No der Defaite zu Massachusetts, der emstriddener Decisioun vum Supreme Court, an der Aktioun fir d’Banken zereguléieren, war déi folgend Ried vun der Secretary of State Hillary Rodham Clinton wuel deen eenzegen Highlight vun der “Gebuertsdagswoch” vum President Obama:

Interessant ass et momentan zekucken wéini den Obama méi onpopulär wéi populär ass. Momentan sinn et 48% fir, an 47% géint de President. Gescht waaren et genee 47-47. An dass säi Verspriechen fir d’Amerikaner erem zesummen zeféieren nach net ageléisst gouf, konnt een sech zwar bis elo baal all Dag dovunner iwwerzeegen, mee elo sinn dann konkret Zuelen do. (hei) Eenzeg Hoffnung fir d’Obama Administration ass fir et dem Bill Clinton nozemaan, a wee wees, momentan gesäit et jo och dono aus wéi wann d’Obama Administration genee esou eng ferm laanscht d’Baaken wäert kréien wéi d’Clinton Administration bei hieren éischten Midterms 94.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

6 Comments

  1. Wéi soll den Obama et da färdeg bréngen fir d’Läit zesummenzebréngen, wann die amerikanesch Gesellschaft sou extrem polariséiert ass?

    D’Majoritéit vun Läit, déi d’Republikaner gutt fannen, wäerten den Obama schon aus Prinzip net gutt fannen, well hien en Demokrat ass. Dat selwecht gëlt fir d’Demokraten an e republikaneschen Präsident.

    En plus stäipen sech d’Republikaner aus Prinzip géint alles, wat den Obama proposéiert, souguer géint seng Kompromesser. Dat eenzegt, wat sie wëllen ass hien an d’Messer lafen ze loossen. An deen ganzen Tea Party Gedëngens deet säin Übreges dozou bäi …

    D’Amerikaner fannen just zu Zäitpunkten zesummen, wou et géint en gemeinsamen Feind geet. All die aner Zäit zerfleeschen se sech geigensäiteg. Wat och villäicht eng konsequenz vun hierem schielen Zweeparteiensystem ass. Alles gët schwaarz oder wäiss.

    Reply

  2. Ech hunn nie behaapt, dass dat einfach wäer, mee et ass awer och kloër, dass am éischten Joër – wuel wéinst der Majoritéit am Kongress an der Supermajoritéit am Senat – dëst wuel keng Prioritéit vum Obama White House waar.
    Hmm… eigentlech ass et lues a lues no 3 Méint erofgaangen mam Support bei den Republikaner an den Independents. D’Obama White House huet nemmen ongäeren e Kompromess gemaach, jo et waaren der e puer do am September während der Health Care Debatt mee soss? Déi stänneg Attacken géint den George W. Bush gi langweileg, a ganz oft ass et einfach jo schons esou, dass d’Republikaner am allgemengen attackéiert ginn, an esou eppes bréngt och deen een oder aaneren vielleicht Obama Sympathisant vun den Republikaner op d’Palm.
    An dann d’Attacke op Fox News. Ech si jo och kee Fan vun deem Sender, mee et ass gewousst, dass vill Amerikaner an zumools vill Republikaner dee Sender kucken. Sou eng Attack wäer nemmen berechtegt gewierscht wann d’Weisst Haus gläichzäiteg och min. NBC genee esou duergestallt hätt.
    Tea Parties sinn interessant, mee et ass awer wichteg zewessen, dass dat eigentlech “nemmen” vun den Conservatives an der Republikanescher Partei ausgeet. D’Republikanesch Partei mécht wéi schons no 1992 erem e krassen ‘Change’ Richtung Conservatives.
    Den Jimmy Carter haat jo awer net esou schlecht ofgeschnidden, obwuel et dunn net grad dee grousse Kampf gouf. An den Zweeparteiensystem kéinnten d’Bierger schnell änneren wann se “Third Party candidates” giffen enorm wielen.

    Reply

  3. De Support as bei den Republikaner an bei den Independents erofgaang, dat stëmmt. Mee zum Deel wéinst geigensätzlechen Grënn. Villen Independents huet den Obama seng progressiv Verspriechen net radikal genuch emgesat.

    Fauxnews ass méi en politeschen Haussender wéi NBC et ass. NBC kritiséiert och mol Demokraten, wann et muss sinn, Fauxnews sou gutt wéi nie (wann iwwerhaapt). NBC ass net de Propagandakanal vun den Demokraten sou wei Fauxnews deen vun den Republikaner ass. Et woer nëmmen richteg, dat kloer ze soen. Wann Fauxnews-Sympathisanten an Republikaner déi Wourecht net wëllen ernimmt hunn an duerfir nach géint méi géint den Obama sinn, dann ass dat schued, mee dann ass dat esou.

