Et ass gewousst dass den Iran net grad déi grouss Demokratie ass an och definitiv net wäit uewen op der Krëschtdaagskaart-Lescht vun der westlecher Welt steet. Zenter e puer Joër schons probéiert den Ahmadinejad säi Land zu enger nuklearer Kraaft zemaachen. E Realist hätt wuel direkt kee Problem domatter, well den Iran sech -senger Meenung no- jhust giff schützen, schützen vrun Israel, déi eenzeg Muecht an deem Eck vun der Welt déi d’Atombomb inoffiziell/offiziell huet. Sollt Israel oder e Partner vun Israel eng Kéier richtegen Sträit mam Iran kréien, den Iran ‘nemmen’ säin Deel vum Uelleg kéinnt späeren awer keng Waffen hätt fir sech zeschützen, esou dierft kloër sinn, waat d’Militär dem President vum ugréiffenden Land giff proposéiern. D’Fro muss awer gestallt ginn, ob den Iran iwwerhaapt d’Recht huet fir eng Atombomb zebauen? Kloër ass dass och Israël nie hätt sollten eng Atombomb kréien. Den fréieren amerikanesche President Eisenhower wollt dat definitiv verhenneren, mee säin “Atoms for Peace” Programm an den Drang vun Frankräich an Israël fir d’Atombomb zekréien waren zwee Faktoren, déi wuel nie hätten dierften vermescht ginn.
E wéidere Problem ass deen vum President Obama sengem grousse Verspriechen un d’Weltbevölkerung: keng Atomwaffen méi op dëser Welt! Also kann hien et sech kaum erlaaben fir dem Iran esou eppes z’erlaaben, en plus wäer Israel och net frou driwwer. Mee eent ass sëcher, Israel wäert probéieren séng Muecht am Noen Osten sou laang wéi meiglech zehaalen, an dëst mat allem zeverteigen, waat se hunn. Jo, mat allem. Aussoen wéi “Israel muss vun der Landkaart verschwannen” hunn net grad fir grouss Vertrauen gesuergt an eng Atombomb fir dat Land, wou déi Fuerderung gemaach gouf, wäer wuel net nemmen fir d’Israelien “the horror, the horror.

Mee wéi kann een de Problem léisen oder ass en iwwerhaapt leisbar?

Engagement didn’t work. Open hostility didn’t work. So President Obama is falling back on his last option to persuade Iran not to build a bomb. “The next step is sanctions,” he bluntly declared. Sanctions haven’t worked either. [via]

Och well China a Russland am Secherheetsroot hier Zoustemmung net wollte ginn. Mee Russland huet et momentan saat mam President Ahmadinejad a well gréisser Sanktiounen géint den Iran. Bléiwt nach China an déi sinn dëser Deeg guer net gudd op d’USA zeschwätzen. Google, Taiwan an d’läscht Woch den Dalai Lama. “Dat wäert Konsequenzen hunn”, haat et aus Bejing geheescht. Mee e chinesesche Veto am UN Secherheetsroot an eng méiglech Eskalatioun teschend Iran an Israel ass wuel och net bei de Leit em den Hu Jintao erwenscht.
Mee China gett emmer méi zu engem kriddelegen Thema fir déi westlech Welt. Op der enger Säit kann een d’Art wéi an deem Land mat Menschenrechter emgaangen gett net gudd heeschen, d’Art wéi China mam Taiwan, Tibet a jo och mat Indien emsprengt (méi), ass duerchaus kategoresch zeverneinen, mee op der aanerer Säit well beispillsweis och d’USA – an domatter vielleicht d’Welteconomie – net erem zereck an d’Rezessioun faalen. Déi Muecht iwwert d’Welt gett China duerchaus zougetraut (méi). An eben last but not least, d’Vetorecht vu China am Secherheetsroot vun den Vereenten Natiounen.

Déi eng schwätzen elo schons vun engem méiglechen kaale Krich mat China, déi aaner vun engem ‘upcoming’ waarme Krich mam Iran. Egalwéi, et ass eng Gradwanderung déi d’Politiker vun ville Länner an den nächsten Deeg, Wochen a Méint musse maachen. Et bléiwt awer zehoffen, dass zumools d’EU elo mam Lissabonner Vertrag sech endlech als eng eenzeg Stemm an der Aussepolitik wéist, e Kampf teschend “aalt Europa” an “néit Europa” waar schons beim Irak net gudd ausgaang, eng zweet Oplach mam Iran soll eis dach w.e.g. alleguerten am léiwsten erspuert bléiwen…

———————————————
Méi Informatiounen:
* Huffington Post [en] – Israel’s New Drone Not for Use Against Iran (vum Jeremy White)

* Haaretz [en] – Iran: Dubai hit is an act of state terrorism by Israel

* Telegraph [en] – Russia “very alarmed” by Iran nuclear report (vum Damien McElroy)

* YnetNews [en] – Israel, US tighten relations as part of Iran sanctions effort (vum Roni Sofer)

* Der Spiegel [de] – EU plant massive Sanktionen gegen Iran (vum Hans-Jürgen Schlamp)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s