Haut war den Joel Kovel, en amerikaneschen politeschen Aktivist, e vun den Haaptléit an der amerikanescher “Green Party” *, Kandidat fir US Senator vun New York zeginn, Kandidat fir 2000 Presidentschaftskandidat vun sénger Partei zeginn, Akademiker an Auteur bei eis op der Uni op Besuch. E gouf vun der Studentengrupp “Friends of Palestine” agelueden fir e Virtrag zehaalen iwwert säin rezentenst Buch “Overcoming Zionism: Creating a Single Democratic State in Israel/Palestine.”

Ech hunn d’Buch selwer muss ech soen nach net gelies a ganz éierlech ech wees net op ech et maan. Net well ech giff glewen dass de Problem am Noen Osten onwichteg wäer (au contraire, ech iwwerléen momentan schons fir doriwwer an dësem Semester mäin Essay am Cours vun den “International Relations” zeschréiwen), mee well hien eng Vue anhellt, déi 1) extrem krass ass ; an 2) Sachen a séngem Buch wahrscheinlech genee esou hypokritesch sinn wéi hien selwer.

Ier ech de Joel Kovel awer kritiséieren, muss ech soen, dass hien och alt deen een oder aaneren “gudden” Gedanken haat. Et ass beispillswéis richteg, dass déi jiddech Communitéit eng extrem wichteg Roll an der amerikanescher Politik spillt an och déi kuerz Remarque iwwert d’AIPAC (American Israel Public Affairs Committee) huet nawell gestemmt. Eben de Faite dass d’AIPAC ewuel déi gréissten Roll zu Washington D.C. spillt: hues de kee Support vun AIPAC a wells bspw. President oder US Senator oder Congressman/-woman ginn, ma dann “Good night… and good luck”

Kritiséiert huet de Joel Kovel d’Idee dass et nemmen 1 Staat Israel dierft ginn. Israel hätt dat Recht laut him net. Mee op der aanerer Säit argumentéiert hien gläichzäiteg dass et nemmen 1 Staat am Noen Osten do dierft ginn: en “democratic state”: e grousst Palestina. Laut him huet eng 2 Staate Léisung net fonktionnéiert an dofir soll een et einfach agesinn, dass et nemmen 1 Staat ka ginn, a well Israel en extrem-rietsradikalt Land wäer misst Palestina d’Land ronderem déi “Helleg Staat” ginn.
„Israel must come to an end.” (J. Kovel)
Ech haat schons eng Kéier hei um Ufank vum Gaza Krich d’läscht Joër geschriwwen, dass Israel och net extreeeeem helleg wier, mee let’s face it, Palestina ass dann och net grad déi Draamdemokratie. A fir elo einfach nemmen sech op déi komplett aaner Säit zestellen an eben Palestina als scho baal virbildlech dohinner zestellen, ass menger Meenung no falsch.
Dat Bescht haat sech den Herr Kovel awer fir zum Schluss gehaalen. Ganz um Enn, no séngem Virtrag konnt een dann nach wéi üblech Froe stellen. An – obwuel extrem vill Muslimen am Sall waaren, déi vum Virtrag begeeschtert waaren (dat schlussfolgeren ech aus dem Applaus deen den Joel Kovel deno kritt huet) – ass natiirlech déi Fro komm, déi huet missten kommen bei esou engem emstriedenen Thema: „Dir soot dass et nemmen soll 1 Staat ginn, dass Israel soll op en Enn kommen. Trotzdem laut souguer de rezentesten Emfroen sinn 75% vun den Israelien an 75% vun den Palestinänser fir eng 2 Staaten Léisung. Firwaat behaapt dir dann lo dass esou eng net méi meiglech wäer an et nemmen 1 Staat dierft ginn?”
De Salle war sichtlech net zefridden domatter, an de Joel Kovel och net. Hien huet du nach eng Kéier gesoot, dass dat Ganzt e “strategic goal” a keng “policy” ass. Mee waat hien méi ausgeholl huet waat et emmer méi kloër ginn ass, dass a séngen Aan dat Ganzt trotzdem eng “policy” wier resp. misst sinn.
Nodeems den Herr Kovel du geäntwert haat, huet deenjéinegen am Public gefroot, ob hien jhust doropper nach kennt äntweren. Ganz kuerz. Séier huet den Herr Kovel ofgewonk. “Somebody else, somebody else.” Et ass interessant fir zesoen, dass och déi 2 Léit déi bei däer Persoun am Public soutzen (waat offensichtlech Kollegen vun däer Persoun waaren), och keng Froen hunn dierfte stellen. Bis den Joel Kovel gaang ass, blouf d’Hand an der Luut an dem Kovel säi Bléck op enger aanerer Plaatz.
Witzeg ass dat zumools well hien dauernd ob d’University of Michigan Press an ob d’Bard College (do huet hien bis 2009 nach enneriecht) geklappt huet. D’University of Michigan Press haat d’Buch 2007 fir kuerz Zäit suspendéiert, well se Kloen kritt hunn well ‘Overcoming Zionism’ nemmen “hate speech” an antisemitesch wier. No e puer Méint gouf déi Suspension erem obgehuewen, well Honnerten vu Bréifer/Reklamatiounen erakomm sinn. Dunn huet d’University of Michigan Press d’Buch als “serious, well researched work espousing a humanistic resolution” beschriwwen.** Trotzdem goufen se de ganzen Owend kritiséiert.
Genee wéi d’Bard College waat eben d’läscht Joër den auslaafenden Vertrag mam Kovel net verlängert huet. Direkt huet hien behaapt – an Undéitungen dozou haut den Owend ginn – dass dat nemmen wéinst sénger politescher Iwwerzeechung wier an d’Bard College zu New York definitiv net dat ass, waat et emmer seet: liberal. “Freedom of speech”! Wann een dann awer wéider noliesen geet, gesäit een, dass d’Bard College haaptsächlech wéinst der Finanzkriis Problemer haat, an dofir d’läscht Joër eng Retsch Léit huet missten entloosen.
Ech well awer net doropper lo spielen, mee dierf een ob der enger Säit soen, dass een en Opfer ass an “freedom of speech” ruffen, ob der aanerer Säit aaner Meenungen iwwert en emstridden Thema net dulden? Dierf hien roosen sinn, wann séng Wierker wéinst – laut him – enger “aanerer politescher Meenung” suspendéiert ginn a gläichzäiteg kritesch Stemmen ignoréieren an se eigentlech ‘ausschalten’?

