Well een momentan all Dag eng Retsch Emfroen kritt, déi all aaner Conclusiounen zéien (an och well d’Examen gläich ufänken), wäert ech wuel net all zevill an dësen läschten 2 Wochen vun der Campaign hei am UK bloggen. Net awer well et net spannend ass, glëwt mer, et ass spannend. Mee well een vir irgendeng gudd Analyse zemaachen och gudd Emfroen muss hunn, ass eng Analyse – let alone eng Prognose – dann awer extrem schwéier zemaachen.

D’LibDems léien teschend 23-31%, demno wéi eng Emfro, dass e grad kuckt. Dat ass net grad extrem präzis. Da kennt dobäi dass verschidden Zeitungen (haaptsächlech déi déi politesch gesinn méi riets stinn) Emfroen zenséieren oder alt guer net publizéieren. Sou geschidd bei der “Sun.” Dem konservativen Murdoch huet dat nämlech guer net gefall, dass an enger Sun/YouGov Emfro eraus komm ass dass d’LibDems op 49% komme giffen, wann d’Léit dovunner iwwerzeegt wieren, dass d’LibDems d’Wahlen wirklech kéinnte gewannen. 49 Prozent! Also baal all 2 Wieler. Waat machen? D’Emfro resp. deen Deel vun der Emfro einfach verschwannen doen. Fäerdeg.

49 Prozent dat giff der Partei vum Nick Clegg dann iwwrengs och eng absolut Majoritéit am Parlament ginn. Dat ass awer net bei all Wahlausgang esou. Sollten d’LibDems mat bspw. 36% d’Wahlen gewannen an déi Konservativ ginn 2. mat 31,4% a Labour 3. mat 31,3%, hätten d’Liberaldemokraten wéinst dem briteschen Wahlsystem trotz grousser Wahlvictoire keng absolut Majoritéit. En fait hätten d’LibDems dann eng 140 MPs nemmen a wieren hannert Labour (293 MPs) an den Tories (192 MPs) wéider déi 3 stärkste Partei.
Aanert Beispill: LibDems wannen d’Wahlen mat 38,4% Tories kréien 30,5% an d’Labour 29,9% -> dat mécht dann a Setz: 264 fir d’Labour (!), 186 fir d’LibDems an 174 fir d’Tories. En hung Parliament mat Labour als stärkste Partei.

Erréicht bei 40% giffen d’Liberaldemokraten den Nick Clegg an d’Downing Street schecken. A fir dass d’Tories den David Cameron kennen gesinn wéi hien an d’Number 10 erageet als PM brauchen sie e Virsprong vun engen 10% op d’Labour.

Ween dann elo an d’Number 10 den 7. Mee kann anzéien bléiwt ofzewaarden, och well een (an dat nervt mech gewalteg) bei Emfroen net kloër gesoot kritt wéi déi ausgefouert goufen: Iwwert Festnetz? (Och) Handy? Wéini goufen se ausgefouert, Owes oder am Laaf vum Daag? Gouf sech op all Regioun gläichméisseg konzentréiert?

Dat kléngt vielleicht elo onwichteg, ass et awer definitiv net. Wann een beispillsweis am Laaf vum Daag eng Emfro mécht wou een nemmen um Festnetz urifft, ass d’Wahrscheinlechkeet dass een méi eeler Léit an der Emfro huet vill méi grouss wéi wann een Owes urifft, wann vill Léit vun der Arbescht erem sinn. Well déi eeler Léit eischter konservativ wielen, kann eng Emfro dann natiirlech komplett falsch Saachen erem ginn. Interessant ass och dass een oft muss no der exakter Fro sichen déi d’Léit gestallt kruuten, sou dass een d’Emfro net richteg kann auswerten. Zu Lëtzebuerg gett dat jo och emmer gäeren falsch dann herno interpretéiert. Wann ech op d’Fro “Fannt Dir dass de Jean-Claude Juncker eng gudd Arbescht mécht?” mat Jo äntweren (waat ech nach nie gemaach hunn, a wahrscheinlech wuel nie wäert maachen) heescht dat net dass de Jean-Claude Juncker mäin Lieblingspolitiker/belwéisten Politiker ass. Et heescht jhust dass ech d’Arbescht gudd fonnt hätt.
Wann ech also hei am UK e Kolleg giff froen: “Wéi enger Partei representéiert deng Vue’en am beschten?” an dësen giff mer soen d’BNP, heescht dat net dass hien d’BNP wéillt wielen. Aanescht wann ech gefroot hätt: “Wéi eng Partei wellst du bei de Wahlen wielen?”

