Zenter 13 Auer (ET) setzt den US Congress elo zesummen fir an e puer Minutten iwwert d’Health Care Reform ofzestemmen. Verstidd mech net falsch, ech si fir eng Gesondheetsreform, mee dat waat d’Obama Regierung an de läschten Deeg a Wochen gemaach resp. net gemaach huet ass fatal.
Während de President Obama sech am Januar a Februar nach als “bipartisan” President gewissen huet, an deems hien e.a. bei d’Repubikaner gaangen ass fir eng Question/Answer Sessioun, esou ass hien an d’Demokraten erem fest op hier Platz gaangen. Proposéiert Amendments vu Republikaner -bspw. wéider Hellef fir Medicare an Medicaid – goufen praktesch alleguerten vun den Demokraten ofgeléent an ignoréiert, an esouguer e Verspriechen waat den President Obama vrun der Joint Session vum US Congress gemaach huet, gouf wéi verschidden Republikaner haut rem gesoot hunn, net agehaalen.

Health care: jo, mee w.e.g. soll d’USA dach dat bléiwen, waat dem Barack Obama säin Idol de President Lincoln emol gesoot huet: “a government of the people, by the people and for the people shall not perish from the Earth” An esouguer den Obama selwer huet an der Wahlnuecht gesoot zu deenen Léit, déi net fir hien gestemmt hunn: “I hear your voices.” Et schéngt wéi wann dat an de läschten Wochen a Méint net de Fall war an et wäer wuel och net esou schlemm gewierscht wann den President an Regiounen gaangen wier déi grouss géint hien gewielt hunn, fir mat deenen Léit dësen Project zediskutéieren, am Plaatz gréisstendeels Regiounen zebesichen déi “Obamaland” waaren/sinn.

Et hätt wuel vill gehollef wann den Teddy Kennedy nach um Liewen wier. Hien war een, deen wousst wéini dass et un der Zäit war fir d’Hand auszestrecken an e “bipartisan vote” zekréien an dat hätt den Demokraten nawell gudd gedoen.

Mee net nemmen Republikaner hu Problemer mat dësem Gesetz, Demokraten sinn (nach emmer) net all dofir. Wéi den Rep. Tanner (8ten District vun Tennessee) soot:

I am unconvinced that the long-term trend of rising health care costs is adequately addressed.

Interessant ass och folgend Emfro vun Wall Street Journal an NBC News (!!):
* un “registered Republicans”
„Stemmt dir fir äeren Representative am November wann dësen haut mat den Demokraten fir dëse Project stemmt?”
Jo: 28 %
Nee: 36 %
Onsecher: 34 %

* registered Democrats
“Stemmt dir fir äeren Representative am November wann dësen haut mat den Republikaner stemmt fir dëse Project “zekillen”?”
Jo: 31%
Nee: 34%
Onsecher: 34%

With that in mind, a fir mat de Wierder vum Rep. Tanner opzehaalen:

There is no question our health care system needs reform. … For these improvements, I commend the White House and House leaders for bringing this bill toward the center, where the vast majority of Americans find themselves aligned ideologically.

Update (21.03.2010 – 22:32 Auer GMT): Nach e puer Minutten ier et bei de groussen Vote kennt an et wäert ewuel duergoen fir de Project duerch zekréien. Wéi den John King (CNN) och grad getwittert huet: “house dems pass rule for hcare debate, which means they have votes to pass the landmark bill. whatever your view of the bill, a big day.” Dozou ass och näischt beizefügen ^^

Update 2 (22.03.2010 – 2:30 Auer GMT): No enger interessanter Debatt mat zum Deel ganz gudden Argumenter vu béiden Säiten Republikaner an Demokraten, gett et lo wichteg. Oder soe mer esou, elo gett dat Inoffiziellt offiziell gemaach, mee dësen Dag wäert nach net d’Enn an dëser Debatt iwwert d’Gesondheetsreform sinn. 34 Governors hu sech schons géint dëse Bill ausgeschwaat hunn. “It goes on and on and on…” ^^

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

35 Comments

  1. Bi-Partisanship ass mat den aktuellen Republikaner net dran well sie hunn nëmmen een Ziel: den Obama zu Fall ze bréngen. Koste es, was es wolle …

    An dat Gesetz duerchzebréngen ass dat Bescht, wat d’Demokraten konnten maachen fir am November net ënner ze goen.

