Déi tréi Lieser wessen dass et dëst Joër endlech zu Wahlen a Groussbritannien kennt. De genee’en Datum vun der Wahl ass nach net gewousst, well den Prime Minister Brown offiziell nach keng Wahlen ausgeruff huet, mee e puer Datumer hunn sech schons “duerchgeboxt”, allen virop 1 Datum: de 6. Mee!

Ier d’Wahlen ofgehaale ginn wäert awer nach de Premier Brown an den Ausseminister David Miliband bei der ‘Ennersichung’ iwwert den Irakkrich (hei) aussoen. Eigentlech sollt dëst no de Wahlen gemach ginn, mee nom Drock aus der Öffentlechkeet huet de Gordon Brown gefroot gehaat fir vrun de Wahlen auszesoen. Vielleicht kann dës Entscheedung him d’Wahle kaschten, mee och wirklech nemmen vielleicht.
Sie sinn an engem richtegen Laaf momentan, no der -menger Meenung no- “blöder” Idee fir vielleicht en aaneren wéi de Gordon Brown zum Spëtzekandidat fir d’Wahlen zemaachen, huet sech d’Labour Partei erem zesummegesaat kritt. Och wann de “Skandal” em den Mobbing an em dat méiglecht “Schloen” vun Arbeschter an der Downing Street, elo e klengen bloen Fleck hannerloos huet, kann een zum Schluss eigentlech nemme festhaalen, dass Labour definitiv erem do ass.
Manner wéi 9 Prozent a verschiddenen Emfroen Reckstand op déi Konservativ, dat léisst Hoffnung opkommen. Zumools dann haut och nach erauskoum dass am läscht Trimester déi britesch Economie em 0,3% geklommen ass (an domatter 0,1% méi wéi nach vrun e puer Wochen ugeholl gouf). Och dowéinst ass den 6. Mee wichteg, dann huet een eng kloër Secherheet wéi et am 1. Trimester 2010 gaangen ass. Klemmt déi britesch Economie nach eng Kéier ass een offiziell aus der Rezessioun eraus a kennt dem Bierger kloër wéissen, dass den ageschloenen Wee dee richtegen ass.
Mee net nemmen déi verbessert Emfrowärter vun Labour loosen bei de “Rouden” Hoffnung opkommen, nee, gläichzäiteg huet den Oppositiounsleader a Spëtzekandidat vun de Konservativen David Cameron un Sympathie bei de Wieler verluer. Op dëst wéinst séngen “schéinen” Wahlposteren ass oder wéinst mydavidcameron.com ass net gewousst. Vielleicht ass et awer och well déi Konservativ heiandsdo Problemer hunn mat den Zuelen. Op der enger Plaatz 50,000 Doudeger behaapt, wann et der offiziell 239 sinn; op der aanerer Säit dunn gouf behaapt dass 54% vun allen jonken Meedecher hei am Land giffen an hieren Teenager Joëren schwanger ginn, wann et der eigentlech 5,4% sinn. Dëst alles nemmen e puer Deeg ier, muer d’Conservatives Spring Conference ufänkt. An et kann een sech et net verknäiffen fir zesoen: Osborne an Tories rechent dës Kéier richteg (méi)!

Wéi gesoot momentan huet Labour nach e Reckstand op d’Tories, mee bei enger Wahlvictoire vun den Konservativen vun nemmen 6-9% Virsprong bedeit fir den David Cameron eigentlech eng Wahlnidderlag. Sollt et esou knapps ausgoen, an dono gesäit et elo momentan aus, dann huet een e sougenanntent “hung parliament” zu London, dh déi Konservativ hätten net genug Setz fir eng absolut Majoritéit. Theoretesch kéinnt et zu enger Koaltion vun 2 Partei’en kommen, also:

