Ech sinn elo jhust vun enger Virliesung vum Ray Hill erem eran. WOW! Also falls irgendeen vu ierch dobaussen irgendwann d’Méiglechkeet huet fir op eng Virliesung vum Ray Hill zegoen, huelt se!

De Ray Hill war e groussen Mann vun der riets-extremistescher Szene, mee huet -och dank sénger Fra wéi hien gesoot huet- erkannt, waat do genee leeft. Zanterhier probéiert hien d’Léit iwwert d’BNP opzeklären. Mee net nemmen dat a séngem Virtrag huet hien probéiert de Léit den déifgräifenden Problem z’erklären, firwaat et iwwerhaapt esou eng Philosophie gett, waat se um Liewen hällt, a firwaat dass et wichteg ass emmer, emmer drop “stoen” zebléiwen fir dass sech déi Ideologie net erem staark ausbreet. Mee wann der eng Kéier sollt déi Chance hunn bei esou engem Virtrag dobäi zesinn, méngt net, dass et eng “langweileg, roueg a calme” Diskussioun wäert sinn. De Ray Hill kämpft mat Herz a Séil an huet och kee Problem séngen Noolauschterer hier Schwächten an Onkenntnisser knadenlos opzeweisen. Dëst huet dozou gefouert, dass de ganzen Salle, gefellt bis op déi läscht Plaatz, d’Hänn an d’Ärm vrun de Kierper geluecht hunn an vereenzelt Studenten hier Mapen op de Schouss geholl a festugehaalen hunn. Teschenduerch lockert den Ray Hill d’Saach mat Witz an méi leschtegen Annektoden op. Um Enn huet hien versprach esou laang hien nach giff liewen, giff hien hellefen de Léit, de jonken Léit géint de Faschismus zekämpfen. Et wäer een am Moment an enger ganz schlemmer Laach wou Léit Politiker wielen, déi déi nämlecht Ideologien hunn, wéi déi déi hier Grousselteren embruecht hunn. Momentan misst een senger Meenung no e.a. bei d’„Arbeschterklasse” goen an hinnen erklären fir waat déi Léit stinn, vielleicht giff eng Kéier – och wann hien et net giff hoffen – de Moment kommen wou een muss Gewalt uwenden. Et muss een “united” un däer Front sinn. Eent huet mer deen Owend hei och gewissen: fir e System kléng zekréien brauch e Léit déi am System waren an de System kennen. Dat ass net nemmen eng schéi Story an villen Hollywood Filmer, mee och esou am richtegen Liewen…

—————-
An well et heibäi passt. Ech haat mer fir e vu mengen Essay’en dëst Semester déi aktuell britesch Politik fir Asylbewerker a Flüchtlingen erausgesicht. Et gett jo alt gäeren um Stammdesch behaapt, dass de UK e “soft touch” wier waat déi Politik ubelaangt, ma weit gefeelt. Hei nemmen e puer Saachen déi ech hu misste feststellen:

