Ech haat et jo scho baal virausgesoot a geschter ass et dunn jo och geschidd. Tripartite, e Modell deen vum deemolegen liberalen Staatsminister Gaston Thorn agefouert a vun der CSV staark kritiséiert gouf, ass gescheitert. Op dëser Plaatz kann een eigentlech de Gewerkschaften nemmen e grousse Merci ausschwätzen, déi sech net verkaaf hunn an d’Wuert waat sie hieren Member’en ginn haaten konsequent gehaalen hunn. Gudd, d’CSV haat et och do schwéier, wann een schliesslech den “sécher Wee” versprëcht an een dann no de Wahlen seet waat Saach ass, ass et natiirlech schwéier fir Wuert zehaalen.

Eppes waat awer méi stéier wéi soss irgendeppes ass dat waat ronderem gelaaf ass/leeft. Jiddereen gett deem aaneren d’Schold um Echec. D’Patronat huet sech mat der Regierung (oh Wonner!) zesumme geluecht fir d’Gewerkschaften als déi Schelleg dohinner zestellen, déi op der aanerer Säit d’Regierung als déi Schelleg gesinn.
Méi flott ass a bléiwt et awer an der Regierung selwer, well den Echec vun der Tripartite trëfft (zumools) d’Sozialisten staark. Dofir gett an der Regierung schein weider den schwarzen Péiter hin-an-hier geschoss. Haut de Metten op der LSAP Pressekonferenz huet den Alex Bodry der Presse matgedeelt, dass d’Propose fir d’Indexännerung ganz alleng vum Staatsminister Juncker komm ass. [via]

Ech vermessen an dëser CSV-LSAP Regierung momentan eppes ganz dringend: e Leader. De Jean-Claude Juncker ass komplett ugeschloen, well scheinbar séng sëcher Heichbuerg, wou hien bis ewell esou konnt maachen wéi wann hien giff Playmobil spillen, ufänkt mat Wackelen. De Luc Frieden gesinn ech souwisou bekanntlech net als Leader, an de “Superminister” ehm… jo also deen huet jo och genuch schons zedinn. Op der aanerer Säit setzt een Jean Asselborn, deen och net grad d’Qualitéiten vun engem Leader matbréngt.
Et wäer vielleicht emol kee schlechten Ufank (gewierscht), wann een aus der Regierung Verantwortung fir den Echec vun dëser Tripartite iwwerhuelen giff/iwwerholl hätt. Dass no engem Echec Verantwortung iwwerhuelen net (emmer) falsch ass, haat Ufank de 60er den John F Kennedy bewissen, wéi hien nom Fiasco vun der Bay of Pigs ganz alleng Verantwortung fir déi ganz Aktioun iwwerholl huet. Resultat: de Support bei de Léit ass direkt op 83% geklomme gewierscht!

Lëtzebuerg huet momentan keen an der Regierung setzen, deen déi aaner Memberen schützt, wann eppes schief gaangen ass; keen deen net zereckstécht fir (vielleicht) grouss kritiséiert zeginn; ganz einfach keen Leader. Mee leider ass grad elo an dësen Zäiten esou eng Persoun méi wéi je erwenscht…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

6 Comments

  1. Holà,

    “De Jean-Claude Juncker ass komplett ugeschloen,…”

    Willt wiirklech net gären a sénger Häut stiechen…den nationalen, mä haapséchlech, et de loin…, den internationalen Drock deen op séngen Schëlleren den Ament laascht, muss einfach eenorm sënn…

    Waat d’CSV mMn. vermasselt huet fréizäiteg ze maachen…ass een “intergénérationellen Switch” ze vollzéien…aka “faire passer (un peu) le flambeau”…
    Sinn der Meenung, daat dëst Kriis net nëmmen u sech eng Finanzkriis ass, mä eng Génératiounskriis, wou déi Eeler, déi d’Reegelen normalerweis festléen/festgeluecht hunn, einfach net méi mat der Komplexitéit, Gréisst an Flexibilitéit vum Gesamtsysteem (Globaliséierung) eens ginn(*)…

