Jhust ganz kuerz…
—————————–

Geschter Owend war endlech (!) déi éischt ever TV Debat um britesche Fernseh. An entgéint der Saach déi d’Lëtzebuerger Wort (wéinst der dpa!) haut op hierer 1. Säit stoen huet, gouf et e Gewenner: den Nick Clegg, Chef vun den Liberaldemokraten.

Hien huet den Debat souzesoen mat Liichtegkeet gewonnen gehaat, an eng Emfro ween d’Léit giffen elo (no der 1. Debat) da giffe wielen, weisst, dass d’TV Debatten awer kennen extrem wichteg fir den Ausgang vun de Wahle ginn. Laut enger néier ITV/ComRess Emfro stinn déi Konservativ em den David Cameron, deen beim Debat net gudd ausgesinn huet, op 36% (e Minus vun 3%), direkt hannendrun kommen d’Liberaldemokraten op 35% (e Plus vu ganzer 14%) an d’Labour muss 3% ofginn a léit momentan bei 24%.

Secherlech dierf een elo net schons d’Bengelen bei d’Tromm werfen fir d’Labour, nach dierf een bei de LibDems elo ophaale mat schaffen. 2 Debatten stinn nach um Programm: déi nächst geet iwwert d’International Relatiounen an déi läscht em d’Wirtschaft. Den nächsten Debat dierft demno dann wuel éischter den Tories zegudd kommen, an déi läscht erem den LibDems, soulaang net teschenduerch eppes an der Wirtschaft zum Besseren geschidd, da kann déi läscht Konfrontatioun vun de Spetzekandidaten op der Télé och dem Premier Brown zegudd kommen.

Am Endeffekt bréngt dës Emfro (wann se vun aaneren nach bestätegt gett) vielleicht dann och d’Studenten de 6. Mee grouss eraus. Schliesslech well d’Labour an d’Tories d’Studiengebühr op min. 7,000 Pond/Joër setzen, während d’LibDems verspriechen dës op laang Siicht erem ofzeschaafen.

Egalwéi eent ass jiddefalls secher, d’Wort resp. dpa léit net grad richteg wann sie soen, dass et kee kloëren Gewenner geschter Owend gouf.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

8 Comments

  1. Holà,

    …och jhust ganz kuurz…

    “geet iwwert d’International Relatiounen”

    LibDems woren deemools géint den “Irak-Fiasko”…an déer Richtung (wann se schlau sinn) missten se d’Debatt steieren…

    Den Johnn…oops…Nick…Clegg ass een “duerch&duerch-“-tränkten (an soberen LibDem…dëst Kéier…) Europäer…

    Hasta
    Pancho

    Reply

  2. Hues du d’Debatt gekuckt gehat? Wéi de Nick Clegg ugefaangen huet dovunner ze dreemen e Polizeistad anzeféieren, hätt ech em am Léiwsten direkt eng Kugel duerch de Kapp gejot.

    De Clegg hat och een extrem liicht Spill gëschter. ITV ass lénks. De Brown huet sech vun der éischter Minut un mam Clegg verbünnt an de Cameron stoung eleng do. MÄ déi nächst Debatt ass op Sky One. Déi sinn extrem konservativ. A wéis du och scho soos wäert de Cameron esou e liicht Spill vum Moderator gemaach kréien, ewéi de Brown an de Clegg dës Kéier.

    De Clegg huet ënnert de Studenten awer definitiv Punkte gesammelt gëschter, wann ech mech esou ënner Kolleegen ëmhéieren, an mer déi sëllegen Facebook Profilfotoen “I’m With Nick” sou ukucken.

    Reply

  3. @Pancho
    Jo, mee wann den David Cameron d’EU Kritik schéin verpack kritt dierft hien awer wuel do punkten.

    @Thierry
    Ech hunn se net ganz gekuckt gehaat (eng 40-50 Minutten), well deno de Stream dauernd erem gelueden huet (all 2 Sekonnen(!) – blöd, lues Internetleitungen -.-) Mee ouni dass elo soll all 2 Meter e Polizist stoen, fannen ech awer och, dass et (och wann ech Lëtzebuerg kucken) méi Polizisten muss ginn, déi och besser mussen ausgebild ginn. Dat helleft – wann een bspw. Beispill vun Hull hellt – vill vill méi fir d’Kriminalitéit erofzesetzen wéi d’Kamera’en.

