Nach e puer Minutten ier den President Obama séng 1. State of the Union wäert ginn. E Game changer? Wuel net. Zevill Feelentscheedungen an de läschten Deeg a Wochen: keng Äntwert op Chrëschtdaag bei der verhennerter Terrorattack, erréicht Responsabilitéit fir d’Feeler geholl nodeems “Pundits” et gefuerdert hunn, dunn d’Propose d’Banken zereguléieren, an deno déi super Idee fir beim nächsten Dinner am White House den Jay Leno als Speaker zehuelen etc. etc.
Dëst nodeems den Jay Leno sech beim “Kampf” géint den Conan O’Brien net vill néi Frenn gemaach huet, jo… déi Jonk waaren souguer extrem um Conan O’Brien sénger Säit (an ech sinn och am Team Coco ;)). Domatter huet den Obama déi eenzeg Alterskategorie “ugegraff” déi alt nach méi wéi 60% Support fir hien haat. Elo e puer Deeg no däer Ukennegung: 56%.

An natiirlech och net zevergiessen ass de Faite wéi den Treasury Secretary Tim Geithner dës Woch vun engem Congressmember vun der Democratic Party (!) auserneen geholl ginn ass. Wéi den Peter Morici gesoot huet: “Wann dat scho geschidd, dann huet de President ganz ganz grouss Problemer.”

Wuel gett dës State of the Union dem Obama e kléngen Bounce, mee deno wäert et dach wuel erem erofgoen. Et kann een einfach nemmen hoffen, dass den Barack Obama säi Potential endlech emsetzt. Dass hien endlech wéi en Teddy Kennedy d’Hand ausstréckt wann et wichteg ass. Dass hien endlech dat emsetzt fir waat hien dach eigentlech gewielt gouf, dat waat hien géint den McCain gewannen geloos huet, d’Idee’en fir d’Economie erem richteg un d’Rullen zekréien. Dass hien endlech an der Aussepolitik dat mécht waat en ugekennegt haat, e staarke President, awer gläichzäiteg endlech ophällt souvill ronderm d’Welt zereesen. Ophällt iwwerall op der Welt Rieden zeginn.
Hoffen dass den President Obama endlech dat mécht, wozou hien d’Potential huet, e Leader sinn.

Wien gemengt huet dass 2009 schwéier fir den President Obama war, wäert sech wuel nach laang iwwert 2010 wonneren, wann sech näischt wäert änneren.
Please Mr. President, change now.

———————————————————–
P.S.
„He shall from time to time give to Congress information of the State of the Union and recommend to their Consideration such measures as he shall judge necessary and expedient.”
Artikel II, Sectioun 3 vun der U.S. Constitution

———————————————————–
EDIT (28.01.2010 – 13:28 Auer):


Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

4 Comments

  1. Holà,

    …jo, eng ganz “interessant” SOTU…

    Hei ass e kléngen Deel vun der Ried als “transcript”…

    http://moonshinepatriot.blogspot.com/2010/01/state-of-union-address-president-barack.html

    Hasta
    Pancho

    Reply

  2. Pancho:

    Hohohoho … not?

    Reply

  3. Holà,

    “Ein bisschen Spaß muss sein,
    dann ist die Welt voll Sonnenschein.”

    Neen…Spaass bäisäit…
    …den “SOTU-speech” vum “POTUS” wor (ewéi meeschtens) eng bemierkenswäert Leeschtung (vun der Rhetorik hier) vum jonken an taktvollen “Gedankeregisseur”, den Jon…(“Alle Acht mein Junge… du hast es gut gemacht…”)

    Loosse mech plutôt iwwerraschen waat den “David P.” demnächst “zaubere” wäert…(e.g. “Overcoming the limits” oder ähnlechen “Bla Bla”…)

    Hasta
    Pancho

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s