    (*) Daat huet een z.B. beim “Senate Hearing” vun GS ganz kloer gemierkt…

    Hasta
    Pancho

    Reply

  2. Holà,

    P.S.: En ce qui concerne Monsieur F.,…een “executor” (qui remplit, dans l’exécutif et d’un point de vue politique, à la perfection sa tâche) ass meeschtens kee “leader”…
    Et oui…On ne peut pas toujours avoir le beurre et l’argent du beurre…

    Hasta
    Pancho

    Reply

  3. Willt wiirklech net gären a sénger Häut stiechen…den nationalen, mä haapséchlech, et de loin…, den internationalen Drock deen op séngen Schëlleren den Ament laascht, muss einfach eenorm sënn…

    Ech wees zwar net op den internationalen Drock esou grouss ass. International gett hien dach eigentlech jhust nach ausgenotzt, well hien onbedengt do eng Plaatz well kréien, an da Saachen zoustemmt déi katastrophal sinn. Hien huet jo och ennerstëtzt dass d’EU soll de Budget vun de Länner matbestemmen, waat ech net richteg fannen, well d’EU keng USA ass. Et ass kee Land, mee eng Vereenegung vu verschiddenen Länner.

    Zur Generatiounsaach: definitiv. Mee dat ass e Problem deen eigentlech net nemmen bei der CSV léit. Wann ech mer d’Chamber ukucken, dat gett et engem jo baal schlecht wéi vill “Jonker” dass do dobannen sinn. An dat ass einfach e Problem deen op d’Land an den nächste Joër och zoukennt, well vill Jonker sech näischt wellen vun aaneren Léit soe loosen, déi gréisstendeels eist Liewen futti gemaach hunn ier et iwwerhaapt ugefaangen huet. Also mécht dës Generatioun e komplette “Switch” an et heescht: maach mat eis oder loos eis goen. Mir probéieren dës Welt zeretten: hellefst du oder net? Obwuel et wuel schwéier ass wann een bspw. bis 30-40 Joër huet misste waarden bis dass een konnt d’Heft an d’Hand huelen, mee bon… dës Generatioun hellt eben schons mat 18, 19, 20 d’Heft an d’Hand, ass prett fir d’Saach unzegoen. Mir brauchen Hellef vun deenen aaneren, mee sinn net gewellt nach laang nozekucken wéi déi Generatioun(en) vrun eis dat futti maachen, wat déi Generatiounen nach virdrun müheselleg opgebaut hunn.

    definitiv huet een dat do gesinn 😉

    Reply

  4. En ce qui concerne Monsieur F.,…een “executor” (qui remplit, dans l’exécutif et d’un point de vue politique, à la perfection sa tâche) ass meeschtens kee “leader”…
    Et oui…On ne peut pas toujours avoir le beurre et l’argent du beurre…

    lool jo, du hues nawell Recht 😀

    Reply

  5. Holà Tom,

    “International gett hien dach eigentlech jhust nach ausgenotzt,…”

    D’Politik, um internationalen Parkett, ass nëmmen eng Saach vun “Géigesäiteg Äusnotzong”…awer mat Samettshännercher (erëm international) ganz braav ugepaackt…

    “…an da Saachen zoustemmt déi katastrophal sinn.”

    Déi wiirklech gudd, mä ganz seelen Politiker (càd Staatsmänner) kënnen/mussen mMn. hiert Fach (hautdestdaags) nëmmen mam Hannergedanken: “La politique, c’est avant-tout l’art du compromis et du dialogue” beherrschen…

    …an katastrophal Entscheedungen…nujee…an der “Realpolitik” kënnste oft net dolaanscht fir an deene meeschten Situationen ewéi ee Fändel mam Wand ze fueren/flatteren…zemools wannste ee kléngt Land bass…

    P.S.: Entscheedungen kënnen fir déi eng als “katastrophal” an fir déi aaner awer “gudd” schéngen…(alles hängt vun der Perspektiiv, ewéi een sech d’Saachen ukuckt, aaf…)

    “Mee dat ass e Problem deen eigentlech net nemmen bei der CSV léit.”