Mee bon, esou erlaabt et der Press – zumools der konservativer Press hei am UK – fir Saachen komplett op de Kopp zesetzen.
times
Times ännert bannend e puer Minutten déi geplangten Titelsäit fir hier Ausgab vun virgescht (Aus “neck and neck” gett “Cameron nicks it”)

Eppes waat awer net ka vun der Press aanescht duergestallt ginn, ass de Faite dass esou vill Jonker sech nach an de läschte Stonnen vrun der Deadline sech vir d’Wahlen registréiert gehaat hunn. And it’s all Nick Clegg’s fault 😉

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

5 Comments

  1. Holà,

    “Mee bon, esou erlaabt et der Press – zumools der konservativer Press hei am UK – fir Saachen komplett op de Kopp zesetzen.”

    Déi konsevatiiv Press an den Rupert wäerten mat der Zäit ëmmer méi ënner goen…

    Am Nick sénger Plaaz, géif de “Pancho” a punkto “Europa” drop an dowiddert dem John Sharkey séng Servicer voll äusnotzen…LOL…

    Hasta
    Pancho

    Reply

  2. Holà,

    P.S.: “Students say their campaign against higher tuition fees in England could decide the outcome of the election in dozens of university seats.”
    http://news.bbc.co.uk/2/hi/uk_news/politics/election_2010/8645705.stm

    Hasta
    Pancho

    Reply

  3. jo, zumools well d’„Pisten” fir d’Tuition Fees vun der Russell Group un d’Regierung extrem geheim gehaale ginn an erréicht “an den nächsten Wochen” bekannt gemaach ginn, ceci dit no de Wahlen.
    Den Nick Clegg war haut zu Oxford fir mat engen 400 Studenten vun der Oxford Brookes University zeschwätzen an dunn huet hien emol an de Salle gefroot: “wee geet dann den 6. Mee vun ierch wielen?” bumm… direkt 400 Hänn an d’Luut gaangen!

    Reply

  4. Holà,

    “exit doll”…307Con/255Lab/59LibDem…

    Schéngt daat d’Insel een “Hang” zu “hung parliaments” an Kriisenzäiten huet…

    Hasta
    Pancho

    Reply

  5. Holà,

    …UK Election, the day after…

    Schnell e puer Gedanken…

    “Hung parliament”…ok…mä mat weem…?

    “Conditio sine qua non” fir d’LibDems ass ewéi gewosst…d’Reform vum Wahlrecht…

    D'”Gro Eminenz” vum Lab (de Pete) an, neierdéngs och den “Flash Gordon” selwer hunn an déer Richtung, den LibDems de rouden Teppëch schons (offiziell) äusgerullt…
    Schéin…geet awer net duer fir trotzdeem d’absolutt “Ma-jo” ze kréien…(“Ma-neen…”)
    Se missten duerfir nach z.B. d’SN(a)P an d'”We Ourselves” aka SF mat an d’Boot erazéien…(“Aïe!”)
    De plus…de Risiko eng “Koa” mam “Big Loser” wëllen anzegoen…géif der PO ee wonnerbaren Näehrbuedem ginn den “hung parliament” zu éngem “hung-…-over parliament” kënnen duerzestellen…(Gefor am Horizont…)
    Leider, an äus “past experiences” bekannt…ee Boot mat “x-Möchtegern-Kapitänen” huet et schwéier de Kap a Richtung “Somewhere” ze haalen…(de Kompass weist de Norden net méi un…LOL…)

    Bläiwt nach eng “Con/LibDem-Koa”…
    Do géif dann, mMn, “extreem hefteg” gehandelt misse ginn…
    Géif vläit op een “agreement à l’arrachée” spekuléieren, waat d’Wahlrechtreform ubelaangt…mat “Konzessiounen” vun de LibDems, zu der Europapolitik (gréissten Konzessiounen) an Erzéiung (déi kléngsten)…(den “Wirtschafts-Tra-La-La” stellt, äusser e puer Schéinheetsflécken, den gréissten “terrain d’entente…cordiale…” duer…)

    Perséinleche Archi-Mini-Fazit:
    Plausibel Koa: Lab/LibDem/Sn(a)P/SF…”Ouch-Ouch!”
    Plausibel Koa: Con/LibDem…”Ouch!”
    Ënnert dem Strëch…d’Verhandlungen riskéieren wiirklech mega interessant ze ginn…Gronnd méi, een “eye” duerobber ze haalen…
    Hasta
    Pancho

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s