… leider net dass si sech giffen zréck zéien an Neiwahlen aberuffen;
… leider net dass d’CSV an d’LSAP sech als Partei’en opléisen, well se net wësse wat zemaachen ass [waat se jo vrun de Wahlen gesoot hunn => via];
… leider net dass de Jean-Claude Juncker ophält;
… leider net dass de Luc Frieden erréicht guer net Premier eng Kéier wäert ginn;
… leider NAISCHT SOZIALES!

Wéi op engem Karussell konnt ee während dem Wahlkampf d’Leit vun der LSAP op hirem Site ronderëm dréinen, mä dass siemol kee Joer brauche fir eng 180 Grad Wendung zemaachen hätt och kee geduecht. Vrun, während an no der Kris “géint all Zort vu Sozialofbau” (Mars di Bartolomeo) war bei der Demonstratioun, elo heescht der CSV an dem Jean-Claude Juncker zegefaalen. D’„Verräterpartei” ass och endlech esou richteg zu Lëtzebuerg ukomm. An de gudde Jean-Claude, deen et wuel och dës Kéier erëm wäert fäerdeg bréngen, dass all Kritik un dëser Propose der LSAP zur Schued wäerte kommen oder wann eppes un d’CSV kennt, dann nemmen un de Luc Frieden, huet – an dat behaapten ech elo mol ganz “bold” – eng ganz aaner Saach am Kapp.

Et geet dem Herr Juncker net méi ëm Lëtzebuerg oder dem Lëtzebuerger Bierger. Nee, wéi all “groussen” Politiker, déi an de läschte Joer opgehalen hunn, sicht och hie lo sou lues a lues um Owend vu senger politescher Carrière no Alternativen. E Buch schreiwe mécht jiddereen (hie wahrscheinlech och), mä doriwwer eraus?! Eigentlech sollt et dach ëmmer Europa ginn, eigentlech, mä 2004 hat en d’Chance verpasst an dunn huet sech Europa mat Merkel a Sarkozy a spéider Brown weider staark verännert. 2009 wollt Europa hien dunn definitiv net méi. Ziel fir mat enger grousser Positioun opzehale war dohin, et gëtt also keng à la Blair gemaach, deen alt wéinstens d’UN, d’EU, Russland an d’USA representéiere kann [via] an e Cours op der Yale University nach konnt ginn. A wahrscheinlech huet en dunn un säi gudde Kolleg de Gerhard geduecht. Dono an e Betrib schaffe goen. Iergendeen grousse Betrib an do ganz grouss am Opsichtsroot setzen, sou wéi den Gerhard bei Gazprom [via] oder elo da bei TNK-BP [via] . Villäicht wéilt d’ArcelorMittal de Jean-Claude jo herno, mä well mer nach net wëssen op et dann herno klappt, an e gudden Iesselchen sech nëmmen eng Kéier soll stoussen, si mer emol frëndlech mam ganze Patronat am Land. Et weess ee jo ni a schliisslech hunn déi jo och “Connections” am Ausland a villäicht klappt et jo dann awer nach mat enger décker Plaatz an Europa…

An esou proposéiere mer Mesuren déi extrem géint d’Bierger geriicht sinn, zwar schéi verpaakt dass een et net (direkt) gesäit, mä Haaptsaach d’Regierung hällt zu 100% zum Patronat, déi fir kompetitive ze bléiwen ginn keng Abousse musse maachen. Also:

* keng Gehälterrevisioun beim Staat bis 2014. Dass déi awer schons méi iwwerfälleg ass spillt elo mol keng Roll, och well déi Idee wahrscheinlech vum populisteschen Wahlverspriechen vun der CSV kennt (Ufanksgehälter beim Staat (nach méi) erofsetzen);
* Kannergeld ab 21 ass dann emol fort – an domatter ginn déi Jonk dann och net méi studéieren, mee wee well dat schons? Oh, ehm… jo eigentlech d’Regierung an sie hätten och gäeren dass déi Jonk no hiere Studien dann als gutt ausgebilden Léit erem zreck op Lëtzebuerg kommen. Et ass wuel éischter eng Win-Win Situatioun fir d’Regierung, a Juncker huet alt erem net déi Jonk gewielt. Well dass Kannergeld als Bourse ODER (!) Prêt dann ausbezuelt gett, heescht dass déi Jonk dann hiert Kannergeld (oder wéinstens en Deel dovunner) erem mussen eng Kéier zreckbezuelen. Interessant ass och dass bspw. d’Jumboskaarten fir Studenten dann och ewech faalen, an da muss een déi +/- 500 Euro bezuelen fir e Joër mat Bus/Zuch zefueren. Alt erem ginn Suen aus der Täsch vu jonke Léit gezunn;
* Issen: beim Staat an am Privatsecteur muss den Arbeschter jo net onbedéngt eppes iessen, e ka jo seng 8 Stonnen den Dag roueg riicht duerch schaffen a wann en dann awer mengt e misst onbedéngt eng Paus maachen an eppes iessen: bezuel däin Iesse selwer!;
* Congé parentale kierzen – ween brauch deen da schon?!?;
* Pensiounen loossen mer emol esou sinn wéi se sinn – Gratulatioun wann der eng gudd Pensioun hutt, sollt der eng kléng hunn oder kuerz vrun der Pensioun stoen… ehm… jo gutt Jongen a Meedercher et ass “Kris”;
* Pëtrolspräisser kommen souzesoen aus dem Index eraus, dann ass dee wéinstens net esou oft fälleg, vielleicht da jhust nach all 2 Joer oder esou;
* verschidden Buslinnen ofschaffen déi net benotzt ginn. Dëst ass wuel déi kontraproduktivsten Idee vun allen. Schaffe mer déi Buslinnen of, brauche mer och déi Buschauffeuren net méi (-> Entloosungen), an d’Idee “Mam Vélo op d’Schaff” ass dann och futsch, wann e beemol den effentlechen Transport net méi iwwerall fiert;
* an da setze mer nach soss d’Stéieren all an d’Luucht resp. féieren néi Stéieren an.

… a fir dann villäicht de Leit nach Sand an d’Aen zerstreeën: un de Mindestloun gi mer net, an den Index gëtt och net (direkt an offiziell) ofgeschaaft. Bon, Leit déi nëmmen d’Wort liesen geet dat villäicht duer [via]. An fir sech nach eng Kéier bei de Banken beleift zemaachen ginn “Golden Handshakes” wéider vun der Regierung erlaabt.

Zum Schluss: wou sinn wann ech gliwwt alleguerten déi Leit, déi CSV an LSAP gewielt hunn? Huet der wierklech näischt Soziales an iech oder huet der iech (alt erëm!) vun deene Partei’en an hiren “super” Leit blende gelooss? Vielleicht sinn jo verschiddener an dësem Grupp oder och net.
A fir erem op den Ray Hill vun vrun e puer Wochen zreck zekommen: Educatioun ass wichteg. Och bei de Wahlen- zumools do – well soss mécht een e Kräiz bei Léit, déi net fir een schaffen. D’läscht Joër hunn CSV an LSAP (a vill aaner Partei’en och) gefroot waat déi “Mettelschicht” vun däer DP schwätzt wier. Ech empfehlen also mäi Post hei nach eng Kéier zeliesen.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

7 Comments

  1. Ech sinn wierklech ferme iwwerrascht iwwert dës relativ krass Virschléi … hätt dat lo sou net erwaart. Zumools och net vun der Lasep, mee do gesäit een, dass dei an der Koalitioun wierklech näischt ze mellen huet.

    Si gespaant wéi dat lo weidergeet!