    Hunn net spezifesch op eng Partei gekuckt…mä allgeméng op d’gesamt westlech Gesellschaft…Den Här Wallerstein haat daat ganz gudd erklärt an ech ginn him och vollkommen Recht…Dëst Kriis ass net nëmmen eng Wirtschaftskriis, mä och eng existenziell Kriis…

    “Wann ech mer d’Chamber ukucken, dat gett et engem jo baal schlecht wéi vill “Jonker” dass do dobannen sinn.”

    Bon…esou “katastrophal” ass d’Situatioun hei och erëm net…

    Kuck der mol eng Kéier un waat am “Biereland” (Italien) z.B. am Parlament esou leeft…äusser e puer ex-Soubretten (als Minister getarnt) déi eigentlech nëmmen do sënn fir déi “perma-präsent Gro Eminenzen” aka politesch Amiperassippschaft opzegäilen, leeft do wiirklech net esou vill…

    Daat waat feehlt, daat sinn awer richteg “vollblut” Leaderen de tous bords…
    Een alléng (vläit zwéin…) wäert deemnächst an effektiiv bei wäitem net méi duer goen…

    “…mee bon… dës Generatioun hellt eben schons mat 18, 19, 20 d’Heft an d’Hand, ass prett fir d’Saach unzegoen.”

    Awer kéng richteg Approche mMn….äusser fir d’Netzwierker wëllen opzebauen an ze pfleegen…(déi och ee wichtegen Bestanddeel vum “Polit-Circus” sënn)
    Hunn léiwer deen aaneren “Modus-Operandi”…zéih der (ouni préjugé an mat dénger eegener Liewenserfaahrung) esou vill politesches (Riets, Lénks, Mëtt…egaal) eran ewéi Méigelech…schloof eng Zäitchen driwwer…an dann, wannste wiirklech “ready” bass d’Saachen wëllen ze äenneren, tréff dann eng Entscheedung…

    Eng ze fréi “andoktrinéierung” féiert oft zu villes (Profilneurotiker), äusser zu “Leaderen”… wellste graad déi “schwéier-ze-léieren” Konscht net beheerscht kriss…(den Här Juncker ass mMn. eng ganz grouss Äusnaahm waat daat ubelaangt…)

    “…ass prett fir d’Saach unzegoen.”

    Alles schéin a gudd…mä “prett” heescht net ëmmer “gudd”… genau esou ewéi z.B. een en Diplom fir ëppes kritt…du kriss dann eng offiziell gesellschaftskonforn an norméiert “Bestätegung” daatste eng bestëmmte Saach fäheg bass ze maachen…mä daat wëllt nach längst net heeschen daatste déi Saach duerno och gudd wäerts maachen…

    Hasta
    Pancho

    Reply

  6. Déi wiirklech gudd, mä ganz seelen Politiker (càd Staatsmänner) kënnen/mussen mMn. hiert Fach (hautdestdaags) nëmmen mam Hannergedanken: “La politique, c’est avant-tout l’art du compromis et du dialogue” beherrschen

    Genee, an dofir ass de JCJ kee Staatsmann an dass hien sech net staatsmännesch behellt huet hien jo schons oft genuch selwer gesoot. cf. Endorsement vum Obama vrun de Wahlen