  • Conservatives/Labour – Regierung?
    Conservatives/LibDems – Regierung?
  • Dat éischt ass emol komplett auszeschléissen, dat zweet net direkt. Mee d’LibDems hunn laut eegenen Aussoen keng Loscht op eng Koalitioun weder mat den Tories nach mat Labour. Sie wellen selwer regéieren an den Nick Clegg selwer Prime Minister ginn. Mee sollt hien dovunner nach iwwerzeegt sinn, dass hien dat packt, je… e wäer wuel ee vun den weinegen am Land. Kloër ass awer, dass sech déi Liberal iwwert déi aktuell Emfroresultater freen, well en “hung parliament” kennt hinnen zegudd. Déi Konservativ giffen probéieren de Support vun den Liberal Demokraten em den Nick Clegg zekréien, a giffen eben an enger Minoritéit regéieren. Dat heescht natiirlech dass d’Tories dat misste man, waat d’LibDems hinne soen aanescht verléieren sie de Support vun der 3. stärkster Partei an dat kéinnt da schons d’Enn vun der Regierung Cameron sinn.

    Mee souwäit sinn mir elo mol nach net, fir d’éischt treffen sech dëse Weekend emol déi Konservativ, deno misst Labour un d’Réi kommen an haut an 2 Wochen hunn dann d’LibDems hier Spring Conference hei zu Birmingham. An deno geet de Wahlkampf esou lues a lues richteg lass, d’TV Debatten stinn um Programm an dann décidéiert de Bierger…

    … an deen esou hoffen déi Gréng hei am UK och fir sie. Vrun e puer Deeg hunn sie sech op hierer Conference nawell ganz optimistesch gewissen. Et wäer meiglech am nächste Parlament 1 oder vielleicht 2 Gréng MPs setzen zehunn.

    Et ass dat waat d’Wahlen hei am UK esou spannend maachen. Keen wees wéi se ausginn, (baal) alles kann nach geschéien. Fir déi Konservativ Supporter déi schons d’Gedrenks fir zeféieren kaal léien haaten, mussen realiséiern, dass een erréicht soll féieren, wann alles kloër ass. Fir déi Labour Supporter déi sech schons mat der Oppositioun offonnt haaten, gesinn dass nach eppes geet a wäerten an den kommenden Wochen wuel extrem vill Wahlkampf maachen (a vill méi wichteg spenden!). Fir all déi LibDems Supporter a fir déi Gréng Supporter heescht et wéider kämpfen an hoffen, demno wéi kéinnt et en historeschen Owend am Mee ginn. Fir all politeschen Junkie heescht esou eppes: “heaven on earth.” An dann huet jiddereen d’Wahlen an de States 2008 esou ‘spannend’ fonnt, dës Wahlen si spannend an dofir ginn ech och zu dësem Zäitpunkt nach keen Tipp of, wéi se kéinnten ausgoen. Vielleicht Enn Mäerz oder Ufank/Mett Abrell mol kucken.

    EDIT (26.02.2010 – 19:07 Auer): Ech war e besschen zefräi hunn, resp. hätt d’Noorichten sollen virdrun kucken/liesen. Laut der néister Emfro léien déi Konservativ elo nemmen nach 5% vrun Labour. 5 PROZENT!
    An do kann ech dann nemmen op e Post vu mir, deen ech am Oktober geschriwwen haat, verwéisen: “Kann Labour d’Wahlen nach gewannen?
    Oooh déi nächst Wochen ginn de Glanz =D

    Posted by Tom

    Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

    8 Comments

    1. Holà,

      “mee e puer Datumer hunn sech schons “duerchgeboxt”, allen virop 1 Datum: de 6. Mee!”

      Yep…”May 6, coinciding with the local elections, remains the favourite date for the poll.”
      http://www.timesonline.co.uk/tol/news/politics/article6952403.ece

      …hunn och duerrobber gewett…LOL..


      “…mee nom Drock aus der Öffentlechkeet…” oder…
      “nom Drock aus dem liberalen an konservativen Laageren…?”


      “…kann een zum Schluss eigentlech nemme festhaalen, dass Labour definitiv erem do ass.”