– am Ufank vum Afghanistan Krich goufen nemmen 5% vun Demanden vun afghaneschen Léit ugeholl [vill manner wéi bspw. Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg];
– 2003 beim Irak Krich war et eigentlech zimlech nämlecht;
– dann muss een sech och direkt beim Home Office mellen wann een an d’Land kennt, a schons eng gudd Erklärung ofginn firwaat dass een iwwerhaapt do ass. Wat als “gudd Erklärung” gelt gett net preziséiert;
– sollt een en “sechert” Land schon besicht hunn op sénger Flucht, wou d’Méiglechkeet bestaanen hätt, dass e giff Asyl kréien, gett een am UK direkt ofgeléent an et muss een d’Land erem verloosen;
– sou laang een drop waart op een elo ugeholl gett an am UK dierf bléiwen kann een zu jidder Zäit an déi sougenannten “Immigration Removal Centres” deportéiert ginn (witzeg ass dat Wuert “Removal” obwuel den Applicatiounsprozess nach leeft);
– jo och Kanner kennen (a ginn) déportéiert souguer heiandsdo an den Heichsecherheetsauto’en vun der Police mat de schéinen Gitteren;
– de Ministère behaapt zwar dass et an de Centre eng Schoul gett, mee eigentlech ginn et nemmen 2 Klassesalle, an et muss een och net dohinner goen, d’Deeg sinn zelaang an de Stoff zeliicht. En plus ass den “Schoulhaff” ronderem mat héiche Maueren zougebaut;
– nogewissen ass dann och dass d’Kanner an dësen Centre’en kennen mental krank ginn;
– d’Kanner hunn net déi nämlecht Kannerrechter wéi déi britesch Kanner, obschons de UK d’1989 Conventioun ennerschriwwen huet. Mee sie waren “clever” an hunn nemmen ennerschriwwen, wann dat net fir Flüchtlingen an Asylbewerber am UK gelt;
– Suen kréien déi Léit eigentlech och keng (10 Pond op de Kapp/Woch) vum Staat, dann nach (je no Alter – max. 56 Pond/Woch) Vouchers, déi se dann an de Supermarché’en mussen ofginn. Dem Supermarché ass net erlaabt hinnen Geld erem zeginn, wann bspw. sie e Voucher vun 20 Pond benotzen an nemmen fir 18 Pond kaafen;
– de Staat ass laut Gesetz net obligéiert fir de Léit iwwerhaapt Suen zeginn, mee “huet dat Recht” fir sou grousszügeg zesinn;
– de Staat gett den “Asylbewerber” eng Wunneng, mee decidéiert dat ouni iwwerhaapt eng Recksproch mat der Persoun/Famill zemaan, an esou gi vill Léit an zum Deel extrem krass “Neighbourhoods” gescheckt
– Eng Famill muss och bereed sinn sech en 1 Zemmer Flat zedeelen;
– Sollt d’Applicatioun ugeholl ginn, hunn d’Léit ganzer 14 Deeg Zäit aus hierer Wunneng erauszegoen an eng néi Wunneng zefannen. Problem: Sie hu baal keng Suen also bléiwt ganz oft nemmen d’Stroos;
– verschidden Traitementer kennen vun engem Dokter gratis gemaach ginn, wichteg ass dass HIV net op der Lescht steet;
– Schwanger Fraen, déi a Behandlung bei engem briteschen Dokter waaren direkt nodeems sie an d’Land komm sinn an d’Ufro fir Asyl zekréien nach gelaaf ass, kennen wéider Behandlungen vun hierem Dokter refuséiert kréien wann hier Ufro vum Staat ofgeleent gett;
– Sollt een vergewaltegt oder soss irgendwéi gefoltert gi sinn, muss een en entspriechenden onofhängegen Rapport opbréngen. Problem: 1) “opbréngen” also d’Persoun selwer muss sech dohannert setzen, och wann sie beispillsweis déi englesch Sproch net kann (gudd) schwätzen; 2) et setzt viraus dass all Form vun Folter nogewisse ka ginn, waat awer net de Fall ass;

Et ass also net wéi wann een einfach esou kéinnt an de UK kommen an een eng schéi Wunneng kritt an alles. Mee well ech selwer esou krass iwwerascht war iwwert dat alles wat ech fonnt hunn, well ech och selwer ‘domm a blöd’ genuch war fir déi “soft touch” Theorie einfach esou zeglewen, huet mer alt erem gewissen, waat den Ray Hill haut gesoot huet: Edukatioun ass wichteg. Extrem wichteg.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

3 Comments

  1. Holà,

    Extrait äus dem “Torygraph”…(2002)

    “Last week, new UN figures confirmed that Britain was now far and away the most attractive destination for asylum seekers in the western world. Another study by the Migration Watch think-tank for the home affairs select committee has shown that the vast majority of failed asylum applicants remain in the country.

    One reason why Britain is a magnet to economic migrants is the knowledge among asylum seekers that if they can get into the country they are unlikely to be removed.”

    http://www.telegraph.co.uk/news/uknews/1407330/Refugees-can-stay-on-if-they-avoid-ejection-long-enough.html

    Hasta
    Pancho

    Reply

  2. Jo deen Artikel aus däer “Zeitung” haat ech och gelies gehaat. Mee bon “economic migrants” geet schon e besschen an eng aaner Richtung. Schliesslech well (baal) all Staat däer – soulaang et engem gudd geet. Mee trotzdem ass den UK definitiv keen “soft touch.”
    D’Saach mat de Sham Marriages (agefouert vum Jack Straw) ass och “flott”: http://www.independent.co.uk/news/uk/crime/home-office-sham-marriage-policy-breaches-couples-rights-court-rules-473664.html

    Reply

  3. Holà,

    Brown-bashing-spektakel by the Tor-(eador)-ies…

    “After 13 years of an open door immigration policy Gordon Brown now admits we need controls.”

    http://news.bbc.co.uk/2/hi/uk_news/politics/8590248.stm

    Hasta
    Pancho

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s