    Reply

  2. Do sinn ech awer net domat averstaanen. Hues du déi Sessioun mam den Republikaner aus dem Congress gesinn? (hei)
    Wann sie wirklech nemmen den Obama zu Fall bréngen wellen, hätten sie do déi grouss Chance gehaat. Mee nee, et war e gudd Gespréich mat konstruktiver Kritik zum Health Care Project. Natiirlech ginn et Republikaner déi gesoot hunn, dass dat do dem Obama säin “Watergate” kéinnt ginn. Mee fir sie elo all an een Deppen zepuchen ass menger Meenung no net richteg. Fir dann eng Szene aus “West Wing” opzegräifen: They are patriots. (hei – muss d’Saach jhust emdréien)
    Wann ee stur op sénger Parteiligne bléiwt, kennt een net wéider. Republikaner an Demokraten setzen do well se de Mandat vum Bierger kritt hunn, an dann soll och probéiert ginn fir dass op mannst op all Stemm gelauschtert gett. Mee bon, um Enn ass en demokrateschen Vote geholl ginn, et war e “bipartisan” Vote géint d’Gesetz mee eng Majoritéit dofir, an da muss een dat dann och wuel sou akzeptéieren.

    Bon, ech wees net. An d’Emfro wéisst et jo och eigentlech dass do (momentan) näischt virauszesoen ass. Zum Deel och well vill Independents an Moderates net mam Oflaaf vun de läschte Wochen – a Méint – zefridden sinn. An et sinn déi déi d’Saach bei de Wahlen entscheeden. Secherlech ass dee positiven Vote besser wéi en negativen (virausgesaat et kennt lo net eraus dass d’Gesetz géint Verfassung verstéisst), mee op et e “Game Changer” ass? Mol kucken… 🙂

    Reply

  3. Bei der Session (Video) huet den Obama mol e puer Saachen riicht geréckelt. Déi Session woer en Win fir hien an e Fail fir d’Republikaner well den Obama e gudden Deel vun hieren Lijen adresséiert huet.

    A kanns du een Beispill ginn, wou d’Republikaner wierklech bipartisan wollten sinn? Wou sie och nëmmen e bëssen gudden Wëllen gewiesen hunn?

    D’Republikaner setzen wéi keen aneren op hieren (an der Tëschenzäit oft extremer) Linn, mat, ech bleiwen dobäi, dem eenzegen But fir dem Obama an den Demokraten ze schueden. En plus huet bei den Republikaner an der Tëschenzäit haaptsächlech den ‘fringen’ Bord d’Soen: radikal Teabagger, Rush Limbaugh, Glenn Beck, etc. Do ass dach keen mei doheem.

    D’Demokraten hunn dat eenzegt richteg gemaach an dat Gesetz duerchgepusht. Wann de Stëps sech nees geluegt huet, wäerten déi meescht Amerikaner frou sinn, dass et sou gaangen ass.

    Deemools beim Obhiewen vun der Rassentrennung, der Introduktioun vun der Social Security etc woer jo och ëmmer Radau virdrun.

    En plus woer et eng extrem lächerlechen Versuch vun konservativen/ultrareligéisen Demokraten déi Reform wéinst der Saach mat der Ofdréiwung zum Kippen ze bréngen.

    Reply

  4. Jo, stemmt. Mee wann et esou e “Win” fir den Obama war wéist du behaaps, firwaat gouf dann direkt deno gesoot, dass dat eng eemoleg Saach war an dass een dat net méi kéinnt widderhuelen?

    Sie hunn jo bspw. hier Ideen a Propositiounen dem Obama iwwereescht gehaat. Och wann et extrem laang gedauert huet ier d’„Party of No” eppes op d’Been bruecht huet. 😉 Mee deng Fro kann een och aanescht stellen: wéivill hunn d’Demokraten dann d’Hand ausgestreckt gehaat? Wéi ech schons eng Kéier gesoot hunn, vill Meetings waaren hannert zouenen Dieren (an domatter ass e grousst Verspriechen vum Obama gebrach ginn) mat de “Liberals.” Firwaat gouf net vun Ufank un och Republikaner (an d’amerikanesch Bevölkerung) do “agelueden”? It works both ways 😉

    Jo ok, den Sen. Scott Brown ass awer e ganz interessanten Mann. Och wann ech net glewen/hoffen dass hien 2012 an d’Rennen geet, mee dee Kärel huet e gewessenen Charisma an e sprecht vill Independents an Moderates un, well en sech (jiddefalls bis elo) als ee vun der Mett wéisst.
    An dat stemmt net ganz, beim éischten Vote zum Beispill huet e.a. den Dennis Kucinich vun Ohio dogéint gestemmt, waat keen konservativen Demkrat ass mee e ganz groussen “Liberal”. An d’„anti-abortion Democrats” hu jo zesummen mam Rep. Stupak (D) kuerz virdrun décidéiert *fir* d’Gesetz zestemmen, nodeems sie vum President en “Executive Order” versprach kritt hunn. An ech wees net op dat Ganzt esou séier “verflitt”, mat deem Gesetz huet de Staat 1/6 vun der Economie “iwwerholl” an engem Land waat op Fräiheet vun “the People” baséiert ass. Sou man wéi méiglech staatlech Interventiounen an d’Economie an an d’Liewen vum eenzelnen. Dass jo scho krass, dass souguer vun deenen Léit, deenen et wuel am meeschten helleft (“lower class”), vill glewen, dass dat Gesetz hinnen an dem Land am Endeffekt Schued. (Zwar keng Majoritéit, mee mat 29% huet baal all 3ten déi Meenung)