      …haat mer zwuar perséinlech erwuaard “déi gro Eminenz” (de Pit äus der Labour-Party) hätt do séng Opportunitéit zur “Gestaltung einer neuen alpha-Männchen-Ranglistenordnung” gesinn…(Méngen hien haat daat och z.D. probéiert wann ech mech net ierren…hu mëttlerweil opgehaalen den Playb…Guardian ze liesen…)


      “Op dëst wéinst séngen “schéinen” Wahlposteren ass oder wéinst mydavidcameron.com ass net gewousst.”

      …oder…Op dëst nët éischter bedéngt ass daat sech an England ëmmer méi Leit bewosst ginn daat den allgeméngen ehemoolegen ideologeschen Polit-Diktat vun der Schwesterpartei op der aanerer Säit vum Pond eng am Ee. verheerend Ierfschaft hannerlooss huet…


      “Mee d’LibDems hunn laut eegenen Aussoen keng Loscht op eng Koalitioun weder mat den Tories nach mat Labour.”

      …parteigeschichtlech bedingt hunn? (haaten mol op jidfer Fall…) d’Libdem ganz kloer éischter “affinities” mat Labour ewéi mat den Tories…


      “…sie de Support vun der 3. stärkster Partei an dat kéinnt da schons d’Enn vun der Regierung Cameron sinn.”

      Wann d’Tories an d’Libdem wëlleg sollten sinn een sougenannten “hung parliament” zesummen op d’Been ze sétzen…da kénnen ech eng “It’s my Party…” déi eenorm vill Kompromësser (erëm wéint den “affinities”) wäert wahrscheinlech missen agoen…
      Waat elo d’Stabilitéit vun deem “hung-rumtata” aka Koalitioun? am UK ubelaangt…mol kucken…et ass jo nach laang net esouwäit…an wëll Spekulatiounen sinn meeschtens nëmmen “Fudder fir d’Kaaz”…

      Hasta
      Pancho

      Reply

    2. “nom Drock aus dem liberalen an konservativen Laageren…?”

      Net onbedengt, mee secherlech hunn déi Liberal an déi Konservativ dat do léiwer. Waat ech och richteg fannen, dat Ganzt no de Wahlen zeman wäer falsch gewierscht

      Op dëst nët éischter bedéngt ass daat sech an England ëmmer méi Leit bewosst ginn daat den allgeméngen ehemoolegen ideologeschen Polit-Diktat vun der Schwesterpartei op der aanerer Säit vum Pond eng am Ee. verheerend Ierfschaft hannerlooss huet

      hmm… vun deem waat ech esou matkréien, schéngt dat net onbedengt de Fall zesinn. Obwuel et e vun den Haaptkritikpunkten vun den politeschen Partei’en ass. Den Nick Clegg bspw. widderhellt emmer, dass et dach leschteg ass, dass den David Cameron, deen fir d’Thatcher geschafft huet, behaapt dass him Armut um Herz giff léien.

      parteigeschichtlech bedingt hunn? (haaten mol op jidfer Fall…) d’Libdem ganz kloer éischter “affinities” mat Labour ewéi mat den Tories…

      Jo, mee mat “New Labour” hunn d’LibDems definitiv näischt um Hutt, an a d’LibDems schaffen awer mat den Konservativen a villen Councils uerschtert Land nawell ganz gudd.

      Waat elo d’Stabilitéit vun deem “hung-rumtata” aka Koalitioun? am UK ubelaangt…mol kucken…et ass jo nach laang net esouwäit…an wëll Spekulatiounen sinn meeschtens nëmmen “Fudder fir d’Kaaz”…

      Nee, en “hung parliament” ass keng Koaltioun! (méi iwwert “hung parliament”) Et heescht einfach dass keng Partei d’absolut Majoritéit huet. Eng Koaltioun kann draus entstoen wann dann bspw. Tories an d’LibDems eng Regierung giff kommen, mee méi wahrscheinlech wäer et dass et bei engem “hung parliament” eben zu enger Minoritéits-Regierung giff kommen, déi de Support vun enger (oder méi) Partei’en am Parlament hätt. An dësem Fall wäeren eben d’LibDems d’Kingmakers, an sollt et vielleicht nemmen op e puer Stemmen herno teschend Labour an Tories ukommen, kéinnten d’LibDems genee décidéieren ween dann elo dierf regéieren. (Falls dann net Neiwahlen ausgeruff giffe ginn). Mee dee Support heescht net dass een dann alles matstemmt wéi dat bspw. an enger Koaltioun de Fall wäer.
      An jo Speculatiounen sinn meeschtens fir “Fudder fir d’Kaaz” mee momentan ass dat dat eenzegt waat ee ka maan. 😉