    Reply

  2. Gudden Artikel, sinn och ganz d’accord. Mä éierlech gesoot ech gleewen net, dass eng DP dat besser gemeet hätt, wierklech net.

    Reply

  3. @ elwood
    Naja, kucke mer d’Fakten: wéi d’DP am (a schons wäit vrum) Wahlkampf gesoot huet, dass d’Stéieren mussen erof fir dass d’Kaafkraft erem an d’Luut geet, waat jo der Wirtschaft an der Economie erem giff zegudd kommen (waat jo souguer de Juncker gesoot huet), huet eng CSV (an eng LSAP (a Gréng)) awer behaapt dass een Stéieren misst elo a Kriisenzäiten eropsetzen.
    D’Lëtzebuerger haaten de Choix an hunn jo d’Mesuren vun enger CSV oder enger LSAP am beschte fonnt, an d’Denkwéis vun enger DP als “onsozial” an “falsch” dohinnergestallt.
    Letzebuerg haat de Choix an huet sech fir d’CSV-LSAP Politik entscheed, de Problem an enger Demokratie ass dann leider deen, dass déi aaner Hallschend vun der Bevölkerung och muss drenner leiden. Mee bon, dat ass rem en aaner Thema 😉

    Reply

  4. […] Tripartite(II) – Das Sparprogramm und meine zwei Cents dazu Ein paar wenige Worte zu dem angeblich so drastischen Sparprogramm der Regierung was wohl beschlossen werden wird und anderswo bereits für Aufregung gesorgt hat. […]

    Reply

  5. Op oder net eng DP et an der Koalitioun besser gemeet haett, sief mol dohinner gestallt.

    Op oder net eng DP,LASEP, Lenk oder Greng et OUNI CSV besser geif maachen…do keint een sech jo schon Gedanken maachen.

    Reply

  6. Also eng DP hätt awer wuel vill méi emol bei sech gespuert wéi sie dat zum Beispill jo tip top an der Staat maachen. Erréicht wann een selwer emol bei sech alles gemaach huet, kann een dach erréicht higoen a kredibel sinn, wann een bei déi aaner Léit geet an seet “sorry, (mee och) du muss eis, dem Staat elo hellefen”.

    Dass eng CSV natiirlech do schons den wichtegen Faktor ass stemmt nawell. Mee bon, d’LSAP wollt jo awer och nach onbedengt weider fueren mat den Schwarzen/Orangen, obwuel hier Fuerderungen komplett de Geigendeel vun dem sinn wéi déi vun enger CSV. Dass d’LSAP dann elo dofir och muss bei de Léit Sympathiepunkten abéissen ass kloër. Op et je zu enger LSAP/DP/Gréng Koalitioun kennt, woen ech emmer méi zebezweifelen. Esou laang den Jean Asselborn a séng Frenn do um Rudder sinn, an sie dem Jean-Claude wellen gefaalen an sech dofir verkaafen, wäerten DP an déi Gréng, déi allen 2 fest um Buedem stinn an net wackelen, wuel och keng Koalitioun mat esou engem Partner agoen. Et wäer zeriskant.

    Reply

  7. Zu dengem 1.Abschnitt gin ech der vollkommen Recht. Durfir hun ech jo präziseiert dass OUNI d’Oranje’s een bestemmt besser Propositiounen erwaaden keint, vun eegal weienger Partei.

    Ech muss soen, ech geif gaeren mol en Finanzminister aanerer Faarw gesin, an waat deen eis dann alles z’erzielen hätt…

    Vun der LASEP erwaarde ech mer naischt, dei Roud hun sech selwer duerch hieren Wischi-Waschi-Zick-Zack-Cours op d’Stroofbänk katapulteiert. An ech fannen et armseileg dass den Quasselborn sain Stemmeverloscht op dei Lenk dreckt. Mee do gesait jo och schon aus weiengem Holz deen geschnitzt as. Mat esou engem weilt ech och keng Koalitioun.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s