Eigentlech war en ofgeschloen, de Gordon Brown, du koum eraus dass hien anscheinend soll Matarbeschter an der Downing Street geschloen an gemobbt hunn: bumm… Labour hellt an Emfroen op.
Du fällt Labour erem.
Dunn kennt eraus dass 2 Léit vu Labour sech verkaaf hunn (sie goufen vun engem Fernsehteam erageluecht wéi déi de Politiker hiere Vote wollte “kaafen”). Bumm… Labour hellt erem op, resp. déi aaner Partei’en mussen Plommen loosen.
Ipsos Mori Emfro vun en Dennschten setzt déi Konservativ op 35% (-2) [an domatter den déifste Stand zenter Juli 2007]. De YouGov Daily Tracker huet dann och geschter d’Tories op 36%, Labour op 34% an d’LibDems op 17% gesaat. 2% Virsprong vun den Tories oder an aaneren Wierder – wéinst dem Wahlsystem hei am UK – nach 9 Setz ass Labour erem vrun der absoluter Majoritéit ewech!
Oh… an elo gläich fänken d’Debatten un: als éischt eng Chancellor’s Debate. Wann d’LibDems wirklech wellen e gudd Resultat am Mee, muss déi Debatt op alle Fall haushéich gewonnen ginn. Wann net kennen se definitiv nemmen hoffen, dass et en “hung parliament” gett…
Holà,
…a “boum”…jhust virun de Wahlen ee klénge “Sex-Skandälchen” à la Irvine Laidlaw…a da hunn d’Tories d’Partie gewonn…lol…
Hasta
Pancho