Et ass schons e wichtegen Dag den 27. Abrëll, deen Dag also wou déi läscht Tripartitesronn – a vielleicht déi allerläschten Tripartite iwwerhaapt – iwwert Bühn soll goen. Vill hunn d’Lëtzebuerger an de läschten Wochen diskutéiert, méi wéi d’Politiker. Während bspw. op tripartite.lu 500 Léit den Dag waaren fir Proposen ofzeginn/zeliesen/zekommentéieren/zebewerten, ass d’Regierung bekanntlech higaang an huet e “Pack” oder “Pisten” oder “Idee’en” zesummegeluecht, déi haaptsächlech géint déi Jonk a géint (jonk) Familjen geriicht sinn. Déi Léit déi also näischt mat dëser Kriis um Hutt hunn.
Gewerkschaften waren roosen, dunn ass der LSAP e besschen den Arsch gaangen, deno soll een “cool bléiwen” well “dat wäert scho klappen” (béid Zitater vum Jean Asselborn). Geschter goung et du schons bei de Grand-Duc mee déi grouss Nouvelle hu mer herno dach eisen belsche Kollegen iwwerloos. Muer dann kritt de Premier Besuch vum Ex-Staatsminister Santer. Ob et dann grad esou flott gett wéi déi läschte Kéier – also vrun 2 Joër – wou de Jacques Santer während kriddelegen Deeg fir d’Regierung geschwaat huet [Video] bléiwt ofzewaarden.

Allgemeng ass de 27. Abrëll een Daag op deem an der Weltgeschicht scho vill geschidd ass:
* Den 27. Abrëll 1773 décidéiert d’britescht Parlament den “Tea Act” unzehuelen;
* Den 27. Abrëll 1909 maachen d’Jonktierken déi éischte Kéier esou richteg op sech opmierksam;
* Den 27. Abrëll 1911 gett décidéiert dass beim “President pro tempore of the United States Senate” muss rotéiert ginn an dass net méi een alleng et dierf esou laang sinn;
* Den 27. Abrëll 1945 gett de Mussolini verhaft;
* Den 27. Abrëll 1972 gewennt den Willy Brandt ganz knapps awer ennert “komeschen” Emstänn e Messtrauensvote am Bundestag;
* Den 27. Abrëll 1974 treppelen 10,000 Léit op Washington DC a fuerderen de Recktrett vum President Nixon;
* Den 27. Abrëll 1994 ginn déi éischt demokratesch Wahlen a Südafrika ofgehaalen bei deenen och “Schwarzer” endlech dierfen wielen;

ajo…
an den 27. Abrëll 1969 décidéieren eis franzéisch Nooperen an engem Referendum, dass sie net mat de geplangten Reformen averstaanen sinn an zwengen domatter den groussen Charles de Gaulle zu séngem Récktrëtt.

Sëcherlech huet keen un dës Saachen geduercht wéi d’Datumer fir d’Tripartite festgeluecht goufen, mee interessant ass et op alle Fall. “Geschicht wiederhellt sech emmer” soen déi eng, “de Mensch léiert emmer bei” soen déi aaner.

Wat mengt dir? Kennt et en Dennschten nach zu enger gudder Eenegung teschend Regierung, Patronat a Gewerkschaften oder net? Packt et d’Regierung Juncker-Asselborn vielleicht ganz knapps wéi deemols den Willy Brandt oder sinn mir Lëtzebuerger awer méi wéi eis franzéisch Nooperen?

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] April 28, 2010 at 6:22 pm | In Gedanken, Innenpolitik, Lëtzebuerg | Leave a Comment Ech haat et jo scho baal virausgesoot a geschter ass et dunn jo och geschidd. Tripartite, e Modell deen vum deemolegen liberalen […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s