    Reply

  5. En plus fannen ech “Ofdréiwung” keng “lächerlech” Saach, mee dat ass eng aaner Diskussioun…

    Reply

  6. Just séier: Ofdréiwungen sinn net lächerlech, mee eng Gesondheetsreform just weinst dem Thema wëllen platzen ze loossen ass lächerlech. Dat ass just en Aspekt vun ganz villen.
    An ech sinn definitiv pro-choice. Du magst dat anescht gesinn, nujee.

    Reply

  7. Ech gesinn 🙂 mee firwaat mengs du dass ech dat net wier?
    Ok, ech sinn et och net, net zu 100% jiddefalls. Ech kann natiirlech net higoen an als Mann elo soen: “Du, Fra, dierfs nemmen dat an dat an dat maachen”, dowéinst hunn ech bspw. e Problem mat staarken männlechen pro-lifeSupporter. Eng Fra muss kennen décidéieren wat mat hierem Kierper geschidd. Do sinn ech total averstaanen.
    Wa mer awer emol kucken: vrun der Gebuert gett d’Liewen vum Kand beaflosst duerch dat waat d’Mamm esst/drenkt/lauschtert etc. waat jo alles medezinesch nogewisse ginn ass. Also kann een bspw. net soen dass fir d’Kand erréicht mat der Gebuert wichteg Saachen a séngem Liewen geschéien, resp. schlecht Saachen kennen Influenz op d’Liewen hunn. De Staat huet d’Pflicht e Liewen zebeschützen an zumools wéi an der Declaration of Independence steet: “that they are endowed by their Creator with certain unalienable Rights that among these are Life, Liberty and the pursuit of Happyness.”

    D’Fro déi sech eben stellt am Kärr vun der Debatt: Wéini fänkt e Liewen un? Fir mech fänkt et schon alleng wéinst den uewen genannten Saachen, net erréicht mat der Gebuert un. Ab dem 22. Daag schléit e wéidert Häerz an enger schwangerer Fra, ab der 8. Woch bilden sech Nervenzellen am Gehier, ab der 9. Woch beweegt “et” sech, ab der 12. Woch huet “et” eng “menschlech Form” ugeholl an d’Geschlecht ass erkennbar.
    Irgendwou do doteschent fänkt menger Meenung no d’Liewen vun engem Mensch un (an dofir fannen ech bspw. en “Ofbroch” no der 12. Woch komplett indiscutable), an ab deem Moment muss de Staat dat Liewen beschützen. D’Fra huet nach emmer d’Recht an d’Fräiheet iwwert hiere Kierper, mee kann se déi och iwwert deen vun enger 2. Persoun hunn? Huet se d’Recht fir iwwert Liewen oder Doud vun däer Persoun zedécidéieren?

    Et ass secherlech eng komplex Saach dat do. Ech hu selwer an de läschten Joëren meng Meenung e puer Mol geännert gehaat, well ech net mat den engen an net mat den aaneren zefridden war. An däer ganzer Sach kommen dann och nach esou Saachen wéi Vergewaltegung etc. dobäi, wou ech absolut de Choix vun enger Fra verstinn an ennerstetzen kann wann se dann en “Ofbroch” wielt.

    (Ech well jhust nach eng Kéier fir jiddereen kloër stellen, dass dat do meng perséinlech Vue zu deem Thema ass.)
    (Am iewegten Deel stoung “pro-choice” am Plaatz “pro-life” a gouf elo (23/03/2010) um 10:55 verbessert)

    Reply

  8. Tom:

    Hu nees net vill Zäit duerfir kuerz:

    1. D’Contraceptioun ass der Ofdréiwung definitiv virzezéien. Béides resultéiert allerdëngs doranner, dass eng Persoun X net gebuer gët.
    2. Late term abortions sinn extrem rar. D’Majoritéit ass vill méi fréi, kuerz nodeem d’Fra mierkt, dass se schwanger ass.
    3. Gewollte Kanner hunn et normalerweis besser wéi net gewollten.
    4. 15-20 Joër nodeem d’Ofdréiwung an den USA erlaabt gouff ass d’Kriminialitéit zeréckgaang. Zoufall?
    5. Wann et offensichtlech ass, dass e Fötus schwéier handicapéiert ass, hunn d’Elteren menger Meenung no d’Recht ofzedreiwen. Wanns du dogéint bass, bass du bereet hinnen henno am Alldag ze hëllefen? Oder se opmanst finanziell ze ennerstëtzen?
    6. Dat selwecht gëlt am Fall vun Elteren, déi ofdréiwen well sie sech e Kand finanziell net leeschten kënnen an e Kand och net gewollt woer (Genre zwee 19jähreger déi net opgepasst hunn). Giffs du sie ënnerstëtzen oder wëlls du sie just forcéieren d’Kand ze hunn ouni d’Konsequenzen mat a Betruecht ze zéien?
    7. Befruchten Zellen kann een déi éischt x Deeg afréien an nees opdéeën sou dass d’Zellen weiderliewen. Funktionnéiert dat och bei engem Mënsch?
    8. Last but not least: ass Ofdréiwung denger Meenung no Mord?

    Sin op deng Äntwerten gespaant.

    Reply

  9. Ganz schéinen Artikel, Tom. Merci.

    Reply

  10. Boah, dat Thema ass scho baal zekomplex fir dat iwwert Text a Kommentarer zebeschwätzen. :/
    1. Bei der Contraceptioun sinn déi 2 (oder méi) Partner jo déi dee Choix fir sech gemaach a fir sech alleng gemaach hunn, a well d’Persoun X net gezeugt gouf stellt sech och net d’Fro wéini d’Liewen vun däer Persoun X ufänkt, well et nie ugefaangen huet.
    2. Jo, mee däer Fäll ginn et. Et war d’läscht Mount nach wann ech mech richteg erenneren, wéi eraus koum, dass eng Mamm vun hei [Birmingham] mat hierem schwangeren Meedchen an d’Ausland gaangen ass, well se do nach konnt no der 12 Woch den “Ofbroch” maachen. Waat laut UK Gesetz verbueden ass, do dierf een eben jhust bis déi 12. Woch.
    3. Ka sinn. Hues du do eng genau Etude? Dat wäer nämlech interessant fir déi dann duerchzeliesen.
    4. Ech si jo och net 100% pro-life, an dass d’Kriminalitéit a verschiddenen Secteuren erofgaangen ass, ass normal.
    5. Fir d’éischt emol, all Famill mat engem handicapéierte Kand sollen finanziell vum Staat ennerstetzt ginn, resp. wann dat schon de Fall ass, méi ennerstetzt ginn. Op et soll erlaabt sinn en handicapéiert Kand ofzedréiwen ass eng vun de kriddelegen Froen, wou ech ganz éierlech mech moralesch nach net ganz festgeluecht hunn.
    6. Ech soen jo net dass een nie dierf ofdréiwen. Ech hu jhust gesoot, wann d’Liewen vun däer Persoun X ugefaangen huet, gesinn ech e kléngen Problem. Sollten dës jonk Léit virdrun décdéiert, dass se en Schwangerschaftsofbroch wellen, hunn ech kee Problem domatter.
    7. Ech si wahrscheinlech nach vill zemidd, well ech déi läscht Deeg a Wochen wéinst Unisstress net vill gepennt hunn, kanns du déi Saach vielleicht aanescht nach eng Kéier soen? Merci.
    8. Wa mer elo vum Gesetzestext kucken, waat an deem steet waat Mord ass, ass et et secherlech net. Ech fannen awer dass de Staat d’Pflicht huet fir d’Liewen vun all d’Menschen zebeschützen. Et ass eben jhust déi Fro wéini d’Liewen vun däer Persoun X dann elo ufänkt. Fir mech eben an den uewen genanntenen Deeg/Wochen. En Ofbroch deno, jo, gesinn ech als Mord un, well d’Liewen vun enger aanerer Persoun gewollt op en Enn bruecht ginn ass. En Ofbroch virun, ier – fir mech- d’Liewen vun däer Persoun ugefaangen huet, ass eng Saach déi d’Fra fir sech muss décidéieren a wou de Staat kee Recht huet anzemeschen.

    Eng wéider Saach déi mer afällt: ech giff mech net wonneren, wann een d’Ofréiwung komplett legaliséiert, an all Fra zu jidder Zäit dann “jo kann ofdréiwen”, mer op der aanerer Säit erem e staarken “Opschwong” beim AIDS wäerte gesinn. :/

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.