    Dovunner ofgesinn ass den Obama a sengen Handlungen nach extrem zentristesch gewiescht: http://www.newsweek.com/id/232167

    Villen Demokraten no ass hien suguer ze zentristesch an zevill op Konsens aus. Hien hätt mat senger Majoritéit einfach seng Projet’en duerchzéien sollten. Genausou wéi d’Republikaner dat gemaach hunn a gemaach hätten. Seng Kompromissbereetschaft gët him momentan zum Verhängnis.

    Tea Parties sinn e schlechten Witz, gepusht vum Rush Limbaugh, dem Glenn Beck an aneren Paranoiden. Wann se net einfach just eng Geldquell an der ganzer Saach gesinn. An eng Méiglechkeet fir hieren Bekanntschaftsgrad nach ze steigeren an nach méi Bicher etc ze verkafen.

    D’Amerikaner sinn awer zevill un en Zweeparteiensystem gewinnt. En plus geet een eenzelnen Third Candidate net duer. Do muss jo eng ganz Infrastruktur ronderem existéieren. An enorm Geldquellen. Soss huet een jo an der Politik keng Chance.

    Reply

  4. Ech gesinn dein Commentsystem frësst och Paragraphen … schued.

    Reply

  5. Hmm… vill Independents an Moderates (Moderate Democrats an Moderate Republicans) sinn verschidden Saachen mengen ech op de Geescht gaangen. Independents hunn sech zum Beispill staark ofgeneigt wéi während dem Summer déi kritesch Stemmen bei den Townhall Events praktesch ausgeläscht goufen a gesoot gouf, dass sie déi ganz Saach net giffe verstoen. (Huet e besschen un de Fränz Biltgen séng Reaktioun op d’Protester vun de Jonken beim 5611 erennert).
    Jo, NBC an MSNBC kritiséieren d’Demokraten wann se alt net zevill “liberal” sinn, an dat maan se da genee esou oft wéi FOX News dat mat den Republikaner mécht. FOX News beispillswéis ass momentan emmer méi onzefridden mam aktuellen GOP President. A waat ech net verstaanen hunn ass firwaat d’Obama White House déi Attack iwwerhaapt gemaach huet. Sie hätte sollten hieren Campaign Motto beibehaalen: “No drama with Obama” A während der Campaign huet den Obama alt den Plouffe, Axelrod, Gibbs a Messina schéin zereckgeholl, falls irgendeen aus der ganzer Equipp wollt “drama” maachen. Et war mat däer Strategie wou se Independents an Moderates op hier Säit kruuten, keng grouss an onnotzeg Attacke op de Géigner. Interessant och dëse Poll: http://www.politico.com/news/stories/0110/32039.html
    En hätt sollten probéieren wéi een am beschten FOX News nach kéinnt “ausnotzen” am Plaatz do e ‘Krich’ auszeruffen, deen vum eigentlechen Problem oflenken sollt.

    Naja, also zentristesch ass et net grad wanns de probéiers fir d’éischt e “liberal” Health Care Bill duerchzeboxen oder wéi vrun e puer Deeg unzekennegen d’Banken zereguléieren. Dat huet mol näischt méi mat “Keynesian Economics” zedinn, mee ass – zumools dat zweetgenannten – eng Saach déi Socialists maachen. An e grousse Problem ass momentan einfach dass déi “liberal” Basis an der Partei extrem staark a krass “liberal” Gesetzer gäeren hätt, mee well am Senat éischter Moderates setzen geet dat eben net. Wann zum Beispill de Congress mat hierer “liberal” Speaker Nancy Pelosi d’Senatsversioun vun der Gesondheetsreform net well am Kongress duerchbréngen, well déi Versioun bspw. keng “public option” huet ass dat extrem Schued.
    A wann ech mech richteg erenneren gouf bei Versiounen vun eigentlech staarken “Liberals” ausgeschafft an d’Republikaner (an oft Moderates) erréicht nemmen dobäi geholl wann et dann huet misste sinn.
    Et gi jo och méi Third Party Candidates. Hei d’Kandidaten vun 2008. Mee dass et méiglech ass en Impakt op de Wahlausgang zehunn huet jo net zuläscht den Ross Perot 1992 gewissen. Obwuel dat mat de Suen natiirlech stemmt… :S

    Reply

  6. Jo, dat nervt mech och deck. Muss mat Geleegenheet dat mol änneren… -_-

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s