Zenter 13 Auer (ET) setzt den US Congress elo zesummen fir an e puer Minutten iwwert d’Health Care Reform ofzestemmen. Verstidd mech net falsch, ech si fir eng Gesondheetsreform, mee dat waat d’Obama Regierung an de läschten Deeg a Wochen gemaach resp. net gemaach huet ass fatal.
Während de President Obama sech am Januar a Februar nach als “bipartisan” President gewissen huet, an deems hien e.a. bei d’Repubikaner gaangen ass fir eng Question/Answer Sessioun, esou ass hien an d’Demokraten erem fest op hier Platz gaangen. Proposéiert Amendments vu Republikaner -bspw. wéider Hellef fir Medicare an Medicaid – goufen praktesch alleguerten vun den Demokraten ofgeléent an ignoréiert, an esouguer e Verspriechen waat den President Obama vrun der Joint Session vum US Congress gemaach huet, gouf wéi verschidden Republikaner haut rem gesoot hunn, net agehaalen.
Health care: jo, mee w.e.g. soll d’USA dach dat bléiwen, waat dem Barack Obama säin Idol de President Lincoln emol gesoot huet: “a government of the people, by the people and for the people shall not perish from the Earth” An esouguer den Obama selwer huet an der Wahlnuecht gesoot zu deenen Léit, déi net fir hien gestemmt hunn: “I hear your voices.” Et schéngt wéi wann dat an de läschten Wochen a Méint net de Fall war an et wäer wuel och net esou schlemm gewierscht wann den President an Regiounen gaangen wier déi grouss géint hien gewielt hunn, fir mat deenen Léit dësen Project zediskutéieren, am Plaatz gréisstendeels Regiounen zebesichen déi “Obamaland” waaren/sinn.
Et hätt wuel vill gehollef wann den Teddy Kennedy nach um Liewen wier. Hien war een, deen wousst wéini dass et un der Zäit war fir d’Hand auszestrecken an e “bipartisan vote” zekréien an dat hätt den Demokraten nawell gudd gedoen.
Mee net nemmen Republikaner hu Problemer mat dësem Gesetz, Demokraten sinn (nach emmer) net all dofir. Wéi den Rep. Tanner (8ten District vun Tennessee) soot:
I am unconvinced that the long-term trend of rising health care costs is adequately addressed.
Interessant ass och folgend Emfro vun Wall Street Journal an NBC News (!!):
* un “registered Republicans”
„Stemmt dir fir äeren Representative am November wann dësen haut mat den Demokraten fir dëse Project stemmt?”
Jo: 28 %
Nee: 36 %
Onsecher: 34 %
* registered Democrats
“Stemmt dir fir äeren Representative am November wann dësen haut mat den Republikaner stemmt fir dëse Project “zekillen”?”
Jo: 31%
Nee: 34%
Onsecher: 34%
With that in mind, a fir mat de Wierder vum Rep. Tanner opzehaalen:
There is no question our health care system needs reform. … For these improvements, I commend the White House and House leaders for bringing this bill toward the center, where the vast majority of Americans find themselves aligned ideologically.
Update (21.03.2010 – 22:32 Auer GMT): Nach e puer Minutten ier et bei de groussen Vote kennt an et wäert ewuel duergoen fir de Project duerch zekréien. Wéi den John King (CNN) och grad getwittert huet: “house dems pass rule for hcare debate, which means they have votes to pass the landmark bill. whatever your view of the bill, a big day.” Dozou ass och näischt beizefügen ^^
Update 2 (22.03.2010 – 2:30 Auer GMT): No enger interessanter Debatt mat zum Deel ganz gudden Argumenter vu béiden Säiten Republikaner an Demokraten, gett et lo wichteg. Oder soe mer esou, elo gett dat Inoffiziellt offiziell gemaach, mee dësen Dag wäert nach net d’Enn an dëser Debatt iwwert d’Gesondheetsreform sinn. 34 Governors hu sech schons géint dëse Bill ausgeschwaat hunn. “It goes on and on and on…” ^^
1. Jo, mee duerch d’Contraceptioun hues de et awer verhënnert, dass eng potentiell Persoun X enstoen konnt. Déi sou wuel NIE méi d’Chance huet wärten geuer ze ginn. Wann dat keen Problem ass firwat ass et dann dat anert? Wéinst der ‘Séil’ … ? Mee wat ass eng Séil dann?