An nach eppes. Den Joel Kovel huet haut den Owend säin Haaptargument ob den “Gaza Freedom March” geluecht. Do wäeren d’Protestanten, wéi se zu Kairo waaren, vun deenen Léit dohannen ganz häerzlech empfaangen ginn a kruute gesoot: “dat do ennerstetze mir.” Dorunner giff een, laut dem Herr Kovel, gesinn, dass eng Beweegung do wäer Richtung Palestina, Richtung “democratic state”, Richtung Enn vun Israel. Serieux, Herr Kovel? Also w.e.g. Kairo ass déi gréissten Stadt vun der arabescher Welt, an do waaren d’Léit dann dofir dass “dat jiddecht Israel” dat “arabescht-muslimescht Gaza” mat Rou soll loosen? Bon, dat ass en Argument.

Wann béid Völker eng 2 Staate Léisung wellen – waat jo scheinbar de Fall ass-, da soll déi international Authoritéiten Drock op déi jeweilegen ‘Regierungen’ machen fir dass et zu enger friddlecher 2 Staate Léisung kennt. Dass emmer wäerten Léit vun däer enger an däer aanerer Säit do sinn, déi een groussen Staat ennert hierer Leedung wellen, ass kloër, mee hinzegoen an zesoen, dass Israel keng Daseinsberechtegung huet, dass et soll op en Enn kommen, ass falsch a wäert eis wuel och net hellefen fir dee Problem an noer Zukunft irgendwann zeléisen…

—————————

* Déi amerikanesch “Green Party” net mat der lëtzebuergescher grénger Partei verwiesselen oder den Joel Kovel als en amerikaneschen Claude Turmes gesinn. De Joel Kovel ass economesch (an allgemeng politesch) extrem um lenken Board oder wéi se an den USA dofir soen “Socialist.”

** Et ass hei unzemierken, dass University of Michigan Press ganz staark (och fir dëst Buch) mat der britescher Pluto Press, engem “radical and independent publisher”, zesummenschaffen.

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~

Interessant an deem Kontext och den Post bei L for Liberty.