    Bon…esou “katastrophal” ass d’Situatioun hei och erëm net…

    Bon, wann ech kucken, dass bspw. de Xavier Bettel a de Claude Meisch (géint déi ech definitiv näischt hunn a mat deenen ech mech tip top verstin) 2 vun de jéngsten Deputéiert sinn. Wéi soll esou eng Chambre op d’Interessi’en vun de Jonken agoen, wann 2 vun hieren jéngsten Léit Richtung 40 ginn?
    A fir elo erem an aaner Länner zekucken ass dann typesch lëtzebuergesch. Firwaat musse mir emmer an d’Ausland kucken? Firwaat emmer dat “eis geet et jo awer net esou schlecht”? Dat ass eng Liewensphilosophie zu Lëtzebuerg déi mech ganz éierlech uneekelt. Et soll een dach emmer kucken, dat Bescht an dat Meescht erauszehuelen, waat méiglech ass, an net “Oh… gudd et ass net grad formidabel mee bei den Nooperen gesäit et nach méi schlemm aus”.

    Daat waat feehlt, daat sinn awer richteg “vollblut” Leaderen de tous bords…
    Een alléng (vläit zwéin…) wäert deemnächst an effektiiv bei wäitem net méi duer goen…

    Dat stemmt mee wann ech bspw. kucken sinn an de Jugendpartei’en zu Lëtzebuerg Léit déi Leader Potential hunn, an verschiddener vun hinnen hun dann och schons Politikwessenschaft oder Eco oder Droit studéiert. Do ass also Potential do…

    Generatioun: Et waaren dach bis elo ganz oft an der Weltgeschicht während kriddelegen Deeg déi déi d’Heft an d’Hand geholl hunn. Vun de Jonken an de States fir en USA waat “Schwarzen” déi nämlecht Rechter gett wéi “Weissen” bis hin zu de Studenten déi sech direkt am Ufank vum 2. Weltkrich gewiert hunn. Ech fäerten einfach, dass déi läscht Generatioun net genee gesäit wéi wäit dës Generatioun schons ass. Natiirlech ass net jiddereen vu menger Generatioun schons Prett an ausgereift, mee et sinn der wuel definitiv vill méi wéi nach bei aaneren Generatiounen. An zumools duerch den Internet an séng Netzwierker ass dës Generatioun an enger Welt grouss ginn resp. hunn sech selwer eng Welt opgebaut, déi déi eeler Generatiounen kaum verstinn an d’Kraaft net aschätze kennen. A well se schons déi Kraaft net aschätze kennen, léien se och falsch waat dës Generatioun ugeet. Ech dierf erenneren, dass et déi Jonk waaren déi den Obama iwwerhaapt iwwerzeegt kruuten an d’Course em d’Presidentschaft zegoen, well sie – nodeems sie 2004 massiv fir de Kerry gewielt hunn an hier Elteren onbedengt de Bush am Weissen Haus wollten hunn – endlech eng Persoun wollten, déi sie giff verstoen an déi sech giff fir sie asetzen. Deno hunn déi Jonk him Iowa bruecht, waat erméiglecht huet dass aaner Jonker hien du jo zum Kandidat konnte maachen, ier dunn déi Jonk déi entscheedend Kraaft waaren fir den Obama an d’Weisst Haus zekréien. Ech soen net dass elo Jonker vun 18, 19, 20 Joër sollen Staatsminister resp. President ginn, definitiv net, dofir soenn ech jo, dass mer d’Hellef vun der méi eelerer Generatioun brauchen, an dofir setzt dës Generatioun emmer méi dann drop fir esou eng grouss politesch Kraaaft zeginn, dass ultimately SIE bestemmen ween d’Soen an engem Land wäert hunn. An dat wäert eng Persoun sinn, déi sech fir hier Saachen asetzt an dat heescht dann och fir hier Zukunft. Déi Léit déi dat net gesinn oder welle gesinn wäerten sech an den nächste Joëren wonneren, well dat Bild vun der Jugend waat sie hunn, scho laang net méi zoutreffend ass. Well, wann ech kucken, am läschte Wahlkampf, waaren et Jonker vun 18, 19, 20, 21, 22, 23, 24, 25 déi sech op Stänn an Versammlungen informéiere gaangen sinn, déi eeler Léit wollten einfach nemmen e Bic.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s