2. Et wier interessant ze wëssen firwat se esou laang gewaart hunn?
3. Nee, hu keng genau Etude. Hat awer mol eppes driwwer gelies. En plus schéngt et jo och relativ einleuchtend.
4. Den Réckgang huet awer och mat der Ofdréiwung ze dinn. Manner ongewollten Kanner an souwiesou schon sozial-schwieregen Familjen.
5. Ech sinn absolut der Meenung, dass dat d’Entscheedung vun den Elteren soll sinn. Ech kennen Familjen mat schwéier handikapéierten Kanner (also därer déi alleng guer net eens ginn an net iwwerliewen kéinten) an dat ass net evident. Perséinlech wéilt ech och zb keen Down Syndrome Kand.
6. Wéi ‘virdrun’? Virun der 12. Woch oder wéi mengs de dat?
7. Befruchten Zellen kann een déi éischt X Deeg, zb no enger künstlecher Befruchtung, afréieren an duerno nees opdéeën an d’Zellen wuessen dann weider zu engem Fötus etc. Wann dat also schon mënschlecht Liewen wier, da giff dat heeschen, dass een e Mënsch afréieren an nees opdéeën kéint. Wat jo awer bei ‘richtegen’ Mënschen definitiv net de Fall ass. Also besteet jo en Ennerscheed an wat déi puer Zellen zu deem Zäitpunkt sinn. Empfannen kënnen se jo och näischt.
8. Wann also Ofdréiwung no der 12. Woch Mord ass, wéi sollen dann suwuel déi Fraen, déi ofdréiwen loossen wéi och déi entspriechend Dokteren behandelt ginn? Et sinn jo dann Märder, richteg?
9. Dat ass awer mol eng gewooten These … En plus ass eng Ofdréiwung jo keng immens agreabel Interventioun (ass jo ëmmerhin och eng medizinesch Interventioun!), firwat sollten d’Meedercher/Fraen also déi amplaz vun der Pëll wielen??
“I am pro-choice, I just hope the choice is pro-life.”
ad 1) Di Selver-Ooflaafend Dominosténg-Kett ze ennerbrierchen ass eppes aanescht wi d’Dominosténg ereischt guer net opezebauen. Bei dem Argument gett Méiglechkeet mat Verwierklechung gläichgesaat, waat awer wuerl kaum de Fall ass. Den entstehenden Fötus dogéit huert Potential, daat selver oofleevt, de Schrett vun der Idee, der Méiglechkeet zum tatsächlechen “Do-Sinn” ass vollzunn.
ad 4) Wann ech daat richteg gesinn, wor et 1973, datt d’USA Oofdreiwung erlaabt huert. Insgesamt wor daat eng Zäit vun der gesellschaftlecher Öffnung. D’Oofdreiwung an de Réckgang vun der Kriminalitéit sinn beides eischter Follegen vun deser neier Géneratioun an dem néien “Spirit” ouni noutwenneg kausal Relatioun zueneen.
Et ass een Thema, op d’Gesellschaft fir d’Dommeet vun verschiddenen Leit bezuerle soll, wou kéng médizinneg oder soss Problémer firléien, mä nemmen d’Dommeet vun de Betraffenen net opzepassen. Do ginn ech den Géigner vun dem Punkt recht.
De Problem bei der Diskussioun ass och, datt vill Pro-Lifer den Androck vun enger Trivialiséierung erwecken, psychesch an kirperlech Follegen ginn niervebäi erwähnt, awer soss ass alles supi.
