De folgende Post haat ech schons geschter no mengem Cours am Kapp, a gouf haut dunn mat der schockéiernder Nouvelle iwwerascht, dass e vun dësen groussartege Léit, den Armand Lengler (zulescht Direkter am LTPEM) iwweraschend gestuerwen ass. RIP.
__________________________________________________________________________________________________

Ech hassen et wann et Dennschten ass an d’Auer op 10 vir 4 spréngt. Eigentlech misst ech mech freen, well ech dann 2 Deeg keng Coursen hunn, an eigentlech gesinn ech den Dennschten och zenter September eischter als Freiden an Mettwochs an Donneschtes als “mäi Weekend.” Mee dës Woch huet et mech gestéiert. Ferm gestéiert. Well elo heescht et jhust nach 2 Mol eng Virlesung vum Ronen Palan [Politesch Economie] erliewen. Hien ass definitiv zu engem vu mengen Lieblingsproffen op der Uni ginn, an huet et méi wéi nemmen 1 Kéier fäerdeg bruecht, dass ech no engem laangen Dennschten trotzdem mech nach e puer Stonnen an d’Bibliothéik setze gaangen sinn.

Ech wéillt elo den Ronen Palan net als dee beschten Proff bezeechnen, deen ech je haat; mee éischter als een vun de beschten. Proffen sinn och nemmen Menschen an als solch huet jiddereen seng Stärkten (a Schwächten). Dofir kann een se och net genee mateneen vergläichen, eent ass mer awer opgefall:
Vun der Madame Liliane Stirn (déi leider vill zefrei verstuerwen ass) iwwert den Armand Lengler, den Dan Scheid an Pascal Pasciolla bis eben hin zum Ronen Palan, waren/sinn dës alleguerten – net nemmen gudd Proffen gewierscht, déi d’„Saach un de Mann” bruecht hunn/bréngen – nee, si sinn méi (gewierscht). Mat all Proff verbannen ech direkt eng gewessen Zäit a menger schoulescher Carrière, all Proff huet et fäerdeg bruecht mech wéider “zepushen”, mer néi Dieren opgemaach, mech zum Besseren zechangéieren. An ech hunn et selwer erliewt, dass Schüler, déi bei aaneren Proffen sech gelangweilt hunn/Dommheeten gemaach hunn, bei dësen Proffen opgepasst hunn an interesséiert waaren.
Dëst war awer nemmen méiglech well d’Proffen sech net nemmen op hiere Cours stuer fixéiert hunn, nee, sie sinn ganz oft iwwert de Cours erausgaangen a waaren dat waat e Proff (menger Meenung no) soll sinn: Mentoren fir déi jonk Léit. An esou laang mer et net fäerdeg brengen, méi Léit zu sou enger Arbescht a gudder Dot z’iwwerzeegen, esou laang hellefen och keng Reformen. Et spillt keng Roll op et elo jhust nach 2 Sektiounen am Classique solle ginn, wann et de Proffen genee esou egal ass wat mat hieren Schüler geschidd wéi et engem Millionär egal wier wann dësem 5 Cent op de Buedem faalen. Eng richteg Reform heescht eng Reform beim Léierpersonal, mee d’Léierpersonal muss ennerstetzt ginn vun engem gudden a kompetenten Ministère, mee leider leit do de grousse Problem. Op den Educatiounsministère gudd a kompetent ass, iwwerloosen ech ierch et ze jugéieren, mee eng richteg Hellef fir d’Léierpersonal bidd den Ministère zenter Joëren schon net méi, a fir dat bestätegt zekréien, muss een sech nemmen mat engem Mensch zesumme setzen, deen momentan déi schwéier Aufgab huet e Mentor fir déi jonk Léit zesinn…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

4 Comments

  1. Salut Tom. Ech brauch dir wuel nët ze soen, dass dat engem gudd deet,wann een esou eppes iwwer séch liest. Et freet mech ze héieren, dass also méng Aarbecht esou gudd bei de Schüler ukomm as an méng Zweifel, ob ech et géif richteg maachen onberechtegt waren. Leider huet den Här Lengler eis verlooss, mee ech hat läscht Joer Chance: ech hat och een Härzinfarkt, sin awer derlaanscht komm.
    Et freet mech awer besonnesch ze héieren wéiwäit dass du et schons bruecht hues an ech wënschen dir alles Guddes an déngen Studien vun der Politwëssenschaft.Hues du villäicht wëlles Premier Minister ze gin??? Mell dech wanns du mol erem éng Kéier zu Lëtzebuerg bass.
    A wat d’Reform ugeet: ech kann dir nëmmen Recht gin; déi reel Problemer wéi eis Gesellschaft, d’Schoul as vir vill Leit Nierwesaach, Fräizäit as vill méi wichteg etc. déi gin nët ugepaakt vun de Politiker, well do hänken Stëmmen dermat zesummen.
    Du gesäiss also: no déngen Studien hues de zu Lëtzebuerg nach vill Aarbecht déi op dech waart!!!! Alles Guddes , Daniel Scheid

    Reply

  2. Bonjour Här Scheid 🙂
    et freet mech zegesinn dass Dir mäi Blog liest. 🙂 An natiirlech ass et schéin zehéieren dass Dir d’läscht Joër dann derlaanscht komm sidd.

    Merci. 🙂 Wann ech elo e “richtegen” Politiker wäer giff ech soen dass dat de lëtzebuerger Bierger soll entscheeden, ech soen lo einfach emol dass een nii nii soll soen. Et ass secherlech keng Prioritéit vu mir eng Kéier Premier zeginn, mee wee wëes waat an der Zukunft nach alles geschidd. Ech wäert mech definitiv eng Kéier mellen. 😉

    Reply

  3. Du hues Recht. An du hues chance gehat.

    Reply

  4. Ech hun secherlech Chance (gehaat), awer och net emmer an all Joër. Vielleicht hat ech méi Chance wéi aanerer – dat wees ech net, mee eent hunn ech einfach festgestallt iwwert déi Joëren: fir eng gudd Edukatioun zekréien brauch een 3 verschidden Faktoren:
    1) gudd Proffen – wéi uewen beschriwwen;
    2) gudd Elteren, déi sech em hier Kanner kemmeren an vielleicht heiandsdo de Fernseh oder Computer ausmaachen, wann et engem selwer méi schwéier fällt, well se eben Saachen op laang Vue gesinn an hinnen d’Zukunft vun hiere Kanner net egal ass;
    3) et muss een och selwer eppes maachen. Beid Proffen an Elteren kennen een nemmen bis zu engem bestemmtenen Punkt bréngen, deno ass et un engem selwer fir d’Saach “fäerdeg zemaan”, ceci dit sech dohinner zesetzen an zeléieren, och wann et munchmol schwéier fällt.

    Zumools den 3. Punkt ass eppes waat scheinbar emmer manner Léit maachen, wann ech kucken wéivill Léit grouss Problemer hunn fir sech op Unisliewen bspw. emzestellen.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s