    Oh, den David huet awer och dem “Nick” oft Recht ginn, a pass op min. déi nächst Debatt wäert och esou laafen, well den Cameron an den Gordon Brown jo awer d’Zoustemmung vun de LibDems gäeren hätten. An wann ee wéider Emfroen kuckt ass den David Cameron beim Publikum einfach schons ganz onsymphatesch eriwwer komm. Wann een schon nemmen den Ufank gesäit, wou hien an d’Loft kuckt. :/

    Jo, hues de déi Grupp hei schons gesinn? http://www.facebook.com/group.php?gid=113749985304255&ref=mf

    Mee dass eigentlech elo daat waat ech vrun e puer Méint scho geschriwwe gehaat, wann den Nick Clegg déi éischt Debatt net gewennt ass hien eraus an et ass en 2 Kampf. Elo ass et en 2,5-3 Kampf…

    Reply

  4. Holà,

    @Thierry:

    “Wéi de Nick Clegg ugefaangen huet dovunner ze dreemen e Polizeistad anzeféieren,…”
    &
    “De Clegg huet ënnert de Studenten awer definitiv Punkte gesammelt gëschter,…”

    Ass daat dann net +/- ee “Paradox”…? Soss giff ech mer wiirklech e puer Froen stellen waat am héieren Bildungswiesen am “CCTV-UK” esou leeft…

    Hasta
    Pancho

    Reply

  5. Holà,

    OT (Falls ee sech langweilen sollt…):
    http://www.andybarefoot.com/politics/cameron.php

    Mäi Resultaat…:
    http://www.andybarefoot.com/politics/cameron.php?poster=359740

    “Gröl-héich-100″…

    Hasta
    Pancho

    Reply

  6. @Pancho

    Ass daat dann net +/- ee “Paradox”…? Soss giff ech mer wiirklech e puer Froen stellen waat am héieren Bildungswiesen am “CCTV-UK” esou leeft…

    Net onbedengt. Natiirlech wellen déi Jonk keen Iwwerwaachungsstaat, mee wanns du Student bass, an mat den aktuellen Studiengebühr an der Moyenne eng 30,000 Pond Schold hues no 3 Joër (méi laang gees de vum briteschen Staat och net ennerstetzt) an du hues 2 Parteien (Labour an Conservative) déi soen, dass d’Uni soll minimum duebel esou vill kaschten (am beschten teschend 7,000 an 9,000 Pond/Joër), wéi eng Partei giffs du dann als Student wuel wielen/gudd fannen?

    P.S. Natiirlech ginn et nach aaner Grënn als Jonken fir LibDems zewielen, mee dat ass wuel een, wann net deen Haaptgrond vun villen Studenten hei am UK.

    Reply

  7. … oh an baal vergiess: den David Cameron huet gesoot, dass hien d’Eliteuni’en am UK (Russell Group) well méi (och finanziell gesinn) ennerstetzen wéi déi aaner Uni’en. Dat sinn dann awer nemmen 20 vun méi wéi 110 Uni’en. Wéi een giffs du wielen wanns du Student op enger vun den Net-”Eliteuni’en” bass?

    Reply

  8. Holà,

    Merci fir d’Info…(haat guer kee Bock mer déi annerhallef Stonn “Bla-Bla” unzekucken…)

    “…wéi eng Partei giffs du dann als Student wuel wielen/gudd fannen?”

    Ganz kloer d’Tories…(fir daat de “Schicksal vun…???” duerch eng intern “Sozio-Kulturell-Raffinéierung” vun der hierarchescher Bildungsstruktur an nach manner Hänn gelaangt, an… fir daat de “Ponzi-Schéma” dêst Kéier nët wirtschaftlech, mä sozial-politesch soll ugewandt ginn…ROTFL…)

    Hasta
    Pancho

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s