JayJay:
1. D’Resultat ass awer dat selwecht: du verhënners dass eng Persoun X gebuer gët.
4. Et giff Argumenter dofir an dogéint. Schéngt wuel net méiglech ze sinn eng geséchert Ausso ze maachen.
Thema ass net nëmmen op d’Dommheet vun de Läit beschränkt. Et ginn jo och Fraen ofdréiwen wëllen well se virdrun vergewaltegt ginn.
An, selon dir, ass dann Ofdréiwung lo Mord oder net?
JayJay:
> De Problem bei der Diskussioun ass och, datt vill Pro-Lifer den Androck vun enger Trivialiséierung erwecken
Du mengs wuel Pro-Choicer?
1) Um Enn si mer eh all dout, firwaat net einfach d’Erd an d’Luucht sprengen? Ob ech elo schaffe ginn oder engem einfach dee nämmleche Betrag klauen, ass och daat nämmlecht Résultat, mä doremms geet et jo grad net.
Mat Contraceptioun verhennert een d’Entstoen, mat Oofdreiwung ennerbrecht een eppes Bestoendes. Daat ass dach een enormen Ennerscheed. D’Résultat ass och net daat nämmlecht, well et een Agreff un eppes Bestehendem durstellt (souvuerl Mamm/Papp als och vum potentiellen Kand) waat bei der simpler Verhütung eben grad net do ass. Daat Argument gräift net, well d’Net-Dosinn mat Dosinn gläich gesaat gett.
Vergewaltegungen an geplatze Kondomer, och schwéier behennert Kanner an Gefohr fir d’Lierwe vun der Mamm an ähnleches fahlen enner “médizinneg oder soss Problémer”.
Jo genee, Pro-Choicer, merci. Pro-Lifer sinn och heiansto dernierwend, wa se mat “Séil” oder ähnlechem argumentéieren.
JJ:
> Um Enn si mer eh all dout, firwaat net einfach d’Erd an d’Luucht sprengen?
Gutt Fro.
> Mat Contraceptioun verhennert een d’Entstoen, mat Oofdreiwung ennerbrecht een eppes Bestoendes. Daat ass dach een enormen Ennerscheed.
Dat ass awer just e qualitativen, net en quantitativen Ennerscheed.
Wann e Mënsch net gebuer gët, so what? Wat een net kennt, kann een net vermëssen. A wann gewëss Situatiounen sou sinn, dass et fir déi Mënschen, déi schon liewen besser ass, dass ofgedriwwen gët, da soll ofgedriwwen ginn. Wann déi Läit, déi et betrëfft, dat esou empfannen.
An nee, e Fötus ass nach keng Persoun.
An elo nach eng Kéier: selon dir, ass dann Ofdréiwung lo Mord oder net?
Neen, e Fötus ass nach keng Persoun, awer eng potential Persoun, déi eegestänneg de Wee zur Persoun oofleeft, wou extra Aktioune musse gamaa ginn, fir et wech ze maan.
> Dat ass awer just e qualitativen, net en quantitativen Ennerscheed.
“just”? Ben, egal wéi een dozou steet a wou een seng Prioritéite setzt, et ass awer een Ennerscheed. Teschend “Näischt” an “Eppes” ass awer schonns een quantitativen Ennerscheed. De Qualitativen ass teschend dem verwierklechbaren Dosinn an senger Vollendung.
> Wann e Mënsch net gebuer gët, so what? Wat een net kennt, kann een net vermëssen.
Am Géigesaatz zur Verhütung gett awer eppes selver Ooflaafendes an Entstehendes beseitegt, waat d’Potential huert wi ech an du ze ginn.
> Wann déi Läit, déi et betrëfft, dat esou empfannen.
“Empfannen” ass een enorm schlechte Ratgeber fir ethesch Froen.
> selon dir, ass dann Ofdréiwung lo Mord oder net?
