den Demokraten an de States ginn. D’Jugend huet sech dunn e beemol extrem hannert hien gestallt – wuel och wéinst séngem grousse Succès am/mam Internet – mee um Enn vum Daag wousst hien an séng Campagne net wéi een dee Support kéinnt richteg emsetzen. Dass dann och nach esou sécher Setz wéi deen vum Lembit Öpik zu Montgomery verluer ginn, helleft dann natiirlech schons iwwerhaapt net.

An trotzdem gouf déi ganzen Zäit iwwert den Nick Clegg an d’LibDems geschwaat. Egal ob Sëtzer verluer oder net, wéinst dem hung parliament (also de Faite, dass keng Partei eng absolut Majoritéit huet) ginn sie interessant. Och well déi Konservativ scheinbar awer net, wéi d’Exit Polls dat prognostizéiert haaten esou “staark” ofschneiden. Hätten d’Tories em den David Cameron esou en Owend higeluecht, mat vielleicht nach der eng oder aanerer Victoire hei an do, wäer een vielleicht ganz knapps un der absoluter Majoritéit gescheitert, mee hätt wuel kéinnten mam Support vun den Rietsextremen eng Minoritéitsregierung maachen. Dëst schéngt awer elo wuel futti zesinn. Et kennt also wuel op d’LibDems un, obschons sie eigentlech – och wéinst dem blöden Wahlsystem, a secherlech och wéinst de Problemer geschter – e Verléierer sinn.

Mee ween huet d’Wahlen da gewonnen?

Déi Konservativ hunn se net gewonnen. Kloër si hunn e puer Setz dobäi kritt, mee vrun e puer Wochen gouf hinnen nach eng extrem grouss Majoritéit zougeschriwwen, an dat ass bekanntlech net agetrueden.
Labour huet se och net gewonnen. Obwuel et dann awer net esou schlecht ginn ass wéi vielleicht nach vru Méint gefaart, hunn sie mussen Setz un d’Tories ofginn. Dat ass Fakt.
LibDems hunn och misste Setz ofginn. Och dat ass Fakt. Hunn awer, an dat muss e soen, prozentual gesinn liicht zougeluecht par rapport zu 2005, a léien wuel nemmen 5% hannert Labour (wat dann awer baal 200 Setz ausmaachen!)

Déi eenzeg déi eigentlech d’Wahlen gewonnen hunn sinn, wéi ech dat schons eng Kéier gesoot haat, dass duerchaus – zumools bei enger ganz knapper “Election” – kéinnt geschéien, déi sougenannten “kleng” Parteien. Fir déi éischte Kéier an der britescher Geschicht wäert am néie Parlament nämlech beispillsweis een MP vun deenen Gréngen setzen. Eppes waat déi Gréng zwar gehofft haaten, mee duerch den 3 Kampf deen an den Emfroen em d’Spetzt vum Land entstaanen war, hunn sie wuel och misste fäerten, dass et herno net giff duergoen, well een (fir déi läschte Kéier?) huet missten taktesch wielen.

Vun deem Standpunkt hier wäeren also déi Gréng déi déi misste zumindest matregéieren, mee dat schéngt wuel näischt zeginn. Labour well d’LibDems. Tories wellen d’LibDems. Laut dem britesche Gesetz ass et, am Fall vun engem hung parliament, um “Premier sortant”, also dem Gordon Brown an dësem Fall, fir als éischt zeprobéieren eng Regierung op d’Been zestellen. Mee de Moien huet den Nick Clegg matgedeelt, dass een fir d’éischt misst/giff mat den Tories schwätzen, well déi déi meeschte Setz dann am néie Parlament hunn.

Egal wéi et dierf ee gespaant sinn, ob dës “hung parliament” méi laang dauert wéi dat vu 1974. D’Koalitiounsgespréicher wäerte jiddefalls schnell weider goen, well Enn dës Mounts ass d’Queen’s Speech a bis dohinner muss d’Regierung stoen. Vielleicht geet et jo wéi 1974 an et dauert eng kléng Woch ier “Secherheet” herscht. Secherheet déi wichteg wäer, zumools wéinst dem Finanzsekteur. Nodeems New York geschter massiv gefall ass, an een muss fäerten dass d’„sovereign debt crisis” erem alles erofrappt, waat lo scheinbar lues a lues erem zougeholl huet (a w.e.g. lo komm mer keen mat “Firwaat musse mer Griechenland hellefen?”), huet d’„City” ausnahmswéis schons um 1 Auer an der Nuecht de Marché opgemaach. Eigentlech haat een dunn um Finanzmaart nach domatter gerechent, dass et den Tories kéinnt duergoen fir eng absolut Majoritéit zekréien. Dat ass dann elo wéi gesoot net esou komm.
Den Adam Boulton vun Sky News haat geschter Moien dann dat wuel berühmtesten Zitat, wann et em d’Wahle geet, getwittert: dem Dick Tuck säin “The people have spoken, the bastards.”

Mee d’Léit hunn net alleguerte geschwaat. An ob dat gudd ass fir déi néi Regierung ka jiddereen selwer beäntweren…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] heite Walen sech ugefillt ewéi wann se mech wierklech géinge betreffen, wat mengem Brudder wuel och esou geet. Wéi de Steve Punt sot: mir waarde mol nach bis Oktober, ier mer den Jingle fir d’Vote Now […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s