Wéi gesoot war geschter déi läscht “Prime Ministerial Debate” an der Great Hall vum Aston Webb Building vun der University of Birmingham, hei e puer Gedanken:
Iwwerall um Campus waren d’Schelder/Posteren vun der “We are heroes” Campaign opgeriicht, déi een jo net nemmen an den London Midland Zich, mee och zu London am Underground all puer Meter gesäit. D’„We are heroes” Campagne fokuséiert sech haaptsächlech op de Fortschrëtt deen meng Uni an de läschten Joëren an der Recherche gemaach huet, sou gouf net méi spéit wéi d’läscht Woch festgestallt firwaat e Link teschend der HIV Infektioun an der Salmonelleninfektioun besteet [méi an nach méi];

ITV huet um Dach vum Muirhead Tower, engem vun den hechste Gebäier aus der ganzer Staat, gedréit gehaat fir dass sie den “Old Joe” konnten am Bild hunn, spéider sinn se dunn bei d’Haaptbibliothéik gaangen, waat dann awer wuel déi schlechteste Plaatz iwwerhaapt war;

Am Avon Room, do wou och d’Informatiounsversammlungen – haaptsächlech während den (Applicant) Open Days – sinn, waar geschter d’Press aktiv. Dofir war den Avon Room dann och schons zenter e Méinden (a bis haut) komplett gespaart, an et houngen schons ennen am Gebai Schelder, dass et carrément verbuede wier fir an den Avon Room zegoen. Dofir gouf dann och e Cours deen ech Méindes Moies emmer do hunn/haat, dës Woch verluecht. Mee dat schéinst ass dann, dass ech ka behaapten e Joër laang an engem Sall e Cours gehaat zehunn, wou déi ganz international Press bis bei de CNN hiert Lager opgeschloen haaten. Eppes muss och nach erwähnt ginn: eis Studentenzeitung Redbrick kruuten fir den Dag geschter och Presseauswéis an soutzen dann och mat de groussen Nimm am Avon Room, wou et dunn herno, no der Debate, natiirlech zur “Spin Alley” komm ass;

Et waaren da geschter och eng Tonn Polizisten um Campus, déi ganz oft mat Snipers ronderem gelaaf sinn, an déi ganzen Zäit ass en Helikopter iwwert eisen Haaptcampus geflunn. Déi sëcherste Plaatz a ganz Groussbritannien war geschter jiddefalls definitiv eisen Haaptcampus ^^;

Et goufen dann och vun der Press eng ganz Retsch Interviews gemaach, och mat Studenten. Ween séng “5 minutes of fame” wollt, huet jhust missten déi ganzen Zäit dobaussen ronderem laafen. Ech gouf och eng Kéier gefroot, mee haat dann awer net déi “richteg” Nationalitéit. Tjö! ;

Den Adam Boulton vu Sky News ass dann och eng Kéier laanscht mech gelaaf. Waat scho komesch war, well ech séng Sendung eigentlech baal all Sonnden fir déi läscht 5 Joër gekuckt hunn. Hätt hien sech awer net esou donierft beholl wéi hien déi läscht Woch “séng” Debatt moderéiert huet, hätt ech mer en Autogramm gefroot, mee zenter sénger Remarque do ass säin Status bei mir dach mega gefall. Obwuel et trotzdem cool war esou eng Persoun endlech emol eng Kéier live zegesinn, obwuel ech mer e méi *kléng* virgestallt haat. Et war awer eigentlech komplett surreal, iwwerhaapt war de ganzen Dag geschter esou. Et war, wéi deemols den engleschen Kommentator beim 5-1 vun England géint Däitschland am September 2001 gesoot huet, wéi wann de Gebuertsdag, Chrëschtdaag an Silvester op een Dag zesumme gefall sinn; 🙂

Als alleréischt war iwwrengs den Nick Clegg um Campus ukomm, dunn den David Cameron an ganz zum Schluss de Premier Brown. Mee et schéngt net (beim Cameron definitiv net) wéi wann d’Leaders mam öffentlechen Transport komm wieren. Dat wier bei dëser Debatt guer net emol esou schwéier gewierscht, well mir déi eenzeg Uni a ganz Groussbritannien sinn, déi eng Zuch Gare um Campus hunn (déi Statioun heescht dann och dowéinst einfach nemmen “University”), an esou eppes hätt dach e mega Zeeche gesaat. Mee bon…;

Stemmung um ganzen Campus war de Dag iwwer jiddefalls kaum auszehaalen. Studenten waren stolz, genee wéi d’Proffen a jiddereen deen mat der Uni a Verbindung steet, d’Politiker an hier Hannerléit waren nervös, d’Journalisten waren ugespaant. Jhust eisen Vice-Chancellor David Eastwood war geschter net um Campus, hien war an Indien, well hien vum indeschen Vizepresident ageluede gouf an Owes mat deem dunn zu Nuecht giess huet. Dat kann een jo da baal net ofléenen 😉

Studenten hu geschter dann och lauter Roud/Rosa Tshirten gedroen mam Opruff “Vote for Students”, eng Campagne vun der nationaler Studentenvereenegung, déi e.a. de Studenten d’Méiglechkeet gett fir genee zekucken wéi eng Politiker de groussen “Pledge” ennerschriwwen hunn, dass sie géint all Zort vun enger Erhéichung vun den Unigebühren wäerte stemmen;