Vue que datt een Ongeburend di eischt Wochen net fill spiert oder iwwerhaapt vun der Welt mierkt, géng ech net vu “Mord” schwätzen. Et ass awer eng moralesch Fro, di ech jidderengem selver well a muss iwwerlooßen. Fir mech ass een liichtfärdegt Emgoen mam Thema definitiv onmoralesch. Ech sinn trotzdem fir d’Dépenaliséierung, awer gläichzäiteg géint d’Zeien op een Smarties-Trallalla-Niveau.
JJ:
> Neen, e Fötus ass nach keng Persoun, awer eng potential Persoun, déi eegestänneg de Wee zur Persoun oofleeft, wou extra Aktioune musse gamaa ginn, fir et wech ze maan.
Richteg.
An duerch Kontrazeptioun verhënners du dass eng potentiell Persoun eegenstänneg de Wee zur Persoun duerchlafen kann. Sou gët och potentiellen Läit d’Chance op e Liewen geholl! Wann dat eent sou schrecklech ass, firwat dann dat aner net?
> Am Géigesaatz zur Verhütung gett awer eppes selver Ooflaafendes an Entstehendes beseitegt, waat d’Potential huert wi ech an du ze ginn.
So what?
> Vue que datt een Ongeburend di eischt Wochen net fill spiert oder iwwerhaapt vun der Welt mierkt, géng ech net vu “Mord” schwätzen.
Also déi éischt Wochen keen Mord. An duerno? Wéini gët Ofdréiwung Mord?
> Et ass awer eng moralesch Fro, di ech jidderengem selver well a muss iwwerlooßen.
A firwat ass et moralesch falsch a gewëssen Fäll ofzedréiwen?
> Ech sinn trotzdem fir d’Dépenaliséierung
An egal wat fir enger Woch?
> An duerch Kontrazeptioun verhënners du dass eng
> potentiell Persoun eegenstänneg de Wee zur Persoun
> duerchlafen kann.
Eben grad net, Potential huert nemme Bestoendes, du schwätz vum Net-Bestoendem cf. uerwen, den Ennerscheed hunn ech genuch erklärt. Verstoen mussen d’Lierser scho selver.
> So what?
cf. uerwen…
> A firwat ass et moralesch falsch a gewëssen Fäll ofzedréiwen?
cf. uerwen… … . … ….
> An duerno? Wéini gët Ofdréiwung Mord?
Daat soll jiddereen fir sech entscheeden, di 12 Wochen fannen ech een anstännegen Kompromiss fir d’Legislatur. Daat sinn emmerhin 3 Méint, wou sech di betreffend Persounen mindestens 2 Méint schonns am Klore misste sinn, wou se hin tendéieren.
> An egal wat fir enger Woch?
Fir di rechtlech Säit muss e Kompromiss fonnd ginn, daat ass net méng Aufgab, woubäi, wi gesoot, di 12 Wochen fir een anstännegen Kompromisshaalen. Ech kann nemme fir mech entscheeden a wann de Fall sollt antreffen, hunn ech meng Iwwerzeegungen, di ech an d’Diskussioun kann erabréngen.
JJ:
> Eben grad net, Potential huert nemme Bestoendes, du schwätz vum Net-Bestoendem cf. uerwen, den Ennerscheed hunn ech genuch erklärt.
Et besteet eng Eezell an et besteet en Sperma. Duerch Kontrazeptioun hënners du déi zwee drun sech ze fannen an sou zu engem neien Mënsch ze ginn.
> Daat soll jiddereen fir sech entscheeden, di 12 Wochen fannen ech een anstännegen Kompromiss fir d’Legislatur. Daat sinn emmerhin 3 Méint, wou sech di betreffend Persounen mindestens 2 Méint schonns am Klore misste sinn, wou se hin tendéieren.
Also ab 3 Méint soll Ofdréiwung mat Mord gläichgesat ginn?
> Ech kann nemme fir mech entscheeden a wann de Fall sollt antreffen, hunn ech meng Iwwerzeegungen, di ech an d’Diskussioun kann erabréngen.
Ech froen jo och DECH: ass Ofdréiwung ab der 12ter Woch DENGER Meenung no Mord?