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~
Nee, ech si kee Member vun “Friends of Palestine.” Ech kruut vun deem Event mat a wollt dem Joel Kovel eng Chance ginn… oder vielleicht war et och einfach de Faite, dass ech kuerz vru mengem 21. Gebuertsdag dach endlech emol en gréisseren amerikaneschen Politiker wollt am “Real Life” gesinn. Jiddefalls kann et bei der nächste Kéier wou ech esou e gréisseren amerikaneschen Politiker an Aktivist gesinn nemmen besser sinn.

EDIT (25.01.2009 – 16:26 Auer): De Feeler “anti-semitistesch” gouf elo verbessert. Merci Chris.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

3 Comments

  1. Ech well nach umierken, dass ech net méi spéit wéi haut eng Studentenpetitioun ennerschriwwen hunn, déi “géint ‘Hate Speech'” geet. Firwaat?
    Méng Uni huet dem Azzam Tamimi, en Islamist, erlaabt hei op der Uni eng Ried zeginn. Den Azzam Tamimi ass fir Terrorismus an huet souguer gesoot, dass hien sech am léiwsten giff selwer an d’Luut sprengen “fir Palestina.”
    Am “Code of Practice” vun eiser Uni steet awer: „The challenge for universities is to identify when the pursuit of freedom of ideas and expression crosses a threshold and becomes extremism or intolerance.”
    An dësem Sënn hätt een vielleicht missten de Virtrag vum Joel Kovel och stoppen.

    Reply

  2. E Semit ass e Mënsch aus dem Noen Osten, deem enger abrahamescher Relioun ugehéiert. Als “antisemitesch” bezeechent ee generell Leit, déi Juddenhaass bedreiwen, vue dass d’Judden Semiten sinn.
    Dat Wuert “anti-semetistesch” gëtt et dogéint net, an dat sollt ee vläicht wëssen virun deem een sou en Artikel verfaasst.

    Am grousse Ganzen weess ech lo net wierklech vill méi iwwert de Joel Kovel wéi virdrun, ausser, dass e fir eng Eestateléisung ass, an där Judden a Moslemen (a wéi ech unhuelen och Chrëschten) friddlech matenee liewe kënnen. Perséinlech sinn ech jo och der Meenung, dass dat eigentlech d’Zil misst sinn. Och wa seng Argumenter Bulli sinn, sou schéngt säin Zil (och wann ech net genee weess, wéi hien et an d’A faasst), awer net sou iwwel ze sinn. Ech dreeme jo perséinlech vun enger (wahnsinneg onrealistescher) multikulturellen Federatioun am Noen Osten, mat enger Achs Kairo – Jerusalem – Bagdad, an där jidderee fein mateneen ass. Dass et ni dozou kënnt, weess ech awer och.

    Reply

  3. Stemmt.

    The American scholar and activist spoke of the controversial impact of his book and his condemnation of the Zionist movement.
    This is defined as a movement by the Jewish people, as one nation, to establish a settlement in an area regarded as a historic homeland perceived by some to be the Land of Israel, and others Palestine.
    Kovel is firmly against this movement, declaring that ‘ideas do not have rights.’
    Kovel justified his book, which was accused of being anti-Semitic, as a means of calling the legitimacy of Zionist movement into question and using this to explain why he disapproves of the current set-up by Israel.
    Israel, he expressed, is trapped and ‘cannot escape its own racism’ because of the ‘religious political force’ Zionism has become. He spoke of the importance of pursuing a cause even if, you face a ‘price to pay’. In his case citing the Orwellian sounding ‘Zionist thought police.’

    (Redbrickonline.co.uk)

    Eigentlech hu mir 2 dann deen nämlechten Draam. 😉 Ech glewen och jhust net dass dat wäert a mengem Liewen Realitéit ginn. Mee ech glewen awer dass et iwwerhaapt net zu sou enger friddlecher Léisung ka kommen, wann een higeet an d’Existenz vun engem Staat a Fro stellt. An ob 1 grousse Staat d’Léisung ass woen ech och ze bezweifelen, wa een esou an d’Geschichtsbicher kuckt: Jugoslawien bspw. Den Joel Kovel hellt mir do éischter eng “radikal” Versioun. Ech hätt wuel eng aaner Meenung driwwer wann hien Israel och als Staat unerkennt, waat genee déi nämlecht Rechter a Pflichten huet wéi all aaneren Staat an dëser Regioun a ronderem d’Welt am Allgemengen.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s