Nom Debat war dann och d’BBC Question Time bei eis um Campus an zwar an eisem Sportsgebäi eng ronn 400-500 Meter vun der Great Hall ewech;

BBC haat wéi ugekennegt e groussen Ecran op eisem Rugby Feld opgeriicht gehaat fir dass d’Studenten et do kéinnte kucken. Ech selwer wollt eigentlech och dohinner goen, mee well se Reen gemellt haaten an meng Kollegen an ech selwer awer d’Debatt wollt definitiv ganz kucken, sinn mer eis dunn an eis ganz néi Studentenbar/restaurant setze gaangen. Déi war scho ganz fréi ganz schéin voll. Um Rugbysfeld sollen anscheind och iwwer 1000 Studenten d’Debatt verfollegt hunn, a wann et schon nemmen e puer vun den Reaktiounen, déi et am “Joe’s” goufen och dobaussen um Terrain goufen, dann haaten déi och richteg Spass. Déi ganz Saach huet jiddefalls beigedroen, dass jiddereen – a wirklech jiddereen – geschter den Debat gekuckt, an esouguer haut nach grouss driwwer diskutéiert huet. Souguer am laanscht goen huet ee ganz séier gemierkt, dass et haut um Campus jhust nach een Thema gouf: “eis” Leaders’ Debate.

Déi Debate gouf dann och vum David Cameron gewonnen, deem säi Schlussstatement mir extrem gudd eigentlech gefall huet. Och wann hien am Ufank vum Debat, zumools wéinst der “Inheritance Tax” staark, jo souguer ganz staark, (an dat zu Recht!) vum Gordon Brown attackéiert gouf, esou huet den Premier Brown den nämlechte Fehler gemaach wéi 2008 den John McCain an der läschter Debatt an vrun e puer Joër d’Ségolène Royale am läschten Debat mam Sarkozy. Den Gordon Brown, genee wéi déi aaner zwee Politiker, huet sech heiandsdo zevill opgereegt an ass vum Thema “Inheritance Tax” eigentlech net méi fort komm. Dat war eng Steilvirlaag fir den David Cameron an den Nick Clegg, mee eigentlech huet nemmen den Tory Leader dës richteg genotzt: zreck léen, waarden, roueg bléiwen a kloër maachen, dass een als PM méi wéi een Thema muss am Aa hunn. De Géigner dréit dann normalerweis emmer méi op, wouropper e roueg a scheinbar ganz “coolen” Kandidat dann einfach vill méi Sympathiepunkten sammelt. Dat eenzegt waat bei deem Optrett vielleicht gehollef huet, ass dass de Premier Brown séng Basis no der Gaffe vu virgeschter, wéi hien eng Fra “bigot” vernannt huet, erem hannert sech kritt huet resp. géint déi aaner 2 Partei’en opgedréit huet. Mee fir d’Wahlen en nächsten Donneschten zewannen geet dat wuel net méi duer. An jo, ech schwätzen elo hei vum Prozentsaatz, net vun de Setz.

A well den Joseph Chamberlain mol soot “where Birmingham leads, all England will follow”, glewen ech dann, dass – prozentual gesinn! – déi Konservativ d’nächst Woch am meeschten Stemmen aus England, Schottland a Wales wäerte kréien, d’LibDems kennen et op déi 2. Plaatz packen, wann d’Studenten wirklech massiv wiele ginn, soss kommen sie wuel ganz knapps hannert Labour an d’Ziel. Waat deen Dag drop geschidd, ass wéi schons erwähnt komplett op.
Eng Koalitioun aus Konservativen an LibDems, eng Minoritéitsregierung vun den Konservativen, oder falls Labour nach eng richteg gudd läscht Woch giff hiléen, eng Majoritéitsregierung vun Labour oder dann dach eng Koalitioun aus Labour a LibDems stinn (momentan) am Raum. Mee fir dass déi läscht Méiglechkeet iwwerhaapt kann antrieden, muss Labour eng ganz gudd Woch hiléen, well den Nick Clegg schons behaapt huet, dass hien nemmen giff mat Labour zesumme an eng Koalitioun goen, wann dës net déi 3. stärkste Partei giff ginn, an en plus, dierft de Gordon Brown keng gréisser Roll méi an der Labour spillen.

Sollt fir d’„New Labour” dës Wahlen den absoluten Gnodeschoss ginn, gett et spannend waat deno mat de Sozialisten geschidd, ginn sie mam (nach) Ausseminister David Miliband eng “New “New Labour”” oder geet et erem ganz zereck op déi lénks Säit am politesche Spektrum? Only time will tell… 😉

rugby leaders debate
Englesch Nationalequipp-Public Viewing? Nee… Leaders’ Debate!

Mei Fotoen kennt der hei um offiziellen Flickr Account vun der Uni, resp. e puer offiziell Twitpics hei, an da ginn et och hei an hei (Redbrick) nach ganz flott Biller.

An hei respektiv hei ginn et Artikelen iwwert d’Reaktioun am Avon Room während dëser läschter Debatt, déi éischt an dann bis ewell eenzeg déi an dëser Form op enger britescher Uni stattfonnt huet. 🙂

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s