Et war fir mech den Héichpunkt vum Weekend d’Ried vum Vince Cable op der Spring Conference vun den “LibDems” hei zu Birmingham. De Vince Cable war ee vun den Léit aus der Partei déi als éischt Persoun am UK, an Europa an esouguer weltwäit vrun dëser Finanzkriis gewarnt hunn. Vrun 2 Joër gouf hien an d’Liberaldemokraten dofir nach vun den aaneren Parteien a villen Léit ausgelaacht, elo nodeems Groussbritannien scheinbar och endlech aus der gréisster Finanzkriis zenter der “Great Depression” eraus ass, huet sech d’Situatioun geännert. Den Vince Cable ass een vun den am meeschten respektéierten an ugesinnen Politiker a Groussbritannien. Dofir ass et dann och kloër dass d’LibDems praktesch mat enger duebeler Spëtzt an d’Wahlen ginn (Clegg-Cable).
Déi ganz Ried vum Vince Cable vun e Samsden ass z’empfehlen:

Spaltung vun der Partei?

Eppes waat definitiv zekritiséieren awer ass ass de Campaign Slogan vun de LibDems. Während Labour op “Fairness” setzt, d’Tories hunn d’ “Year For Change” agelaud, fuerderen d’LibDems “Change That Works For You.” Blöderweis war de genee Wuertlaut schons 2008 benotzt ginn vum Barack Obama fir de Start vun der General Election Campaign.

Net zekritiséieren war awer wuel d’Atmosphär op der Conference. Déi war gudd an eigentlech ass net extrem vill vun den Léit op der Conference iwwert méiglech Koalitiounen geschwaat ginn, aanescht wéi verschidden Medien bericht hunn. Mee och dëst ass kloër. Wéi schons 2008, wou d’US Medien nom 5. Mäerz dem Hillary Clinton nach Chancen zougesprach hunn, déi d’Madame Clinton guer net méi haat, einfach fir d’Rennen nach um Liewen zehaalen, esou sinn déi britesch Medien – zumools duerch déi rezent Emfroresultater – richteg aktiv ginn. Aus langweilegen Wahlen ass scheinbar iwwer Nuecht e richteg spannenden Kampf entstaanen an da muss elo alles ausgenotzt ginn: ceci dit dem Nick Clegg séng Wierder mussen e puer Mol interpretéiert ginn ob hien elo méi fir den “Dave” ass oder méi fir den “Gordon”, an ganz wichteg gett et eng Spaltung vun der Parteibasis?
Dat gett e schwieregen Challenge fir d’Liberaldemokraten fir eben keng Spaltung an hierer Partei zekréien, well d’Medien wuel och dohinner schaffen. Messagen vun der Gemeinsamkeet mussen wuel méi wéi eng Kéier an der Campagne eraus einfach fir enger Spaltung, ervirgehuewen vun falschen Medienberichter a falsch Interpretatiounen, entgéint zewirken. E Schrett hei an déi richteg Richtung war wuel de kuerzen Video deen vrun der Leader’s Speech e Sonnden de Moien gewisse gouf:

„Don’t let them tell you that we are all the same.”

D’Ried vum Nick Clegg selwer war wuel déi beschten den dësen als Leader vun der Partei bis elo gehaalen huet. A jiddereen, deen déi läscht Joëren d’Politik a Groussbritannien verfollegt huet, wëes dass den Nick Clegg schons e puer Mol Problemer haat fir séng Ried richteg gudd zehaalen an alles eriwwer zebrengen. Komesch dann dass den Nick Clegg sech awer grad dëse Weekend erkaalt huet, an dofir mat enger méi rauer Stemm an Halswei séng Ried huet missten haalen. Mee wann dat Viraussetzung ass, dass hien seng Saach gudd mécht, dann giffen wuel vill LibDems Supporter gäeren gesinn, dass hieren Leader méi oft erkaalt ass… ^^

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

4 Comments

  1. Holà,

    “King for a Day… Fool for a Lifetime?”…LOL…

    http://news.bbc.co.uk/2/hi/uk_news/magazine/8568319.stm

    De “Pancho” weess am Viräus fir wien sech d’Libdems entscheeden géifen, falls et zu éngem sougenannten “hung parliament” komme sollt…

    Hei ass d’Äentwert…

    http://bit.ly/d7K6M

    Hasta
    Pancho

    Reply

  2. Naja, d’LibDems hu ganz kloër emol 4 Haaptsaachen déi sollen sou séier wéi meiglech emgesaat ginn. Déi Partei déi dat versprecht emzesetzen (Labour oder Tories) huet menger Meenung no gudd Chancen fir de Support zekréien. An ech perséinlech hoffen alt dass d’LibDems keng Koalitioun aginn, esou hätten se nämlech menger Meenung no vill méi “Power” wéi an enger Koalitioun wou e Kompromesser muss maan.

    Reply

  3. Holà,

    …waat d’Leit nët alles (propagandaméisseg gesinn…) bereet sinn ze maachen fir gewielt ze ginn… 😉

    http://www.politics.co.uk/news/legal-and-constitutional/david-cameron-to-become-a-dad-again-$1366799.htm

    Hasta
    Pancho

    Reply

  4. lol bon, op dat elo propagandaméisseg helleft :S ^^
    Besser wier et wuel gewierscht wann de Bebe dann elo an 2-3 Wochen giff op d’Welt kommen dass een nach hätt kéinnten eng Foto vum glecklechen Papp an der glëcklecher Famill an d’Campagne puchen. Schlecht getimed 😉

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s