      Reply

    3. Holà,

      …d’Laag schéngt sech fir den David!? zouzespëtzen…
      http://www.timesonline.co.uk/tol/news/politics/article7044185.ece

      Hasta

      Reply

    4. Jo, den YouGov Poll vum Sonnden war nach méi schlemm fir d’Tories. Eigentlech giff ech jo soen, dass sech dat erem wäert léen, well e Freiden den Gordon Brown wäert am Kader vun der “Iraq Inquiry” aussoen, mee nodeems Tory Lord Ashcroft (endlech) zouginn huet, dass hien en sougenanntenen “non-dom” ass glewen ech dat net méi.

      Mee de Faite, dass elo d’Debatten festgeluecht goufen, an esou dass déi éischt e.a. iwwert d’NHS geet, an déi läscht iwwert d’Finanzen an d’Rezessioun, spillt demno wéi méi fir d’Tories wéi fir Labour.

      Reply

    5. Holà,

      “…dass hien en sougenanntenen “non-dom” ass glewen ech dat net méi.”

      Tiens, tiens…méngen et gëtt nach een aaneren “non-dom” deen awer zu Lëtz. méga-bekannt ass…

      Hasta
      Pancho

      Reply

    6. Holà,

      La bataille des “non-doms” an England…LOL…
      D’Stee ass op…wien bitt manner…?

      http://news.bbc.co.uk/2/hi/uk_news/politics/8557201.stm

      Hasta
      Pancho

      Reply

    7. Holà,

      “What if…”
      http://news.bbc.co.uk/2/hi/uk_news/politics/8566521.stm

      N.B.:”Closing opinion polls between Labour and the Tories have led to palpable Lib Dem excitement about the possibility of *coalition government*.”

      N.B.II.:”But if it did, the Lib Dems might well hold the balance of power.”

      Hasta
      Pancho

      Reply

    8. Naja, ech war selwer op der Conference a kann zwar bestätegen dass d’Léit zimlech frou waaren, et awer eigentlech net besonneg em méiglech Koalitiounen gaangen ass. Dat gouf dann an dësem Fall vun der BBC eran interpretéiert fir eng besser Story zehunn. Hey, schliesslech héiert een elo souguer heiandsdo an den Noorichten um BBC Radio 1 alt eppes iwwert d’Politik an net nemmen iwwert den John Terry, den Ashley Cole, den David Beckham an East Enders. 😉

      Fir dat zweet Zitat muss een oppassen, soss kéinnt een vielleicht verstoen, dass sech den “it” nemmen op eng Koalitioun giff bezéien, mee dee bezitt sech op d’Hung Parliament.

      Hung parliaments are extremely unusual in our parliamentary system. But if it did, the Lib Dems might well hold the balance of power.

      An dat ass jo eppes waat ech schons e puer Mol eben gesoot hunn a waat jo eigentlech och logesch ass. Labour an Tories wäerten wuel net extrem zesummeschaffen, also giff – wann keng Partei déi absolut Majoritéit kritt – eng aaner Partei notamment d’LibDems déi wichteg Stemmen hunn fir bspw. eng Minoritéitsregierung z’erméiglechen oder dann op der aanerer Säit enger Koalitioun zoustemmen. Mee wéi soot den Nick Clegg dëse Weekend fir d’éischt sinn d’Wieler un der Réi, déi sinn d’„Kingmakers” an dann kucke mer den 7. Mee weider…

      Reply

    E Kommentar hannerloossen:

    Fill in your details below or click an icon to log in:

    WordPress.com Logo

    You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

    Twitter picture

    You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

    Facebook photo

    You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

    Google+ photo

    You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

    Connecting to %s